![]() |
||||||
![]() ![]() ![]() ![]() ![]() |
|
|||||
| Luxemburgensia Nuvelle vu Lëtzebuerger Bicher Archiv 2002
Fir hire Gebuertsdag gët d'Grënnesch Musek e Buch Fanfare royale grand-ducale Luxembourg-Grund-Fetschenhof-Cents-Pulvermühl 150e anniversaire mat lokalhistoreschen Artikelen eraus (275 S., 49,80 Euro). Well dem Jury keent vun deenen zeng Kannertheaterstécker, déi ageschéckt goufen, gutt genuch wor, huet e keng Präisser fir den Nationale Literaturconcours 2002 verdeelt, ma just dem Jemp Schuster, Dana Rufolo a Christiane Ehlinger e Luef ausgeschwat. De Jean Portante huet Gedichter mam Titel L'Étrange langue bei Le Taillis Pré erausginn (Châtelineau 2002, 126 S., 16 Euro). D'Halschecht vum Numero 18 vun der Apess hirer Kulturzäitschrëft récré gët sech mam Victor Hugo sengem Humor (Frank Wilhelm) a senge Veianer Hotelen (Pierre Lech) of (232 S., 14,50 Euro). Déi Déifferdenger Galerie 2002/2 publizéiert kuer Texter vu Lëtzebuerger Auteuren an onbekannte Gedichter vum Thériente (Jempi Welter). Dem Luigi Peruzzi seng Mes Mémoires. Un antifachiste italien déporté au SS-Sonderlager Hinzert raconte , vun deene Stécker schons am Tageblatt ofgedréckt woren, hunn d'Véronique Igel an den Denis Scuto erausginn (Éditions Le Phare, Esch-Uelzecht 2002, 398 S., 30,20 Euro). A senger Editou vum 13. Dezember huet d'Lëtzebuerger Land
nees säi Bucher-Zupplemang, dës Kéier zum Thema Krich
mat
D'Nationalbibliothéik weist vum 12. Dezember bis 15. Februar an hirem Mansfeld-Sall eng Ausstellung iwwer déi zwee éischt Jorhonnerte Buchdrock a Béimen (dënschdes bis freides vum 10.30 bis 18.30, samschdes vun neng bis zwielef). Am Dossier iwwer d'Bibliothéike si weider Artikelen dobäi komm, dorënner och d'Protestdeclaratioun vun all de Leit vun der Nationalbibliothéik vum 26. November 1969. Language Tells Luxembourg's Story heescht en Artikel an der Washington Post vum 29. November 2002, wou de Steven Gray zimlech op Ongeféier verzielt, wéi et mat der Literatur op Lëtzebuergesch biergop geet. D'Stéphanie Kovacs (Tel.: 58 64 62) huet hire Mémoire de maîtrise privat als Buch erausginn: Communisme et anticommunisme au Luxembourg 1917-1932 (Défferdeng 2002, 458 S.; 22 Euro plus 2,5 Euro Porto op de Postscheck IBAN LU30 1111 1292 2622 0000). Op der Generalversammlung vun den Amis de la reliure d'art international zu Athen ass den Emile van der Vekene fir véier Joer als internationale President zréckgewielt ginn. D'englesch Ambassad presentéiert den 13. Dezember déi lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Henry Wicken sengem The Hobbit. S.O.S. Cosa mia heescht den neie Superjhemp, dee 17. Album, deen an den Éditons Revue erauskomm (Lëtzebuerg 2002, 48 S., 9,30 Euro). Den éischte Präiss am Literaturconcours vu Liberté de conscience krut de Jhemp Hoscheit fir Ouni Titel. En zweeten an drëtte Präis goung und den Norbert Campagna fir Faut-il interdire la pornographie à la télévision? an un de Jacques Wirion fir Annäherungsversuche. Reisebetrachtungen auf dem Weg zum Ziel aller Ziele. De Mierscher Literaturzenter weist vum 20. November bis den 18 Abrëll eng Ausstellung De Michel Rodange Op en Neis fotografëert. Si ass méindes bis freides vun 10 bis owes 6 Auer op. De Cercle Comics mécht elo säin eegene Comics-Festival Comicline den 23. a 24. November am Maacher Kultuerhuef (10 bis owes 6 Auer, 3 Euro Entrée). E Méindeg, den 11. November ass an der Internatioanl School of Luxembourg déi sechst Journée des Bibliothèques et des Bibliothécaires vun der Association luxembourgeoise des bibliothécaires, archivistes et documentalistes (Albad). Dës Kéier geet et ëm d'Versuergen an d'Restauréiere vun alen an neien Dokumenter. Nom Buch iwwer de Pol Aschman huet d'Stader Photothéik elo en Album Théo Mey mat 160 Fotoe vum Grënner vun där eischter Lëtzebuerger Fotosagence publizéiert (216 S., 48,50 Euro). Der St.Paulus-Dréckerei hir Kulturrevue Nos cahiers huet e ganzen Numero erausginn iwwer de Réimecher Kantong, dorënner och Texter iwwer déi franséisch, Lëtzebuerger an däitsch Muselliteratur an de verstuerwenen Editeur Martin Gerges. Zodi am Schatofort (Château fort) heescht dat neitste Kannerbuch vum Jhemp Hoscheit mat Zeechnonge vum Michel Demart (Éditions Guy BInsfeld, Lëtzebuerg 2002, 40 S., 14 Euro). Den Escher Jongelycée gët no sengem décke Buch iwwer 100 Joer Geschicht vun der Schoul elo och nach e CD-Rom mat Fotoen, Lëschte vu Proffen a Schüler an zwee Filmer vum Ed Maroldt a Gast Rollinger (Wintel, 8 Euro, am Zekretariat). D'Nationalbibliothéik weist bis den 30. November d'Livres illustrés et livres d'artistes, déi se an deene leschte Joere kaf huet. D'Ausstellung ass op vun dënschdes bis freides vun 10.30 bis 18.30 Auer a samschdes vun 9.00 bis 12.00 Auer. Bei d'Ausstellung huet d'Malou Georges Majerus e grousse fuerwege Katalog an alphabetescher Reihenfolg mam selwechten Titel gemaach (Bibliothèque nationale de Luxembourg, Lëtzebuerg 2002, 270 S.) Aus dem pedagogeschen Zerviss vum Naturmisee senger Zeitung Panewippchen goufen elo déi bescht Geschichten, Spiller a Bastelrezepter geholl an zu engem fuerwegen Album Voll Natur op Lëtzebuergesch gemaach (Éditons Guy Binsfeld, Lëtzebjerg 2002, 142 S., 19,80 Euro). D'Dennis Kirps huet Gedichter iwwer 360° Liebe mat Photoe vum Marc Berger publizéiert (Phi, Esch-Uelzecht 2002, 101 S., 12,50 Euro). Iwwersetzte Gedichter vum Jerome Rothenberg aus de Joere 1980 bis 2000 huet Phi zesumme mat Écrits des Forges aus den Québec ënnert dem Titel Un Nirvana cruel erausbruecht (Esch-Uelzecht 2002, 144 S., 12 Euro). Am November wëllen d'Édtions Saint-Paul e Buch Kaleidoskop erausbréngen, wou 20 Auteure Lëtzebuerg vum Folklor bis zur Finanzplaz virstellen. Roger Bertemes heescht en dekorativen Album mat Fotoe vum Wierk vum Roger Bertemes, deen d'Éditions Saint-Paul elo fir d'Enn vum Joer erausgouwen (Lëtzebuerg 2002, 209 S., 85,50 Euro; Luxuseditioun 197 Euro). D'Maryse Krier huet hir Geschicht Herzschlag, fir déi se 2000 vu Liberté de conscience den éischte Präiss krut, als Buch bei den Éditions Schortgen erausginn (Esch-Uelzecht, 112 S., 13,95 Euro). La littérature grand ducale d'hier et aujourd'hui heescht eng Ausstellung, déi vum 16. Oktober bis 9. November an der Bibliothèque provinciale, Chaussée de l'Ourthe 74, zu Marche en Famenne ass. D'Annick Sinner an de Jean-Paul Endré, déi allen zwee Schoul halen, hunn en däitscht Geschichtebuch fir Kanner vun aacht Joer u gemoolt a geschriwwen: Edgar, der Rabe (Kremer-Muller a Phi, Esch-Uelzecht 2002, 78 S., 22 Euro). De Projet Moien an d'Sproochenhaus Wëlwerwolz wëlle vun November 2002 bis November 2003 eng Rëtsch Konferenzen an Tableronden organiséieren, fir erauszefannen, wat aus der Lëtzebuergescher Sprooch gët. An engem Lieserbréif beschwéiert sech de Pier Zahlen Ufank Oktober, datt déi fënnef Jonk, déi am Ament eng Buchbënnerléier maachen, keen aktuelle Programm hunn an d'Haaptfach "sciences professionnelles" vun engem Mann enséignéiert kréien, deen d'Bicherbanne selwer nët geléiert huet. Die Rehabilitation des Politischen ass elo schons dat drëtt Heft, dat de Romain Kirt zum Thema 700.000-Awunnerstat bei den Éditions Le Phare erausgët (Esch-Uelzecht, 2002, 76 S., 13,50 Euro). Säi Chef soll dem Conseiller de gouvernement verbueden hunn, RTL en Interview ze ginn. De Claude Conter huet eng Rëtsch vu senge Lettres à Sophie, déi en an de siechzeger Joer am tageblatt publizéiert huet, als Buch erausginn (Collection Apess 12, 188 S., 15 Euro). D'Buch gët en Dënschdeg, den 8. Oktober ëm sechs Auer zu Miersch am Literaturzenter virgestallt. Fir den 175. Gebuertsdag vum Méchel Rodange huet de Schoulministär en Extranummero vum Courrier de l'Éducation nationale iwwer de Rodange an der Renert mat Texter vum Henri Losch a Romain Hilgert an enger Oplo vu 24.000 Stéck fir all Kanner vum 5., 6. a 7. Schouljoer erausginn. Well ee kee Wiert fënnt, déi aner Lokaler jalous géingen an de Keller fir Bicher gebraucht gët, ass et net méiglech, fir e richtege Café littéraire am Literarurzenter opzemaachen, äntfert d'Kulturministesch op eng parlamentaresch Ufro. Den Artikel 2 vum neie Projet de loi 5021, fir e Centre de documentation et de recherche sur la résistance, plangt "de recenser, rassembler, archiver et conserver la documentation relative à la Résistance". Ma en daarf net dem Gesetz vun 1988, dat heescht dem Staatsarchiv an der Nationalbibliothéik an d'Handwierk fuschen. Knapps ee Joer no sengem Ufank huet de Quotidien misse fir ze spuere seng Sonndesnummer ophalen a säi Chefredakter ofseeen; deen neien ass ewell de Jean-Marie Martini. Am Dossier iwwer d'Bibliothéiken ass e weideren historeschen Artikel: Die Luxemburger Landesbibliothek aus der Obermosel-Zeitung vum 28. Abrëll 1923, deen informéiert a kritesch iwwer d'Nationalbibliothéik geet. Aleng fir den Hiwäis "dieses buch enthält keinen aforismus" misst ee schons bal dem Roger Manderscheid seng polaroid. instant texte. ein lesebuch kafen a liesen (Graphiti vun den Éditons Phi, Esch 2002, 136 S., 12 Euro). De Guy Rewenig huet säin Album der Irrtümer und Wohltaten. Ein Wörterbuch, deen en all Mount am Forum publizéiert huet, och nach eng Kéier als Buch an de Graphiti vun den Éditons Phi erausginn (Esch 2002, 126 S., 12 Euro). Schons de Fernand Hoffmann duecht, datt Literatur zu Lëtzebuerg duerch de Mo geet. La petite cuisine bleue. poèmes gourmands heescht elo e Gedichtsband vum Dokter Yves Namur vun Namur (Graphiti vun den Éditons Phi, Esch 2002, 127 S., 12 Euro). De Jean Sorrente wor dëst Joer apaart fläisseg. Hien huet e Roman Et donc tout un roman (Éditons Phi, Esch 2002, 175 S., 19 Euro) geschriwwen a mam belsche Fotograf André Janssens zesummen en Heft mat Impressioune vun de Ruine vun der jansenistescher Buerg Port-Royal gemaach (Éditons Phi, Esch 2002, 56 S., 20 Euro). D'Walfer Bicherdeeg sinn dëst Joer de 16. a 17. November an der Sportshal. Nom éischte Bicherfest, eng e Bëssen trauereg Mëschung aus Redu a Braderie, planmgt Veiane säin zweet Bicherfest fir den 13. a 14. September 2003. D'Veiner Geschichtsfrënn hunn hiert 20. Joerbuch Ous der Veiner Geschicht mat Artikelen zur Lokageschicht vu Victor Hugo bis Wëllem III. erausginn (164 S., Jos Kremer, 2 Kalchesbaach L-9417 Veianen). D'Noémie Leer stellt säin zweet Buch Lautlos (Édtions Schortgen Esch-Uelzecht, 112 S., 13,95 Euro) en Donneschdeg, de 26. September owes ëm aacht Auer am Literaturzenter zu Miersch vir, de Georges Urwald Trio mécht Musek fir dobei. Als weidert e-book op Lëtzebuergesch huet d'Milly Thill hir Kandheetserënneronge Vun déi Säit der Syr aus der Schoul geschwat (1936-1945), Lëtzebuerg 1990, Imprimerie St.Paul, 351 S. op de Spaweck gesat. De Georges Hausemer, deen och Reesreportage fir d'Lëtzebuerger Land schreift, huet ënner dem Titel Der lächelnde Elefant in der Rushour. Thailändische Szenerien am Wiener Picus-Verlag erausginn, 131 S., 13,90 Euro. Zwee Joer nom Doud vum Martin Gerges hunn d'Publications mosellanes fir 50 Joer Schwéidsbenger Wäifescht en neit Buch erausbruecht: Schwéidsbengen an d'Musel. Geschichten an Erënnerungen, Lëtzebuerg 2002, 86 S. De pensionéierten Direkter vum Kadaster Patrice Schonckert huet probéiert, fir dem Paul Philipp. Ein Leben rechts und links der Außenlinie e literarescht Monument ze setzen, nodeems den Trainer vun der nationaler Futtballséquipe de Sak krut huet. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 2002, 138 S., 30 Euro. (Och op Franséisch ze kréien.) Op der Frankfurter Buchmesse vum 9. bis 14. Oktober 2002 ass nees e Stand vun de Lëtzebuerger Editeuren (4.0 C 0103) mat Guy Binsfeld, Saint-Paul, Schortgen, Promoculture a Cahiers luxembourgeois. Phi schéngen net ugemellt, wa wëllen nawell dohinner goen. La Section parallèle de Jean Delvaux vum Lamperbierg weist Kënschtlerbicher (4.1 L 0110). Soss maachen nach den europäeschen Office des publications (8.0 M 0901) an d'Europäesch Kommissioun (4.0 D 1105) mat. De Bichermaart fir den Ufank vum Schouljoer ass e Méinden, de 16. September vun 9 Auer un op der Plëssdaarm. Virun 80 Joer huet sech de Batty Weber schons an engem Abreißkalender mam Geplënners vun der Nationalbibliothéik ofginn. De Jhemp Hoscheit huet den Theaterconcours vun der Union Grand-Duc Adolphe (Ugda) fir säin neit Stéck Schwaarz op wäiss gewonn, de 16. September kritt hie säi Präiss. D'Amis du Centre universitaire hunn eng Broschür mat zimlech offiziellen Aufsätz iwwer L'avenir universitaire du Luxembourg erausginn, Lëtzebuerg 2002, 160 S., 7,50 Euro Am Journal vum 07.08.02 vernennt de Lex Roth den Henri Losch Schëmmel a Bless wéinst der Fro, ween am meeschte fir d'Undenke vum Méchel Rodange gemaach huet. Am Staatsbudget fir 2003 si 450.000 Euro virgesinn, fir datt Immigréierter an der Aarbechtszäit Lëtzebuergesch léiere kënnen. D'Éditions Guy Binsfeld hun en neie Katalog 2002-2003 mat an der Haaptsaach Rees-, Kach- a Kannerbicher erausbruecht; grouss Neiegkeete gi keng annoncéiert. Wei schons virun enger gudder Zäit ugekënnegt, koum elo dee leschten Numero (44-45) vun Estuaires. Revue culturelle eraus. Déi an der Haaptsaach franséisch Poesiezäitschrëft hält op, well "nous voulions à tout prix éviter les répétitions et redites et en aucun cas publier les fonds de tiroir". D'Anita Kayser huet hieren zweete Kriminalroman publizéiert: Mord im Eischtal, iwwer Muerd an Déiregepisacks um Duerf. Privatdrock, 238 S., 16,50 Euro. De Guy Rewenig huet e klengt Buch mat kuerzer Prosa a Gedichter a mat zeng abstrakten Zeechnonge vum Robert Brandy erausginn: Ungestüm hüpft der Hirsch in sein Kostüm. Absurditäten. Éditions Phi, Esch-Uelzecht 2002, 93 S., 12 Euro. Enn des Joers kritt de Pol Greisch vum Kulturministär de Batty Weber-Präiss fir säi Liewenswierk. De Cactus verdeelt op en Neits 70 000 mol dat fuerwegt Heft Mir léiere Lëtzebuergesch schreiwen. Mat den neie Regelen. E Schreif- a Liesbuch fir Grouss a Kleng (24 S., fir näischt, Lëtzebuerg 2002). Zu Conter ass den 20. an 21. Juli nees Comic-Festival, wou och Lëtzebuerger Mickimaus-Mécher matmaachen. No bal zeng Joer bréngen de Lucien Czuga an de Reniél (=Roger Leiner) den drëtten Album mat Mickymause géint d'Parkwiechter eraus, Pechert Melba (Édtions Revue, 64 S., 8,55 Euro). Ënnert deenen déckste Firmaen am Land sinn no der Lëscht vum Statec vum Mee 2002 och fënnef Editeuren an Dréckereien: op Plaz 20 Groupe St. Paul (970 Leit), ma dono och Imprimerie centrale (330 Leit), Imprimerie de la Cour V. Buck (140 Leit), Editpress (110 Leit) an Editus (100 Leit). No hirem ongereschen Dixionär huet d'Cornelia Pantea-Keintzel och elo e Wierderbuch Lëtzebuergesch-Rumänesch, Rumänesch-Lëtzebuergesch mat 5000 Wierder erausginn (Centre d'études et de documentations Rumänien-Lëtzebuerg, Editura Expert, Bukarest 2002, 280 S.). E grousst, räich illustréiert Buch vum Jean A. Flick an Norbert Stomp, Sciences de la terre au Luxembourg. Réminescences, mécht eng Grimmel hott an har de Bilan vun der Lëtzebuerger Geolologie, Geographie, Meteorologie an Nopeschwëssenschaften am 20. Jorhonnert (Musée national d'histoire naturelle, Centre européen de géodynamique et de séismologie, Lëtzebuerg 2002, 280 S., 30 Euro). Dräi nei Gedichtsbänn op Franséisch hunn d'Éditons Phi vun Esch op de Maart bruecht: Ly's Light vum Gaspard Hons (136 S., 12 Euro), eng Anthologie mat rumänesche Gedichter Comme dans un dessin de Escher (127 S., 12 Euro) an eng Anthologie vun der franséischer Lyrikzäitschrëft Po&sie, Joint disjoint (127 S., 12 Euro). Op Däitsch koumen an där selwechter Kollektiou Graphiti dem Guy Helminger seng Gedichter Verwanderung eraus (126 S., 12 Euro). Jean-Georges Scholtus, maître menusier et tailleur d'images ass den Titel vun enger Monographie iwwer de "belsch-Lëtzebuerger" Barockschräiner a Schnëtzer vun Hellegebiller, därer och a Lëtzebuerger Duerfkierche stinn. D'Buch fir 40 Euro ass de Katalog vun enger Ausstellung am Musée diocésan en Piconrue zu Baaschtnech (bis den 10. November, dënschdes bis sonndes vun halwer zwou bis sechs). E glécklecht Vollek aus zwielef Kantongen a seng glécklech Monarchie weist e Billerbuch Joyeuse Entrées avril 2001-juin 2002, dat an den Éditions St.Paul zu Lëtzebuerg 2002 erauskoum (175 S., 19,80 Euro). Luxemburgensia aus Stadtbibliothek und Stadtarchiv Trier heescht eng Ausstellung vun alen Handschrëften a Bicher aus Lëtzebuerg, déi vum 3. Juli bis 31. August am Mansfeld-Sall vun der Nationalbibliothéik (dënschdes bis freides vun 10.30 bis 18.30 Auer, samschdes vun neng bis zwielef) gewise gët an dono an der Stadtbibliothek zu Tréier. De Staatsarchiv huet de Fong vun der Journalistin Carmen Ennesch (1902-2000) geiirft a weist Dokumenter dorausser vum 24. Juni bis 31. Oktober, méindes vun neng bis 11.45 a vun eng bis 17.45 Auer, samschdes vun neng bis 11.45 Auer. Den Emil Angel huet an den Éditons St. Paul ënnert dem Titel An klaren Wassern seng Reiseskizzen, Stimmungsbilder aus de Joeren 1982 bis 1998 nei erausginn, vun deenen déi meescht am Lëtzebuerger Land publizéiert woren (180 S., 19,91 Euro). En Donneschdeg, de 6. Juni, send den Hei elei tëscht siwen an halwer aacht eng Reportage iwwer der Universitéit vu Sheffield hir Sektioun, fir d'Lëtzebuergescht ze erfuerschen. Den Nic Klecker huet en zweete Band mat Kandheetserënnerunge publizéiert: Jadis au village. Au pied des Ardennes (Cahiers luxembourgeois, éditions Memor, 123 S., 15 Euro.) Le pays aux trois frontières heeschen zwee CDen, wou lëtzebuergesch Schrëfsteller, déi franséisch schreiwen, Texter virliesen. De Stad huet zu Miersch d'Becker-Eiffes-Haus kaf a baut et ëm als Annex fir de Literaturzenter; d'Regierung huet och decidéiert, fir den Escher Resistenzmusée opzekafen. Dat steet am Joresrapport vum Kulturministär. Enn Juni gët et bei den Éditions St. Paul fir 19,80 Euro e Fotobuch Joyeuses Entrées avril 2001-juin 2002 vu Granducs (ca. 190 S.). Fir den Tour de France bréngt de Jochen Herling am Juli e Buch Art & Velo mat Biller an Texter vu Jean Asselborn bis Joseph Kutter eraus (160 S., 79 Euro). Fir den 200. Doudesdag vum François-Xavier de Feller S.J. (1735-1802) erënnert eng virtuell Ausstellung un d'Liewen an d'Wierk vun deem, deen den "ancêtre du journalisme luxembourgeois" genannt gouf. Den eelefte Prix Servais a 4000 Euro fir dat wichtegst Buch vum leschte Joer krut de Guy Helminger vun der Fondation Servais fir Rost. En extrae Luef krut de Jos Grobe fir säi Requiem für ein Kind. Wou kommen dann elo déi kleng Kanner hier? heescht dem Désirée Petry hir Iwwersetzung vum Peter Mayle sengem Opklärungsbuch Where Did I come From? Ganz gelongen ass d'Iwwerrsetzung iewel net, well dat alles eng Grimmel klinikst, wann de Papp "säi Penis an hir Vagina" stieche muss (Éditons Guy Bisnfeld, Lëtzebuerg 2002, 47 S., 15 Euro) . D'Editioun Op de Lay annoncéiert fir 2002 en neie Roman op Lëtzebuergesch vum Claudine Muno, De Fleeschkinnek, eng däitsch Erzielong vum Cathy Clement, Lene, Gedichter op Lëtzebuergesch vum Marguy Krier-Bäuerle, Dobannen-Dobaussen, en däitsche Roman vum Marcel Gillander, Hanna, en neie Kriminalroman vum Marco Schank, Die Tote am See, eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Tolkien, Den Hobbit, an e weidere "Kannertheaterroman" vum Roland Meyer, Dem Kinnek säi Gaart. No sengem Journal eines jungen Narren verzielt de Rolf Ketter elo an In einem kleinen Land aus de Siwenzeger Joer (Éditons Phi, Esch 2002; 185 S.) De Kadaster huet eng nei Zeri vun 21 Kadasterkaarte vum Land am 1:20.000 erausbruecht (5,70 Euro d'Stéck), déi een och all zesummen op CD-Rom fir 12 Euro kritt. D'Actioun Lëtzebuergesch kënnegt houfereg un, datt d'CSV an d'LSAP hir versprach hunn, datt d'Lëtzebuergescht bei der Revisioun an d'Konschtitutioun kënnt. An der Zerie vun décken, deiere Fotobicher kënnegen d'Éditons Guy Binsfeld fir den November Eise Minett - Luxemburgs Süden: Land der Roten Erde vum Paula Almeida a Guy Hoffmann un (240 S., 98 Euro). E Samschdeg, den 11. Mee geet d'Maison Victor Hugo zu Veianen nei op. Den Thierry Frisch huet beim CNA Chubs and Chasers erausginn, e Buch mat Fotoe vun décken homosexuelle Männer (Diddeleng 2001). An hirem neie Katalog kënnegen d'Éditons Saint-Paul ënner anerem fis 2002 un en Dictionnaire des relieurs luxembourgeoisvum Émile van der Vekene, Jean Frising an André Link: 150 Joer Käppercher Band 2, eng Monographie vum Rogert Bertemes, Luxemburger Kinder unter dem Nazi-Regime Band III a Le coeur net vum Anne Schmitt. De Guy Thewes a Paul Margue prepraréiere fir de Service information et presse vum Guwwelement eng nei Editiou vu Les gouvernements de 1848 à nos jours, dës Kéier mat kuerze Bibliographie vun de Staatsministeren an deene wichtegsten Evenementer vun deenen eenzele Legislativen. De Veianer Veräi KultOureilen organiséiert de Weekend vum 14. a 15. September 2002 säin éischt Bicherfest zu Veiane mat Librären, Buchhandwierker, alen an neie Bicher, Liesungen a Concerten. D'Architektefirma Hermann & Valentiny a Polyprint (tageblatt) hun nom Billerbuch Beton in Luxemburg eng Architekturzeitung fir Lëtzebuerg an d'Groussregioun ugefaang: a dato architecture, déi véiermol am Joer erauskomme soll (84 fuerweg Säiten DIN A 4, 13,25 Euro, 53 Euro am Abonnement). De Graphiker Pit Weyer huet e faarwegt illustréiert Buch erausgi mat sengen Affiches de théâtre vun 1967 bis haut (Éditions Kremer-Muller, Esch-Uelzecht 2002, 114 S., 30 Euro. Den Aarbechts- a Kommunikatiounsminister François Biltgen hält e Freideg, den 19. Abrëll owes ëm aacht Auer am Déifferdanger Schlass eng Konferenz iwwer de Laurent Menager. Fir hiren 80. Gebuertsdag huet d'Kommunistesch Partei eng nei Parteigeschicht erausginn, dës Kéier eng kuerz illustréiert Chronik: Die große Geschichte einer kleinen Partei/La grande histoire d'un petit parti, KPL, Lëtzebuerg 2002, 40 S. An eisem Dossier iwwer d'Lëtzebuerger Buchgeschicht stinn ewell zwee méi schwéier ze fannen Originaltexter iwwer déi wéineg erfuerschte Geschicht vun der Press an den Zeitungen. Iwwer dem Léopold Sédar Senghor seng Relatiou mat Lëtzebuerg, d'Relatioun tërscht dem Renert an dem Reineke Fuchs an d'Reeditiou vum Norbert Jacques sengem Schiller-Roman Leidenschaft geet et an der Défferdanger Kulturzäitschrëft Galerie 19 (2001) Nr. 3 De Jacques Steffen, e Professer um Fieldgen, probéiert a René Kartheiser, op der Sich no neie Weeër! fir ze weisen, datt den Dichter vu Batteralzem (1976) "sech als Éischte systematesch vun der traditioneller Poesie" op Lëtzebuergesch geléist huet (Lëtzebuerg 2002, Privatdrock, verdeelt duerch St. Paul, 126 S., 23,30 Euro). Bis de 7. Abrëll weist den Trinity College zu Dublin d'Ausstellung Irish Elements in Mediaval Manuscrupts from Luxembourg, déi fir de Staatsbesuch Ufank Mäerz organiséiert gi wor. Den Office national du tourisme huet fir de Bicentenaire e ganze Plang erausginn Sur les pas de Victor Hugo au Grand-Duché de Luxembourg, dee gratis un d'Touriste verdeelt gët. Dem Argentinier Juan Gelman säi Gedichtsband Salarios de impío y otros poemas vun 1998 huet de Jean Portante fir d'Éditons Phi op Franséisch iwwersat: Salaires de l'impie et autres poèmes (Esch Juni 2002 (sic), 155 S.) De Grafiker Pit Weyer gët en Album Affiches de théâtre an den Editioune Kremer-Muller a Phi eraus (120 S., 30 Euro). D'Revue Apertura Magazine vun der Europäescher Investitiounsbank beschäftegt sech an hirem Numero 22-4/2001 mat der Literatur zu Lëtzebuerg. An deene leschte Joere ginn d'Duerfchroniken ëmmer méi déck. De Victor Kalmes huet elo an zwee grousse Bänn Bissen seit eh und je beschriwwen (Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg 2002, 526 a 567 S., 95 Euro). Op eng Ufro vun engem ADR-Deputéierten hinn betount d'Kulturministesch, datt se keng regionalistesch a separatistesch Muwwementer am fréiere Groussl/ëtzebuerg ënnerstëtze géif, ma "eenzeg an eleng d'Iwwerliewe vun der lëtzebuerger Sprooch am Ausland, an domat all didaktesch a kulturell Initiativen déi an dësem Sënn an der Groussregioun organiséiert ginn. Do wou et Sproochecourse gët, do wou Bibliothéike stinn, asw." Dat spannenst Buch vum Joer ass eraus: dem Statec säin Annuaire statistique du Luxembourg. Op 640 Säite verréit e bal alles iwwer dat Land, wann ee sech d'Méi mécht, fir e richteg ze liesen (29 Euro, och um Internet). Als Kréinung vun all deene lächerleche Feieren, fir un de Klëppelkrich ze erënneren, hunn d'Publications nationales vum Kulturministär zesumme mat Islek ohne Grenzen d'Buch Klëppelkricg 1798 - souvenirs d'une contrée erausginn. De 15. Mäerz ëm 19.30 Auer ass d'Generolversammlung vun de Lëtzebuerger Bicherfrënn am ale Musekssall bei der Kierch zu Hueschtert (Nidderaanven). Denn da ist nichts mehr, wie es die Natur gewollt. Porträts von Künstlerinnen und Schriftstellerinnen um 1900 heescht e Buch, dat d'Britta Jürgs am AvivA-Verlag erausbruecht huet. Déi Nidderkuerer Germanistin Françoise Meder huet doranner iwwer d'Clara Viebig geschriwwen (Berlin 2001, 319 S., 21,50 Euro). D'Regierung huet prinzipiell decidéiert, fir datt d'Nationalbibliothéik op de Kierchbierg an d'Schumangebai vum Europaparlament (21 000 Quadratmeter) plënnere soll. Si soll also net méi gespléckt ginn a soll aus dem ale Kolléisch zéien - winni, dat weess nach keen esou richteg. D'Gesetz iwwer d'Extensioun gët ofgeschaf, an d'Bauteministesch soll elo en neie Projet de loi maachen. De Veräi Liberté de conscience organiséiert nees e Literaturconcours fir Texter am Geescht vun der Opklärung, de Mënschtrechter an der Laizitéit.Weider Informatioune kritt e beim Ronald Pierre, Tel.: 440430. E bis op den Text vum Jemp Thilges, dee vergiess gouf, ganzt professionellt a lëschtegt Buch bei de Film mat Interviewen, Dréibuch, Fotoen, Biographien etc. koum bei Paul Thiltges Distributions eraus: Le club des chômeurs, an Andy Bausch film (Lëtzebuerg 2002, 223 S.) D'Gemeng Waldbëlleg feiert vum 26. Abrëll un zwou Woche laang den 175. Gebuertsdag vun hirem gréisste Fiss, de Méchel Rodange mat enger Ausstellung, Konferenzen, Kabarä etc. E puer Méint dono ass et dann um Mierscher Literaturzenter. Fir d'éischte Kéier am Original an an enger Iwwersetzung huet de spuenesche Kulturzenter Antonio Machado dem Federico García Lorca seng Alocución al pueblo de Fuente Vaqueros/Ansprache an die Leute von Fuente Vaqueros erausginn, an där den Dichter 1931 opgeruff huet, fir eng Gemengebibliothéik a sengem Heemechtsduerf anzeriichten (bestelle kann een um Tel./Fax: 498887) E Mëttwoch, de 27. Februar ëm 8 Auer owes presentéiert de Guy Rewneig zu Miersch am Literaturzenter seng nei Roman-Trilogie vum klengen Hellegen. Op Lëtzebuergesch gët d'Liewe vum Josy Klemm verzielt, deen et zum Hellege brénge wëllt: Frëndlech Banditten (Phi, 200 S.), Zikatriss (Phi, 200 S.) a Lackéiert Elefanten (ultimomondo, 216 S.; all Band 21,08 Euro). An eisem Dossier iwwer d'Bibliothéike sinn dräi historesch
Artikelen, déi weisen, datt d'Problemer vun der Nationalbibliothéik
esou al sinn ewéi si selwer:
D'Stater Gemeng huet de 7. Februar decidéiert, datt den Escher Architektebiro Beng hir nei Bibliothéik an der Lantergässel baue soll, wou elo de Ciné Cité ass. An zwee bis dräi Joer soll déi no Esch zweetgréisste Gemengebibliothéik vum Aldringer an dat 12,5 Milliounen Euro deiert Gebai plënneren, wou och e Cybercafé an en Amphi geplangt sinn. Am 13. Joer publizéiert de Mierscher Literaturzenter seng Bibliographie courante de la littérature luxembourgeoise 2000, fir déi d'Marie-France Kremer 2608 Artikelen a Bicher gesammelt huet (Miersch 2001, 392 S., 6 Euro). Et kann een och online am Wierk nosichen. Déi preisesch Bundeszentrale für politische Bildung huet en déckt Europa-Handbuch vun 935 Säiten erausginn, an deem déi europäesch Staten an d'Europäesch Uniou beschriwwe ginn. D'Kapitel iwwer Lëtzebuerg (S. 202-206) kënnt vum Chefredakter vum Lëtzebuerger Land, dem Mario Hirsch (Bonn, 2002; Bertelsmann). Am Numero 2001/4 vun nos cahiers ënnersicht de Roger Muller déi bis ewell onbekannte Fabel De Wollef an d'Kou (Courrier vum 2.12.1854) an d'Porträe vum Antun Meyer. No den "accords de la Sainte-Polycarpe" iwwer d'Unerkennung vu Sproocheminoritéiten an der Belsch reklaméieren Arelerland a Sprooch, datt déi 20.000, déi laanscht d'Grenz Lëtzebuerg schwätzen, als national Minoritéiet am Sënn vum Europarot unerkannt ginn (Le Soir, 31.01.02). Fir eng Ausstellong Enn des Joers iwwer den Méchel Rodange freet de Mierscher Literaturzenter (Tel.: 326955-315 oder 326955-314) all Privatpersounen, fir Manuskripter, Bréiwer, Fotoen, Biller, Bicher etc. vum Dichter geléint ze kréien.0 Am Exposé des motifs vum Projet de loi 4899 iwwer de Fong vun de Brooche vu Belval heescht et, datt de Staatsarchiv an d'"Cité des sciences" op Belval geplënnert gët, well en um Helleg Geescht Plaz fir d'Cité judiciaire maache muss (S. 8). Op Belval, wou Cunlux, IST, CRP GL, CRPP HT, CRP Santé a Ceps-Instead plënnere sollen, soll dann och eng "Bibliothèque Universitaire" kommen (S. 9). No méi enger laanger Zäit bréngt den Nationale Literaturzenter en neien, néngte Band a senger Lëtzebuerger Bibliothéik eraus: dem Batty Weber säi liberalen Entwécklongsroman Fenn Kaß. Der Roman eines Erlösten vun 1913 mat 150 Säiten Explikatiounen a Commentaire vum Josiane Weber (Miersch 2001, 474 S.) En Dixionär Lëtzebuergesch-Franséisch-Lëtzebuergesch mat bal 6000 Vokabele kann ee fir näischt bei Freelang eroflueden. Déi Kollektiou Wierder vum Marie-Josée Behm erënnert um Jacqui Zimmer seng 6000 Wierder. Den Dixionär, deen nëmmen ënnert Windows fonktioneiert, ass kee Korrekturprogramm wéi de Spell checker. D'Association luxembourgeoise des universitaires catholiques (Aluc) organiséiert e Literaturconcours fir Leit tëscht 15 a 35 Joer a Prosa oder Lyrik. Texter iwwer iergend eppes musse bis de 15. Juni era sinn. D'Lëtzebuerger Bicherfrënn hunn ewell och hir eege Säit um Spaweck. De Service Information et Presse vum Guwwelement huet en Heft vu 16 Säiten iwwer déi Lëtzebuerger Press erausbruecht: A propos... Medien und Kommunikation, dat een och vum Spaweck erofluede kann. Déi kleng Kulturgeschicht vun de Lëtzebuerger Geldschäiner aus dem Land vum 28. Dezember 2001 gët et ewell och mat fuerwegen Illustratiounen. Am Mee sol zu Veianen d'Maison Victor Hugo nees opgoen, wou den Dichter 1871 am Exil gelieft huet. Fir säin 200. Gebuertsdag feieren d'Amis de la Maison Victor Hugo à Vianden a.s.b.l. mat Theater, Publikatiounen, engem Concours, engem Timber an enger Cuvée spéciale Victor Hugo vu Bernard Massard. Dobei soll dee radikalen Dichter a Politiker an der Haaptsaach als e weidere "Papp vun Europa" verkaf ginn. De ganze Programm gët de 26. Februar ëm 6 Auer am Mansfeld-Sall vun der Nationalbibliothéik virgestallt. D'Asti sammelt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Kannerbicher, fir se Kanner tëscht 4 an 12 Joer an den Asylheemer ze schenken. Déi propper versuergte Bicher kënnen zu Biroszäiten op 12, rue Auguste Laval zu Eech opgi ginn (Tel.: 438333). D'Cahiers luxembourgeois hunn elo hiren zimlech séisselzegen Numero 133-134 vum 15. Juli 1940 iwwer d'Kandheet als Reprint nei erausginn. Dat Heft wor wéinst dem Iwwerfall vun de Preise just nach un d'Auteure verdeelt ginn (15 Euro, CCPL 74-16). D'Poesierevue Estuaires - déi ugekënnegt hat, Enn 2001 opzehalen, well se keng Texter méi kréichen, déi gutt genuch wieren - huet hiren Numero 43 erausbruecht. Am Mëttelponkt stinn dës Kéier afrikanesch Gedichter. De Klaus Fenselau, en 38 Joer alen Iwwersetzer vu Braunschweig, wor bis ewell nach ni zu Lëtzebuerg, verzielen d'Editioun Op der Lay. An nawell huet hien e Buch mat Geschichten op Lëtzebuergesch erausginn: Mam Bus op Bellevue (160 Säiten, 11,90 Euro). Wéi hien d'Sprooch geléiert huet, seet säi Verlag net. Ouni vill Ophiewes hält déi zweeteelst Lëtzebuerger Zeitung mam Enn vum Joer op. Déi 1869 gegrënnten, streng reljéis Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Sonndesblat kënnt no 132 Joer net méi eraus. Fir d'lescht woren nach 5665 Stéck an der Imprimerie Saint-Paul gedréckt ginn. Am Numero 17 vun der Apess hirer Kulturzäitschrëft récré schreift de Pierre Lech ausféierlech iwwer de Jos Kolbach, e "Schriftsteller ohne Werk", deen 1889 zu Iechternach op d'Welt koum, nom Véierzengter Krich Friddensriichter gouf an zäitliewes probéiert huet, fir ze schreiwen. Déi 12. Wanterliesunge vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
sinn owes ëm halwer aacht beim Engel um Fëschtmaart. Et liesen:
E Freideg, den 21. Dezember 2001, kënnt wéi all Joer d'Lëtzebuerger Land mat engem grousse Bicher-Zupplemang vu 24 Säiten eraus. Fir den nationale Literaturconcours vum Kulturministär ginn 2002 Kannertheaterstécker gesicht; 2004 sinn et dann nees Romaner, un deenen zwee Joer laang geschriwwen däerf ginn. D'Cahiers luxembourgeois annoncéieren nei Bicher fir déi éischt Halschecht 2002: Joseph Noerden: Berliner Kartengrüße, Isabelle Kronz: Hélène et les Max a Kandheetserënnerunge vum Nic Klecker. Ufank Januar soll e Faksimili vun de Cahiers luxembourgeois hirem Numero 5/6 vum Juli 1940 erauskommen, dee gedréckt, ma wéinst dem Iwwerfall vun de Preisen nëmme méi un d'Auteure verdeelt gi wor (15 Euro). De Maacher Kulturhuef, an deem am Ament déck Loft ass (d'Lëtzebuerger
Land vum 9.11.01 S. 27) ass bis Enn Mäerz vun donneschdes bis
sonndes vu 15.00 bis 18.30 Auer op. Den Dréckerei-
a Spillkaartemusée sinn ewell d'ganzt Joer duerch gratis.
|
|