Phraseologie

„Dat ass totale Brach, dat huet kee Kapp a kee Schwanz“

d'Lëtzebuerger Land du 21.02.2014

Sou sot de Procureur um 86. Dag vum Bommeleeër-Prozess no den Aussoe vun engem Haaptzeien. D’Urteel ass bestëmmt streng an negativ. Et besteet aus zwou Behaaptunge mat graffe volkstümleche Lëtzebuerger Ausdréck: „Dat ass totale Brach. Dat wat e vun Ufank un hei vu sech ginn huet, huet kee Kapp a kee Schwanz“1. Traditionell zielen sou Sätz zur „lëtzebuergescher Idiomatik“, dat heescht zu de Wierder, Biller, Spréch, Riedensaarten, wéi déi lëtzebuergesch Auteuren där rëtscheweis gesammelt a publizéiert hunn2. Haut gëtt dëse lexikaleschen idiomateschen Deel vun der Linguistik éischter mam wëssenschaftleche Begrëff Phraseologie charakteriséiert3.

Dogéint grommelt dann dee populäre „Sprooch-Soziopedagog“ (hien nennt sech selwer esou) vun RTL.lu: „Phraseologie, abeejo! Phraseologie, dajee alt!“4 Wéi sou dacks fänkt hien en aktuelle wëssenschaftleche Begrëff op an, ouni e Fanger ze réiere fir sech e Batz méi ze renseignéieren, béit hien deen Term ëm, mécht de Spunnes, beweist awer a sengen Artikelcher, datt en total „derlaanscht“ ass (RTL.lu, 15.11.2013). D’Phraseologie enthält net nëmmen de Jargon vun de Fachsproochen (vun alle Fachsproochen, also och déi vum Chamberbliedchen5), an et geet net nëmmen ëm „déi typesch Ausdrocksweis vum Lëtzebuergesche vis-à-vis vum däitsche Satzbau a -gebrauch“. Neen. D’Fachkapitel Phraseologie op der Uni ass net onwichteg, wann een dat ganzt Gebitt behandelen6 an alle Klassifikatiounen a Rechercheperspektiven nogoe wëllt. Et geet do dann net nëmmen ëm „Eises“ oder ëm d’Lëtzebuerger „Identitéit“ („Kultur“ wier vläicht e bessert Wuert) am Verglach mat deenen anere Sproochen a vrun allem mam Däitschen.

Sécher brauchen d’Wëssenschaftler e Fonds (dat heescht e Korpus) fir hir Recherchen. Dëse Korpus muss net (an e kann am Fong och net) ganz nei sinn. D’Studenten op den Unien Tréier a Lëtzebuerg verfügen awer iwwer technesch Instrumenter, fir dat all-méiglechst Material zesummenzedroen, aus den Dictionnairen bis aus deene verschiddensten Textzorten. Dat maache si dann och7, a si wäerten déi Korpora an hiren akademeschen Aarbechten aus wéi och heiansdo a manner wëssenschaftleche Publikatiounen. Sou zum Beispill déi kuerz Texter, déi an der Rubrik Sproch vum Mount vun Infolux – Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht (Dynamics of Luxembourgish Phraseology) ze liese sinn.

De Projet DoLPH vun der Uni ass als Konzept breet a wonnerbar presentéiert. E kënnt engem awer vläicht och e bëssen opgeblose vir, wann ee bedenkt, wéi déi puer Fuerscher, déi mam Peter Gilles an dem Natalia Filatkina zesummeschaffen, dat leeschte kënnen, wat do erwaart gëtt. Net nëmmen eng immens Datebank ass virgesinn an, méi spéit, en Online-Dictionnaire iwwert déi lëtzebuer-gesch Phraseographie, och didaktescht Material fir d’Enseignanten a Formateure vun der Sprooch an, selbstverständlech, verdéift Recherchen iwwert d’Origine an déi historesch Entwécklung vun de Phraseologismen am Kader vun der däitsch-franséischer Diglossie. Déi éischt Musterresultater leie scho vir am Natalia Filatkina hirer Dokterthees: Phraseologie des Letzebuergeschen: empirische Untersuchungen zu strukturellen, semantisch pragmatischen und bildlichen Aspekten, Heidelberg, 2005.

Menger Meenung no misst awer op d’mannst ee Punkt nei iwwerduecht ginn8, an zwar déi geschichtlech evolutiv Perspektiv. D’Lëtzebuergescht gëtt nämlech presentéiert als „jüngste westgermanische Sprache, die sich in den letzten Jahrzehnten von einem westmoselfränkischen Dialekt zu der einzigen Nationalsprache und einer der vier [sic!] offiziellen Sprachen Luxemburgs entwickelt hat“9. Dës Opfaassung ass natierlech net falsch, och wann d’Englescht (nach?) keng offiziell Sprooch am Grand-Duché ass. Awer dës Perspektiv huet e puer Nodeeler. Si ass diachronesch, an d’Phraseme vun haut ginn heiansdo sou teleologesch, sou determinéiert, sou „geziilt“ duergestallt, datt déi historesch „Rekonstruktioune“ vu fréier exklusiv an automatesch op déi formell Ausdréck vun haut ofgestëmmt sinn. Dobäi gëtt och stänneg e Standpunkt vu bausse bäibehalen – soe mer vu Germanien an Däitschland aus (a wat zum Beispill vum Franséische kënnt, wéi Plomme verléieren, gëtt als Friemkierper ofgestempelt).

D’Phraseologie vun haut muss selbstverständlech synchron analyséiert ginn, well d’Diachronie an d’Geschicht nëmmen eng Erklärungsperspektiv sinn an d’Komparistik mat deenen anere Sproochen (ob germanescher oder romanescher) och nëmmen eng Method ënner aneren ass. Fir d’Lëtzebuergescht vun haut, dat a senger Gesamtheet muss analyséiert ginn, gëllt de systematesche Standpunkt vu banne méi wéi de Bléck vu baussen. Iwwregens sollten déi allgemeng theoretesch Aspekter, déi an der Phraseologie ënnerscheet ginn, net iwwerschat ginn. Déi divers Strukturen, pragmatesch a kulturell Komponenten, déi semiotesch Prozesser vum Biller- a Bedeitungs-Opbau mussen, bei der Analys vun Eenzelphrasemen, op e Minimum reduzéiert ginn.

Zulescht hannescht op déi zwéin Ausdréck an der Iwwerschrëft. D’Ausso: „Dat ass totale Brach“ ass e Verbalgrupp mat enger Definitiounsstruktur. Opfälleg ass de Prädikatsnomen, deen hei net wéi üblech feminin ass, mä maskulin (dofir den -e vun total-e). Den Ausdrock bedeit esou vill wéi: Dat ass onverständlecht Geschwätz (sinnloses Gerede). Firwat awer hu mer d’Bild vun der Brach an, an equivalente Phrasemen, dat vum Kabes oder Quatsch? Op en inkohärent Gerieds, op domm Brach, op onverständleche Kabes weist och den Ausdrock: „Dat huet kee Kapp a kee Schwanz“ hin. Am Franséischen heescht dat ni queue ni tête, mä firwat, der Jomer, gëtt da bei eisen Noperen de Schwanz virum Kapp genannt?

1 Luxemburger Wort, 14.11.2013, S. 17
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land