Luxemburgensia

Nuvelle vu Lëtzebuerger Bicher

Archiv 2001 

D'Éditions Schortgen hunn zwee illustréiert Kannerbicher, dat méi interessant Dem Guiny säi Schlass vum Joëlle Faltz a Chandre (17,74 Euro) an en almoudescht Zodi am Stodi. Wann en Hond eng Kaz kritt vum Viviane Welter-Daman a Gast Heuschling (9,30 Euro), erausbruecht, an e konventionelle Gedichtband Poésies Gedichte vum Pierre-Dominique Bausch (22,51 Euro).

Am neien Numero 34 vun Exlibris schreift den Heinz Decker iwwer dem Norbert Jacques seng Dr.Mabuse-Exlibrisen.

No der Ausstellong am Zerkel gët d'Stader Gemeng elo en Album mat Fotoe vum Revue- a Wort-Fotograf Pol Aschman (1921-1990) eraus, déi an der Haaptsaach dat aarmt iewel glécklecht a konservatiivt Lëtzebuerg von de fofzeger Joere weisen  (Photothèque Ville de Luxembourg, Lëtzebuerg 2001, 187 S., 1956 Fr.).

Knapps ass déi schwéier verwurelt an zimlech schwaach Geschicht an der Revue fäerdeg, ass deen neien a 15. Superjhemp-Album vum Lucien Czuga a Roger Leiner schons do, prett fir ënnert de Beemchen: Alarm am Örozuch. Éditons Revue, Lëtzebuerg 2001, 48 S.

Niklos-/haut Krëschtdaagszäit ass d'Zäit, wou d'Kannerbicher op de Maart kommen, eng vun deenen dynameschste Branche vun der Editioun zu Lëtzebuerg a vun de Bicher a Lëtzebuerger Sprooch. An hirem eegene Verlag ultimomondo hu fir d'Kollektioun  datscharitschi zwee "Klassiker" geschriwwen:
- Roger Manderscheid: D'Magali flitt an den Himmel, ultimomondo, Lëtzebuerg 2001, 61 S., 650 Fr.
- Guy Rewenig, Nadezda Kozomara: Moss Kita, ultimomondo Lëtzebuerg 2001, 152 S., 700 Fr.

D'Nicole Paulus, d'Albena Petrovic-Vratchanska an d'Catrin Raber hunn zesummen e Kannerbuch mat CD geschriwwe, komponéiert a gezeechent: Wann de Piano rose gët. De Cid-femmes huet et zesumme mat Phi an dem 100,7 erausginn, fir d'Kanner op d'Bedeitung vun de Fraen an der Konscht opmierksam ze maachen. Mat den Noute vum Buch kënnen d'Kanner, déi Piano léieren, direkt d'Stécker nospillen (Lëtzebuerg 2001, 72 S.)

Nodeems ee lang näischt méi vun him héieren hat, gouf den Norbert Weber seng véier Radiostécker vu Seechen no de Bridder Grimm, déi hien Enn vun de siechzeger Joere publizéiert hat, mat enger franséischer Iwwersetzung, engem CD a Biller nei eraus: Véier Märecher fir ze lauschteren, fir ze liesen, fir ze spillen. (Asti Lëtzebuerg 2001, 49 S., 450 Fr.)

Fir Kanner vun 3 oder 4 Joer u koumen an den Éditions Guy Binsfeld nei eraus:
- Paulette Laugs, Annick Linster: De Burny brennt duerch, Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2001, 31 S. 595 Fr.
- Dieter Konsek: D'Julie an d'Dramvillercher. Op Lëtzebuergesch erzielt vum Henri Losch. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2001, 30 S., 595 Fr.

Den Aquariumsfrënn Michel Birger an d'Zeechnesch Ruth Hoor hunn e Fëschbuch fir Kanner gemaach: Alles klar mit Lisa, oder: Was eine Saugschmerle im Aquarium macht. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg 2001, 36 S., 480 Fr.

Tableux - Sehstücke heescht e Buch mat Gedichter vum Brideler Jean Krier, déi am Gollenstein Verlahg erauskoumen Blieskastel 2001, 95 S. 

D'Éditions Phi, déi zu 51 Prozent vum tageblatt senger Editpress-Grupp opkaf goufen, solle vum Angelika Thomé geleed ginn; d'Lektorat stellen de Jean Portante an d'Corina Mersch vum Jeudi. Fir d'20 Joer vun den Iechternacher Phi organiséiert de Mierscher Literaturzenter vum 23. November 2001 bis 15. Mäerz 2002 eng Ausstellong, déi ee vu méindes bis freides vu mueres zeng bis owes sechs Auer kucke ka goen.

De Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg huet dem Ina Helweg-Nottrot säi Buch Von der grünen Wiese zu Stadt (1998) erweidert an aktualiseiert ënnert dem Titel Kirchberg 1961-2001 zweesproocheg am Eegeverlag nei erausginn, fir Reklamm fir seng konterbosseg Urbanissemspolitik ze maachen (Lëtzebuerg 2001, 273 S.,  1900 Fr.)

No sengem Film Call Her Madam (1997) iwwer déi éischt amerikanisch Ambassadrice zu Lëtzebuerg huet de Kinoshistoriker Paul Lesch e broschéiert Buch geschriwwen iwwer Playing her Part. Perl Mesta in Luxembourg (The  American Chamber of Commerce in Luxembourg, Lëtzebuerg 2001, 111 S.) Et ass net am Handel, ma et kann een emol nofroen um 43 17 56.

Fir hire 75. Gebuertsdag huet d'Raiffeisekeess eent vun deene rare Bicher iwwer d'Lëtzebuerger Wirtschaftsgeschicht erausginn, dem André Bauler säi Les fruits de la souveraineté nationale. Essai sur le développement de l'économie luxembourgeoise de 1815 à 1999: une vue institutionnelle (Caisse centrale Raiffeisen, Lëtzebuerg 2001, 331 S., 1780 Fr.)

Éist Éislek. Begegnungen in den Luxemburger Ardennen ass den Titel vun engem luxuriéisen Album vum Uli Botzler mat Fotoe vum Guy Hoffmann, dee mat Zäit fir d'Feierdeeg bei den Éditions Guy Binsfeld erauskoum. Wéi seng Virgänger iwwer d'Stad an d'Musel kritt een en op Däitsch, Franséisch oder Englesch (Lëtzebuerg 2001,  235 S., 3975 Frang).

Eng wichteg Extranummer iwwer 100 ans de sécurité sociale au Luxembourg huet de Bulletin luxembourgeois des questions sociales vun der Aloss (bp. 1308, L-1013 Lëtzebuerg) erausbruecht (Lëtzebuerg 2001, Vol. 10, 156 S., ? Fr,)

Eng Zort Encyclopédie vun allem, wat een iwwer den Escher Jongelycée wëllt wëssen an och net wëssen, koum elo fir den 100. Anniversär zu engem net grad schülerfrëndleche Präiss eraus: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001 (Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, 451 S., 2945 Frang).

De Robert Krantz stellt de 7. November den zweete Band vu sengem aussergewéineklechen Luxemburgs Kinder unter dem Nazi-Regime vir: Erziehung zum Krieg (Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg 2001)

Fir Lëtzebuergsch ze léieren, koumen elo zwee nei Schoulbicher fir Erwuessener eraus: Lëtzebuergesch fir all Dag, Band 2, mat CD fir 750 Frang an Da  lass Band 3 mat Videokassett fir 1640 Frang.

Obwuel d'Nationalkomissioun fir d'Däitscht decidéiert huet, eng nei Editou vun de postprimären Däitschbicher Der Brunnen erauszeginn, gët am Edukatiounsministär nees iwwerluecht, fir déi Zerie vu Lëtzebuerger Däitschbicher, déi den Nic. Hein 1925 ufoung, duerch auslännesch Schoulbicher ze ersetzen.

Jhemp Hoscheit, Fancis Kirps a Léon Rinaldetti heeschen d'Gewënner vum éischten, zweeten an drëtte Präiss vum nationale Literaturconcours 2001, dee fir Gedichter ausgeschriwwe wor. E Luef krute Roland Harsch, Georges Hausemer, Giulio Pisani a Michèle Thoma. Eng 60 Gedichter woren erageschéckt ginn. 

Am drëtte Band vun Deemols. Episoden aus der Lëtzebuerger  Geschicht verzielt de Marc Angel Nationalgeschicht vum spéiden 19. a vum 20. Jorhonnert als Comic (op Lëtzebuergesch oder Franséisch, Édtions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2001, 48 S. 495 Fr.) 

Op eng satiresch Anerweis hunn den André Link an de Carlo Schneider probéiert, fir de Lëtzebuerger Nationalcharakter zu beschreiwen an ze zeechnen, wat ëmmer dat och soll sinn: Kleines Luxemburger Kuriositätenbuch. Éditons Saint-Pauil, Lëtzebuerg 2001, 114 S., 720 Fr.

Nom Lëtzebuerger Dixionär probéiert d'Regierung nees eng Kéier, fir e Buch ze zenséieren a vum Maart ze huelen. Dës Kéier ass et e Schoulbuch, d'Instruction civique Classes de IIe, Ministère de l'éducation nationale de la formation professionelle et des sports, Lëtzebuerg 2001, 173 S., 300 Fr., dat den 28 September eraus koum. Well eng Karikatur vum Carlo Schneider op Säit 66 de Justizminister Luc Frieden (CSV) weist, wéi e mat enger Schleider Auslänner iwwer d'Grenz schéisst, schreift de liberale Schoulministär "Les textes de ce manuel ont été assortis de documents authentiques, de photos et de dessins censés illustrer les matières traitées et d'inviter les élèves à la réflexion et à la discussion. Or, certaines illustrations abordant sous une forme caricaturale des sujets d'actualité de la vie politique, sociale et économique de notre pays dépassent nettement le cadre tant de la démarche pédagogique visée que du contenu du programme fixé pour les classes de 2e."

De Raymond Schaack huet zesumme mat sengem Fiss Luc Kriminalgeschichten E Fall fir de Charel iwwer hiren (Ur-)Grousspapp, den Dickrecher Riichter  Charel Schaack (1867-1925) geschriwwen (Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg 2001, 203 S.)

Eng hallef Dose fantastesch Geschichten, déi fir den nationale Literaturconcours 2000 ageschéckt gi woren, koumen elo an den Éditions Phi eraus: Contes fantastiques (Iechternach 2001, 120 S., 495 Fr.).

De Guy Helminger vun Esch, deen ewell zu Köln lieft, huet eng Rëtsch däitsch Kuerzgeschichten aus dem misteriéisen Alldag publizéiert: Rost (Édtions Phi, Iechternach 2001, 138 S., 495 Fr.).

De Kulturfonktionär a Kabarettist Claude Frisoni huet zwou Dose Billete voller Wuertspiller, déi en am Jeudi publizéiert huet, zesumme mat engem Grapp Aphorismen als Buch erausginn: C'était mieux quand c'était pire (Édtions Phi, Iechternach 2001, 150 S., 560 Fr.).

Moss Kita heescht dat neitsten, vum Nadezda Kozomara  illustréiert Kannerbuch op Lëtzebuergesch, dat de Guy Rewenig am Verlag ultimomondo erausgouf (160 S., 700 Fr.).

De Josy Braun huet en Album mat 75 Gedichter op Lëtzebuergesch a mat grad esouvillen Zeechnonge vum Isabelle Dellisse gemaach: D'Monsterzwillingen vun Esch-am-Lach (Éditions Phi, Iechternach 2001, 198 S., 800 Fr.).

Den Ante Glibota huet en illustréierten Album iwwer de Moler Arthur Unger. Aux sources de l'archée geschriwwen, deen zu Paräis an den Édtions Le toit de la grande arche erauskoum (120 S.).

Zesumme mam Literaturzenter vu Miersch organiséiert den Institut grand-ducal den 30. November an 1. Dezember an der Stad an zu Miersch e Workshop iwwer déi nei Perspektiven, fir d'Lëtzebuergescht ze erfuerschen - am Eenzelen d'Sproochgeschicht, d'Literatur, d'Lexikographie, d'Grammär an d'Schreifweis. 

Ween et net gleewe kann, datt et zu Lëtzebuerg iwwer 1000 (Hobby-)Kënschtler gët, kann a Signatures. Portraits et autoportraits. Artistes plasticiens au Luxembourg vum Lambert Herr noschloen. An dëser iwwerschaffter Editou vum Herr senger Anthologie des arts au Luxembourg (Éditions Émile Borschette 1992, 464 S.) fënnt ee Biller vun hiren Ennerschrëften, zimlech fantäsistesch Präisser fir hir Wierker an net grad aktuell Kuerzbiographien - esou wéi wann et hei e richtege Konscht-, Sammler- a Fälschermaart géif (Éditons Saint-Paul, Lëtzebuerg 2001, 412 S. 2840 Fr.).

Fir d'éischte Kéier offréiert de Centre universitaire dëst Joer Études luxembourgeoises. Geplangt si véier Coure vun all Kéiers 30 Stonnen: El 01 Histoire de la langue luxembourgeoise et aspects linguistiques; El 02 Introduction à la littérature luxembourgeoise et étude approfondie d'oeuvres choisies d'expression luxembourgeoise; El 03 Introduction à la littérature luxembourgeoise et étude approfondie d'oeuvres choisies d'expression allemande; El 04 Introduction à la littérature luxembourgeoise et étude approfondie d'oeuvres choisies d'expression française.

Vum 2. Oktober u bréngt d'Lëtzebuerger Wort säi franséische Supplément La voix du Luxembourg als eegestänneg Dageszeitung eraus a kënnt esou nach dem Quotidien vu Républicain Lorrain an tageblatt zevir.

A senger Galerie (1/2001) wënscht sech de Cornel Meder (S. 159) e Sammelband mat de fréien Erzielunge vum Batty Weber, dem eenzege Schrëftsteller, deen an den 80er Joer vum 19. Jorhonnert den Alldag an d'Mentalitéit zu Lëtzebuerg beschriwwen hätt.

Der Bibliothéik vun Zankt Petersburg hiren Evangeliorum quattuor codex Petropolitanus stellt de René Kockelkorn an enger fuerweger Broschür mam selwechten Titel vir, déi d'Nationalbibliothéik erausgouf (Lëtzebuerg 2000, 31 S.). Déi englesch, räich gemoolten Handschrëft aus dem 8. oder 9. Jorhonneert wor mat Lëtzebuerger Sue restauréiert an 1998 hei ausgestallt gin.

Fir hiren 200. Gebuertsdag hat d'Nationalbibliothéik eng Rëtsch Konferenzen vu Fuerscher iwwer eenzel Bicher aus hirer Kollektioun organiséiert. 14 Texter vun deene Konferenze koumen elo als Buch Tempus edax rerum eraus a reeche vun Orientalistik iwwer Iechternacher Handschrëften an humanistesch Auteure bis bei Luxemburgensia (Lëtzebuerge 2001, 221 S.)

Mat enger akademescher Sëtzung feiert d'Actioun Lëtzebuergesch Eis Sprooch den 9. Oktober am Stader Conservatoire hiren 30. Anniversär a 60 Joer Referendum vun 1941. Fir Ofschloss gët d'Heemecht gesong.

Am Staatsbudget fir 2002 sollen d'Krediter fir d'Nationalbibliothéik ëm e Fënneftel, vun 3,6 op 4,3 Milliounen Euro erhéicht ginn, dovunner aleng 303 000 Euro nei fir eng "e-Bibliothéik". D'Geld fir de Literaturzenter zu Miersch hëlt ëm en Drëttel zou, vun 284 991 Euro op 376 877 Euro, fir d'Personalkäschten ze decken. Nët vill kritt de Staatsarchiv bäi (1,6 Milliounen Euro).

D'Haus, wou de Victor Hugo zu Veianen am Exil gewunnt huet, soll d'nächst Joer als Musée vun der Association des amis de la maison Victor-Hugo nees opgoen an d'Relatiounen tëscht dem Dichter an dem Granduschi dokumentéieren.

En Album mat denen dräi éischte Geschichte vum Superjhemp, déi net méi am Buttek ze kréie sinn, bréngen de Lucien Czuga an de Roger Leiner bei den Éditions Revue den 1. Oktober eraus: De Superjhemp Sammelband (750 Fr.)

E Méindeg de 17. September vun néng Auer un ass op der Plëssdaarm de Bichermaart fir Okkasiouns-Schoul- an aner Bicher.

De Lex Jacoby huet en neie Roman geschriwwen: Wie nicht ganz schwarzer Kohlestein, eng liicht phantastesch "genealogische Forschungsreise" (Éditions St. Paul 2001, 320 S., 780 Fr.)

Zwee kleng Bicher mat Aphorismen a soss kuerzen Texter huet de Guy Rewenig an där vum nationale Kulturfong zubventionéierter Serie Graphiti vun den Éditons Phi erausginn: Der echte Kanufahrer rudert mit den Händen. Lappalien (2000, 93 S., 480 Fr.) an Dein Herz aus Eis macht mich ganz heiß. Fußnoten (2001, 93 S., 480 Fr.)

Déi 49. Fachkonferenz 2001 der staatlichen Büchereistellen vum 17. bis 19. September 2001 zu Saarbrécke beschäftegt sech den éischten Dag mat deene méi klenge Bibliothéiken zu Lëtzebuerg an am Loutréngeschen.

D'Direktesch vun der Nationalbibliothéik Monique Kieffer ass zanter dem 5. September net méi "f.f.". De suspendéierten Direkter Jean-Claude Muller soll am Rang vum Conseiller de gouvernement premier en rang eng "Koordinatiounsmissiou fir d'Bibliothéike vun der Groussregioun" kréien.

Déi Lëtzebuerger Lokaleditiou vum Républicain Lorrain  soll spéitstens Enn vum Joer mat Kapital vun Editpress (tageblatt, Jeudi) an enger neier Opmaachung a mat engem neien Numm erauskommen; am Gespréich ass Le quotidien. Well se dann zu Esch gedréckt gët, kritt se och Lëtzebuerger Pressehëllef. Am Wort hate se och schons driwwer nogeduecht, fir hire franséischen Deel La voix du Luxembourg als eegen Dageszeitung erauszeginn.

Als zweet digitaalt Buch nom e-Renert publizéiert luxemburgensia.lu vum Lëtzebuerger Land Iölande, A Tale of the Duchy of Luxembourg vun 1832.

En héicht offiziellt Billerbuch mat vill Layout-Gespills iwwer La famille grand-ducale de Luxembourg huet dem Staatsministär säi Service information et presse erausginn (119 S., 300 Fr.)

Nodeems hir lescht Nummer vum Joer 2000 elo eréischt erauskoum, kënnegt d'Literaturrevue Estuaire un, datt se Enn dës Joers ophält. Estuaire huet sech ëmmer an enger zimlech weltfriem-poetescher Roll gefall. D'Manuskripter, déi d'Redaktioun an der lescht krut, wieren net méi gutt genuch, fir den Niveau vun der Publikatiou kënnen ze halen. 

Okkasiounsbicher verklappt de Lions Club Mameranus vu Bartreng an der Belle Étoile vum 1. bis 3. September fir "e gudden Zweck".

Déi gréisste Manifestatioun ronderëms Lëtzebuerger Bicher, de Walfer Bicherdag, ass e Sonndeg den 18. November vun zeng Auer un an der Sportshal Prënz Henri (Tel. 330144-229).

De Maacher Dréckeremisee organiséiert sonndes de 26. August, den 9. a 16. September mëttes vun dräi bis sechs Auer Demonstratiounen, wéi op denen ale Maschinne gedréckt gouf.

Eng ganz Anthologie vun historesche Perséinlechketen, déi Kanner verluer hunn, huet de Joseph Groben, deem dat Leed och geschitt ass, erausbruecht: Requiem für ein Kind. Trauer und Trost berühmter Eltern (Dittrich Verlag, Köln 2001, 427 S.)

Déi éischt Journées européenes d'échange d'ex-libris gi fir de 6. a 7. Oktober am Centre culturel Maus Ketti zu Biermereng vun den Exlibris-Sammler vum Cercle Pierre Roberti ugekënnegt (Tel.: 53 00 35). Am Numero 33 vum Juli/August 2001 vun hirem Bulletin de liaison geet och en Artikel iwwer "ein (unbekanntes?) blindgeprägtes Exlibris von J.J. Koppes, Bischof von Luxemburg".

Déi hallef Dosen al Männer, déi am Fréijor Amock gént dem Sanja Ivekovic seng Lady Rosa of Luxembourg gelaf sinn, goufen elo nach eng Kéier hir schéinste Lieserbréiwer an Artikele géint d'feministescht Konschtwierk eraus: Le Monument du Souvenir "Gëlle Fra". Comité de Coordination "Non à la Gëlle Fra 2" . Prises de position (DIN A4, 34 S., 250 Fr.) D'Quelle reeche vum Wort iwwer Journal, tageblatt, Répu bis Feierkrop an Zeitung - just am Lëtzebuerger Land schénge se näischt fonnt ze hunn. 

Well eng nei Téik agebaut gët, fir Bicher ze verléinen, huet d'Nationalbibliothéik vum Freideg, den 10. bis Mëttwoch, de 15. August zou.

Vun Ufank August unn huet de Statec decidéiert, fir all seng Publikatioune gratis op de Spaweck ze setzen.

De soziokulturelle Radio 100,7 fänkt am Hierscht eng nei thematesch Literaturemissiou Schwaarz op Wäiss unn, déi eemol am Mount donneschdes gesennt soll ginn.

Fir sech an d'Erënneronge vun alen an dacks eng Grimmel verkuerbelte Leit eranzeversetzen, déi se ze versuergen hunn, huet d'Jacqueline Orlewski-Eyschen dem Veräi RBS Service de formation socio-familiale vum Familjeministär dat räich illustréiert Luxemburg zwischen 1918 und 1940. Leben im Alttag geschriwwen, dat op Däitsch a  Franséisch erauskoum (Service RBS, Lëtzebuerg 2000, 125 S. 980 Fr.)

Komba la Bomba vum Guy Rewenig a Roger Manderscheid (Édtions Phi 1999) hunn iwwer 2000 Schoulkanner vum drëtten a véierte Schouljoer als hiert léiwste Buch gewielt. A si hun Aarbechte fir eng Ausstellong Wie liest huet 100 Aen gemaach, déi zesumme mat der Initiativ Freed um Liese vum 6. August bis den 20. Oktober vu méindes bis freides vun 10 bis 17 Auer zu Miersch am Literaturzenter ze gesinn ass.

Dem däitsche Goethe-Institut seng Thomas Mann-Bibliothéik mat ronn 9000 Titele muss zoumaachen. Et muss gespuert ginn... Weider Detailler.

De Statec huet a senger neier Lëscht vun de gréissten Entreprisen och déi décksten Editeuren an Dréckereie vum Land opgezielt: Groupe Saint-Paul S.A. (920 Leit), Imprimerie Centrale S.A. (330 Leit), Euronimbus S.A. (CD, DVD, 250 Leit), Imprimerie de la Cour Victor Buck S. à r.l. (130 Leit), Imprimerie François Faber S.A. (130 Leit), Editpress Luxembourg S.A. (110 Leit), Editus S.A. (Tëlefongsbuch, 100 Leit).

An där neier Cité des sciences, de la recherche et de l'innovation op Arbed Belval, déi en Dënschdeg ugekënnegt gouf, sollen ënner anerem eng "bibliothèque universitaire" an de Staatsarchiv kommen.

De Projet, fir e Computer-Korrekturprogramm fir Lëtzebuergesch ze entwéckelen, gouf elo bis Juni 2002 verlängert: Wenn der Computer Béchamelszooss kennt (13.07.01).

D'Schoulklass 3LS3 vum Stader Kolléisch huet eng illustréiert Broschür erausginn iwwer Zillebäcker - des bricteux belges au Luxembourg: les Tassin à Dudelange (1889-1919).

Als éischt Lëtzebuerger digitaalt Buch huet luxemburgensia.lu vum Lëtzebuerger Land de kompletten Text vum Méchel Rodange sengem Renert um Internet publizéiert: Renert oder De Fuuss am Frack an a Maansgréisst.

Den Dréckereimisee am Maacher Kulturhuef offréiert e Sonndeg, de 15. an 29. Juli vu mëttes dräi bis sechs Auer Demonstratiounen, wéi seng Dréckmaschinne fonktionéieren.

An der zweter Halschecht vum Juli hänken op de Garen, an den Zich, a Banken a Butteker Affische mat Versen aus Gedichter an hirer Originalsprooch an iwwersat. Poêmes de toutes les langues leeft am Kader vum eiropäesche Sproochejoer.

De fréiere Journal- an haut Wort-Journalist Caston Carré huet bei de Cahiers luxembourgeois e kuerze Roman iwwer d'Lous vum Bach séngem Fiss Friedemann erausginn: Un accord en souffrance (90 S., 395 Fr.) 

"Livres d'artistes" heescht eng Ausstellong, déi bis de 14. Juli an der Galerie Lucien Schweitzer, 24 avenue Monterey, gewise gët. 14 Këntschlerinnen a Kënschtler stellen Unikater mat Texter vu Lëtzebuerger an auslännesche Schrëftsteller aus. Iwwer Këntschlerbicher gët och en Donneschdeg, den 28. Juli ëm 18.30 Auer op enger Tableronde an der Galerie geschwat.

D'nächst Joer ginn et 125 Joer, datt de Méchel Rodange gestuerwen ass, a schons hëlt d'Ongléck säi Laf: de Mierscher Literaturzenter wëllt d'nächst Joer eng Rodage-Ausstellong maachen, an de Fëschmaarter Comité Alstad verkeeft elo schons zwou Renert-Lithographie vum Pierre Wagner, schreift e Concours fir ierde Renert-Figure fir d'Éimaischen aus a mécht den 20. Oktober e Rodange-Owend am Conservatoire.

Den Tullio Forgiarini, Geschichtsproff zu Wolz, spillt gäre mat de Genre-Klischeen aus dene bëllege Krimien. No Miss Mona  ass La ballade de Lucienne Jourdain säin zwete Krimi (Cahiers luxembourgeois/Éditons Memor, 83 S., 395 Fr.)

Et gi Bicher, déi si wéi Schubber oder Zalot tëscht den Zänn. Art on Cows Luxembourg 2001 heescht e Fotosbuch vum Ilka Michel a France Clarinval iwwer dem Stater Geschäftsverband séng plastiks Kéi (Neptun Verlag Kreuzlingen, 96 S., 840 Fr.)

E Bësse wéi Art on Cows fir Zänndokteren ass dem Bernard Noël, Claude Lorent a Jean Sorrente hiren Album Robert Brandy. Peintures 1971-2001 (Artgo Bréissel, 247 S.)

De Rainer Holbe, dee Joere laang op der däitscher Tële déi kleng gréng Männercher gesinn huet, blouf transzendent a schreift all Samschdeg an d'Lëtzebuerger Wort. Séng Chronik Es ist Wochenende - Erkenntnisse eines Flaneurs koum elo als Buch eraus (éditions Saint-Paul, 123 S., 880 Fr.)

Op enger Stee zu Hamburg goung ee vun dene sëlleche Faksimilië vum Codex aureus epternacensis fir 21.000 Mark iwwer. D'Original hat d'Germanisches Nationalmuseum vun Nürnberg 1955 fir 1,1 Millioun Mark der Herzog von Sachsen-Coburg und Gotha'sche Stiftung für Kunst und Wissenschaft ofkaf.

D'Éditions Revue verkafen "e Schocker (...), den sich niemand ausdenken kann", d'Memoire vum Nico Reisdorff, deen als Member vun der Waldbëlleger Band zu liewenslaangem Prisong kondannéiert gouf: Erziehung zum Wahnsinn (456 S., 950 Fr.)

An eisem Dossier iwwer d'Geschicht vun de Romaner op Lëtzebuergesch sin eng ganz Rëtsch Artikele bäikomm.

De Servais-Präis 2001 an 150.000 Frang kritt de Roland Harsch fir säi Buch Laub und Nadel als "wichtegst Buch vum leschte Joer". E Luef gët et fir Laura vum Monique Philippart. Fir d'éischte Kéier gët et och e Präiss, fir den Drock vun engem éischte Manuskript ze finanzéieren, e geet un d'Isabelle Kronz fir hir Geschicht Hélène et les Max.

En Institut inter-disciplinaire d'études et de recherches sur le Luxembourg et sur la langue luxembourgeoise (IIERLLL?) soll bis Oktober 2002 entstoen, wann de Centre universitaire, den Iserp an den IST als Universitéit vu Lëtzebuerg nei verpak op de Maart kommen. Dat huet d'Ministesch Erna Hennicot-Schopeges den 23. Mee ugekënnegt.

De Cercle de la philatélie constructive vu Stesel huet vum 24. bis 27. Mee am Porheem gewisen, wéi d'Post zanter 70 Joer probéiert, mat där eenzeger Foto vum Méchel Rodange bal all Joerzéngt en aneren Timber vum Dichter erauszeginn - ugefaan mam "semi-postale" Käppche vun 1931 bis deen neie vun 2001.

A séngem neien Hausverlag ultimomondo an der Kollektioun datscharitschi huet de Roger Manderscheid en neit illustréiert Kannerbuch D'Magali flitt an den Himmel erausginn (64 S.)

Petit livre d'oraisons. Cinq élégies à Luxembourg heescht e klenge Gedichtband vum Jean Sorrente an der Kollektiou Graphiti vun den Éditions Phi (128 S.)

Zu Berlin gouwen Ufank Mee bei Jeschke, Greve & Hauff deem aus Lëtzebuerg gebiertegen Orchideejeër Jean Linden sénger Albummen Lindenia. Iconographie des orchidées ee mat 528 Lithographie versteet. Band 7 an 10 vun den 13 Bänn hu gefeelt, déi aner wore getéitscht. De Präiss wor op DM 25000 geschat, d'Bicher gounge fir DM 30000 iwwer plus Kommissioun an TVA. En anert Wierk vum Linde, Pescatorea, wor Enn 2000 an  der Nationalbibliothéik ausgestallt.

D'Éditions Saint-Paul gouwen hiren neie Katalog 2001 eraus, ma et si keng interessant nei Publikatiounen doranner ugekënnegt. Nei as en extrae Catalogue impressioun-diffusion, also vun dene Bicher, déi se drécken a verkafen, awer vun dene se net wëllen Editeur sinn.

D'Association Luxembourgeoise de Généalogie et d'Héraldique ass och ewell um Spaweck. Si offréiert ënner anerem en Index vun den ale Poren an ee vun all den Artikelen aus hire Publikatioune mat engem Formulär, fir se nozebestellen.

A séngem Avis vum 24. Juni 1998 ass de Conseil d'État kategoresch géint de "Projet de loi relatif au changement de nom de la commune de Bettborn en celui de Préizerdaul". Well "avec les mêmes arguments, peu convaincants par ailleurs, d'autres communes du pays pourraient être tentées de s'appeler désormais 'Mullerthal', 'Uelzechtdall', 'Kuerdall' ou 'Kischpelt'". An dat ass "de nature à créer des précédents qui ne sont pas de nature à affermir la cohésion et l'identité locales, voire nationales."

An engem Ament, wou ronderëms d'Lady Rosa Patriotissem an Demokratie, Resistenzler an Zwangsrekrutéiert verwiesselt ginn, huet den André Heiderscheid den zwete Band vu séngen Erënnerongen Zwangsrekrutiert erausbruecht iwwer "Kasernenzeit in Altenburg, Fronteinsatz in Schlesien" (359 S., 1700 Fr.) -  cf. Band 1.

Op der kathoulescher Universitéit vu Léiwe gët sech déi 34. Reuniou vun der Societas linguistica europaea den 29. August och mam Lëtzebuergeschen of. D'Claudine Moulin-Fankhänel (Bamberg) an den Damaris Nübling (Mainz) stellen do iewel net méi schimmeg deen ale "moselfränkeschen Dialekt" vir, ma kéng  "eine junge westgermanische Kleinsprache, die seit einigen Jahren einen intensiven Emanzipations-, Ausbau- und Standardisierungsprozess" erlieft. An déi "am wenigsten erforschte germanische Sprache" huet "singuläre Neuerungen durchgeführt", vun denen déi aacht Diphtongen, d'Äifeler Regel, d'Pluralformen an d'Integratiou vu Friemwierder nëmmen déi bekannsten sinn.

D'Summerakademie organiséiert dëst Joer eng Rëtsch Coure ronderëms Bicher an d'Schreiwen: Chinesesch Calligraphie mam Tie An Lin (30.07.-10.08.), Bicherbanne mam Edy Willems (16.07.-27.07.), Schreiwen an europäesch Calligraphie mam André Delvaux (16. 07.-27.07.), Buchillustratiou mam Alan Johnston (30.07.-10.08.), d'Buch op der Foto mam Vera Weisgerber (23.07.-10.08), mëttelalterlech Buchmolerei mam René Kockelkorn (16.07.-27.07.), e Schreifatelier mam Paul Schuster (16.07.-27.07.) a fir Jonker Mickimause mam Angélique Edon (16.07.-27.07. an 30.07.-10.08.).

De Jean Schanen, pensionéierte Privatdetektiv, dee bei dene leschte Wale mat enger Partei vum drëtten Alter ëmsoss kandidéiert hat, huet elo Ma vision politique geschriwwen. A wéi 1999 huet en nach ëmmer keng (Privatdrock 44  S., Tel.: 26 55 14 20). 

Erzielungen op Lëtzebuergesch, déi den Emil Angel am Lëtzebuerger Land, an de Cahiers luxembourgeois an an der Galerie publizéiert huet, maachen e gudden Deel vun der Kollektioun Komm, Spillmann, komm! aus, déi d'éditions Saint-Paul virleeën (187 S., 630 Fr.).

De Club des Jeunes Ell huet e Buch D'Lëtzebuerger am Krich. Eng kleng Natioun erzielt 1940-1945 erausginn, wou 18 Männer an zwou Frae sech un de leschte Krich erënneren (560 S., 1850 Fr.) Ewell koum schons déi zweet Oplo op de Maart.

An der Serie vu Romaner, mat dene Jonker an der lescht hire Wee an d'Welt verzielen, huet de Stodent Ian De Toffoli De solitudinis arte ou Le nouveau mythe de Narcisse geschriwwen. Apaart ass, datt déi Geschicht virun 2000 Joer zu Roum spillt. (Éditions des Cahiers luxembourgeois, 142 S., 600 Fr.)

D'Lëtzebuerger Land huet en neien Dossier iwwer d'Fro ugefaang, wat aus de Lëtzebuerger Bibliothéike gët a wat fir Bibliothéike gebraucht ginn. Déi éischt Artikele kann een ewell och online liesen: Bibliothéiken.

No der Seechen ouni Enn vun der Fnac, déi op Lëtzebuerg kéim, wëllt de Beschass elo wëssen, datt amazon.com e Magaséng fir Europa zu Lëtzebuerg ariichte wëllt, ma nach Problemer mam Copyright hätt. 

D'Actioun Lëtzebuergesch ass ewell och um Spaweck, ënnert dem Titel vun där Zäitschrëft, déi se agestalt huet, fir all Mount Annoncen an der Dagespress ze maachen: Eis Sprooch.

Dat véiert Kultur- a Sproochefest ass de 15. a 16. November 2001 am Utopolis um Kierchbierg. Am Mëttelponkt stinn dës Kéier d'Lëtzebuergescht an d'Portugisescht.

Den CSV-Deputéierte Marco Schank huet elo an der Editioun Op der Lay zu Esch am Lach säi drëtten historesche Kriminalroman erausginn: Das Vermächtnis des Propheten (272 S., 545 Fr.), dee 1684 an der Festung spillt.

Fir hiren 20. Gebuertsdag hat der Imprimerie St. Paul hir Kulturzäitschrëft Nos Cahiers e Literaturconcours organiséiert, deem séng Texter se elo am Numero 1/2001 opdréckt. Gewonnen hate Kuerzgeschichte vum Guy Felten.

D'Firma Oniria Productions am Eecher Bierg huet mat der Produktiou vun engem neie Computertrickfilm ugefaang, Renart, the fox. De Film ass eng Adaptatioun vum Roman de Renart aus dem Mëttelalter, ee vun de Virleefer vum Goethe séngem Reinke Fuchs an domater och vum Méchel Rodange séngem Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt. De Film vum Thierry Schiel soll am Hierscht 2002 fäerdeg sinn.

Am Kader vum Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté ass vum 16. bis 18. Mäerz an den alen Halen an der Lamperbierger avenue Victor Hugo och den éischten Sallong vum Buch an de Kulture mat e puer Dose Schrëftsteller. E Samschden ëm fënnef Auer ass eng Table ronde iwwer Litteratur a  Migratioun.

D'Nationalbibliothéik weist vum 16. bis 31. Mäerz wäertvoll Buchabänn vum 16. a 17. Jorhonnert, dënschdes bis freides vun 10.30 bis 18.30 Auer, samschdes vun néng bis zwielef. E gewëssenhaften a komplett illustréierte Katalog huet de fréiere Chef vun hirer Réserve précieuse erausginn. Émile van der Vekene: Reliures des XVIe et XVIIe siècles conservées à la Bibliothèque nationale de Luxembourg koum an der Editioun vun der Bibliothéik eraus, wou een d'Buch och fir bëlleg 1210 Frang ze kafe kritt (276 S.).

Den 20. Mäerz gët d'Post dräi Käppercher mat Biller vum Nik Welter (18 Frang), André Gide (24 Frang) a Méchel Rodange (30 Frang) eraus.

D'Munnerefer Dichterdeeg si vum 20. bis 23. Abrëll. Nodeems am Kulturjoer den Umberto Eco net komm wor, ass dës Kéier ënner anerem de Régis Debray invitéiert. Den 23. Abrëll ass an der Escher Kulturfabrek als Salon des exclus eng Marathon-Liesong vu Lëtzebuerger Schrëftsteller geplangt.

Zesumme mam Salon des antiquaires ass den 20. Bicherfestival an den Halen um Kierchberg bis en Sonndeg, den 11. Mäerz, e Freide vu 14 bis 22, de Weekend vun 10 bis 19 Auer. Ma de Stand vun den Editeuren ass relativ schappeg, an onst d'Lëtzebuerger Bicherfrënn si just zwee auslännesch Antiquariater do.

E Freideg den 23. Mäer ass am Schlass vu Buerglënster d'Joresversammlong vun de Lëtzebuerger Bicherfrënn. Bei där Geleenheet soll de Sëtz vum Veräi vun de Bichersammler och op Nidderaanve verluecht ginn. Den Emile van der Vekene weist Diae vu Buchabänn.

Am Kader vun der Ausstellong iwwer d'Lëtzebuergescht hält de Roger Müller e Mëttwoch, de 14. März owes ëm aacht Auer am Mierscher Literaturzenter eng Konferenz iwwer d'Fro: Wéi koumen eis Auteuren am 19. Jorhonnert op d'Iddi, Lëtzebuergesch ze schreiwen?

Fir hiren 150. Anniversär huet d'Gemeng Walfer eng luxuriéis Geschicht an zwee Bänn an engem CD erausginn: 150 Jore Gemeng Walfer, eng vun denen houferege Lokalchronike vun de Kelte bis haut op blénkegem Pobeier (552 S., 2500 Fr.)

Fir eng Geschicht vun de Lëtzebuerger Buchbënner zanter dem 17. Jorhonnert ze schreiwen, freet den Emile van der Vekene all Buchbënner, déi nach kee Kontakt mat him haten, fir sech bei him ze mellen (Tel.: 34 85 91).

Déi Iechternacher Fiduciaire de l'est offréiert eng "Maison d'éditions luxembourgeoise de renommée nationale" mat der "plus grande collection en Luxemburgensia" fir de Verkaf.

Eng kleng Hëllef fir Lëtzebuergesch ze schreiwen heescht en dënnt Heftchen, dat de Schoulministär erausgouf. Et kritt een et um Ministär (Tel.: 478 5100) oder et kann een et op sénger Web-Säit eroflueden.

Am Memorial C Nr. 58/2001  sinn d'Statute vun den Nouspelter Éditions Ultimomondo. Bei engem Kapital vun enger halwer Millioun huet de Guy Rewenig 300 Aktien, d'Micheline Scheuren, de Michel Dimmer, de Roger Manderscheid an de Paul Thiltges jidderee 50 Aktien.

De Josy Braun huet säi méi komplett Heftchen, fir richteg Lëtzebuergesch schreiwen ze léieren, nei erausginn. An 2001 Eis Sprooch richteg schreiwen ass och elo eng Lëscht vun den Uertschaftsnimm, no där neier Schreifweis - "Rëmeleng" kritt jo elo nëmme méi eemol Tëppelcher - a vu Wierder iwwer Gedrénk sn Iessekascht (61 S., 400 Fr.)

Nei op der Web-Säit vum Lëtzebuerger Land ass en illustréierten Dossier iwwer Romaner op Lëtzebuergesch,  hir Geschicht, hir Bibliographie an Artikelen iwwer all eenzele Roman.

Luxemburg - Banken und Architektur heescht en Album vun 128 Säiten, deen d'Ina Nottrot an de Marc Theis bei den Éditions Guy Binsfeld erausgoufen. 155 Fotoe weisen d'Stader Geldtempele vu bannen a bausen. Den Text an dräi Sproochen ass esou gehal, datt  d'Banken d'Buch kafen an houfereg  weiderverschenke kënnen - wat et fir déi Lieser, déi 2450 Frang dofir ausginn, net grad méi spannend mécht.

Am Bulletin Reliure d'art  Numero 25 vun den Amis de la reliure d'art, denen hiren internationale President hien ass, schreift den Emile van der Vekene iwwer d'Geschicht vun de Buchbënner zu Lëtzebuerg: Virun engem Jorhonnert gouf et 27 Buchbënner am Land; haut ginn et fënnef oder sechs selbstänneg Handwierker, an dräi oder véier Atelierë gehéieren zu groussen Dréckerein. Hie kënnegt och en Dixionär vun de Lëtzebuerger Buchbënner vum 17. bis 20. Jorhonnert un.

En neit Reglement vum 15. Januar 2001 schreift vir, wéi Dokumenter vum Nationalarchiv konsultéiert kënne ginn. D'Archiver vum Stat a vun de Gemengen dierfen no 30 Joer gelies ginn. 50 Joer muss ee waarden, wann et ëm d'Arméi an déi national Sécherheet geet; 50 Joer nom Doud bei perséinlechen Donneë vu Persounen, 150 Joer, wa medezinesch Informatiounen iwwer Persounen dra stinn (Memorial A Nr. 11 vum 30.01.2001)

D'Aarbechtsgrupp Lëtzebuerger Dixionär an de Projet Cortina vum Centre de recherche public Gabriel Lippmann schaffen un engem neie Korrekturprogramm, fir um Computer Lëtzebuergesch ze schreiwen. E Prototyp kann een ewell selwer ausprobéieren.

Vum 8. bis 11. Mäerz as an der Foire um Kierchbierg deen 20. Bicherfestival vun der Lëtzebuerger Federatioun vun de Bicherediteuren. 

Am Kader vun e-Lëtzebuerg versprécht d'Nationalbibliothéik, fir hire ganze Katalog zesumme mat deem vun enger Rëtsch auslännesche Bibliothéiken an ausgewielten Dokumenter op den Internet ze setzen.

De Staatsarchiv um Helleg geescht weist bis Enn Oktober 30 Dokumenter aus sénge gemëschte Fongen, vun engem Massbuch aus dem 15. Jorhonnert bis bei d'Manuskript vum Pierre Hamer sénge Capucins.

Och op deem klenge Lëtzebuerger Maart schéngen d'Bicher ëmmer méi séier ëmgeschlo ze ginn. Déck an deier Albummen iwwer d'Dynastie an d'Stad Lëtzebuerg, déi kuerz viru Chrëschtdag erauskoumen, kritt een ewell am Januar an där enger oder aner Libräri kéipweis bradéiert.

D'Wanterliesunge vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband sinn owes ëm aacht Auer am Konschthaus Beim Engel um Fëschmaart:
5. Februar mam Josy Braun, Josiane Kartheiser a Guy Wagner, Musek vum Giuliano Arpetti a Konrad Trost 
12. Februar mam Angela Boeres-Vettor, Lydie Botzem an Giulio-Enrico Pisani, Musek vum Cary Greisch

Den Naturmusée huet eng grouss (a bëlleg) Lëscht vun de Bambäert, Longekreider a Bamkräzen an der Belsch an zu Lëtzebuerg erausginn, Paul Diederich, Emmanuël Sérusiaux: The Lichens and Lichenicolous Fungi of Belgium and Luxembourg. An Annotated Checklist. Musée d'histoire naturelle, Luxembourg 2000, 207 S., 950 Frang.

schwarze engel ass den Titel vum Roger Manderscheid séngem neie Buch, dat éischt vu séngen egenen Editiounen ultimondo. Et si siwe kuerz Geschichten op Däitsch mat Zeechnonge vum Schrëftsteller (120 Säiten, 700 Frang).

De Walfer Iserp huet La formation de l'instituteur au Luxembourg, vun der Lehrernormalschule bis haut erausginn, dat op eng interessant, wann och liicht chaotesch Manéier e Stéck Zozialgeschicht ass (Lëtzebuerg 2000, 176 S., 1700 Fr.)

Literaresch Texter vu Raymond Schaack, Roland Harsch, Félix Molitor, Gast Rollinger a John Roger publizéiert den Numero 16 vu récré, der Apess hirer Kulturzäitschrëft. Donieft as och Literaturhistoresches vum Frank Wilhelm, Nico Thewes an dem Mario Fioretti säin Nietzsche/Mann-Text, dee schons am Lëtzebuerger Land vum 28. August 2000 wor.

Mat Fotoen, an der Haaptsaach Porträen, déi en am, Abrëll 1999 am Burkina Faso gemaach huet, gouf de John Braun, Schoulmeeschter vun Nidderkärjeng, en Album vun 63 Säiten ouni Titel eraus. Doranner freet en, ob dat aarmt Afrika éiweg "de Schwaarze Péiter behale" muss. 

D'Revue culturelle Estuaires, déi an der Haaptsaach eng franséisch Poesiezäitschrëft ass, huet an hirem Nummero 41 ënner anerem en Dossier iwwer "L'érotisme dans l'écriture".

D'Lëtzebuerger Wort huet eng Auswiel vu séngen Titelsäiten aus dem 20. Jorhonnert fir e groussen Albumm vun 228 Säiten am Format 35 mol 48 Zantimeter faksimiléiert: Luxemburger Wort 1900-2000 (2480 Frang).

De Guy Rewenig kritt den 1. Februar de Prix Nic. Thoma mat 150000 Frang vun der Schoulmeeschteschgewerkschaft FGIL fir all déi Kannerbicher, déi hie geschriwwen huet.

Op d'manst provisoresch as elo d'Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise vum Marie-France Kremer um Spaweck - an op enger neier Internetadress.

No méi laanger Zäit publizéiert de Rolph Ketter e Journal eines jungen Narren an den Éditions Phi (190 S., 650 Fr.). Do koum och dem Guy Rewenig säi klengt Buch Der echte Kanufahrer rudert mit den Händen eraus (96 S., 480 Fr.).

Helleg Muecht heescht e Roman "mat allerhand Magouillen tëscht Stat a Kierch.
An dat hei zu Lëtzebuerg" vun engem Fernand le Chartreux, wéi de Jérôme Lulling ukënnegt. (Editons Schortgen, 184 S., 645 Fr.)

Bal en halleft Joer laang, vum 26. Oktober 2000 bis den 31. Mäerz 2001, weist den Nationale Literaturzenter zu Miersch eng Ausstellong Lëtzebuergesch "eng Ried, déi vun allen am meeschte ëm ons kléngt" (A. Meyer) iwwer d'Geschicht vum Lëtzebuergeschen. De Katalog ass vum Germaine Goetzinger, Gast Mannes a Roger Muller (127 S., 500 Fr.)

D'Summerakademie vum 16. Juli bis 10. August 2001 soll ganz am Zeeche vum Buchhandwierk stoen a léieren, wéi ee Bicher schreift, illustréiert, dréckt a bënnt.

Archiv vun den Nuvellen 2000