Sproocherubrik.LU

Maacht eis dach keen X fir en Tz vir

d'Lëtzebuerger Land vom 25.01.2013

D’Iwwerschrëft erënnert un eng bekannt däitsch-lëtzebuergesch Riedensaart: Engem en X fir en U virmaachen. Dat bedeit ongeféier, datt engem eppes virgegaukelt gëtt an hien doduerch bedrunn, belunn, getäuscht an hannergaange gëtt. D’Origine vum Sproch läit an de Zeeche fir réimesch Zifferen. V (als Buschtaf en „v“ oder en „u“) steet do fir fënnef an X fir zéng. Kannerliicht ass et, d’Strécher vum V sou ze verlängeren, datt en X doraus gëtt. Dësen Trick huet an der Zäit, wou déi réimesch Zifferen nach allgemeng am Gebrauch waren, munnech Clienten hiert Geld kascht, well si vu gäizeg an onéierlech Leit, vrun allem an de Geschäfter a Wiertschaften, domat affrontéiert iwwer d’Ouere geschloe si ginn. Ma sot emol! Do steet een am Bistro mat fënnef Pätt op der Lee, an et muss een dem Wiert der zéng bezuelen, éier de Schwamp driwwer kënnt. Ass dat net allerhand?

Selbstverständlech ass net all Ersatz vun engem Buschtaf duerch en aneren oder vun enger Ziffer duerch eng aner bewosst e Bedruch. Esou ass de geschriwwenen an haut ausgeschwaten „x“ am franséischen an däitschen Numm „Luxem-b(o)urg“ en Ersatz fir den „c“ am „Luciniburhuc“, dat 963 fir d’éischt ernimmt gëtt. Dësem „c“ (wéi gouf en ausgeschwat? /s/, /ts/ oder /tsch/?) entsprieche warscheinlech den „zz“ (/ts/ oder /s/?) am alhéidäitschen „Lüzzilinbur(u)ch“ an den haitegen „tz“ (/ts/) am Numm „Lëtzebuerg“. Dat suggeréiert de Cristian Kollmann an engem interessanten Artikel „Woher kommt das X in Luxemburg?“ an de Beiträge zur Namenforschung vun Heidelberg1. Den däitschsproochege Fuerscher huet an enger laanger Lëscht vun alfranséischen Dokumenter nogekuckt an hien huet festgestallt, datt den „x“ am Numm „Luxembourg“ (niewent dem „c“ = Luceb(ur)r an „z“, „tz“, „cz“, „zc“, „sc“) ëm 1264 a Flanderen opkomm ass. Hien hëlt un – beweist et awer net –, datt de Redakter vun deenen Dokumenter kee Franséischsproochler war. De Schreiwert hätt den „x“ ënner dem Afloss vun engem Eegennumm wéi „Bruxelles“ gewielt. Den „x“ wier also souzesoen iertemlecherweis an de Gebrauch komm. An däitschen Dokumenter wier en dunn, vill méi spéit, ënnert dem Afloss vum Franséischen agefouert ginn: dat ass 1648 de Fall, wou d’Festung vum Vauban sengen Truppe besat ass. Den „x“ (/ks/) setzt sech awer am Däitschen eréischt 1839 definitiv duerch.

D’Etude vum C. Kollmann ass zouverléisseg, wat déi objektiv Dokumentatioun ugeet. D’Haaptthees, datt de geschriwwenen „x“ ënner franséischem Drock am däitschen „Luxemburg“ opgedaucht ass (awer net an eisem „Lëtzebuerg“), ass onëmstridden. Mä d’Geschicht vum „c“, vum „ss“ a vum „x“ an der franséischer Sprooch ass wuel méi komplizéiert, wéi déi vum „c“, vum „ts“/“tz“ an „x“(/ks/) am Däitschen a vrun allem wéi déi, déi den Auteur unhëlt. Schued ass eigentlech a mengen Aen den Ausgangswénkel: den auslänneschen „x“ am franséischen an däitschen Numm „Luxemb(ourg)“ ass nëmmen eng Kuriositéit fir déi, déi dësen als /ks/ geliesenen „x“ phonologesch vum lëtzebuergeschen „tz“ /ts/ wëllen ofleeden an dobäi vergiessen, datt et haaptsächlech ëm geschriwwe Buschtawe geet, déi sech nëmmen approximativ op phonologesch Eenheete bezéien. Kuckt een déi Saach aus dem Wénkel vun der Aussprooch, dann ass et am Fong kee Wonner, datt den „c“ vu Luciniburhuc engersäits op franséischer Säit als /s/ evoluéiert an anerersäits op däitscher Säit als /ts/. „ABCé“ géint „ABTsee“ ass haut nach de Problem an eiser Schreifweis2. Metz („tz“ geschriwwen an /ts/ ausgeschwat am Däitschen a Lëtzebuergeschen) géint Metz („tz“ orthographéiert, mä /s/ ausgeschwat op franséisch)! Datt de franséischen /s/ (dacks „ss“ geschriwwen) am 13. Joerhonnert duerch e Kräiz (de Buschtaf „x“) ersat gouf an haut nach gëtt, ass guer net esou seelen a frankophone Géigenden; cf. six, dix, soixante, Auxerre, Auxonne ... a Bruxelles. Dee leschtgenannten Numm ass kees, souvill ech weess, mam Phonem /ts/ ausgeschwat ginn an och net mam /ks/, wéi et haut dacks ënner dem Drock vun der Schrëft geschitt. Bruxelles (mat /s/) kann also net als Muster vu Lëtzebuerg (mat /ts/) ugeholl ginn, et sief dann eisen „tz“ wier och als „ss“ /s/ geschwat a gelies ginn. Mä de Géigendeel schéngt éischter d’Regel ze sinn: fir en /s/ am franséischen Original schwätze mer heefeg am Lëtzebuergeschen en /ts/ aus: Zoossiss, Zooss, Zalot, zolidd, Zerwiss, Zomm, Zistem, Zuppermarché (cf. Sproocherubrik 2, d’Land, 07.04.2006).

D’Eegennimm hunn hir eege Geschicht an Orthographie. Déi normal Schreifweis awer gëtt bestëmmt méi komplizéiert, wann iwwerflësseg (mat oder ouni Bedruch) en „x“ fir en „u“ oder en „x“ fir en „tz/z(z)“ virgeschriwwe ginn. E Bléck op d’Schreifweis vun 1975 an 1999 weist – an dat weess och de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise – datt d’Reform op hallwem Wee stoe bliwwen ass. Bal zéng Joer no der vum Ministère bestallten Introduction à l’orthographe luxembourgeoise, wou de Jérôme Lulling an ech versicht hunn, dee strengen Text vum Alain Atten (1975) an déi onlinguistesch heiansdo souguer inkohärent Regele vum CPLL (1999) ze koordonnéieren, wier et héich Zäit, datt d’Schreifweis an enger méi definitiver Form géif festgehale ginn. Eng Praxis vun zéng Joer – sief et déi vun de Schrëftsteller, speziell vum Josy Braun3 oder déi vun der LOD-Equipe4 – misst duergoen, fir d’Problemer genee opzelëschten an ze léisen. Deen éischten, lautlech-phonologeschen Deel vum Texte coordonné kéint, no de Recherchë vum Peter Gilles5, verfäinert ginn. Den drëtten, mat der Orthographie vun de Verben an der Interpunktioun, wier och net schwéier ze kierzen an, wéi haut mam engleschen Neologismus gesot gëtt, ze „finaliséieren“. Bléif dann nach den zweeten Deel, wou eben, amplaz vun der Prioritéit vum däitsche Muster, déi autonom lëtzebuergesch phonographesch Kohärenz nach besser misst ervirgehuewe ginn. Firwat am Flou bleiwen, wa kloer Formuléierunge méiglech sinn6 an einfach kohärent Léisunge vir-leien7? ’t ass bestëmmt net gutt, wa stänneg den Androck entsteet, datt am Fong den Zoustännegen a Verantwortlechen am Land dat alles egal ass. Muss dann do viru gewurschtelt ginn, wou eis Sprooch Präzisiounen an en neie Schwonk bräicht? W.e.g., maacht eis dach nëmme keen X fir en U vir!

1 Bd. 46, Heft 2, Heidelberg 2011, SS. 165-210. De Bäitrag ass och am Supplément „Recherche“ vum Land (26.10.2012) ënnert dem Titel „Terme erroné?“ virgestallt ginn. Cf. och iwwert Richard Huss: „Luxemburg – Lezeburech“ Luxemburgische Sprachgesellschft für Sprache und Dialektforschung. Jb. 1929, 54-62. Luxemburg.
2 Cf. Sproocherubrik 40, d’Land, 10.10.2008: „ABTsee oder ABCé: Ha-hache de guerre?“3 Cf. Säin „evolutiivt“ Heftchen Eis Sprooch richteg schreiwen mat senge villen Oploen
4 Leider ass d’Lëscht vun de Recommandatiounen am LOD (deen an der Tëschenzäit um Buschtaf „R“ ukomm ass) ni kompletéiert ginn. Den CPLL a besonnesch säin Sekretariat vergësst dobäi e ganz wichtegen Deel vu senger offizieller gesellschaftlecher Missioun.
5 Die Vokale des Luxemburgischen akustisch (1): 20.04.2011; (2): 10.07.2011; (3): Diphthongen (10.07.2011): Infolux Forschungsportal zum Luxemburgischen, Autorenarchiv für Peter Gilles
6 Cf. Sproocherubriken iwwert de laangen ee, d’Finallen, -onnel an -onnéieren, Interpunktioun a.s.v.
7 Och fir d’Integratioun vun de Friemwierder, z.B. de franséischen „e“ muet, Literatur <-> littérature, -aire/-är ...
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land