Luxemburgensia

Nuvelle vu Lëtzebuerger Bicher

Archiv 2002

Eng Erzielung vum Alain Wagner, Recherche iwwer "Die Sage vum Riesenspielzeug" an d'Lëtzebuerger Photographie beim Victor Hugo gehéieren zur neien Numero 19 vun der Apess hirer Revue Récré.

Am Mëttelpunkt vum Numero zwee/2003 vun der Galerie stinn nees d'Rencontres de Colpach (160 S., 15 Euro).

Gedichter, Theater a Feuilleton, vun deenen eenzel Texter schons am Lëtzebuerger Land oder soss enzwousch publizéiert gouwen, huet d'Michèle Thoma an hirem neie Buch Mobil Home gesammelt (Nouspelt 2003, ultimomondo, 126 S., 17,35 Euro).

Fir d'Amis du vieux Larochette huet de Pierre Wies Die Ernzer Steinbrüche. Eine Gedenkschrift zur 160-jährigen Geschichte der Ernzer Steinbrüche geschriwwen. Mat Sandsteng aus deene Karriäre sinn d'Nei Bréck, d'Spuerkeess an d'Gare gebaut (Lëtzebuerg 2003, Éditions Guy Binbsfeld, 176 S., 24 Euro).

D'Architekte Bolles-Wilson vu Münster hunn de Concous gewonn, fir d'Schuman-Gebai um Kierchbierg als nei Nationalbibliothéik ëmzebauen.

D'Walfer Bicherdeeg, déi nees de 15. a 16. November sinn, hunn e Buch erasbruecht Virum wäisse Blat. Lëtzebuerger Auteure schreiwen iwwer d'Schreiwen mat Porträe vum Philppe Matsas (Walfer 2003, 154 S., 19,80 Euro).

Den André Link huet bei Op der Lay en neie Roman, Feuerspiegel, iwwer e Gringo a Mexiko erausginn (Esch-am-Lach 2003, 140 S., 11,90 Euro).

D'Association luxembourgeoise des bibliothécaires, archivistes et documentalistes (Albad) huet dem fréieren Direkter vun der Nationalbiblothéik Jospeh Goedert den éischte Präiss vun der Albad iwwerreecht. De Präiss soll all fënnef Joer u Leit goen, déi sech ëm d'Bibliothéiks- an Archivwiese verdéngt gemaach hunn.

Dem Roger Manderscheid säin neie Roman kühe im nebel (320 S., 25 Euro) an dem CNA-Direkter Jean Back säi Kandheetsroman Diddeleng, Mëtt vun der Welt (292 S.) gin en Donneschdeg, den 23. Oktober owes em aacht Auer zu Miersch am Literaturzenter an deen Donneschden drop em halwer neng owes zu Diddeleng op der Gemeng presentéiert (allebéid bei ultimomondo).

La fin du discours heescht eng Collektiou Gedichter vum Tilemachos Chytiris, déi an der Iwwersetzung vum Héraclès Galanakis a Guy Wagner bei Éditions Phi Graphiti erauskoumen (Esch-Uelzecht 2003, 120 S., 12 Euro).

E weideren historeschen Artikel an eisem Dossier iwwer d'Lëtzebuergr Bibliothéike befaasst sech 1934 am Tageblatt mat Die intellektuelle Rumpelkammer. (Unsere "Nationalbibliothek" - ein Skandal).

De Georges Kieffer huet no Schierbelen en neie Roman op Lëtzebuergesch geschriwwen, D'Kaya (Éditions Phi, Esch-Uelzecht 2003, 173 S.)

Fir den 100. Geburtsdag vum Joseph Leydenbach (1903-1997) huet d'Nationalbibliothéik en illustréiert Heft iwwer dee Banquier erausginn, deen niewelaanscht Romaner geschriwwen huet (47 S.)

Bal um Dag, wou den Direkter vum Staatsarchiv Cornel Meder a Pensiou goung, ass säi Buch mam Pierre Masson erauskomm André Gide, Alyne Mayrisch Correspondance 1903-1946 iwwer dat, wat räichen, sensible Leit an zwee Weltkricher uewe loung (Gallimard, Paräis 2003, 379 S.).

Op der Frankfurter Buchmesse si vum 8. bis 13. Oktober aus Lëtzebuerg: d'Lëtzebuerger Federatiou vun de Bicherediteuren, d'Éditions Guy Binsfeld, d'Éditions Phi, d'Éditions Promoculture S.a.r.l., d'Éditions Saint-Paul S.A., d'Éditions Schortgen, La Section Parallèle vum Jean Delvaux, de Buchbënner Edy Willems an den europäeschen Office des publications.

Die Schauspielrin und ich heescht e laange Roman vum Marget Steckel, déi m1997 de Servais-Präiss krut hat (Éditions Phi, Esch-Uelzecht 2003, 392 S.)

D'Lëtzebuerger Federatiou vun de Bicherediteuren huet de 6. Oktober vum Kierchbiuerg d'Luxorr gegrënnt, d'Luxembourg Organization for Reproduction Rights.

De Projet de loi portant réorganisation des instituts culturels de l'État Nummer 5215/00 kann een elo bei der Chamber eroflueden.

Virschléi vum Frantz Clement an der Voix des Jeunes vum August 1918 fir Unsere öffentlichen Bibliotheken stinn elo am Bibliothéiksdossier.

Grenzgang. Sequenzen ass den Titel vum Nico Helminger séngem neie Gedichtsbändchen mat Zeechnionge vum BNodo Korsig (Éditons Phi, Esch-uelzecht 2003, 144 S.)

D'Isabelle Cata an de Franck Nyalendo hu voller Bewonnerung e Buch Kama Sywor Kamanda, chantre de la mémoire égyptienne iwwer deen afrikanesche Schrëftsteller, deen zu Lëtzebuerg lieft, geschriwwen. Illustréiert mat ville Fotoe vum Dichter nieft wichtege Leit (Éditions Paul Bauler, Lëtzebuerg 2003, 144 S., 24,80 Euro).

An den Éditons Guy Binsfeld huet de Georges Hausemer e Guide mat Kulturrouten durch die Großregion mat Reesstrecken a ville Biller erausginn (Lëtzebuerg 2003, 229 S., 24,50 Euro). Et kritt een d'Buch och op Franséisch.

15 Texter aus iwwer 30 Joer huet de Michel Raus am Buch Reden über Riesenzwerge. Erinnerungen, Essay, Erzählungen an den Éditions d'Lëtzebuerger Land erausginn (Lëtzebuerg 2003, 152 S.) 

Nei an eisem Dossier iwwer d'Bibliothéiken ass de Positiounspobeier vun den öffentleche Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, deen de Jean-Marie Reding zesumme mat de Responsabele vun dëse Bibliothéiken ausgeschafft huet.

Säin drëtte "Kannertheater-Roman" no Eng Foto vum (Klëppel)Krich (2000) an Dem Kinnek säi Gaart (2002) huet de Roland Meyer elo Op der Lay erausginn: Iwwer der Leeder, Esch am Lach, 2003, 149 S., 7,90 Euro

Den Architekt Paul Bretz huet de Concours gewonn, fir op Belval en neit Gebai fir de Staatsarchiv ze bauen. Bis Enn vum nächste Joer sollen d'Aarbechten ufänken. De Bau nieft den Héichiewe soll 28.000 Meter carré kréien a 47,5 Milliounen Euro kaschten. Am Oktober soll decidéiert ginn, wien de Concours fir den Ëmbau vun der Nationalbibliothéik gewonn huet.

Luxdico.com heescht eng Iwwersetzungsmaschinn vum Jérôme Lulling a François Schanen um Internet. Donieft get et elo och den Dictionnaire mat Lëtzebuerger Vokabele vum Jacqui Zimmer um Spaweck: 6000 Wierder.

De belsche Service du livre luxembourgeois ass vum 3. bis 5. Oktober op der Grande Foire du Livre zu Musson, tëscht Virthon an Athus, mat Schrëftsteller, Editeuren a Buchhändler, all Dag vun 10 bis 18.30 Auer.

De Gaston Carré huet seng Chronik an der Voix als Buch erausginn: Figures de la névrose ordinaire. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg 2003, 191 S., 21,90 Euro.

De Bichermaart fir de Schoulufank ass e Méindeg, de 15. September vun 9 Auer un  an der Stad.

Nei am Dossier iwwer d'Bibliothéiken ass dem Henri Wehenkel säin Artikel Drapeau noir sur la Bibliothèque nationale, aus dem Land vum 4. Juni 1999.

De Claude Meintz huet eng Batty Weber Bibliographie 1882-2002 als Heft vun den Archives nationales, Lëtzebuerg 2003, 46 S. erausginn.

D'Mierscher Literaturhaus organiséiert vum 2. Juni bis 31. Juli säi fënneften Internet-Literaturquiz.

E Freideg den Owend an e Samschdeg am Nomëtteg, den 20. an 21. Juni, sinn op der Plaz virum Escher Theater Escher Bicherdeeg mat Stänn, Liesungen an Theater an der Haaptsaach fir Kanner.

De Kulturministär huet bis den 30. Juni d'Plaz vum Direkter vum Staatsarchiv ausgeschriwwen, deen am Oktober ersat soll ginn. Eng spezialiséiert Qualifikatiou gët net verlaangt...

Echternach et ses environs/und Umgebung heescht e weideren Album mat nostalgesche Reproduktioune vun ale Postkaarten. D'Sammelesch Solange Coussement huet en 2003 bei Tempus, Gloucestershire, erausginn (128 S., 18 Euro).

De Gunter Narr Verlag Tübingen annoncéiert fir de Juni 2003 dat éischt Heft vum neien Dictionnaire étymologique des éléments français du luxembourgeois vum Geneviève Bender-Berland, Johannes Kramer a Joseph Reisdoerfer. Et geet vun "abat-jour" bis "Assürance" (96 S., 48 Euro). Geplangt sinn ee bis zwee Hefter d'Joer, am Ganze sollen et zéng Hefter mat 960 Säite fir 480 Euro ginn.

Eng aussergewéineklech Säit um Web ass de Joseph Reisdoerfer amgaang opzeriichten: Dramata Festiva - Le théâtre des Jésuites au Collège de Luxembourg,
wou no an no déi komplett Texter vun alle Periochae, de Programmhefter vum Jesuitentheater vum Stader Kolléischt aus de Joeren 1603 bis 1707, op der Basis vum Sammelband aus der Nationalbibliothéik kommentéiert publizéiert ginn.

Stars of the World heescht dat neit Buch vum Michèle Schumacher & Friends, dat vu Saint Paul diffuséiert gët (208 S., 19,90 Euro). Soss gi weider keng nei grouss Wierker an de Kataloge vun Éditions Saint Paul an hirem Biblioservice 2003/2004 ugekënnegt.

D'Geschicht vun enger Fra an hirer Koppel verzielt d'Linda Graf an hirem neie Roman Maximilians Schlaf, Éditions Phi, Esch-Uelzecht 2003, 128 S., 14 Euro

De Joseph Reisdoerfer huet eng Konkordanz vum Renert op der Basis vum digitalen Text vu www.luxemburgensia.lu publizéiert.

De François-Xavier Würth-Paquet huet als éischte Recherche iwwer d'Lëtzebuerger Buchgeschicht gemaach. Säin éischte vu véier Artikelen, Notes relatives à l'introduction de l'imprimerie dans la Ville de Luxembourg vun 1846, ass elo online. 

D'Nationalbibliothéik wëllt bis Enn des Joers de Katalog vun hirem Fonds ancien an hiren elektronesche Katalog Aleph iwwerhuelen - allerdéngs als Bildfichieren, an deenen een näischt mam Computer nosiche kann. Am Test gesäit dat esou aus: Fonds ancien.

Dem Nicola van Werveke säi Catalogue descriptif des manuscrits de la Bibliothèque de Luxembourg vun 1894 ass elo bei der Nationalbibliothéik online, ma leider eosu, datt een all zwou Säiten eenzel am .pdf-Format erofluede muss.

An eisem groussen Dossier iwwer d'Bibliothéiken zu Lëtzebuerg ass elo d'Artikelzerie Zur Frage der Erhaltung unserer Archive, Bibliotheken und Museen,
vum Nikolas van Werveke aus Das Luxemburger Land vum Januar 1884 dobäikomm.

Säin drëtt Buch iwwer de leschte Krich, Krichserliefnisser 1940-1945 Zeitzeugen erzählen, huet de Georges Even, e Polizist vu Réiden un der Atert, bei den Éditons Binsfelds erausginn (Lëtzebuerg 2003, 181 S., 35 Euro). Apaart geet Rieds vun de preiseschen Krichsverbriecher, déi zu Munnerëf gefaang woren, bis ze zum Deel zu Nürnberg de Prozess gemaach kruten.

D'Anise Koltz huet eng nei Kollektiou mat klenge Gedichter, L'Avaleur de Feu, publizéiert (Éditons Phi, Esch-Uelzecht 2003, 96 S., 12 Euro).

No dem Nicolas Clasen senger Notice historique sur la bibliothèque de Luxembourg vun 1846 kann kann een hei och nach dem Antoine Namur seng Histoire de la Bibliothèque de l'Athénée vun 1855 noliesen.

Beim CLAE, 26 Gaasperecher Strooss an der Stad, gët vum 23. Abrëll bis 6. Mee méindes bis freides vun néngbis eng Auer a vun zwou bis sechs eng Ausstellung iwwer d'Bild vun där portugisescher Revolutiou vun den Amenäercher an där portugisescher a Lëtzebuerger Press vun deemools gewisen.

Fir den Dag vum Buch kritt all Kand an de Spillschoulen an am éischte Schouljor d'Buch Lisa lacht/ Lisa sourit geschenkt, eng zweesproocheg Geschicht vun engem behënnerte Meedchen.

D'Yvette Moris huet dem Carlo Collodi säi Pinnocchio op Lëtzebuergesch iwwersat a bei den Éditions Le Phare erausginn.

Vum 7. bis de 9. Mee ass de Fréijorskongress vun der Federatiou vun den europäeschen Editeuren (FEP) zu Lëtzebuerg, där zanter 1990 och déi Lëtzebuerger Federatiou vun de Bicherediteuren ugehéiert. De Paul Cerf wor eng Zäit hiren Direkter.

Fir Kanner vun dräi Joer un huet d'Christaine Ehlinger déi illustréiert Zirkusgeschicht Kloni Klunnes geschriwwen, bei där och e Molbuch an e CD mat Lidder sinn (Imprimerie centrale, Lëtzebuerg 2003, 47 a 40 S., 31 Euro).

Mat där gewinnter Masseliesung vu Lëtzebuerger Auteuren an der Escher Kulturfabrik e Mëttwoch, den 23. Abrëll, owes ëm siwen Auer fänken déi Munnerefer Dichterdeeg 2003 un. Dann ass bis Samschdes zu Munneref am Bad e Colloque "Le Monde est puriel" mat Schrëftsteller aus bal aller Welt, an owes sinn zu Esch an an der Stad Concerten "Le tour du monde en 80 minutes".

D'Eisebunn plangt net nëmmen e Streik géint den Ofbau op der Bunn, ma hëlleft um Unesco-Dag vum Buch, dem 23. Abrëll, och nees, fir zesumme mam Veräi Plaisir de lire E Buch am Zuch ze verdeelen.

De Guy Thewes huet aus deenen Heftercher iwwer Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848 e richtegt Buch gemaach, dat all Lëtzebuerger Guwwelementer net nëmmen oplëscht, ma och kuerz an en historesche Kontext setzt. Dat illustréiert Buch vun 235 Säite kritt e gratis (!) beim Service information et presse.

D'Galerie 2002/3, déi grad erauskoum, proposéiert ënnert anerem eng nei Geschicht vum Nico Helminger: Eng nei Wunnéng.

Am Mëttelponkt vu Les cahiers luxembourgeois 2003/1 ass en Heft iwwer de Moler Michel Stoffel (1903-1963).

D'Association luxembourgeoise des bibliothécaires, archivistes et documentalistes (Albad) huet de Jean-Marie Reding vun der Nationalbibliothéik a Mataarbechter vum Lëtzebuerger Land als neie President gewielt; hie léist d'Maggy Schlungs-Schmit of.

Op der Versammlung vun de Lëtzebuerger Bicherfrënn hu 36 Memberen 21.230 Euro an hirer Keess fonnt an d'Presidentin an Zekretärin Edmée Rose erëmgewielt.

Net emol e Joer nom Colloque zu Esch huet de Staatsarchiv elo d'Bäiträg erausginn: Les courants politiques et la Résistance: continuités ou ruptures (Lëtzebuerg 2003, 581 S., 15 Euro).

E Méindeg, de 17. Mäerz ass owes ëm halwer siwen an der Salle flamande vum Cercle d'Generalversammlung vun der Association luxembourgeoise des bibliothécaires, archivistes et documentalistes (Albad). Dobäi gët och e Positiounspobeier iwwer déi öffentlech Bibliothéiken am Land presentéiert.

En Dënschdeg, den 18. Mäerz stellt de Jean Portante zu Déifferdeng op der Gemeng säin neie Roman Mourir partout sauf à Differdange vir (Phi, Esch-Uelzecht 2003, 264 S., 20 Euro).

Vun där syrescher Dichterin Maram al-Masri koum bei Phi eng Collektiou Gedichter op Franséisch eraus: Cerise rouge sur un carrelage blanc (128 S.,  12 Euro

En Donneschdeg, den 13. Mäerz gët zu Miersch am Literaturzenter de 70. Gebuertsdag vum Roger Manderscheid gefeiert a säin neit Buch der aufstand der luxemburger allliteraten. notizen zur entwicklung der luxemburger literatur in der zweiten jahrhunderthälftepräsentéiert (Phi, Esch-Uelzecht 2003, 120 S., 14 Euro).

An der Entrée vun der Stader Genmeng um Knuedler gët bis den 31. Mäerz eng kleng Ausstellong iwwer d'Schrëftstellerin an éischt Professesch Anne Beffort (1880-1966) Femme de lettres, prionnière de l'enseignement gewisen. An engems schreift d'Gemeng e Prix Anne Beffort fir déi aus, déi eppes fir d'Gläichstellong vu Fraen a Männer gemaach hunn.

De Serge Allegrezza, Mario Hirsch an Norbert von Kunitzki hu beim Institut d'études européennes et internationales du Luxembourg e Buch iwwer L'histoire du modèle luxembourgeois mat Analysen an Erënneronge vun Zotialpartner erausginn (221 S., 12 Euro).

Am Kader vu Vivre demain au Luxembourg gët de Fonds national de la Recherche dem Literaturzenter zu Miersch 220 000 Euro fir eng "base de données bio-bibliographiques des auteurs luxembourgeois"

Dem Guy Helminger säin Theaterstéck Venezuela huet de 4. Mäerz an englescher Iwwersetzung am Arcola Theatre zu London Première.

Als Äntfert op eng Ufro vun der Deputéiert Renée Wagener kënnegen d'Ministeschen Hennicot-Schoepges a Brasseur unn, datt een am Laf vum Mäerz de Spellchecker, fir Lëtzebuergesch ze korrigéieren, vum Internet eroflueden an op sengem Computer installéiere kann.

Wor d'Lëtzebuerger Literatur virum Krich eng Heimatdichtung als Nazionalliteratur? Oder wor se méi wéi Reine Blut- und Bodenliteratur? Eng Diskussioun aus dem Lëtzebuerger Land.

Am Kader vum  Clae sengem 20. Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté vum 14. bis 16. Mäerz an der Victor Hugo-Hal um Lamperbuerg ass och den drëtte Bichersalon mat Lëtzebuerger an auslännesche Schrëftsteller a Bicher.

De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband organiséiert am 13. Joer seng LSV-Liesungen de ganze Mäerz duerch all Méindeg ëm 19.30 Auer am Konschthaus Beim Engel um Fëschmaart an der Stad. D'Entrée ass fir näischt:
3. Mäer 2003 mam Helmut Fiebig, Roland Harsch, Jhemp Hoscheit a Josée Kratoschwil
10. Mäerz 2003 mam Lydie Botzem, Pol Greisch an Isabelle Kronz
17. Mäerz 2003 mam André Antony, Josy Braun, Josiane Kartheiser a Colette Mart
24. Mäerz 2003 mam Angela Boeres, Roger Manderscheid, Giulio Pisani a Chantal Schenten-Keller
31. Mäerz 2003 mam Michel Clees, Linda Graf, Georges Hausemer an Nico Helminger

Als 10. Band vun der Lëtzebuerger Bibliothéik vum Mierscher Literaturzenter huet de Pierre Marson dem Joseph Funck seng Geschicht aus de Stader Feaubourgen Kleines Schicksal vun 1933-34 nei erausginn a kommentéiert (Miersch 2002, 270 S.)

De Lambert Schlechter huet véier Geschichte vu Leit, déi fortkommen wëllen ënnert dem Titel Partances bei der Editoun L'escampette erausginn (Bordeaux 2003, 125 S., 15 Euro).

Ee Joer virun de Walen huet d'LSAP d'Kulturpolitik entdeckt. Ënnert dem Titel Kultur hautnah proposéiert se an engem Pobeier ënner anerem, Internetstuffen anzeriichten, an deenen och Bicher leien, a fënnt, et bräicht een am Fong en Netz vun öffentleche Bibliothéiken. D'Librärien an d'Medie misste méi Reklamm fir Lëtzebuerger Bicher maachen.

Les Cahiers luxembourgeois 2002/4 bréngen ënner anerem en Exträ aus enger neier Geschicht vum Pol Greisch, Mäi Frënd Benn.

E Krimi, deen Ufank vun de 50er Joer zu Los Angeles spillt, huet de Journalist Paul Katow mat Einsame Jäger geschriwwen (Privatdrock ou. D. bei Books on Demand, 213 S., 15 Euro, ISBN 3-8311-4720-5).

Eng zweet, erweidert Oplo vum Dictionnaire Weiblech-männlech, Beruffer, Titelen a Fonktiounen huet de Fraeministär erausginn (Lëtzebuerg 2002, 163 S.)

Bei der Aweiung vun der Chaire de langue et culture luxembourgeoise un der Uni vun Namouer huet d'Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges den 28. Januar versprach: "On vient de développer un correcteur orthographique de la langue luxembourgeoise qu'on pourra sous peu télécharger. Un dictionnaire moderne de la langue luxembourgeoise est en cours d'élaboration et Mme Claudine Moulin, à laquelle vous avez confié cette chaire, dirige  l'équipe travaillant sur le nouveau dictionnaire. D'autres projets sont en route ou sont prévus, une histoire de la langue luxembourgeoise, l'élaboration d'une grammaire prenant en compte l'état actuel de la langue luxembourgeoise."

D'Kitschbuch vum Joer heescht Luxemburger Porträts 2002 a weist sechs Dose bont Thermofotoe vu Lëtzebuerger Provënznotablen an déi et gäre wären. D'Biller si vum Daniel a Geo Fuchs (Lëtzebuerg 2002, Éditions Clairefontaine, 159 S., 38 Euro).

Den CSV-Deputéierte Marco Schank huet säi véierte Kriminalroman geschriwwen: Die Dornenfrauen iwwer de Chamber-Milieu an de Fraenhandel, géint deen d'CSV-Fraeministesch eppes ënnerhuele wollt (Esch am Lach 2002, Op der Lay, 271 S., 13,50 Euro).

"Hanna, du bist für mich Polen", resuméiert de Marcel Gillander, deen nieft Reesreportagen de Roman Atacama (1998) geschriwwen huet, säin neie Roman Hanna (Esch am Lach 2002, Op der Lay, 271 S., 16,90 Euro).

Fir d'Joer vun der Bibel - e Buch, dat ni integral hei zu Land publizéiert , nach op Lëtzebuergesch iwwersat gouf - huet déi kathoulesch Kierch eng Säit um Spaweck ageriicht, wou och d'Sonndesiwwergiljen op Lëtzebuergesch publizéiert ginn. 

Déi gréng Deputéiert Renée Wagener huet d'Kulturministesch gefrot, firwat de Lëtzebuerger Korrekturprogramm Cortina Spell Checker keng Sue méi kréich, fir virun developpéiert an op de Maart ze kommen.

Den Henry Wickens, en Englänner, deen als Iwwersetzer um Kierchbierg schafft, huet dem J.R.R. Tolkien säi Fantasy-Roman Den Hobbit op Lëtzebuergesch iwwersat (Op der Lay, Esch am Lach 2002, 304 S., 19,9 Euro).

Als neitsten Text vun eiser Dokumentatioun iwwer d'Bibliothéiken an hir Geschicht ass elo dem Nicolas Clase seng Notice historique sur la bibliothèque de Luxembourg vun 1846 online.

Monika Jakobs heescht déi nei Direktesch vum Kulturhuef vu Grievemaacher, zu deem och en Dréckerei- a Spillkaartemusée gehéieren. D'Kulturmanageri vun Tréier gouf aus 31 Kandidaten erausgesicht. Ma zwee Joer no der Ouverture ass ee sech am Fong nach net eens, wat fir Kultur am Huef gemaach soll ginn, fir datt Leit kommen.

Eng Anthologie Deutschsprachige Lyrik in Luxemburg mat 250 Gedichter vun 1820 bis haut hunn de Jos Groben, Jos Kohnen a Paul Maas am Institut grand-ducal, section des artes et des lettres erausginn erausgunn (Lëtzebuerg 2002, 285 S., 22 Euro).

Als Souvenir un de palindromeschen Datum vum 20.02.2002 koum dem Carlos Puente, Carlo Signorini an Textorhiert Kënschtlerbuch Un día irrepetible Palindromos 20-02-2002 mat engem Mosaik, apokryphe Klassikertexter an engem CD mat palindromescher Musek vum Junko Iwanaga a Jean Weber elo an an enger Oplo vun 202 Stéck eraus (Carlo Signorini, 24, route du Vin, L-5405 Bech-Kleinmacher).

Mat dem Nummero 20 huet d'Dréckerei Saint Paul am 57. Joergank zum Joresenn déi eelste Kannerzeitung, Zack, agestallt, well se méi kascht huet, wéi gelies gouf. "Och déi schéinsten Zäite ginn eng Kéier eriwwer", heescht et fir ganz Explikatioun am Editorial.

Fir den nationale Literaturconcours vum Kulturministär gi bis den 10. Juli 2003 Kuerzgeschichte gesicht; 2004 sinn et dann nees Romaner, un deenen zwee Joer laang geschriwwen däerf ginn (Tel.: 478-6616).

Mäert 2003 mat Lëtzebuerger Bicher sinn:
Sonndeg, 5. Januar, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Samschdeg, 11. Januar, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
Wekkend vum 1. an 2. Februar, Fripchesmaart, Foire um Kierchbierg
Sonndeg, 2. Februar, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Sonndeg, 2. Mäerz, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Weekend vum 6. bis 9. Mäerz, Salon des antiquaires an der Foire um Kierchbierg
Samschdeg, 22. Mäerz, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
Sonndeg, 6. Abrëll, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Sonndeg, 4. Mee, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Samschdeg, 10. Mee, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
Sonndeg, 1. Juni, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Samschdeg, 28. Juni, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
Sonndeg, 6. Juli, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Sonndeg, 3. August, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Sonndeg, 7. September, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Weekend vum 13. a 14. September, Bicherfest an de Veianer Stroossen
Weekend vum 13. a 14. September, Fripchesmaart, Foire um Kierchbierg
Samschdeg, 20. September, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
Sonndeg, 5. Oktober, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Samschdeg, 25. Oktober, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
Sonndeg, 2. November, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Weekend vum 15. a 16. November, Sportshal Walfer 10.00 bis 18.00 Auer
Weekend vum 8. an 9. November, Fripchesmaart, Foire um Kierchbierg
Sonndeg, 7. Dezember, Schlass Buerglënster 14.00 bis 17.00 Auer
Samschdeg, 13. Dezember, Centre Am Sand Nidderaanwen 13.30 bis 17.30 Auer
 

Archiv vun den Nuvellen 2002

Archiv vun den Nuvellen 2001

Archiv vun den Nuvellen 2000