Luxemburgensia

17. Mäerz 1990

D'Krisis vum Angaschement

Guy Rewenig: Mass mat dräi Hären
 

Romain Hilgert

Ob et eng Lëtzebuerger Kultur gët, as nët ausdiskutéiert. Datt et heizulands keng politesch Kultur gët, gesäit e Blannen. Domater zesummen hänkt, datt politesch Bicher rar ewéi wäiss Mais sin. Zu dene Raritéite gehéiert dem Rewenigs Guy säi leschte Roman Mass mat dräi Hären (Editioun Phi, Iechternach; 265 Säiten, 850 Frang).
Dëse Roman dréint ëm d'Fro vum politeschen Angaschement an ëm d'Krisis vum Angaschement. Dee selwechte Süjhi huet den Nico Helminger dëslescht a séngem Stéck De Schantchen um Banquier Debursi mat séngem Paräiser Paweesteen duergestallt. Esou rechent eis Litteratur virun um Billang vun 1968. Tëscht den historeschen Zenteren an der Lëtzebuerger Provënz läit e Feldwee vun zwanzeg Joer.
An dach gët dem Rewenig säi Roman ëmmer méi aktuell. Dofir brauch ee jhust ze kucken, a wat fir Dicher d'Lëtzebuerger Goosch haut stécht. Fir den CSV-Stat iwwer Waasser ze halen, rappen d'Zozialiste sech ee Been nom aner aus. Bis d'Pafe se am Rollstull ronderëm kutschéieren. De kale Krich as eriwwer, an d'Kommunisten erweche mat engem décke Kapp op der Säit vun denen, déi e verluer hun. Hin- an hiergerappt tëscht Weltënnergank a Vëlospisten, gouwen déi Gréng, méi séier ewéi se selwer gefaart haten, gro Parteien ewei déi aner. E Grapp marxistesch Zeugenjehovas priedege jhust nach, well hir Revolutionär-Sozialistesch Plack hänke bliwwen as.

Fräie Mataarbechter am Klassekampf

Angaschement as d'Verhale vu Leit, déi politesch op där richteger Säit stin, ouni et onbedéngt néideg ze hun. Apaart vun Intellektueller, déi sech ongefrot bei der Aarbechterklass als fräi Mataarbechter am Klassenkampf mellen.
Well se nët ferm angagéiert sin, ma nëmme fräi matschaffen, passéiert et dacks, datt esouer sech d'Karriärsleder erop duerch d'Bascht maachen. Dat kënnt apaart da vir, wa schons laang kee méi d'Gespenst erbléckts huet, duerch Europa geeschteren. Fir hiirt schecht Gewëssen ze tréischten, soen déi fréier fräi Mataarbechter spéider, dat mat hirem Angaschement, dat hätte se nët ierscht gemengt. Dat hätte se nëmmen esou am Spaass gesot. Domater hu se nët ganz Onrecht. Nët siele wor hiren Angaschement missionaresch Revolutiounsromantik.
Esou geet et am Rewenig séngem Roman mam John Dennewald (Dännewald, dënne Wald?). Hien as en angagéierte Grafiker, dee politesch Affische moolt an domater weder räich gët, nach soss en Dank fir séng vill gutt Réit kritt. "Et as ëmmer esou tragesch, datt ausgerechent Leit wéi ech, déi d'Aarbechterklass protegéiere wëlle virun der struktureller Ongerechtegkeet am sougenannten demokratesche Stat, vun den Aarbéchter selwer de Fouss gesat kréien," fuebelt hien (S. 45).
All grousse Mann krit vun nach méi enger grousser Fra dee klääspere Réckstrank gestäipt. Beim Dennewald heescht déi staark Fra Linda. Dat heescht op Spuenesch "Schéin". D'Linda as schéi radikal, "das Schöne/Wahre/Gute". Si hausen am Häerz vun der Lëtzebuerger Aarbechterklass, am Minett.

De falschen Hond (II.)

Ma wéi d'Linda den Dennewald sëtze léisst, fillt hie sech am Recht, fir och d'Aarbechterklass sëtzen ze loossen. D'Léift wor souwisou jhust platounesch. "An enger Vollmoundnuecht virun zwee Joer hun ech décidéiert, aus dem Minett an d'Stad ze plënneren, déi politesch Grafik luppen ze loossen a mäi Gléck ze probéieren an der Pulicitéit." (S. 35)
D'Stad as nët dat langweilegt Provënznascht, dat mer kennen. Fir den Dennewald aus dem Minett as et "die Hure Babylon", d'Hell vum Kommerz a Profit, där hie séng Séil verkeeft. Esou kënnt den expressionistesche Grousstadroman aus den zwanzeger Joeren 1989 zu Lëtzebuerg op den Hond.
De Rewenig profitéiert vun der Geléinheet, fir an enger Rëtsch zatireschen Episoden mat allem ofzerechnen, wat ëm schons laang géint de Stréch geet: Affekoten, Mammendag, d'Ausnotzerte vun Auslänner, Pafegkeet, City-Jogging, Psycho-Trips, Natur-Freaks, Nica-Kaffi a woumater soss nach kleng- a groussbiirgerlech an alternativ Biotoper ausstafféiert gin. Op deem Plang gët de Rewenig e wonnerbaren an ironeschen Abléck an d'Liewensweis an an d'Bewosstsin vu verschiddene Gruppen a Sekte vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Do fänkt en un, hyperrealistesch d'Detailler auszemolen, d'Sprooch geet mat ëm duerch, an d'Mätaffere fléie ronderëms, datt ee besser deet, de Kapp anzezéien.

Eng postmodern Fra

Bei deen neie Liewensraum passt och eng nei Fra. Den Dennewald léiert d'Nada kennn. Nada heescht op Spuensch "Näischt". E Fraennumm, vun deem all Mohamedaner dreemt. "D'Haaptsaach war de Kierper. Well de Kapp sollt jo ewechgeschnidde gin," plangt den Dennewald um Nada séngem Porträ (S.81). D'Nada as de Konträr vum angaschéierten Intellektuelen, dee mat woteleche Schudderen eiser Här merci seet, well en nët esou as ewéi hatt. D'Nada intresséiert sech fir näischt, et lieft an den Dag eran ewéi e Stéck Geméis a fällt vun enger Staud an déi aner. "Souwisou as alles finito. Et as näischt méi méiglech. Et as alles méiglech." (S. 92)
Wann alles finito as, da fänken d'Postmodern an d'Posthistoire un. Denken as den Ufank vum Totalitarissem. A schons begéine mer engem Paschtouer, deen un näischt méi gleeft. D'Stécker Realitéit gin nët dem Sënn no getesselt, ma dem Aussin no. "D'Haaptsaach war de Kierper. Well de Kapp..." Nët nëmmen dem Eco säin Il pendulo di Foucault an dem Greenaway säi The Cook, the Thief, his Wife and her Lover gin ewech wéi Zocker. Och dem Dennewald séng politesch Affischen. Well kee méi freet, wat domater gemengt as. D'Symboler, wéi an de Videoclips, fir fuurweg, blénkeg, eidel Këschte geholl gin, nët gemaach fir auszepaken.

Deen alen oder dee richtege Wee

Et schéngt, ewéi wann de Rewenig nach méi Zympathie fir dem Nada säi Kynismus (antick Filosofie, fir monter an den Dag eran ze liewen ewéi en Hond "[kyon]") iwreg hätt ewéi fir dat chic bornéiert Angaschement vu verschiddene guttbiirgelechen Alternativen. De Rewenig ermëlzt se litteraresch, wann e se nieft hierem Éislécker Weekend-Haische mat deiere Gurmandisen no amerikanesche Krichsfliger geheie léisst.
Nodeems all déi falsch Forme vun Angaschement entlarvt an zerstéiert gouwen, freet sech de Lieser fäärtereg, ob de Rewenig et beim Nada séngem Zäitgeescht si léist. Ma neen. Hie sicht och nom Positiven. Leider bleift déi Sich zimlech hëlleflos. Den Topos vum Geck, deen deen eenzegen Normalen as, gët nach eng Kéier mat vill Léift um Bop demonstréiert, dee séng individuell Revolt un engem preisesche Nëssert ausléist.
An zum Schluss kënnt d'Linda nees hannescht. Wann de Lieser an d'Liesesch schons ënnert Cattenom, dem Ozonlach an dem Bëschstierwe leiden, hu se op d'manst en Häppiënd verdéngt. Déi schéi staark Fra bréngt dee schwaachen Dennewald erëm op deen ale Wee. Elo hält en op, fir korrupt ze sin. Ma näischt deit drop hin, datt en aus de Feler vu séngem fréieren Angaschement geléiert hätt. Datt e bekäppt hätt, datt deen ale Wee nët onbedéngt dee richtegen as. Vläicht weess säi Papp, de Rewenig och nët weider.

Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, 17. Mäerz 1990