| Theater
28.
Abrëll 2006
Et
gët keng Vëlosrieder méi
De
Beckett passt kamout op Lëtzebuergesch, well d'Sprooch ass esou
razeg an ouni Fisematente wéi d'Geschichten an d'Dekoren
Romain
Hilgert
Fin de partie ass
eent vun deene gréissten Theaterstécker vum 20.
Jorhonnert. Ee Jorzéngt no Auschwitz, wou Mënschen an den
Dreckskiwwel gepucht goufen, d'Äerd eng Brooch voll Ruine vun
der Zivilisatioun ginn ass, féiert Fin de partie op eng radikal
Anerweis vir, wéi absurd Theater a Konscht sinn, déi gutt
gelaunt viru maachen, wéi wa keng Katastrof geschitt wär.
An datt no der Katastrof vläicht d'Geschicht stoe blouf, ma datt
d'Katastrof eng Geschicht huet: "Géi huel mer zwee Rieder. Vun
engem Vëlo." – "Et gëtt keng Vëlosrieder méi."
(S. 109). Et gi keng Vëlosrieder méi, ma et gëtt nach
Här a Kniecht. An et weist, wéi friem Mënsche sech
dofir selwer ginn.
De Guy Wagner huet elo Fin de partie
op Lëtzebuergesch iwwersat, fir kënnen am
Steebroch vun deem groussaartegen Text ze schaffen, fir deem
faméisen Dramatiker säi Respekt ze weisen a sech eng
Grëtz a sengem Liicht ze sonnen. An eng Grimmel ass et och
ëmmer e patterjoteschen Akt, fir ze weisen, datt
d'Lëtzebuergescht kee klengen, verkrëppelten Dialekt ass, ma
esouguer d'Gewiicht vu Weltliteratur aushält.
Datt de Beckett sech kamout op Lëtzebuergesch iwwersetze
léisst, wor ofzegesinn. Well d'Sprooch ass esou razeg an ouni
Fisematente wéi d'Geschichten an d'Dekoren. Als geschwate
Sprooch, déi net méi an den Orangepobeier vun enger
Literatursprooch agewéckelt ass, geet d'Ongeheierlechkeet vun
deenen Dialoger frësch un een. Dofir ass et en Erliefnes, fir dem
Guy Wagner seng Iwwersetzung ze liesen, déi sech enk un den Text
hält an esouguer seng Wuertspiller rekonschtruéiert.
Déi eenzegaarteg Zitater aus dem Text kommen op eemol
onverbraucht eriwwer: "Wann ech déi Rat net vreckt schloen, geet
se futti." (S. 143). Ganz rar trëllt een iwwer e Gallizissem oder
Germanissem, ugefaang beim Titel Endspill, deen, wéi
d'Ennstéck vun enger Scheierdenn, "Ennspill" heesche kënnt.
Ma wann een haut, en halleft Jorhonnert méi spéit, Fin de partie kuckt, gesäit et
esou verstëbst aus wéi an de Muséeën
d'Tableauen aus där selwechter Zäit. Avantgarde gëtt
schlecht al, an déi präzis Insc-truktioune vum Samuel
Beckett, fir säi Stéck opzeféieren, maachen
d'Inszenéierungen huerteg monoton a museal. Wann een eng
gesinn huet, mengt een, et hätte ee se alleguerte gesinn.
Ma et ass net nëmmen dorunner, wou dem Escher Theaterdirekter
Charel Muller seng Inszenéierung leid. Si huet Respekt amplaz
Versteesdemech fir dee groussen Text. Dem Hamm (Claude Mangen) an dem
Clov (Jules Werner) bleift deen Text friem, dee se zwou Stonne steif
deklaméieren, wéi wann et hiren net wär. An engem
Stéck, wou de Mënsche soss näischt méi bliwwen
ass wéi eng Onmass Zäit – "Wéi spéit ass et?
– D'selwecht wéi soss." (S. 107) –, hunn d'Leit net de
Schnëssert, ma si brucken un deene schreckleche Wierder. (Fir dee
Schoultheaterkitsch, deen als neie Schluss op Fin de partie geprafft gouf,
dreiwen déi net ganz kamëss Ierwe vum Beckett hoffentlech
déi Responsabel mat alle juristesche Moyenen och an de
finanzielle Ruin.)
Samuel Beckett, Theater.
Waarden op de Godot, Endspill, Katastroph, Wat wou,
Éditions Phi, Esch-Uelzecht, 2006, 190 S., 18 Euro. –
Nächst Opféierungen den 13. a 14. Juni owes ëm aacht
Auer am Théâtre national an der Stad.
|

|