| Luxemburgensia
1801-1858
Antoine
Meyer
Den
Auteur
vum éischte Buch op Lëtzebuergesch
Romain
Hilgert
E Mathematiksprofesser vun 28 Joer, den Antoine Meyer
(31.5.1801-29.4.1857), huet am Hierscht 1829 dat éischt Buch op
Lëtzebuergesch erausginn, E'
Schrek ob de' Lezeburger Parnassus. D'Virwuert ass op de 4.
September 1829 datéiert. Aacht Joer virdrun hat d'Luxemburger Wochenblatt ugefaang,
déi éischt kuerz Texter op Lëtzebuergesch ze
drécken.
An der zweeter Halschecht vum 18. Jorhonnert hat an Dätschland
déi literaresch Bewegung vun der Volksdichtung sech op
eemol fir d'Sprooch vum "einfache Vollek" begeeschtert. Iwwer
déi Vollekssprooch schreift de Meyer an der Nohried vu sengem Buch net vill
anescht wéi sénger Zäit schons de Johann Gottfried
Herder (1744-1803).
D'Romantik um Ufank vum 19. Jorhonnert huet dat mat de Bridder Jacob
Ludwig Karl Grimm (1785-1863) a Wilhelm Karl Grimm (1786-1859)
virugefouert. An där
romantescher Traditioun wor och de Meyer mat sengem Intressi fir
d'Vollekssprooch
am Verglach zum Franséischen an Houdäitschen, mat senger
Virléift
fir Fabelen an och munneche schwaarz-romantesche Gedichter, wéi
d'Noiecht.
Et wor an der Zäit nom Wiener Kongress, wou d'Nopeschlänner
1815 léiwer aus der Festung Lëtzebuerg en eegene Stat
gemaach haten, wéi datt een eenzege vun hinne se krut
hätten. An duerch dem Napouljong
seng Kricher hat sech den Nationalissem iwwerall an Europa staark
entwéckelt.
Wéi de Goethe 1798 a senger Kantat Sängerwürde/
Deutscher Parnaß, huet dunn och de Meyer e Schratt op de
Lëtzebuerger Musebierg Parnassos gemaach an. Domat huet en d'Fro
opgeworf, ob deen neie, klengen Nationalstat net och eng eege kleng
Nationalsprooch bräicht. Eng éischt Äntfert gouf
schons an der Ukënnegung vu sengem Buch de Journal de la ville et du grand-duché
de Luxembourg vum 2. September 1829. De Journal huet direkt dem
Meyer seng Funktioun an enger Nationalliterarur mat där vum
Amsterdamer Romantiker Willem Bilderdijk (1756-1831) am dem Rotterdamer
Volleksdichter Hendrik Tollens (1780-1856) an der hollänescher
Nationallitartur verglach. Den holläensche Kinnek wor an engems
Granduck vu Lëtzebuerg.
Dat Joer drop koum et zur Revolutioun, an där d'Belsch a
Lëtzebuerg sech vun där autoritärer hollänescher (a
protestantescher) Monarchie trenne wollten.
Fir säin éischt Buch huet de Meyer eng eegen Ortographie a
Grammär missen erfannen. 1832 huet hien zu Léiwen nach e
klengt Heft Jong vum Schrek op de'
Letzeburger Parnassus, drécke gelooss, ma en huet
geklot, datt nëmme 37 Leit et bestallt haten. Trotzdeem huet en
1845 seng Gedichter zesumme mat neien nach eng Kéier erausginn
als Luxemburgische Gedichte und Fabeln,
1853 koumen Oilzegt-Klang
no an 1854 nach e kuerzt Règelbüchelchen
vum Lezeburger Orthoegraf, all Kéiers an der Belsch.
Dräi Joer dono ass hie gestuerwen.
Am léifsten huet de Meyer Fabele geschriwwen, dacks net mat
Déieren, ma mat Saachen an der Haaptroll. Hir Moral huet sech
dacks mat den zozialen Ënnerscheeder beschäftegt. Ma en huet
och Prosa an Dramatik probéiert an erotesch Gedichter wéi
De' Pater an
d'Non publizéiert.
1829, wéi de Schrek ob de' Lezeburger Parnassus
erauskoum,
wor och d'Joer, wéi de Meyer an d'Loge Les enfants de la
concorde
fortifiée opgeholl gouf. Ënnert dem Afloss vun enger
klerikal-konservativer
Literaturgeschicht gët de Pionéier Meyer bis haut net zu
den
"Nationaldichter" gezielt, anscheinend well seng Gedichter ze graff
oder
net gutt genuch sinn. Déi éischt a bal och déi
lescht
zeriéis Ausenanersetzung mam Meyer senge Gedichter huet de
Félix
Thyes (1830-1855) a sengem Essai sur
la poésie luxembourgeoise 1854 an der belscher
Literaturzeitung Revue trimestrielle gemaach, déi de
Fräimaurer nostoung.
Iwwer d'politesch Fonktioun vum Lëtzebuergesche gët, bal
zweehonnert Joer méi spéit, nach ëmmer gestridden A
meescht nach ëmmer mat dem Meyer sengen Iddie vun Natioun a
Sprooch aus dem fréien 19. Jorhonnert.
Illustratiounen:
Antoine Meyer (Lithographie no enger Zeechnung vu sengem Fiss Edouard
Meyer an Tableau vum Edouard Meyer an der Bibliothéik vun der
Lécker Universitéit); dem Meyer säin Haaptwierk als
Mathematiker, Exposé
élémentaire sur la théorie des intégrales
définies
vun 1851
Dat éischt gedréckte Lëtzeburgesch
(1821-1825):
Gespräche
über das Luxemburger Wochenblatt (14. Abrëll 1821)
Correspondenz=Nachrichten
(8. Mee 1824)
Les derniers Voeux d'un Ivrogne
(10. Dezember 1825)
Antoine Meyer:
E' Schrek ob de' Lezeburger
Parnassus (1829)
Jong vum Schrek op de'
Letzeburger Parnassus (1832)
Luxemburgische Gedichte und
Fabeln (1845)
Oilzegt-Klang (1853)
Règelbüchelchen
vum Lezeburger Orthoegraf (1854)
Biographie:
Ulysse Capitaine: Nécrologe liégeois pour
1857: MEYER (ANTOINE)
Claude-Auguste Neyen: Biographie
luxembourgeoise (1860): MEYER, Antoine
Alphonse Le Roy: Liber memorialis (1869): Meyer
(ANTOINE)
Kritik:
F. Thyes: Essai sur la
poésie luxembourgeoise (1854)
Bibliographie
|