| Luxemburgensia
1872
Renert
oder de Fuuss
am Frack an a Maansgréisst. --- Op en Neis fotographéiert
vun Engem Letzebreger. (vum M. Rodange) --- Lëtzebuerg. Drock vum
J. Joris. (Ze kafen beim L. Schamburger.) 1872.
Romain Hilgert
"La
période de 1867 à 1872 compte parmi les plus mouvementées
et les plus critiques de l'histoire du Grand-Duché", schreift de
Jean
Joris. Déi Zäit huet de Méchel Rodange dem
Goethe säi Reineke
Fuchs (1794) op Lëtzebuergesch iwwerdro. An no an no huet
en aus der Déierefabel net nëmmen e Lidd op Lëtzebuerger
Landschaften a Géigende gemaach, ma och e Spottgedicht
op d'Lëtzebuerger Gesellschaft vun der industrieller Revolutioun an
dem jonken Nationalstat.
Esou
gouf d'Gedicht mat senge 14 Gesäng a 6052 Versen den Epos vun de paterjottesche
Lëtzebuerger Klengbierger, wéi de Rodange an iergendwéi
och de Fuuss der woren. Ma well de Renert de Geck mat de Groussbierger
hirer Wollefzegkeet gemaach, de Paschtéier schro an de Frack gegraff
a munnech "onanstänneg" Witze gerappt huet, blouf d'Buch laang verkannt
a gouf esouguer zenséiert.
Haut
gët de Renert als dat gréisste Stéck Literatur
a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Jorhonnert ugesinn. D'Gedicht ass literaresch
a sproochlech fir seng Zäit nëmmen ze vergläiche mat de
Romaner
op Lëtzebuergesch um Enn vum 20. Jorhonnert.
De
Méchel Rodange koum den 3. Januar 1827 zu Waldbëlleg op d'Welt.
Mat 18 Joer goung en an d'Normalschoul an huet fir Schoulmeeschter geléiert.
Ma dee Beruff huet säi Mann net erniert, dofir gouf en 1860 Kantonalpikär.
1854 huet e sech mam Madelän Leise bestued. No Stesel huet d'Famill
an der Fiels, zu Fëschbech (?), Iechternach, Käerch a Wolz gewunnt.
Si kruten zéng Kanner, vun denen déi meescht jonk gestuerwe
sinn. Mat nëmmen 41 Joer ass de Rodange de 27. August 1876 a Clausen
un enger aler Mokränkt gestuerwen.
Nieft dem Renert huet de Rodange Lëtzebuerger an däitsch
Geleenheetsgedichter, Dem Léiweckerche säi Lidd iwwer
de Bauerestand an der Zäit vun der Industrie, d'lëschtegt Theaterstéck
Dem
Grof Sigfrid seng Goldkuemer an eng autobiographesch Chronik von
Waldbillig geschriwwen. Dat meescht dovunner gouf eréischt no
sengem Doud publizéiert.

Vun
der éischter Editou vum Renert vun 1872 ginn et verschidden
Titelvarianten: eng anonym dréit just den Numm vum Drécker
(lénks), eng aner dréit den Numm vum Dichter a vum Librär,
do ass och d'"7" an der Joereszuel changéiert. Et ginn och nach
Ënnerscheder tëscht den Deckelen an Titelsäiten (Kollektioun:
rh.)
E
Wuert fir de Lieser
1.
Gesank: Kloe géint de Renert
2.
Gesank: de Bier als Buet
3.
Gesank: de Kueder als Buet
4.
Gesank: de Renert beicht dem Dachs
5.
Gesank: de Renert viru Geriicht
6.
Gesank: de Renert kënnt fräi
7.
Gesank: nei Kloe géint de Renert
8.
Gesank: dem Renert seng Politik
9.
Gesank: zweet Beicht vum Renert
10.
Gesank: dem Renert séng Moral
11.
Gesank: de Renert kritizéiert seng Zäit
12.
Gesank: de Renert nees viru Geriicht
13.
Gesank: nei Virwërf vum Wollef
14.
Gesank: de Renert gewënnt, Grasméckelidd
Drockfeeler,
verbessert
Konkordanz vum
Joseph Reisdoerfer
____________
Jean Joris: 1867-1872 Une page d'histoire
du Grand-Duché de Luxembourg, Lëtzebuerg 1888, Säit
3
Explikatiounen zu dene sëllechen Uspillunge
kann een nosichen a Méchel Rodange: De Fuuss am Frack an a Maansgréisst.
Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain
Hilgert. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg 1987. 254 Säiten,
1375 Frang
Michel Rodange: Gesamt-Wierk. Redigéiert
vum Cornel Meder, Edi-Center J.P. Krippler-Muller, Lëtzebuerg 1974,
846 Säiten.
|