![]() |
||||||
![]() ![]() ![]() ![]() ![]() |
|
|||||
| Luxemburgensia
Soss Adressen
um Spaweck
Bibliothèque nationale de Luxembourg stellt sech vir an huet hire Katalog online fir vun doheem aus Recherchen ze maachen an esouguer Bicher ze reservéieren. Weider Säiten am Opbau iwwer Initialien, Postkaarten, ISBN, dépôt légal etc. Centre national de littérature, d'Mierscher Servais-Haus stellt sech vir; Säiten iwwer Edmond Dune, Léopold Hoffmann, Anise Kolz, Roger Manderscheid an Nic Weber Bibliothèque du grand séminaire de Luxembourg, stellt sech vir, ma de Katalog, apaart d'Ierfschaft vum Martin Blum, as nëmmen iwwer Aleph/d'Nationalbibliothéik online Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique de l'Institut grand-ducal, Material iwwer Sprooch a Gebräicher, dat dacks aktualiséiert gët Sections des arts et des lettres de l'Institut grand-ducal, stellt sech just kuerz vir Archives nationales du Grand-Duché de Luxembourg, eng kuerz Säit mat der Struktur vun de Fongen Amis de la reliure d'art international, hir Web-Säit wunnt - wéi hire President, den Emile van der Vekene, - zu Lëtzebuerg Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise 1998, éischte Band online vun denen net ëmmer ganz kompletten an objektive Joerbicher De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise stellt séng Aktivitéiten a säi Programm um Stand vu Mëtt 1999 vir. Dozou gehéiert de... Règlement grand-ducal du 30 juillet 1999 portant réforme du système officiel d'orthographe luxembourgeoise, den offiziellen Text iwwer déi reforméiert Schreifweis am .pdf-Format fir Adope Acrobat Linguistica luxemburgensia heescht dem Joseph Reisdoerfer seng Säit mat wëssenschaftlechen Aarbechten iwwer d'Lëtzebuergescht. D'Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique huet op hirer Web-Säit en Index vun all den Artikelen aus hire Publikatiounen an e Formulär, fir se nozebestellen. Alexander Weicker (1893-1983), kuerzen Artikel iwwer den Auteur vum expressionistesche Roman Fetzen (1921) Michel Lentz, de klenge Fong am Centre national de littérature Lëtzebuergesch Literatur-Klassiker, patterjotesch Säit mat kuerzen Texter vu Méchel Lentz, Méchel Rodange, J.F. Gangler, Marcel Reuland, August Liesch, Guy Rewenig an C.M. Spoo Grouss-Lëtzebuergesch an de Grenze vun 1659 an zanterhir net méi richteg aktualiséiert: Plattweb, iwwer de Lëtzebuerger Platt oder Francique am Loutréngeschen, an d'Säit vun Areler Land a Sprooch De Lëtzebuerger Germanisteverband stellt op e puer Säite séng Aktivitéite vir. D'Library of Congress zu Washington huet eng Rëtsch Säiten iwwer The Luxembourgers in America, wou och hir Litertur presentéiert gët. Éditions Phi, hire Katalog online mat enger Rëtsch Säiten iwwer Lëtzebuerger Literatur ronderëms de Verlag Verlag op der Lay, säi Katalog online, ma schlecht aktualiséiert Hire ganzen illustréierte Katalog fir ze sichen an ze bestellen stellen d'Éditons Guy Binsfeld vir. Éditions APESS, der Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur hire Katalog an den Index vun hirer Revue récré online De Cliärrwer Kanton, den Index vun der Kulturzäitschrëft, d'Artikele sin net online D'Éditions Kutter gin an der Haaptsaach Konschtbicher, Faksimilien, Albumen a Postkaarte vun alen Zeechnongen, Kaarten a Fotoen vu Lëtzebuerg eraus Der Post hire Kulturweb
stellt eng Rëtsch Lëtzebuerger Schrëftsteller vir an annoncéiert
Manifestatioune ronderëms Literatur.
|
|