| Luxemburgensia
7
décembre 2005
Concours
Littéraire National 2004
Allocution
de la secrétaire d'Etat (CSV) à l'occasion de la
remise des prix
Octavie
Modert
Léif Adepten vun der letzebuerger Literatur a vun der
letzebuerger Kultur. 41 Contributiounen, 41 Bäiträg, wann dat
ee net kann dreeme loossen. Da soll nach ee soën, mir hätten
hei keen florissant letzeborger Literatur, da soll nach ee soën,
mir hätte keen Kultur an deem Land hei, da soll nach ee soën,
dat wir net konkret an dat wär nemmen en Draam, nëmmen en
Draam, datt mer hei, eh, Fullhouse hun, souwuel wat de Raum hei
ubelaangt, wéi wat d'Contributiounen ubelaangt, en Draam, deen
mol gesoot gin as, datt virun zéin Jaar sech keen gedreemt
hätt, wi deen Draam vun Haus hei opgaang as. 41 Beiträg, dat
weist de Succès vum Concours, vum letzebuerger nationalen
Literaturconcours, deen een sech secherlech am Ufank vläicht net
onbedéngt dreeme gelooss hätt, deen awer elo dreeme
léist an dat net nëmmen wéinst den Themen,
déi den Owend eraus geséicht gi sin respektiv
wéinst den Themen vun de Béicher déi
priméiert gi sin, vun de Romanen déi do sin. En
Succès deen awer och weist wat fir en kollektive Besoin vun
éisen Auteuren mat dem letzeborger nationalen, eeeh,
Literaturconcours erfëllt gëtt, wou een awer och muss
soën, wa mer schon vun Dreem schweetzen, dat mir zu deem Land
gehéieren, dat proportionnell di meeschten Publikatiounen,
geschriwwe Publikatiounen, Romaner, wou am meeschten geschriwwe
gëtt am Jaar, datt mir proportionnell zu deenen europäesche
Länner gehéieren, wou am meeschte geschriwwe gëtt. All
Jaar kann ee soën, datt béi iis am Rayon Literatur eng
dresseg nei Béicher a Wärker erauskommen, letzeborger
Wärker och därer déi am Ausland béi
auslänneschen Editeuren publizéiert gin, wat erem en aneren
Draam as, dee bestëmmt fir viller an Erfëllung geet, net
nëmmen déi, déi selwer schreiwen, mee och déi
deenen d'letzeborger Literatur um Häerz läit, fir ze weisen,
datt mer Succès hun, datt et derwäert as di letzeborger
Literatur ze liesen, dat weist awer och dat d'Visibilitéit vun
der letzeborger Literatur am Ausland ganz starrek an d'Luucht gaangen
as, selbstverständlech am Inland, selbstverständlech awer och
am Ausland net nëmmen duerch Publikatiounen an d'Editiounen an
deem Kontext, mee awer och weil mer op ville Niveau'en vill gemaach hun
fir d'Visibilitéit vun der letzeborger Literatur am Ausland. Een
Element dovunner niewent der Präsenz am Ausland déi mer och
hun an déi mer verstärke wellen enner anerem matt
Präsenz op auslännesche Foiren matt der letzeborger
Literatur, een Element vun der Visibilitéit am Ausland as och ze
fannen an der ganz aktiver Politik vun den Accord culturellen, vun den
kulturellen Ofkommessen matt Länner an däerer hu mer ganz
vill a mäer hun der matt ganz villfältege Länner, mir
hun der matt Länner souwiesou haaptsächlech iwwer Europa
eraus wou och deenen, alt scho rem e neien Draam, kënnen
déi och eng Kéier dreemen, op letzeboresch vläicht,
jiddefalls awer iwwer letzeborescht Literatur, weil de Staat hott an e
mecht nach ëmmer weiderhin Jaar fir Jaar e ganze Koup däerer
Oofkommessen, déi en oofschléist matt deenen
auslänensche Länner, wou en dann natierlech
Partnerinstitutiounen am Ausland kréit a matt deenen zesumme
schaft ob dat vun den europäesche Länner déi vun der
Unioun souwiesou net ze schweetzen ob dat doriwwer eraus vu Russland as
wou et zum Besipill op der, eeh, zu Moskau mettlerweil och op der
Universitéit eng Recherchesectioun gëtt, eeh déi
absens am liguistesche Beräich fir dat Letzebuergescht täteg
as oder op et an e puer amerikaneschen
Universitéitsbibliothéiken extra Departementer gin,
déi Luxemburgensia féieren an déi och
regelméisseg aktualiséiert gin, och mat éiser
Hellef, mat der Hellef vum letzebuerger Staat, vum letz... vum
Ministär aktualiséiert gin, nach e ganze Koup aner
Länner, mir sin systematesch am Gaang nei Kulturoofkommessen of ze
schléissen, wéi gesoot, Moment si mer mat China a Vietnam
am Gaang ze kucken, dobäi kënnt, datt lues a lues och
Studenten ufänken hir Thesen iwwer letzebuerger Auteuren ze
maachen, den Draam wiësst ëmmer virun, kulturell
Austauschprojet'en sin also keen eidele Pabeier och, se weisen
allerd... datt et ganz konkreet Néierschléi nees emmer
erem fënnt an de kulturelle Sparten a natierlech absens hei an de
Beräicher vun Literatur an vun Theater an mir hun natierlech
welles dat virun ze féieren an och an deene nächste Jaaren
intresséiert Organismen an Institutiounen am Ausland eeh
weiderhin ze dotéieren matt eise Wärker. Letzebuerger
Schreftsteller brauchen also op kee Fall sech marginaliséiert ze
féilen, och net an der Marginalitéit ze féilen
vis-à-vis vun éise groussen Nopeschlänner an
esouguer vis-à-vis vun Europa a vun der Welt. Mir kënnen
tatsächlech weisen datt den Intressi grouss as un eener
letzeborger Literatur egal op wéi enger Sprooch eeeh
vläicht dodorcher och datt et a méi Sproochen as wou mer
schreiwen wat d'Saach mi einfach mecht fir d'Visibilitéit ze
soën de Leit mi no ze bréngen an eeh de Succès as
grouss. Net nëmmen weil mer den owend 41 Contributiounen hun mee
wat awer weist datt de Succès datt d'Spiral emmer rem weider
dréit an no uewen dréit a wiësst an iis
Produktivitéit an iis Creativitéit Gott sei Dank keen Enn
fënnt. Mir hun wi et scho gesoot gin as zenter deems datt de
nationale Literaturconcours agefouërt gin as ee gewaltege Spronk
no vir gemaach, d'Spiral no uerwe gedréit, mir si keen
Provënzliteratur, mir waren se och ni, behaapten ech einfach, mir
sin se secherlech net a net méi an et as natierlech zenter
de 60er Jaaren ganz vill geschéit an deem Beräich hei weil
an dat hott de Concours goud ennerstrach a goud derzou
bäidegroën nämlech d'Séigelen vun der letzeborger
Literatur op ze blosen an domatter ze hällefen déi Kraaft
déi selbstverständlech vun der Literatur, vun de
Literaturschafenden sälwer ausgeet ze ennersträichen, ze
hällfen d'Visibilitéit och erem do hinnen ze gin weil trotz
allem as e priméiert Wärrek och ëmmer intressant
firwat solle mir net och iise Literaturconcours hun wann et am Ausland
der esou vill Literaturconcouren gin matt deenen ech iis nach net grad
wellt ganz hei vergläichen wat bestëmmt awer och nach eng
Kéier kënnt weil mir si jo och beim Thema dreemen. Mee
emmer erem an dat as e vergaangenen Draam dat as konkreet
Realitéit si ganz vill Nimm entdeckt gin déi haut zu eise
bäschte Schreftsteller gehéieren wi mer et gesoot hun an
dat sin Dreem di wouër gin an och dis Jaar erem den aktuelle
Concours hott e ganze Koup Iwwerraschungen an däer Hinsicht
geweist ... gewisen, Leit di bekannt sin awer vläicht net an diser
Spart bekannt waren, Leit di kreativ sin ouni datt et onbedéngt
bekannt war. Also all Kéier erem flott Iwwerraschungen, all
Kéier erem gewisen, wat gebuede gëtt hei am Land a wat
konnt gëtt hei am Land an all Kéier erem an emmer
méi an dat as esou flott l'embarras du choix, wat welle mer
eigentlech méi. Mir welle méi datt ee net nëmme
Freed um Schreiwen soll hun mee selbstverständlech Freed um
schreiwen net ouni Freed um Liesen méiglech as. Mir welle
méi datt nach besser eis letzebuerger Literatur soll gelies gin,
sou läit et natierlech op der Hand datt d'Zukunft vun der
letzebuerger Literatur nëmmen dann gesechert as, wann dat och Hand
an Hand zesummen matt edukative Projet'en geet an déi bei iise
Kanner promovéiert gin. Net nemmen a selbstverständlech
awer ganz vill datt en se sollen vun sech aus an doheem Béicher
liesen, Kontakt zur letzeborger Literatur kréien, iwwerhaapt
liesen, mee natierlech an disem Kontext zur letzebuerger Literatur, mee
doriwwer eraus dat ennersträichen, förderen an hällefen
ze pushen an deem mer zesummen an do hu mer Schréck ennerholl
als Kulturministär zesummen mam Unterichtssministär eeh
kucken, nei Richtlinnen aus ze schaffen wou och de Conseil national du
livre an de Centre national de litterature hei drun hällefen nei
Linnen ausschaffen wou a wéi een an éise Schoulen kann
besonnesch an dem Postprimaire de letzeborger Literatur an éise
sämtleche Sproochen, haaptsächlech éisen dräi
Sproochen Letzeborrsch Däitsch Franséisch een Chance gin an
se besser an de Schoulprogramm oder niefent dem Schoulprogramm abbauen,
sou datt och do d'Kontakten matt der letzeborger Literatur vill besser
gin.
Ech sin och iwwerzeecht datt mer hei een Saach konnten ulaafen loossen,
déi sech an nächster Zäit konkretiséieren
wäert a munch nei Weeër ageschloë wäerte gin. Net
nemmen an der Schoul natierlech as dat wichteg, net nemmen ronderem
d'Schoul as dat wichteg mee weil eech gesoot hun an der
Fräizäit soll dat kennen a soll de Fall sin sou kennt och eng
gewesse Bedeitung selbstverständlech op eng mi lokal op eng no
doheem op e no doheem Ugebued vu Béicher vu Literatur duer, do
hu mer een Deel Initiativen gestart gehaat virun enger Zäit als
Kulturministär, do sin aner Mnzfq regional am gaange sin ze kommen
oder schon do sin wat och ganz wichteg as datt hei um regionale Plang
flott Initiativen gemaach gin a geholl gin säerf et och matt
Liesongen, Schreif oder Liesatelieren, thematichen
Béicherausstellungen an emmer erem do wichteg as datt dat och do
zum Ausdrock kënnt. Et wäert nämlech denken ech
weiderhin emmer erem wichteg sin, datt mer et fäerdeg
bréngen éisen jonken Generatiounen ze weisen an ze
beweisen, datt eis letzebuerger Literatur e wichtegen Deel as vun
éiser Kultur an datt éis Kultur selbstverständlech
ee Stéck vun éiser Identitéit as an datt mer iis
emmer erem matt kulturelle Werter léieren ze verstoën vu
wou mer kommen, mir soën och wou mer sin a wee mer sin. A wa mer
dann beim dreeme sin, dann denken ech datt et dozou ka vill nach gesoot
gin, et kann een eng Rees maachen, et kann ee wanderen wann een dreemt,
et kann een eng Wanterrees maachen, et kann een e Virtrag iwwert eng
Wanterees halen, dat wäert ech net maachen, et kann een een
Wanterrees maachen an deem een selbstverständlech u Musik denkt,
dat sech musikalesch an den Oueren klénge léist, dat
historesch oder biografesch ronderemmer droën vun engem Virtrag
natierlech dann, wann ee schon dreemt, an ob eng Rees wellt goën,
och a nuet wäert hollen datt heiandsdo d'Nuet kënnt a lues a
lues doucement viru leeft ouni datt ee schléift, wann ee
schléift as ee net kreativ, een Nuet di qui coule doucement an
an däer ee ka ganz vill denken, an däer ee ka ganz vill
féilen an däer een natierlech och wann een op enger Rees as
ganz dacks well eppes erliewen, ganz dacks sech och an een aneren eran
denken, et kann een och dat eben ganz intim Gedanke maachen, et kann
een och anererwäerts op enger Rees schéi Leit
begéinen, et kann een ee schéi Lucie sin an en einfache
Leo, net fir näischt as dir Dammen d'Lucie dat schéint, et
kann ee Leit begéinen, wéi gesoot, ob et ee schéi
Lucie as oder op et ee Leo as, ob et Staadter Leit sin, et kann een an
eng Bijouterie goën, et kann een awer och ganz einfach Tourismus
maachen, et kann ee kulturellen Tourismus maachen, et kann ee spillen
fir de Mansfeld, een opféieren, an duerfir maache mer
d'nächst Jaar ee Concours iwwert den Theater, spillen fir de
Mansfeld oder de Mansfeld begéinen oder ee
Mistériéisen begéinen deen een eigentlech net
begéint oder deen een vläicht eng Kéier
begéint hott, ee mistériéise Lieser oder
Destinataire vun eenem intime Journal dee vläicht eppes visibel
mecht wat invisibel as, eeh wat vläicht autobiografesch as a wou
een einfach op enger Rees kann heiandsdo erliewen datt ee Krees
zougeet, datt ee Rondel hannen opgeet, datt de Rondel sech erem trefft
an dat denken ech as méi wäert wann een eng Rees mecht,
wann een op enger Rees kann dreemen a wann een op enger Rees ka Leit
begéinen, wéi wann ech hei viru giff fueren ee Virtrag ze
halen oder een op ze féieren, opféieren wéi gesoot
as d'nächst Joër matt dem Theater, an fir net weiderhin
dreemen op ze halen well ech elo ophalen an datt dir kennt an de Genoss
kommen vun de Virträg déi mer elo wäerten
héieren matt oder ouni Rees, besonensch matt vill Dreemen, matt
ganz vill Lauschteren, matt ganz vill Begeeschterung a vu mir aus enger
grousser Begeeschterung datt mer esou vill Bäiträg haten,
datt mer hei iwwer déi Bäiträg eraus an dorrech
déi Bäiträg kënnen e bëssen dreemen an ech
freeë mech är Viträg vun äre Bäiträg a
soën iech Villmols Merci
|

|