Den Trema

Den Trema ass keen Trauma!

d'Lëtzebuerger Land vom 17.04.2015

Haut geet et mir ëm den Trema am Lëtzebuergeschen. Sou heescht dat diakritescht Zeechen, dat aus zwéin Tëppele besteet, déi speziell iwwert dem ‘e’ virkommen an net mat den zwéin däitschen Tippelcher vum Umlaut (ä, ö, äu, ü) verwiesselt däerfe ginn. Fokusséiert gëtt also hei d’Schrëftzeechen ‘ë’, dat, no engem iwwerdriwwenen Ausdrock vun enger Lieserin, e richtegt Trauma ka ginn. Mä déi Damm huet sech bestëmmt méi ëm den Effekt vun hirem stilistesche Wuertspill Trema/Trauma beméit, wéi ëm d’Exaktheet vun hirer Behaaptung. Neen, Madame, eis Orthographie ass dach net sou schwéier, wéi Är Alliteratioun et virgëtt.

Als Graphem ass den ‘ë’ e Schrëftzeechen, dat an eiser Sprooch fir dee betounte kuerze Laut /ë/ steet, deen ongeféier kléngt wéi de kuerzen däitschen ‘ö’ = Bevölkerung oder de kuerze franséischen ‘eu’ = peur, heureux: Bëbee, Fësch, pëtzen, gëttlech. Dem Jürgen Trouvain a Peter Gilles no1 wier dësen /ë/ dee betounte Volet vum onbetounten neutralen ‘ǝ’ [geschriwwen ‘e’]. Den Infinitiv bestëmmen zum Beispill géif zwéin onbetount ‘ǝ’ an ee betounten /ë/ enthalen.

Lauschtert een awer op dat, wat déiselwecht Auteuren an aneren Artikele behaapten, da versteet ee séier, datt d’ Transkriptioun /ë/ mat Tëppele fir de Laut ‘ǝ’ am Vokaldräieck en Iertum ass oder op d’mannst, datt déi mëndlech Ëmschreiwungen /œ/, /ə/ mat der geschriwwener Transkriptioun ‘ë’ verwiesselt gi sinn. An eisen eegene Presentatioune vun der lëtzebuergescher Schreifweis2 ass dësen <ë> = /œ/, /ə/ (Bësch, Këscht, bekëmmeren, befërderen) a betounte Silben e phonographesche Vokal, deen deenen anere lëtzebuergesche Vokalen am System géintiwwer gestallt ka ginn: engersäits deene fënnef typeschen /i/, /o/, /u/, /a/, /e/ (alle fënnef komme kuerz a laang vir) an anersäits deene véier relativ fënnef charakteristeschen /e:/ (= ‘ee’: Eenheet), /e/ (= ‘é’: Mécken), /ə/ (= ‘ë’: Bëtschel), /æ/ (=‘ä’: Läffel, ‘e’: Bengel) respektiv /ε/ (= ‘e’: hell, ‘ä’: Häll), déi och mam neutraliséierte Buschtaf ‘e’ (Meter, mëtten, Bretzel, netzen) ersat kënne ginn.3

D’Schwieregkeet besteet am Fong net doran, de System vun den API-Transkriptiounen akribesch auszebauen (dat maachen d’Phonetiker), mä ze verstoen, wat eng (schrëftlech) Neutralisatioun ass. Dat kann ee klor um geschriwwene Buschtaf ‘e’ weisen. Zënter 1999 gëtt de laangen /e:/ mat engem duebelen ‘ee’ ëmgeschriwwen; sief et a betounte Silben (ver°deelen, °Leed, °Heem) oder méi seelen an onbetounte Silben (°Eenegkeet, °Bëbee). Awer déi typesch Schreifweis vum laangen /e:/ gëtt och an Ausnamefäll neutraliséiert, dat heescht schrëftlech op een eenzege betounte Buschtaf ‘e’ reduzéiert – obschonn en hei weider als /e:/ ausgeschwat gëtt. Dat ass op d’mannst de Fall bei enger laanger Rëtsch vun däitschen Transferen an Eegenimm mat betountem /e:/ eben, Emil, Neger, Meter, Februar, Meteo an apaart mat der Sequenz , an der den ‘g’ wéi a Regel, Segen, bewegen prononcéiert gëtt.4

En zweeten einfache Fall ass dee kuerzen zouene Vokal /e/, dee betount virun ‘ch’ (hie mécht, net awer virun ‘sch’ Bëscher), ‘ck’ (Méck, bécken), ‘ng’ (zéng), ‘nk’ (wénken), ‘x’ (Box, Béxelchen, Béchs) virkënnt a charakteristesch <é> geschriwwe gëtt. An onbetounten Ennsilbe wéi -echt, -(l)ech,-(el)zeg, -egen, -ek, -eng gëtt den <é> neutraliséiert op ‘e’ ouni Accent aigü: °Aarbecht, °kinneglech, °Musek, °Wunneng. Och e puer heefeg Grammeme ginn ëmmer schrëftlech neutraliséiert, well se betount oder net betount kënne ginn. Dat ass de Fall vun de Personalpronomen ech, mech, dech, sech a vun de Possessivadjektiver meng, deng, seng mat hire Composéen (mengetwegen, sengesliewen).

An elo hannescht op de Graphem ‘ë’, deen iwwregens, wéi scho gesot, mam ‘é’ vu virdru komplementär ass!5 D’Zeeche mam Trema markéiert de kuerze Vokal a betounte Silbe wéi bei Tëlee, Bësch, Ënnerschrëft an och an de lëtzebuergeschen Entspriechunge vum kuerzen däitschen ‘ö’ wéi bei ëffentlech, vëlleg, fërderen. (Déi däitsch Wierder mat laangem betounten ‘ö’ behalen am Lëtzebuergeschen den Ëmlaut: blöd, Föhn, Hörer, Manöver).

Ouni Tëppel gëtt de kuerze Vokal awer einfach neutraliséiert op ‘e’ an onbetounte Silben, besonnesch an den onbetounte Schwa-Silben (Jongen, bedaueren, bezweiwwelen, sabbelen) a Suffixen -ef (hallef), -el (Schlëssel), -em (Manktem), -en (Familljen), -es (owes), -esch (lëtzebuergesch). Och bei heefegen eesilbesche Grammemen, déi betount oder onbetount kënne ginn, gëtt den Trema wechgelooss: net, ze, Artikelen a Pronomen (d)en, (d)em, (d)er, es. D’Neutralisatioun ass och liicht ze verstoen, well wann et se net géif ginn, – wann also am Lëtzebuergeschen all ausgeschwatenen /œ/, /ə/, ob betount oder onbetount, misst mat engem Trema geschriwwe ginn – da géif et däers Getëppels ganz bestëmmt ze vill!

Eng zweet Funktioun vum Trema, hei vum Schrëftzeechen <ë>6, ass net méi typesch graphematesch, huet awer eppes mat der Silbéierung ze dinn. Dee kuerz ausgeschwatenen ‘ë’ bilt eng eege Silb, déi am Kontext vun aneren ‘e’-Buschtawen ofgegrenzt gëtt. Dräi Fäll sinn ze ënnerscheeden. 1) De kuerzen, onbetounte Vokal gëtt an enger Sequenz virun ‘e’ als silbéierten ‘ë’ geschriwwen an ofgegrenzt: agëengt, unzëerkennen, virunzëentwéckelen. 2) De kuerzen, onbetounte Vokal gëtt an enger Sequenz virun an hannerun ‘ee’ als silbéierten ‘ë’ geschriwwen, ausgeschwat an ofgegrenzt: gëeelzt, Jeeër, Alleeën, Keesjeeën, Muséeën. 3) Fält duerch d’Eifeler Regel an der ‘en’-Sequenz den ‘n’ ewech, da gëtt den ‘e’ um Enn vum Wuert als silbéierten ‘ë’ geschriwwen, ausgeschwat an ofgegrenzt. Dat ass de Fall besonnesch wann den ‘ë’, deen um Enn vum Wuert iwwregbleift, mat engem stommen ‘e’ kéint verwiesselt ginn: Kopië/ eng Kopie maachen; zwou Poubellë/ eng Poubelle fëllen; e beigë Mantel, dee Mantel ass beige; e puer Enseignanteë/Clienteë, Chancëgläichheet.

1 Cf. Trouvain/Gilles: PhonLaF – Phonetic Online Material for Luxemburgish as de Foreign Language, S. 74-77. Gilles/Trouvain: „Luxemburgish“ am Journal of the International Phonetic Association 43 (1): 67-74. Infolux – Fuerschungsportal iwwert d’Lëtzebuergescht: Phonetik (PhonLaF). Divers Versioune vum PhonLaF sinn net ouni Zécken entstan (cf. Sproocherubriken, 2012, n° 75, 178-180). An der englescher Wikipedia (Art. „Luxemburgish phonology“) kënnt dësen /ë/ net vir. Et kann een nëmme bedauern, datt, an engem Text fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch, sou graff Widderspréch ze liese sinn!
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land