Luxemburgensia
De Jacques Ferry
a séng Ierwen
1706-1766
Obwuel dem Chevalier säin Drockmonopol an der Stad eréischt
1706 auslafe sollt an hie protestéiert huet, krut de Jacques Ferry
vu Metz den 12. Januar 1703 d'Erlaabnes, fir an der Stad Bicher ze drécken
- am Joer, wéi de Chevalier seng Zeitung La Clef du cabinet des
princes ufoung. De Ferry hat sech mam Magdalena Georg bestued a gouf
den 9. Februar 1703 Bierger vun der Stad.
An der Konkurrenz mat der grousser Dréckerei Chevalier huet
de Ferry meescht nëmme Klengegkeete gedréckt. Nodeems de Chevalier
viru Geriicht Onrecht krut, krut de Ferry den 1. Oktrober 1706 vu Bréissel
seng Drockerlaabnes konfiméiert. Den 3. Juli 1709 krut hien de Privileg,
fir als eenzegen dierfen d'Gemeine Landsbräuche ze drécken.
Dat wor alt e klengt séchert Akommes.
De Jacques Ferry ass de 17. Juni 1728 gestuerf. Säi Jong Jean
Baptiste Ferry huet d'Dréckerei virugefouert, vu 1731 un ënnert
sengem eegenen Numm. Ma och hien ass schons de 27. Januar 1736 mat 31 Joer
gestuerf.
Seng Schwëster Elisabeth Catherine Ferry huet sech 1743 mam Jean-Baptist
Kleber bestued, deen eng Zäit an hirer Dréckerei geschafft
hat. D'Koppel huet mat deenen aneren Ierwen zesummen d'Geschäft gefouert,
bis se sech 1747 selbstänneg gemaach an d'Dréckerei Kleber
gegrënnt huet. Déi lescht Ierwen si weidergefuer, 1752 mat
enger eenzeger Press, a 1766 huet d'Dréckerei Ferry opgehal.
(rh.)
1710 (Jean de Benninck:) Die gemeine Lands-Bräuche des Hertzogthums
Lützteburg und Graffschafft Chiny
1710 Bernard Buringer: Serta moralia a concionatoribus in die commemorationis
fidelium, an 9 Bänn
(rh.)
1752 vläicht och beim Ferry gedréckt , ma ouni Numm vun
enger Dréckerei,Thomas Joseph Moult: Prophéties perpétuelles
(...) À Luxembourg, se vend chez Marechal, Marchand Libraire,
Prophezeiungen aus dem 13. Jorhonnert, déi bis an d'Joer 2024 reechen
|

|