Sazbau

SVO, VSO oder SOV?

d'Lëtzebuerger Land du 20.01.2012

Maja, an eise Sprooche vun haut gi massiv vill Ofkierzunge gebraucht an dat geet ville Leit op de Su. An der allgemenger Grammatek zum Beispill gëtt fir de Sujet S, V fir d’Verb an O fir den Objet geschriwwen. Zwar kann ee liicht op esou Ofkierzunge verzichten, mä hire Gebrauch ass ganz geleefeg op d’mannst an enger Theorie, déi, am Kapitel vun der sougenannter Wuertordnung, an deene verschiddene Sproochen de Sazopbau beschreiwe wëllt. Sou liest een iwwert eis Sprooch an der lëtzebuergescher Wikipedia: „An engem onmarkéierte Saz ass d’Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d’Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomen gëtt „V2“ (Verb Second) genannt, well d’(Haapt-)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass. Am Niewesaz ass d’Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen.“

Vergläicht een dës Explikatioune1 mat deene vun der englescher Wikipedia, dann ass do Rieds vun enger V2-SOV-Sprooch ‚like German and Dutch‘. Awer V2-SOV ass jo net grad datselwecht wéi SVO! Déi verschidde Sazstrukture mat engem konjugéierte Verb (= ‚finite clausal structures‘) ginn da kloer mat Beispiller detail[-]léiert, iwwerdeems an der däitscher Wikipedia einfach widderholl gëtt: „Der Satzbau (Syntax) ist wie im Deutschen im Hauptsatz SVO (Subjekt, Verb, Objekt). Im Nebensatz ist die grundsätzliche Satzordnung SOV.“

An enger scho méi aler Etude2 hunn ech och dës Theorie SVO ufanks ernimmt, mä fir ze beweisen, datt se fir d’Lëtzebuergescht an d’Däitscht eigentlech net klappt. Do gëtt fir d’éischt – an dat ass wëssenschaftlech guer net an der Rei – Verschiddenes ënnert enger Hauf zesummegepecht: eng Wuert[-]kategorie (Verb als konjugéiert Wuert) an zwou Funktiounen (Subjekt an Objekt), déi mat ënnerschiddleche Wierder oder Wuertgruppe kënne besat ginn a vun deenen een net weess, ob se grammatesch oder semantesch ze verstoe sinn. Fir et kuerz ze soen: Sujet zum Beispill ass e méideitegen Aus[-]drock. Fir den Aristoteles war ‚Sujet‘ (Onoma) dat ganzt Thema vun deem Rieds war a vun deem am Rhema eppes (mat diversen Uerteelsméiglechkeeten) an enger logescher Proposi[-]tioun ausgesot gouf. Dësen ‚themateschen‘ Sujet, vun deem Rieds ass (oder dee virausgesat ass, well en och einfach an der Kommunikatiounssituatioun kann enthale sinn), gouf duerno vun de laténgeschen a mëttelalterleche Scholastiker am verbale Saz op de grammatesche Sujet reduzéiert. An der Schoulperspektiv vun haut ass dëse grammatesche Sujet dee Grupp, dee mam Verb-Prädikat ‚kongruéiert‘, mä selbstverständlech däerf en net mat deem méi breeden semanteschen (logeschen) Thema verwiesselt ginn.

Dobäi kënnt dann nach an der Aufklärungszäit d’Thees vum ‚ordre naturel‘ SVO, déi vun der Grammaire de Port-Royal (1660), vum Beauzée (1767), a vum Rivarol (De l’universalité de la langue française, 1784) developpéiert gouf. D’Franséischt gëtt, mat senger Uerdnung SVO als rationell Sprooch vun enger rationell organiséierter Gesellschaft (sic!) ugesinn. Et gëllt also als universellt Referenzmuster fir den ‚ordo naturalis‘, och wann de libertäre Sensualisten an Ideologen hir Vertrieder (zum Beispill. de Condillac) dem ‚ordre des émotions‘ an der Absicht de Virrang ginn an einfach jidden ‚ordre direct en soi‘ refuséieren. Et gëtt keng prinzipiell ‚gerade Folge‘ SVO a keng ‚ungerade Folge‘ OVS, déi mat engem inverséierte Sujet dovun ofgeleet géif ginn. Wann de Sujet net an éischter Positioun vun der ‚Propositioun‘ ass (an dat hänkt vun der funktionneller Aussoperspektiv of), da kënnt en eben nom Verb: Deen Owend ass vun der Polizei am Gruef e futissen Auto fonnt ginn. Am Lëtzebuergesche wéi am Däitschen ass den Haaptpunkt net de Sujet (et gëtt Sätz ouni grammatesche Sujet), mä d’Positioun vun der konjugéierter Verbform. Dat ganzt SVO/SOV/VSO-Jongléiere fält also leschten Enns an den Eemer.

Bleift d’Oplëschte vun deene verschiddene méigleche Strukturen vum lëtzebuergesche Verbalgrupp3. Déi meescht däitsch a lëtzebuergesch Grammairen ënnerscheeden (niewent der Ennstellung) eng Spitzenstellung (V-Première oder en première position) an eng Zweitstellung (V-Second oder en seconde position) vum Verb4. Mä et ass net schwéier ze beweisen, datt et allkéiers ëm V2 geet entweder mat engem besatenen x-Member vun der Propositioun oder mat enger Nullbesetzung vun x. Also xV2 wéi an: Haut iessen ech Kuch. Ech iessen haut Kuch. Wat ëss de? oder øV2 wéi an: ø Kënns de mat? ø Fuer dach dohinner!5 Wann den x an der Struktur xV2 besat ass, da muss nach tëschent engem fräien an engem ‚blockéierten‘ x ënnerscheet ginn. Fräi ass d’ Besetzung vun x an der Deklaratioun (am Mitteilungssatz): Ech (x) drénken (V2) e Patt Wäin beim Iessen. Beim Iessen (x) drénken (V2) ech e Patt Wäin. Wäin (x) drénken (V2) ech nëmme beim Iessen. ‚Blockéiert‘ ass se an ‚Deelinterroga[-]tiounen‘ an an ‚Deelexklamatiounen‘, wou x mat deem vun der Fro oder vum Ausruff betraffene Grupp muss besat ginn: Wat (x) drénks (V2) de den Owend? Wat (x) ass (V2) dat fir en Driipsert! Wéini (x) kënns (V2) de? Wéi einfach (x) ass (V2) dat dach! Selbstverständlech gehéiert x zur Propositioun. Dofir ass x och net ëmmer an der Spitzenstellung vun der Ausso. Mä doriwwer kënnt dann an enger anerer Rubrik eng Grëtz méi.

1 Si sinn heiansdo diskutabel: Wat ass eigentlech en onmarkéierte Saz? Haaptverb ass bestëmmt falsch, well och d’Hëllefsverb als V2 virkënnt; net all Adjunct ass en (däitscht) Attribut wéi den Auteur et behaapt …
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land