| Luxemburgensia
9. Februar
2001, aktualiséiert
Ewell eng Gewunnecht
An dene leschte
fënnef Joer koumen eng Dose Romaner op Lëtzebuergesch eraus.
Dat sinn der esou vill ewéi an denen 100 Joer virdrunn
Romain Hilgert
Konservativ
Dialektfuerscher hu gemengt, datt d'Lëtzebuergscht als Sprooch laang
net "zeideg" wor, fir Romaner ze schreiwen. Well de Roman ass déi
jénkste Literaturform am Lëtzebuergeschen. No Gedichter an
Theaterstécker Mëtt vum 19. Jorhonnert gouwen déi éischt
Romaner eréischt nom véierzéngter Krich geschriwwen.
Ma a Wierklechkeet woren och Lëtzebuerger Romaner op Däitsch
oder Franséisch bis dohiner extrem rar.
Dobei
ass e Schrëftsteller, dee Romaner schreift, dacks besser ugesinn ewéi
een, dee Gedichter oder Theaterstécker schreift. Well de "biergerlechen
Heldenepos" Roman gouf am 20. Jorhonnert meescht fir déi gréissten
a wäertvollste Literaturform gehal.
Ma
d'Lëtzebuergescht als literaresch Sprooch gët generell als aremséileg
a réckstänneg betruecht. Dofir muss e Schrëftseller fäerten,
datt hie manner Éier mat engem Roman op Lëtzebuergsch aleet
ewéi mat engem op Däitsch oder Franséisch.
An
den zwanzeger Joer, wéi déi éischt Romaner erauskoumen,
schreift den N. Ries a Les Cahiers luxembourgeois (1927-28, Heft
II, S. 164), "daß die Mehrzahl unserer Gebildeten überhaupt
kein Verhältnis zu unserer Dialektdichtung in Vers und Prosa finden
und, von hoher Dünkelwarte aus, in Bausch und Bogen alles verdammen
und verachten, was bei uns veröffentlicht wird."
All
Lëtzebuerger Kënschtler dreemen och duvunner, fir eng Kéier
iwwer déi enk Grenze vum Land eraus Succès ze hunn. Dat ass
mat Literatur op Lëtzebuergesch schons guer net méiglech.
Aus
dene Grënn musse schons extra Zäite sinn, fir Romaner op Lëtzebuergesch
ze publizéieren. D'Opkomme vun esou Romaner ass dofir ëmmer
un nationalistesch Amenter an der Geschicht gebonn. Esouguer dann, wann
et selwer keng nationalistesch Romaner sinn.
Deen
éischte Roman, dem Adolf Berens (Foto) säin D'Kerfegsblo'm.
En Geschicht a'us dem ale Letzeborger Volleksliewen an der Muselsprôch
vun ém ale Mann (1921-1928), gouf schons 1910 geschriwwen,
ma "d'Ze'iten woren démol fir d'n Drock vun ém gro'szen inländesche
Roman, an nach am Hêmechsdialekt, net gensteg. Ere'scht de gro'sze
Weltkre'g, wo' e's Land an der allergre'sster Gefôr fir sein Fre'ihêt
geschwîeft huet, huet d'Letzeborger Volleksse'l opgereselt an d'Gemee'ter
vun alle Patrioten interesse'ert u seiner Êgenôrt an u seiner
Sprôch, de' d'n hecksten A'usdrock devun ass." (I, S. 141)
De
Siggy vu Lëtzebuerg beschreift a séngem Roman Ketten
(1928-1929) esouguer déi Identitéitskrisis an den Annexionissem
um Enn vum véierzéngter Krich. Deen drëtte Roman huet
de Ferd Gremling (Dohêm. Roman aus dem
E'slek, 1948) am Patriotissem vum Enn vum leschte Krich publizéiert.
Och hie wollt domater "der Hêmecht an hirer Sprôch e Stê
setzen" (S. 8).
Dem
Lucien Medernach säi Buch Deng Aen (1948 ) ass zwar e Prosatext
vun 163 Säiten iwwer Léift a Krich, ma beim beschte Wëlle
kee Roman.
E
Roman schaaft en zozialen Universum. Wann een zu Lëtzebuerg déi
zozial Realtitéit mat Sprooch beschreift, kann een do laanscht d'Sprooch
kommen, déi hei geschwat gët?
De
Guy Rewenig gouf mat Hannert dem Atlantik
(Februar 1985) séng Äntfert op déi Fro. Et wor nees
an engem nationalisteschen Ament vun der Geschicht: am Laf vum neien Nationalissem
vun den achtzeger Joer, nodeems d'national Identitéit an den ecologesche
Regionalissem a Moud komm woren, d'Lëtzebuerger vom Calot Angscht
gemaach krut haten, si géiwen ausstierwen, an d'Steierzueler fir
déi "national Zolidariteit" an der Stolkrisis mobiliséiert
gi woren.
"In
meinem Fall", huet der Rewenig am Abrëll 1985 der Zäitschrëft
Perspektiv
getréischt explizéiert, "fiel die Wahl aus zwei zwingenden
Gründen aufs Lëtzebuergesche: zum einen spielt der Roman in einem
Milieu (die Minettegegend, das Arbeitermilieu), das sich mit der lëtzebuerger
Sprache am authentischsten schildern lässt, und durch den Gebrauch
einer anderen Sprache zu stark verfremdet würde, zum andern hat das
Lëtzebuergesche in der Entwicklung des Romans eine präzise Funktion.
Die Hauptfigur kann nur durch ihre Sprache überleben, und je mehr
diese Sprache sich als ungeeignet erweist, ganze Gesellschaftsbereiche
zu assimilieren, umso stärker ist die Identität dieser Hauptfigur
gefährdet."
Déi
offiziell Schreifweis vun 1975 an d'Diskussioun ëm d'Gesetz, dat aus
engem "Dialekt" 1984 eng "Nationalsprooch" gemaach huet, hunn d'Sprooch
opgewäert a politisch méi neitral gemaach. Esou kruten d'Schrëftsteller
d'Angscht geholl, fir als Folkloristen an Nationaliste marginaliséiert
ze ginn. Ma vill kämpfen nach ëmmer géint dee Verdacht,
zum Beispill mat dem Mëttel vun der Ironie, wa se friem Wierder demonstrativ
an déi Lëtzebuerger Schreifweis quëtschen. Déi
offiziell Schreifweis wor och wichteg, fir de Lieser duerch d'Gewunnecht
d'Aarbecht beim Entziffere vu laange Prosatexter op Lëtzebuergesch
méi einfach ze maachen.
Op
eemol huet sech esouguer den intellektuellen Haass op d'Provënz ëmdréine
gelooss: Leide Lëtzebuerger Kënschtler dorënner, fir um
Bord vun denen zwee kulturellen Zentre Frankräich an Däitschland
ze liewen an denen hir friem Sproochen ze "léinen", esou bewegt
sech Literatur op Lëtzebuergesch net méi um Rand, ma an engem
egene kulturellen Zenter, wéi kleng en och ëmmer ass.
D'Éditions
Phi als eng vun denen éischten autonomen a professionelle Literatureditiounen
hunn och gehollef, fir den Usi vun de Schrëftsteller ze vergréisseren
- d'Halschecht vun alle Romaner op Lëtzebuergesch bis haut koume bei
Phi eraus. Bis dohinner huet e Schrëftsteller meescht missen am Ausland
gedréckt ginn, fir doheem als "richtege" Schrëftsteller unerkannt
ze sinn - ma fir Bicher a Lëtzebuerger Sprooch wor dat net méiglech
an dofir net néideg.
Déi
lues Professionaliséierung vun der Konscht a Literatur huet et och
erlaabt, fir an enger grousser Literaturform ze schreiwen, déi esou
vill Zäit kascht: Am Joer, éier säin éischte Roman
erauskomm, hat de Rewenig säi Beruff als Schoulmeeschter un den Nol
gehaang. An den achtzeger Joer hu sech och bei ville Schrëftsteller
d'Computeren duerchgesat, déi d'Sazkäschte gespuert hunn.
Hannert
dem Atlantik wor den Ufank vun enger intensiver Romanproduktioun,
déi - am Konträr zu den zwanzeger Joer an 1948 - bis haut virugeet.
Gesellschafts- an Entwécklungsroman sinn, zum Deel direkt an Trilogien,
nieweneen entstan: No denen zozialkritesche Geschichte vum Rewenig (Hannert
dem Atlantik, 1985; Gemëschte
Chouer, 1987; Mass mat dräi Hären,
1989; Grouss Kavalkad, 1991; Vakanz am Pazifik, 1998) hunn
de Roger Manderscheid (Schacko Klak, 1988, De
Papagei um Käschtebam, 1991, Feier
a Flam, 1995) an de Jhemp Hoscheit (Perl
oder Pica, 1998) Kandheets- a Jugenderënneronge verzielt.
Dës Erënneronge sollen op Lëtzebuergesch wuel och méi
direkt an "authentesch" wierken. Dogéint huet den Nico Helminger
a Frascht (1990) probéiert,
fir déi komplex Technike vum moderne Roman am Lëtzebuergeschen
ze benotzen.
Mëtt
vun den nonzeger Joer huet d'Zuel vu de Romanschrëftsteller zougeholl.
D'Halschecht vun denen zwou Dose Romaner op Lëtzebuergesch sinn eréischt
an dene leschte fënnef Joer publizéiert ginn. Munnech hu sech
un der Moud vun der internationaler Romanliteratur orientéiert.
De Georges Hausemer huet séng Obsessioune vum Eenzele séngem
latzege Liewen och op Lëtzebuergesch beschriwwen (Iwwer
Waasser, 1998). De Georges Kieffer huet a Schierbelen
(1998) ënner anerem iwwer d'Verziele verzielt.
Ewell
koumen och déi éischt Genre-Romaner eraus, Kriminalromaner
vum Josy Braun (Porto fir d'Affekoten,
1997) a Fernand le Chartreux (Helleg
Muecht, 2000), Jugendromaner vum Cathy Clement - nieft dem Claudine
Muno eng vun deenen zwou Romanschrëftstelleschen op Lëtzebuergesch
- (Aleng, 1996; Sinus Cosinus,
1998) an déi éischt Romaniwwersetzonge vum Pol Tousch (Dräi
Krimië vum Simenon, 1991) a vum Henri Muller (Nikos
Kazantzakis: Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten,
1999).
Dem
Manderscheid an dem Clement hir éischt Romaner koume bis elo a véier
Oploen eraus, dem Rewenig an Hoscheit hir éischt Romaner an dräi.
Donieft koumen 1997 an 1998 Schacko Klak an De Papagei am Käschtebam
an däitscher Iwwersetzong vum Georges Hausemer eraus, 1998 Mass
mat dräi Hären op Franséisch vum Jean Portante.
1990 hunn de Frank Hoffmann an de Paul Kieffer Schacko Klak verfilmt.
De
Literaturconcours vum Kulturministär wor 1997 fir Romaner ausgeschriwwen,
a vu fënnef Romaner, déi e Präis kruten, woren der véier
op Lëtzebuergesch. Dat Joer drop lounge sechs nei Romaner op Lëtzebuergesch
an de Librärien. Ma anengems gouwe Romaner op Lëtzebuergesch,
déi virun enger Dose Joer nach eppes ganz Exotesches woren, eng
Zort Gewunnecht: Wore fir Hannert dem
Atlantik nach direkt positiv Kritiken an der ganzer Press, esou
ginn ewell munnech Romaner guer net méi ernimmt.
Ewell
steet de Roman op Lëtzebuergesch virun engem Generatiounswiessel.
No senger Trilogie vum klengen Hellegen
wëllt de Guy Rewenig net méi op Lëtzebuergesch schreiwen,
an och de Roger Manderscheid hält an där Sprooch op. Dofir huet
d'Claudine Muno mat De Fleeschkinnek
säin éischte lëtzebuergesche Roman geschriwwen. A vläicht
ginn 2004, wann den nationale Literaturconcours nees wéi 1997 Romaner
sicht, grad esou vill Texter op Lëtzebuergesch ageschéckt wéi
1997.
All
Romaner op Lëtzebuergesch
|

|