Luxemburgensia

Nuvelle vu Lëtzebuerger Bicher

Archiv 2000 

E Freideg, den 8. Dezember, huet d'Lëtzebuerger Land e Supplément vun 20 Säiten iwwer Literatur erausbruecht - dorënner och nei Lëtzebuerger Bicher .

Op d'manst provisoresch as elo d'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise vum Marie-France Kremer um Spaweck - an op enger neier Internetadress, wa se fonktionéiert.

D'Maryse Krier, déi 1998 bei der Galerie Auf langen Wegen ... publizéiert huet, krut den éischte Präis vum neie Literatur-Concours "Libertés" vum Veräi Liberté de consciences fir en Deel aus dem Buch Herzschlag, un deem se schreift. De Journal-Redakteur Gaston Carré krut den zwete Präis fir Un accord de souffrance. Den drëtte Präis wor fir dem Carlo Sunnen, dee sech Philosooph nennt, séng Ethica laica. 27 Texter woren erageschéckt gin. An zwee Joer soll en neie Concours organiséiert gin.

Nos Cahiers, den Éditions St.-Paul hir Versioun vun de fréiere Cahiers luxembourgeois, feiere mat hirem Numero 4/2000 hiren 20. Gebuertsdag. Schued just, datt se an denen 20 Joer kaum Spueren hannerlooss huet.

De Roger Muller bréngt et fäerdeg, fir an der Galerie Nummero 2/2000 zéng Säiten iwwer ee Buschtof ze schreiwen, deen an enger Foussnott vum Renert feelt - a wéi doduerch d'Dixionären zanterhier "schmock" mat "schlau" amplaz "schlank" iwwersetzen.

Den nationale Literatur-Präis 2000 krut de Mario Fioretti, dee bis ewell an der Haaptsaach iwwer den Thomas Mann publizéiert huet (Friedrich Nietzsche, Thomas Mann und der Zauberberg: 6000 Fuß jenseits von Mensch und Zeit, Lëtzebuerger Land vum 28. August 2000). Den zwete Präis krut de Francis Kirps. Den drëtte Präis goung un de Roman-, Theater-, Kannerbuch-Auteur, Satiriker a Lëtzebuerger Land-Mataarbechter Jhemp Hoscheit. D'Claudine Muno, de Guy Girardi an Tom Reise kruten e Luef. Gefrot wore phantastesch Geschichten, a 46 Texter goufen erageschéckt. De Concours vum Joer 2001 soll Gedichter auszeechenen.

D'Regierung huet den 1. Dezember zougelooss, datt och privat Bibliothéiken am Netz vun de Lëtzebuerger Bibliothéike matmaache kënnen.

De Fernand Hoffmann ass den 21. November 2000 gestuerwen. Hie wor den 8. Mee 1929 zu Diddeleng gebuer. E wor Däitschproff an huet vill iwwer d'Lëtzebuerger Literatur an Dialectologie publizéiert, zum Beispill séng déck Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung (1964-1967). Och Kritiken, Geschichten, Theater an iwwer d'Iessen huet hie geschriwwen. Um Radio huet en d'Emissioun De Mischi a séng Leit an d'Mëttwochskosettchen als Géigewiicht zum méi liberale Stamminet gemaach. Mat Hëllef vum Luxemburger Wort an der CSV wor hir Jorzéngte laang dee stramm konservative Poopst vun der Lëtzebuerger Literatur a Linguistik.

Vum 28. November bis 16. Dezember weist d'Nationalbibliothéik an hirem Mansfeld-Sall Bicher aus der Collektioun vun der wëssenschaftlecher Sektioun vuzm Institut grand-ducal, déi 150 Joer al gouf. Et as an der Haaptsaach  däitsch a franséisch Literatur aus dem 19. Jorhonnert. Wäertvollste Stéck ass dem J. Linden säi Pescatorea vun 1860 mat 48 op der Hand fuerweg gemoolte Gravure vu Orchideën.

D'Editions Phi gi fir hiren 30. Gebuertsdag 30 Serigraphië vu Schrëftsteller a Moler aus sechs Länner eraus, Schrift & Bild, an enger hëlze Këscht an enger Oplo vun 100 Stéck fir am Ament 15000 Frang, spéider 18000 Frang.

Den André Schmitz krut de Prix de l'Académie Mallarmé fir säi Gedichtsband Incises, incisions, dee bei den Édtions Phi erauskoum.

Vläicht hu Leit zanter laangem drop gewaart, ewell ass et op jidde Fall do: e ganzt Buch iwwer Eingangstüren und Türen aus dem Großherzogtum und dem ehemaligen Herzogtum Luxemburg. Den Antoine Err a Ferd Dumont weisen, no Stiler agedeelt, 1354 vu Fotoe vun Diren, Puerten, Kiirchepuerten, Klenschen a soss Ëmgeréits (Éditions St. Paul, 311 S., 3850 Fr.).

De Edmond Thill an de Jean-Luc Koltz vum Staatsmusée hunn de 17. November hir grouss Monographie vum Nationalexpressionist Joseph Kutter virgestallt. Et ass an engems den éischte catalogue raisonné vun engem Lëtzebuerger Artist mat 628 Numeroen. No allerlee Schwieregketen an enger Faillite hunn elo d'Imprimerie St. Paul d'Buch erausbruecht, denen hiirt Luxemburger Wort virum Krich de Kutter nach fir  total dekadent gehal huet (544 S., 4950 Fr.)

Fir de 500. Gebuertsdag vum Nicolaus Mameranus huet d'Nationalbibliothéik zesumme mam Lions Club eng kleng Ausstellong iwwer den humanistesche Schrëftsteller vu Mamer gewisen. Ma sie huet nmme vum 17. bis 25. November gedauert.

Knapps goung en op, huet de Maacher Kultuerhuef mat séngem Dréckerei- a Spillkaartemusée den 31. Oktober nees bis Enn Mäerz zougemaach. Op Rendez-vous kënne Gruppen nach bis de 25. November kucke goen, da fänkt de Wanterschlof fir zerguttster un.

Bei Binsfeld koum mat Zäit fir d'Feierdeeg D'Stad Lëtzebuerg vum Georges Hausemer a Rob Kieffer eraus, eent vun denen décke Biller- a Geschenkbicher mat gléckleche Leit, vill Feaubourgs-Romantik a fuerwege Landschaften, wou et ni reent (239 S., 3975 Fr.).

No sénge Gedichter huet de Raoul Biltgen elo Heimweg. Trilogien an den Editounen Op der Lay publizéiert (148 S.,  ? Fr.). Beim selwechten Editeur koumen d'Erzielonge Besoffen von der Einfachheit vum Linda Graf eraus (188 S. ? Fr.).

D'Lëtzebuerger Federatioun vun de Bicherediteuren an d'Bicherbuttéker iwwerleën, ob se de Weltdag vum Buch den 23. Abrëll 2001 och zu Lëtzebuerg feiere sollen.

Um Walfer Bicherdag den 19. November hu sech déi nei Editiounen ultimomondo virgestallt, déi e Bëssen d'Ierfschaft vun den Éditons Phi iwwerhuelen. Hir éischt Publikatioun as e Kannerkalenner vum Roger Manderscheid, Buzz. D'nächst Joer sollen zwee Bicher vum Roger Manderscheid an zwee vum Guy Rewenig erauskommen.

D'Library of Congress zu Washington huet eng Rëtsch Säiten iwwer The Luxembourgers in America um Spaweck, wou och d'Literatur vun den Auswanderer presentéiert gët.

De Veräin De Cliärrwer Kanton huet zesumme mat dem europäesche Programm Leader II Clierf-Veianen eng Volleksbibliothéik an der Ëlwener Gemeng ageriicht. Si krut den Numm vum Wäicherdanger Literaturhistoriker Tony Bourg (1912-1991).

Am duebelen Numero vun nos cahiers (2/3 2000) stellt den Dom André Thibaut 14  Handschrëften vum 12. bis 15. Jorhonnert aus der Bibliothéik vun der Clierfer Abtei vir, dorënner e puer schéin illuminéierter. E kënnegt och d'Publikatiou vun engem komplette Katalog un.

De Mierscher Literaturzenter huet d'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise 1998 an enger Oplo vun 1200 Stéck erausbruecht; et ass den 11. Joergank.

D'Féitzer Éditions Kremer-Muller  an net méi d'Éditions St. Paul hun dem Marcel Staat séng Erënnerongen als Zwanksrekrutéierten Waffenträger wider Willen nei erausgin (622 S., 1900 Fr.)

De Francis Van Maele verkeeft no 20 Joer séng Éditions Phi, dat wichtigest Editiounshaus fir Lëtzebuerger Literatur.

Bal en halleft Joer laang, vum 26. Oktober 2000 bis den 31. Mäerz 2001, weist den Nationale Literaturzenter zu Miersch eng Ausstellong Lëtzebuergesch "eng Ried, déi vun allen am meeschte ëm ons kléngt" (A. Meyer) iwwer d'Geschicht vum Lëtzebuergeschen. De Katalog ass vum Germaine Goetzinger, Gast Mannes a Roger Muller (127 S., 500 Fr.)

An der däitscher Lyrikzäitschrëft Das Gedicht Numero 8 vum Oktober 2000 ass net nëmmen en Dossier iwwer erotesch Gedichter "vom Minnesang zum Cybersex", ma och mat erotescher Dichtung aus Lëtzebuerg. D'Texter vu Koltz, Ensch, Hemmen, Klecker, Manderscheid, Welter an anere goufen dofir op Däitsch iwwersat. An Däitschland refuséieren eenzel Bicherbuttéker, fir déi erotesch Anthologie ze verkafen (152 S., DM 21,80).

Nom Lex Jacoby séngem Remis in der Provence huet och elo de René Kartheiser e Buch iwwer d'Lëtzebuerger Rentnerparadäis Provence geschriwwen - dës Kéier op Lëtzebuergesch a mat fuerwege Fotoen illustréiert, Tëscht Sonneblummen a Lavendel (Éditions St. Paul, 107 S., 1550 Fr.)

Augenblick heescht den éischte Roman iwwer déi éischt Léift, deen d'Noémie Leer mat 15 Joer an den Éditions Schortgen erausgouf (80 S., 375 Fr.)

De Cercle graphique wor op sénger Generalversammlung de 14. Oktober onzefridden mat der Anerweis, wéi den Dréckereimisee am Kulturhuef zu Maacher fonktionéiert, vun deem en esou laang gedreemt hat.

D'Éditions Guy Binsfeld - déi ewell och um Spaweck sin - kënnegen an hirem neie Katalog ënner anerem e Fotobuch Luxembourg: Banks and Architecture vum Ina Nottrot a Marc Theis an den drëtten a leschte Band vum Marc Angel sénger Mickimaus Deemols. Episoden aus der Lëtzebuerger Geschicht.

D'Éditions Phi hun eng Rëtsch nei Titelen erausbruecht: Käddikätsch, Geschichte fir Kanner vum Guy Rewenig mat Zeechnunge vum Roger Manderscheid (157 S., 595 Fr.), Leib eigener Leib, Gedichter vum Guy Helminger (124 S., 495 Fr.), Mémoire de cristal, Gedichter vum Félix Molitor (108 S., 480 Fr.), Nuées ardentes, Gedichter vum Claude Bommertz (100 S., 480 Fr.), an en Essay vum Romain Kirt: Kleine Nation - große Union. Über Möglichkeiten und Grenzen kleinstaatlicher Außenpolitik im geopolitisch neu parzellierten Europa (107 S., 495 Fr.).

Gedichter a Geschichten, "Texter aus fënnef Joerzéngten" - an aus fréiere Bicher - huet de fräie Schrëftsteller a fréiere Gewerkschafter an tageblatt-Journalist Josy Braun op Lëtzebuergesch an Däitsch ënnert dem Titel Queesch derduerch bei den Éditions Phi nei erausgin (518 S., 1 250 Fr.). 18 Kabaräslidder dovunner kritt een anengems um CD Lidder, queesch derduerch (800 Fr.)

An der Revue The World & I. The Magazine for Lifelong Learners (September 2000, S. 164-175) schreift de Kulturredakter Stephen J. Osmond eng  Reportage iwwer "Wily Renert. Luxembourg's Crafty Folk Charakter".

De Staatsbudget fir 2001 gesäit näischt Neits fir d'Lëtzebuerger Literatur oder d'Bibliothéike vir.

Zwee Lieserbréiwer vum Dicks iwwer Schoulfroen am Volksfreund vun 1848 huet de Roger Muller entdeckt a schreift an der Galerie Nr. 1/2000 driwwer. Ofgedréckt ass och eng Konferenz vum Günter Scholdt iwwer den Norbert Jacques.

Dem Lëtzebuerger Land säi Luxemburgensia-Dossier ass ewell och direkt ze erreechen iwwer http://www.luxemburgensia.lu. Ganz nei goufen d'Säiten iwwer d'Geschicht vun de Lëtzebuerger Drécker an Dréckereie gemaach.

De Grënner vun de Schwéitzbenger Muselpublikatioune Publications mosellanes, de Martin Gerges, as den 12. August mat 80 Joer gestuerwen. De pensionéierte Schoulmeeschter (* 11.12.1919) huet, ganz op sech gestallt, zanter 1953 dräi Dose Bicher erausgin, an der Haaptsaach iwwer d'Musel, Museldichter a Muselmoler.

Déi gréng Wochenzeitung GréngeSpoun kënnt vum 15. September un ënner dem Numm Woxx an an neier Opmaachung eraus.

Duerch Règlement grand-ducal vum 17. Juli 2000 gët den neie Kollektivvertrag fir d'Buchaarbechter obligatoresch. Vum 1. Dezember 1999 gët et 1 Prozent bäi: e Setzer, Drécker, Buchbënner an een, deen an der Repro schafft, kritt 488,55 Frang d'Stonn, e Gesell am éischten an zwete Joer 10 Prozent manner, e Léierbouf an e Léiermeedchen 30 bis 70 Prozent an Hëllefsaarbechter 15 bis 40 Prozent manner.

No joerelaangem Struewele vum Cercle graphique luxembourgeois goung den 29. Juni am Kulturhuef zu Griewemaacher, 54 route de Trèves, en nationalen Dréckerei-Musée op. Gewise gin an der Haaptsaach Maschinnen aus der Ennzäit vum Bläisaz, déi méi technesch wéi historesch interessant sin. Anengems goung e Musée iwwer déi fréier Spillkaarte-Fabrik Dieudonné vu Maacher op (dënschdes vun 13 bis 18 Auer, mëttwochs bis sonndes vun 11 bis 18 Auer, Entrée 180 Frang).

Am Projet de loi 4686 sur l'affectation de l'excédent des recettes de l'exercice budgétaire 1999 geet Rieds dovunner, datt bis Enn 2003 den Ausbau vun der Nationalbibliothéik ugefaang soll sin.

Vun der Buchbënnerei an der Belsch verzielt een Artikel an der Reliure d'art, dem Bulletin Numero 24 vun der Association de la Reliure d'art, deen zu Lëtzebuerg vum Emile van der Vekene erausbruecht gët.

Le Cri de l'épervier (de Kreesch vum Spuervull) ass den Titel vum Anise Koltz hirer neitster Kollektiou vu klenge Gedichter (Éditions Phi, 110 S., Präis net matgedeelt).

Eent vun dene meescht verbreete Lëtzebuerger Bicher verschwënnt: d'Spuerkeess huet ugefaang, hir Spuerbicher anzezéien. Bis den 1. Januar 2002 solle se all duerch normal Konten ersat gin, denen hir Exträe just nach den Numm "Spuerbuch" behalen. Dat éischt Spuerbuch krut de 25. September 1859 de Paul Ulveling, den zwee Joer ale Bouf vum Conseiller Georges Ulveling.

D'Nationalbibliothéik ass vum 1. Juli un net nëmmen iwwer Mëtteg op, ma léint dann och Bicher.

An engem Interview mam Lëtzebuerger Wort  vum 13. Juni beschwéiert sech säin Direkter Paul Zimmer iwwer "Pläne finanzkräftiger ausländischer Verleger (...), noch dieses Jahr in Luxemburg eine Gratis-Tageszeitung auf den Markt zu werfen".

Déi protestantesch Kierch huet elo de Markes-Iwwergiljen an enger Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Dieter Zimmer vun Diddeléng eraus gin (90 Säiten, 150 Frang, Tëlefong 50 39 59). An der Tëschenzäit schafft den Iwwersetzer schons um Iwwergilje vum Hellege Luc. Gët et eng Kéier déi ganz Bibel op Lëtzebuergesch, a wa jo, firwat?

De Pol Greisch huet op séngem 70. Gebuertsdag Erënnerungen Fir méng Mamm. aus engem laange Bréif mat Zeechnunge vom Roger Manderscheid an den Éditions Cahiers luxembourgeois erausgin (600 Frang).

De Roger Muller verzielt am Numero 63 vun Ons Stad d'Geschicht vum Michel Rodange und die Stadt Luxemburg an apaart vum Renert-Monument um Knuedler

Iwwer d'Réquisitions de manuscrits et trafic d'incunables à Metz, à Luxembourg et au pays de Trèves par Jean-Baptiste Maugérard sous le Consulat geet en Artikel vum Jean-Claude Muller  am Numero 2000/1 vun der Hémecht.

De 6. Abrëll kruten e Mann an eng Fra 15 Joer Prisong, well se sech vu Bangkok aus Bicher wéi zum Beispill Show me how...an hiren Hotel zu Lëtzebuerg schécke gelooss hun. An den Deckele vun de Bicher woren all Kéiers ongeféier 300 Gramm rengen Heroin verstoppt.

Dat neit Heft 29 vun der Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique de l'Institut grand-ducal gët sech mam Yolanda-Colloque 1999, enger Psychobiographie vum Méchel Rodange, der Lëtzebuerger Orthographie an der Luxemburgistik of.

Den Numero 3/1999 vun der Déifferdanger Galerie, revue culturelle et pédagogique bréngt ënner anerem den zweten Deel vum Jos Robert séngen Tagebücher 1909-1917.

D'Éditions Guy Binsfeld, en Deel vun de Guy Binsfeld & Co. s.à r.l., déi sech elo com'unity nennt, an déi an der Lescht bal nëmmen nach Rees-, Kach- a Bicher op Commande erausgin, kruten elo och nach en neie Logo.