Sockel-Genus

Fraen- an Autosnimm

d'Lëtzebuerger Land du 15.02.2013

Et geet mir haut net dorëm, deem spannenden Thema nozegoen, wéi d’Fraen an enger Gendertheorie an an der Publizitéit benotzt a mëssbraucht kënne ginn, fir Autoen ze verkafen. Limitéiere wëll ech mech einfach op eng grammatesch Problematik – op de sougenannte Sockel-Genus an der lëtzebuergescher Grammaire – an deemno d’Fro stellen, wat fir e grammatesche Genus d’Fraen- an d’Autosnimm am Lëtzebuergeschen hunn.

All Basis vun engem Nominalgrupp huet e grammatesche Genus. Erkenne kann een deen um Artikel, mä d’Kategorie ass prinzipiell, wéi den Numerus a Kasus, un der ganzer Nominalsequenz markéiert. De Genre ass prioritär eng formell Kategorie (cf. d’Land 17.09.2010; 12.11.2010; 24.12.2010), déi sech net komplett mat Bezeechnungsklassen a geschlechtlech Klassifikatiounscritèrë beschreiwe léisst. De Genus/Genre (Maskulin, Neutrum, Feminin) ass eng Sproochkategorie vum Nominalgrupp. D’Geschlecht (männlech, weiblech, sächlech) ass eng Charakteristik vun de Wiesen, Realitéiten an Entitéiten, op déi referéiert gëtt. Déi lescht Behaaptunge wëll ech elo mol mat e puer Fraen-nimm (Eegennimm a Virnimm) illustréieren.

Weiblech Virnimm hunn – an dat ass typesch fir d’Lëtzebuergescht – de Genre Neutre: Mäi léift Margrit! (Feminin am Franséischen an Däit-schen: Meine liebe Grete! Ma chère Marguerite!), Eist Chantal! Äert Justine! Dat 16 Joer aalt Diane. Och de weiblechen Numm (mat oder ouni Virnumm: d’Diane Back) huet a senger referentieller Funktioun (mam Merkmolzeechen „definit“1) de Genus Neutrum. Sou konnt een deslescht op RTL.lu an der Dageszeitung liesen: Am Äiskonschtlaf gëtt d’Fleur Maxwell dat 24. De Rang (am Neutrum) setzt eng Rei vu Fraleit oder Meedercher viraus (Framënsch a Meedchen sinn am Lëtzebuergeschen Neutrum) an net zum Beispill Fraen, Dammen oder Plazen, déi feminin sinn. Am Saz duerno steet selbstverständlech de Feminin: Fir d’F.M. war et um Enn déi 24. an domat leschte Plaz. Warscheinlech léisst sech den Neutrum vun de weiblechen Nimm a Virnimm duerch de Sammel- oder Tëschebegrëff Fra-mënsch / Meedchen erklären2.

Dobäi kënnt dann eng zweet lëtzebuergesch Spezifizitéit. Fir op weiblech Persounen hinzeweisen, sief et an e Virtext, en Notext oder an d’Aussosituatioun, verfüge mer iwwer zwou Reie vu Pronomen. Eng am Feminin an der 3. Pers. Sing. mat si/se (hir, hir senger), déi am gesellschaftlechen normalhéiflechen anständege Sproochverkéier funktionéiert an, anersäits, eng sozial markéiert am Neutrum 3. Pers. Sing. mat hatt/et (him, him senger)3. Déi sozial markéiert Rei mat hatt gëtt dacks an der 2. Pers. Sing. mam Duzen du/de, dir/der, dir senger verbonnen (cf. d’Land, 25.03.2011). Fir Fraen a Meedercher gëtt si vrun allem am Privatkrees benotzt. Hire Gebrauch setzt familiär „Du-Relatiounen“ viraus ënner Leit, déi sech gutt kennen oder sech op d’mannst als hiresgläich erkennen. Sou gi Fraen, déi einfach mam Virnumm an/oder Numm mentionnéiert ginn, meescht mat hatt anaphoriséiert: D’Diane… hatt. Och am ëffentleche Krees sinn dës Pronomen am Neutrum geleefeg. Op RTL.lu (11.01.2013) zum Beispill war Rieds vun der Gewënnerin vun der Expo Generate Art, dem Joelle Daubenfeld, dat (Neutrum) vun der Journalistin am Reportage mat si anaphoriséiert gouf (D’Joelle huet 29 Joer… Si moolt), vum Jury awer mat hatt (D’Joelle …well hatt sicht säi Wee). Si anaphoriséiert d’Fra, hatt markéiert de Neutrum vum Fraennumm. Dacks awer gëtt de veruechte4 Neutrum och „iwwersprongen“, wéi op RTL.lu (26.01.2013): Svenja Gibéryen. Zënter dem 13. Januar gëtt dat 16 Joer (a)al(t) Meedche vermësst. Si (amplaz: hatt) gouf fir d'lescht um Site vum Utopolis gesinn. Grammatesch ass et zwar e Feeler. Mä et ass vläicht och e Wee, fir den Neutrum vun de Fraennimm z’ëmgoen a fir de Referenzreseau ze vereinfachen. De User versicht, de Genre Feminin iwwert de Leescht vum weibleche Geschlecht ze zéien. An aneren Aussoe gëtt den Neutrum vun de Fraennimm ausgeschalt an dacks doduerch „verweiblecht“, datt am Kontext feminin Determinatiounen derbäi gesat ginn: D’Gewënnerin Joelle Daubenfeld, d’Reiderin Isabelle Constantini, d’Grande-Duchesse Maria Teresa, d’Joffer/d’Madame Leguil gi kloer mat si an net mat hatt pronominaliséiert.

D’Fro vum Genre vun den Autosnimm am Lëtzebuergeschen stellt sech deelweis anescht. Eng rezent Ëmfro vum Peter Gilles mat engem Questionnaire (Site Infolux Forschungsportal) weist, datt deene meeschten Autosnimm de Maskulin zougeschriwwe gëtt, der Minoritéit awer och an an engems de Feminin. D’Ëmfro bréngt statistesch Resultater fir dat, wat scho bekannt war5, dat heescht datt de Feminin am Lëtzebuergeschen typesch ass, och wann e méi rar ass wéi am Däitschen a kloer minoritär. Den Auteur stäipt sech op d’Regel vum Sockelgenus: de Genre wier ursprénglech dee vun der Basis vun engem Composé (zum Beispill Mercedeswagen), och wann dës Basis duerno ewechgefall wär an als fiktiv Determinatioun misst matgeduecht ginn

Ech schwätzen an deem Fall léiwer, wéi bei de Fraennimm, vun engem Determinatiouns- oder Tëschebegrëff, deen am Däitsche riets an am Franséische lénks vum Autosnumm virkomme kann. Bon. Mä hei happert et dach. Firwat gëtt de Peter Gilles deem importéierten däitschen Tëschebegrëff Wagen/Won d’Prioritéit? (En erkläert zwar de Maskulin, dat stëmmt, an apaart wann et ëm däitsch Autoe geet). Awer an eiser Sprooch ass Auto och maskulin, woufir Automobil(l) a menger Jugend feminin war, wéi et am LWB I, 45 steet. Als lëtzebuergesch Tëschebegrëffer wären also, wann néideg, Auto an Automobil(l) vill méi plausibel wéi „Won“.

Dobäi kënnt nach eppes parallel zum Neutrum vun de Fraennimm. Voiture, Marque, Limousine mat de belles américaines aus de 50er Joeren an hire Lux(us)- a Coursemaschinne sinn och feminin Sammelbegrëffer, déi vläicht eng extra luxuös Konnotatioun haten an nach hunn. Dat erkläert warscheinlech, datt a rezente Romaner dëse Feminin gutt iwwerlieft: eng al Oldsmobile Delta 88 (NV 886), eng fonkelnei Bentley (NV 116), um 8 steet seng Porsche prett (NV 101), déi blo Talbot-Coursemaschinn (NV 34). Dat ass Prestige! A mengem Jeep (NV 107) awer ass et net kammoud. Den duebele Genre fënnt een och: deen däischterbloe Ferrari (NV 122) an eng dekapotabel Ferrari (NV 105); eng gro Chrysler Cruiser Classic Limited Edition (GK 115) mä e Cruiser Limited (GK 119). An net ze vergiessen: un d’Renault Dauphine an un d’Renault Alpine erënnert sech de Jhemp Hoscheit och nach (358).

1 D’Definitheet gëtt obligatoresch mat engem Determinans (Artikel, Possessiv, Demonstrativ) ausgedréckt, wat am Franséischen an am Däitsche mat den Eegennimm relativ seelen ass.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land