Verbformen

Um Enn gëtt et där Verbformen dach e bëssen ze vill

d'Lëtzebuerger Land vom 27.01.2012

Eigentlech huet se guer näischt mat Wäschklameren, Zaangen, Pëtzen, Pincetten an, am Fong, och net mat Klammeren ze dinn. Déi grammatesch Beschreiwung, déi Klammertheorie heescht an déi gär ernimmt gëtt, wann den Opbau vu däitsche Sätz soll explizéiert ginn, kennt Der dach bestëmmt. D’Theorie geet vun der Feststellung aus, datt déi konju[-]géiert Verbform als V2 (an zweeter Positioun) funktionéiert, iwwer[-]deems déi net konjugéiert Verbformen (Partizip II an/oder Infinitiv) méi no hannen, wann net souguer um Enn vun der Ausso, virkommen. Beispill: den Infinitivgrupp gär Kuch iessen (VE = Verb um Enn) an d’Verbalsätz: Mir iessen (V2) gär Kuch / Si hätten (V2 gär Kuch giess (VE). Egal ob een déi zwee Verbdeeler Prädikat 1 an 2 nennt1: Klammer bedeit, datt déi zwee Stécker semantesch zesummegehéieren an zwéi Peiler duerstellen, vun deenen aus an der Verbalausso eng Bréck iwwert dat sougenannt Mëttelfeld geschlo gëtt.

D’Bild vun der Bréck klappt awer nëmmen deelweis. Et stëmmt, wann de ‚Saz‘ déi ënnerbrachen ‚diskontinuéierlech‘ Struktur mat V2 huet: Si hätten (V2) och gär Kuch giess (VE). Mä soubal ee sech déi aner Struktur ukuckt mam Verbum finitum a VE – dat ass d’Struktur vun deene meeschten ‚Niewesätz‘ –, da gëtt et einfach keng Klammer méi, well d’Verbformen dann an der ‚kontinuéierlecher‘ Struktur um Wupp gruppéiert sinn: datt si och gär Kuch giess hätten (VE). A ménger leschter Rubrik SVO, VSO oder SOV? hunn ech den éischte Peiler V2 mam éischte Verbdeel (an och mam Member, dee virdru kënnt: xV2) ënnersicht. Haut konzentréieren ech mech méi op deen zweete Pilier, mat der Fro, wéi a wou en sech an d’Struktur mat VE areie léisst2.

Besteet de Verbalkomplex aus enger eenzeger Wuertform, dann ass d’Saach, wéi am Däitschen, einfach: datt si och gär Kuch iessen; dass sie auch gerne Kuchen essen. Awer mat der Zuel vun de Verbformen am Verbkomplex wuessen och d’Schwieregkeeten. Dat ass bal fir ze katzen, sot mir mol e Schüler, well um Enn gëtt et där Verbformen dach e bëssen ze vill.

Problemer gëtt et schonn, soubal de Verbalkomplex aus zwou Forme besteet. Zwéi Fäll mussen do ënnerscheet ginn. A) D’Hëllefsverb3 ass eng konjugéiert Form vun hunn, sinn, ginn, kréien, bleiwen, goen, kommen oder loossen, déi mam Partizip II vum Haaptverb verbonnen ass. An dësem Fall hu mer haut allgemeng, wéi am Däitschen, d’Sequenz Partizip II + Hëllefsverb: datt si och gär Kuch giess hunn; datt et him gutt gaangen ass; datt dat séier gemat gouf; datt hien dat gemat krut; datt den Hond uge[-]bonne bleift. Déi ëmgekéiert Ketten Hëllefsverb + Partizip II wierkt poetesch a vereelzt; cf. déi bekannt Texter: Wéi meng Mamm nach huet gesponnen (Lentz); datt mir nun och de Wee hu fonnt (Feierwon).

Déi zweet Konstruktioun B) enthält eng konjugéiert Form mat engem Infinitif, respektiv Infinitifgrupp (meescht ouni ze). A Fro kommen hei Hëllefsverben wéi géif, ging, déit am analytesche Conditionnel, d’Mo[-]dalverben: kënnen, däerfen, mussen, sollen, wëllen, wäerten, wëssen, net brauchen an, an isoléierten Ausdréck, och aner Lexemer wéi gesinn, spieren, héieren, léieren. Den Infinitif, respektiv Infinitifgrupp gëtt awer net, wéi am Däitschen, lénks an d’Klammer integréiert, mä riets (op eng souzesoen nolescht Positioun) ausgeklammert: datt hie gär an der Stad géif/ging Kuch iessen; datt d’Kanner ëmmer musse mat Zäit an d’Bett goen; datt säi Papp hatt léiert Auto fueren; datt kee brauch no hinnen ze kucken. Am Fall vun engem Infinitivgrupp kënnt et och vir, datt déi konjugéiert Form den Infinitivgrupp ënnerbrécht, zum Beispill: datt d’Kanner ëmmer mat Zäit an d’Bett musse goen (amplaz mat Zäit mussen an d’Bett goen), datt keen no hinne brauch ze kucken (amplaz datt kee brauch no hinnen ze kucken). Zu gudder Lescht rëtscht déi konjugéiert Verbform och un de Wupp – mä dat gëtt dann allgemeng als standard[-]däitschen Afloss interpretéiert – wann de Verbkomplex en analytesche Conditionnel ass (wann hien an d’Stad fuere géif amplaz géif fueren) oder aus engem Modalverb mat engem vereenzelten Infinitiv besteet (ir si liese konnt amplaz konnt liesen) oder wann déi konjugéiert Verbform en Deel vun engem lexikaliséierten Infinitivausdrock ass (datt d’Kanner roueg schlofe ginn, net awer: *gi schlofen).

De lëtzebuergeschen Opbauprinzip ‚Partizip II ageklammert, Infinitiv ausgeklammert‘ gëllt natierlech och, wann de Verbkomplex aus dräi, respektiv véier Verbforme besteet. Am Passiv zum Beispill mat zwéi Partizipien héiert een nach dacks déi al Struktur, wou d’Hëllefsverb tëschent deenen zwéi Partizipie virkënnt: Mir wëssen, datt vill Baueren duerch déi friem Sprooch vun Haus an Haff verdriff si ginn, sot 1896 de C.M. Spoo, datt d’Bäichelmëllech erauslafe geloss as ginn schreift 1986 den H. Rinnen. Mä den Afloss vum Däitschen, deen d’Hëllefs[-]verb un de Wupp réckelt, ass hei och spierbar: vun Haus an Haff verdriwwe gi sinn, datt hie vun der Ministesch beoptragt ginn ass, ob d’Kënni ewell seng Haar geschnitt kritt hätt.4 D’Infinitiver an d’In[-]finitivgruppen awer bleiwen hirersäits an der Regel ausgeklammert: konjugéiert Verbform + Infinitiv(grupp) + eventuell zweeten Infinitiv(grupp): datt déi zwee vun der Gemeng sollen agestallt ginn / hätte sollen agestallt ginn; wa keen dech wëllt alueden op d’Kiermes ze kommen; datt si am Spidol net hu brauchen no him ze kucken; obschonn déi Telleren hu missen/hu misste warem gemaach ginn. Mat Kéieren gëtt den Infinitivgrupp och vum Hëllefsverb ënnerbrach: datt si zesummen op d’Musel hätte kënne spadséiere fueren amplaz hätte kënnen op d’Musel spadséiere fueren.

Trotz der Tendenz, déi et ganz sécher an eiser Sprooch gëtt, sech dem Standarddäitschen unzepassen, ass de lëtzebuergesche Konstruktiounsprinzip um Enn vun der verbaler Ausso zolidd am Gebrauch: deen am Allgemenge grammatikaliséierte Partizip II vun den zesummegesetzte Verbformen gëtt, wéi am Däitschen, ‚ageklammert‘, den Infinitif(grupp) awer bleift ‚ausgeklammert‘. Dat beweist, datt den Infinitif an eiser Sprooch, vläicht och am analytesche Condi[-]tionnel (cf. d‘Land 14.12.2007), nach net grammatikaliséiert ass.

1 Dës kritikabel Terminologie vum ‚mehrteiligen Prädikat’ ass an Däitschland geleefeg; cf. de Site canoonet.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land