Zoom op d’Sprooch

De Pronom „hatt“ ass Neutrum, dofir awer net neutral

d'Lëtzebuerger Land du 31.01.2014

Entschëllegt, wann ech nach eng Kéier op d’Thema vum Genus/Geschlecht/Gender an eiser Sprooch zeréckkommen. E Mail vun enger Lëtzebuergerin, déi op enger schwedescher Universitéit studéiert, ass doru Schold. „Ech si Studentin“, sou presentéiert si sech, „a schreiwe mäi Magisteraufsatz iwwer d’Lëtzebuergescht,  méi genau iwwer d’Pronomen ‚hatt’ a ‚si’. Fir mäin Aufsatz hunn ech Äert Buch Lëtzebuergesch Grammaire vun 2012 konsultéiert a festgestallt, dass Der ‚hatt’ op der Säit 156 als feminin ugitt, an den Ënnerscheed zu ‚si’ géif am Kontext siichtbar ginn doduerch, dass déi Fra, ëm déi et geet, geduuzt géif ginn. Verbessert mech, wann ech eppes falsch verstanen hunn!“

D’Studentin huet sech doriwwer Gedanke gemaach, well den Ënnerscheed am Gebrauch vun „hatt“ a „si“ net onbedéngt beim Dierzen an Duze läit, mä och un aner Faktore gebonnen ass. „Zum Beispill duzen ech meng Mamm“, sou schreift si, „mä ech referéiere si natierlech mat ‚si’. Mat Hëllef vun engem Lückentext, deen ech 12 Lëtzebuerger ausfëlle gelooss hunn, hunn ech gemierkt, dass mär Mammesproochler eis och net ëmmer eeneg sinn. Sou hunn d’Halschent vun de Leit am Lückentext d’Prinzessin Alexandra mat ‚hatt’ referéiert, obwuel een sech misst un den Titel halen, an net un de Gebrauch vum Virnumm.“ Ausserdeem ginn et Substantiven, déi entweder mat ‚hatt’ oder ‚si’ referéiert kéinte ginn. Dat wären Hybrid-Substantiven (hybrid-nouns, wéi de Greville G. Corbett se a sengem Buch Gender, Cambridge, 1991, nennt). „Fra“ zum Beispill wier e Beispill dofir: „Meng Fra ass net doheem; hatt ass mam Hond am Bësch.“ – „Dem Här Müller seng Fra ass net doheem; si ass mam Hond am Bësch.“ D’Studentin behaapt, hir Thees géif sech dem Corvett sengen Ënnerscheedungen uschléissen. Hir Argumentatioun ass zolitt dokumentéiert. D’Thema vum Genus (Genre)/ Geschlecht (Sexus)/ Gender (dat heescht déi gesellschaftlech Konnotatiounen am Begrëffsopbau vum Geschlecht) ass wäit genuch gefächert1, fir datt et derwäert ass, nach eng Kéier drop anzegoen.

An hirem Mail geet et éischtens ëm de grammatesche Genus vum Pronom „hatt“. An de Schoulbicher (och an der Lëtzebuergesch Grammaire2) gëtt „hatt“ als Neutrum (Nominativ/Akkusativ) vum Pronom an der 3. Persoun Singulier duergestallt. Dësen Neutrum gëtt awer am Lëtzebuergeschen nëmme gebraucht, fir op weiblech Liewewiesen (Mënschen: Fraen a Meedercher oder Déieren: zum Beispill Kazen) hinzeweisen3. Mat sengen anere Kasusformen am Singulier (him, him seng-) ass „hatt“ an dëser referentieller Funktioun typesch Eises an et däerf net, weder als betounte Personalpronom nach als onbetount Variant et, mam onperséinlechen dat (betount) oder ‘t/et (onbetount) verwiesselt ginn4. En éischte Problem ass also, datt de Pronom am Genus Neutrum op referentiellem Niveau just op Liewewiesen hiweist, déi vom Sexus (Geschlecht) aus weiblech sinn. Dësen Neutrum huet primär net déi üblech Bedeitung „Net-Persoun, onperséinlech, sächlech“. Et ass e soziolinguistesch ëmgangssproochlech „weibleche“ Pronom (wéi et am LOD steet).

Dësem Neutrum si mer schonn an e puer Rubrike5 begéint. Grammatesch kann en als „Sockel-Genus“ vun den Tëschebegrëffer Framënsch an/oder Meedchen erkläert ginn, déi allebéid Substantiver am Neutrum sinn, obschonns – wann een den normale Kompositiouns- an Derivatiounsregelen nogeet – Framënsch misst maskulin sinn (wéi Maansmënsch) a Meedchen feminin, well de Suffix -chen am Allgemengen net der Ausgangsbasis hire Genus däerft änneren (eng Hand à eng Händchen; e Mupp à e Mippchen, awer: eng Mod à dat Meedchen). De Neutrum vu Framënsch a Meedchen ass och de Grond dofir, datt d’Virnimm an d’Familljenimm vun de Fraen a Meedercher am Lëtzebuergeschen Neutrum (an net Feminin) sinn: Mir soen eist Chantal; d’Fleur Maxwell war dat 24.

En zweete Problem betrëfft d’Pragmatik vun de Pronome „si“ an „hatt“. Et stëmmt, datt ech dës Pragmatik fir den Hiwäis op weiblech Persoune mam Dierzen („Dir, Iech’ /Är) an Duzen („du, dir“/däin) verbonnen hunn, awer och mam Gebrauch vun de Vir- a Familljennimm a vun den Titelen. Déi Faktoren, déi meng Korrespondentin an hire Beispiller an an hirem Lückentest illustréiert, awer net genau formuléiert, sinn do mat abegraff6. Déi soziolinguistesch Komplexitéit vum Sproochverkéier a -verhale léisst sech haut net méi mat einfachen Anstandsoppositounen agrenzen wéi formell/informell, héiflech/familiär, distanzéiert/vertraut, Privatsphär vs. Ëffentlechkeet. Dat ännert awer näischt un der Tatsaach, datt mir an eiser Sprooch, entgéint anere Sprooche wéi d’Däitscht oder d’Franséischt, iwwer zwou Reie Pronomen an der 3. Persoun Singulier verfüge fir op weiblech Persounen ze referéieren: 1) eng am Feminin mat „si“, déi am normalhéifleche Sproochver­kéier funktionéiert, an 2) eng familiär, sozial mar­kéiert, déi mam Neutrum „hatt“, jee no Status, Alter a Regiounen, och mat anere Konventiounen (Titelen) a Strategien (Dierzen/Duzen) ka verbonne ginn.

Eng drëtt méi kriddeleg Fro bleift dann déi vum soziolinguistesch kulturelle Wäert vum Gebrauch vu „si“ an „hatt“. „Si“ gehéiert zum normalen neutrale Register, andeems de Neutrum „hatt“ (wéi och d’Wuert „Framënsch/Fraleit“) dem Sproochregister eng ëmgangssproochlech Konnotatioun gëtt, déi dacks (awer net ipso facto) als fraefeindlech, onhéiflech, graff oder flappeg verworf gëtt. Den Neutrum gëllt deemno als pejorativ sexistesch Diskriminatioun. „Hatt“ misst souvill wéi méiglech fir Fraen (net awer fir Meedercher a Kanner) vermidde ginn. Sou denkt wéinstens d’Minoritéit (oder ass et schonn d’Majoritéit?) vun de Leit, déi gär de Genre Feminin iwwert de Leescht vum weibleche Geschlecht a vun der entspriechender Genderop­faassung géif zéien. Mä fir de Linguist ass d’Saach net esou einfach. E Substantiv huet obligatoresch ee grammatesche Genus (Genre): D’Nominalbasis „Fra“ ass feminin. Hir Referenz implizéiert, wa vu Liewewiese Rieds ass, e Geschlecht: Vum Sexus aus ass „Fra“ weiblech. Ob d’Referenz vu „Fra“ elo kontextuell mat „si“ oder „hatt“ pronominaliséiert gëtt, hänkt mat der gesellschaftlecher Genderopfaassung zesummen. Déi ass awer mat renge sproochwëssenschaftleche Kriterien net ze beschreiwen.

1 Dat ass net ëmmer de Fall. Cf. op der Uni Lëtzebuerg déi klengkaréiert Artikele vum P. Gilles iwwert de Genre vun den Autosnimm a vum A. Flores / Fr. Conrad iwwert d’Genusënnerscheeder tëschent dem Lëtzebuergeschen an Däitschen. – Den Term „Gender“ gëtt hei vu mir an net vun der Studentin agefouert.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land