| Luxemburgensia
20. Juli 2001
Well dat Schroost
ass net ze verzielen
Fir meng
Mamm gët d'Atmosphär vun engem ganzen zoziale Milieu a senger
Zäit zréck
Romain Hilgert
"Deng
Angscht hues De mir vermaach; ech hu se geirft wéi e Miwwelstéck
un deem een hänkt, mä wat een ëmmer hënnert. Déiselwecht
Angscht, déi ech Dir wollt ausrieden: elo dréckt s'op mer
wéi e schwaarzen Himmel ouni Wach, wéi e schmeiert Wieder
wat dréit a kéiert an awer net richteg lassbrécht."
(S. 33)
Wann
e Mann nach an der Penzioun "e laange Bréif" u seng Mamm schreift,
ass dat sécher och e Stéck net talk, ma write therapy.
"Firwat dann dëse laange Bréif? Nëmme fir méi e
rouegt Gewëssen ze kréien?" (S. 98)
Ënner
Leit, déi zu Liefzäiten net amstand sinn, iwwer déi
wichteg Saachen am Liewen ze schwätzen, probéiert hien alt,
fir et enger Doudeger nozeschécken. Och fir aus der Kannerroll eraus
eng eegen Identitéit, eng Plaz an der Geschicht vu senger Famill
ze fannen.
Well
och mat siwwenzeg bleift de Greisch dee klenge Bouf, dee gezillt gouf,
fir ëmmer brav ze sinn an net aus sech erauszegoen, fir Fouss bei
Mol ze halen an déi kleng Geheimneser an Tabue vun enger Kandheet,
all déi Blessen, Ligen a Feigheeten, dee Verrot an déi Schimmt,
déi et an all Famill ginn, net erauszeplättelen - och aus Angscht
virum Plakeg-Sinn: "Wann ech elo mäi Bréif iwwerliesen, da
mierken ech, datt ech Der nawell näischt verzielt hu vun deem wat
mech dréckt. Mä wat ass dat iwwerhaapt? Vläicht weess
ech et selwer net. Vläicht diebelen a kéieren ech mech och
nëmme fir derlaanscht ze kommen... A wat luusse kënnt, sinn elauter
Kannereien..." (S. 103)
"Well
dat Schroost ass net ze verzielen. Dat Schroost spillt sech anzwousch anescht
of. Anzwou bannendran." (S. 116) Obwuel et net ze verzielen ass,
kënnt am Fall vum Greische Pol sengem Fir meng Mamm, dat tëscht
1995 an 1999 schons an de Cahiers luxembourgeois ofgedréckt
wor, e groussaartegt Stéck Literatur op Lëtzebuergesch eraus.
Et
ass an der Haaptsaach d'Geschicht vu senger Kandheet zu Walfer virun an
am Krich. Si spillt an der Famill vun engem techneschen Zeechner vun der
Arbed, vu klenge Leit, déi wéi eng ganz Generatioun Lëtzebuerger
gestruewelt hunn, fir et zu eppes ze bréngen, a sief et nëmme
vum Aarbechter zum Employé.
Plazeweis
erënnert d'Buch um dem Roger Manderscheid säi grousse Roman Schacko
Klak, deen och vun engem klenge Bouf am Krich verzielt. Vläicht
ass de Greisch just ze schei, fir Fir meng Mamm e Roman ze nennen.
Natierlech
kënnt een och net laanscht déi éiweg Klischeë vun
der Nostalgie, vum Verloscht vun der Natur a vum Verlaangeren nom Paradäis
vun der Kandheet: "An haut? Näischt méi erëmzefannen.
Alles erwechsanéiert, fir dem Profitche Plaz ze maachen." (S. 21)
Obwuel den Auteur och freet: "Wéi kann ech nach un eppes hänken,
wou ech déi Schënn hat dermat?" (S. 44)
Ma
dat Aussergewéineklecht vun deem Buch ass seng Sprooch. Esou wéi
dem Greisch seng neitsten Theaterstécker an der Tëschenzäit
iwwerlieft sinn, esou eenzegaarteg ass seng Prosa. Säi Lëtzebuergescht
ass esou exakt, kloer a liicht, wéi ee vu groussen Dänzer seet:
et gesäit een hinnen d'Ustrengung net of. Do kann hien och Tragesches
beschreiwen, ouni sech ze verrenken oder Kitsch ze maachen: den Doud vu
sengem Papp (S. 57), déi al Leit zu Hamm (S. 76).
Fir
meng Mamm ass méi wéi privat Kandheetserënnerungen.
Et gët d'Atmosphär vun engem ganzen zoziale Milieu zu Lëtzebuerg
a senger Zäit erëm. A wann déi Porträen, déi
de Manderscheid am Buch gezeechent huet, amplaz vu Gesiichter ëmmer
wäiss Lächer hunn, dann ass dat, well iergendwéi jidderee
Gesiichter huet, déi en op déi Plaze peche kënnt.
Esou
ass d'Buch och d'Geschicht vun engem Typus an där heemlech matriarchalescher
Gesellschaft vum Kult vun der Muddergottes an där aler Granduschess:
de Mammejong, deen nach mat siwenzeg senger doudeger Mamm schreift, well
säi Papp ni do wor: "Firwat hues Du mer näischt verzielt vun
him? Duerno? Siwenzéng Joer Zäit has de nach." (S. 125)
De
Greisch mecht sech esouguer Reproschen, datt e säin ale Papp verroden
an no engem Akzident an der Klinik stierwe gelooss huet: "Ech hätt
missen hannert déi Doktere gon." (S. 125) Ma och dat ass nëmmen
de Verrot aus Feigheet, deen en als Kand geléiert gouf: "Dat éiwegt
Geléins huet mech bal geckeg gemaach; allkéiers hunn ech
mech erëm frësch genéiert fir froen ze gon. An hunn awer
missen. De Papp wier net gaang; ech gouf ëmmer ugestallt." (S. 121)
Dee
frieme Papp, dee spéider esouguer an der Resistenz wor. Ma och dat
erlieft de Greisch nëmmen aus der Distanz. Dofir litt de Mammejong
nëmmen hallef, wann e senger Mamm dach nach houfereg ariede wëll:
"Ech si mengem Papp säi Jong." (S. 126)
Pol
Greisch: Fir meng Mamm. Aus engem laange Bréif. Éditions
des Cahiers luxembourgeois, Lëtzebuerg 2000, 149 S., 600 Fr.
|

|