Trennbar Verbpartikelen

Fort, ewech, weider a virun

d'Lëtzebuerger Land du 18.02.2010

Vläicht wonnert Dir Iech, firwat ech nach eng Kéier op d’Thema vun den trennbare Verbpartikelen zréck­kommen a woufir ech mir extra véi­er Elementer ausgesicht hunn, déi wéi et schéngt – fir Lëtzeburgophonen an LaF-Schüler – guer net schwéier ze gebrauche sinn.

Bliedere mir mol am Verbebuch1 vum Men no. Do ginn déi véier Partikelen an der Klass vun den trennbare Verbelementer ernimmt. Dat heerscht, datt se am Infinitiv an am 2. Partizip vun de komplexe Verben (an och eventuell mat -ze- oder -ge- oder an enger Struktur mam konjugéierte Verb an Ennpositioun) mam Reschtverb zesummegeschwat a -geschriwwe ginn, dofir awer a Verbgruppe mam konjugéierte Verb an 1. oder 2. Positioun getrennt virkommen: Si wëlle muer fortfueren. Si si gëscht fortgef­uer. Well se muer fortfueren. Well se gëscht fortgefuer sinn. Fuert Dir scho fort? Jo, mir fueren elo fort. – D’Verbebuch zi­téiert 23 Verbe mat fort, 61 mat ewech-, 39 mat weider- an 10 mat viru(n)-. De Luxdico (3 Oplo, Schortgen, 2009) enthält 20 mat fort-, 54 mat ewech-, 38 mat weider-, 13 mat virun-.

Schléit een awer an aneren handwierk­lechen oder elektronesche Sammlungen no, dann ännert sech d’Bild. Zum Beispill fënnt den Internaut am Luxogramm vun der Uni weder virun-, nach weider- ënner den trennbare Verbpartikelen. Dat wonnert, well dat Informatiounssystem jo d’Ver­bebuch als Quell ugëtt a sech och op den LWB stäipt2. Do gi virun- a weider- nämlech als Adverb klasséiert, awer mat der Bemierkung in vielen unfesten Verbalverbindungen (virun, LWB, 380). Sécher muss een a Kaf huelen, datt an den Dictionnairen déi verschidde syntaktesch Funktiounsklassen net kloer ausernee gehale ginn3. An den agescannten Dateie kënnen se da selbstverständlech och net automatesch erkannt ginn! Elektronesch Klassifikatioune sinn nëmme fiabel, wann, virum Opbau vun der Datebank oder virum Ascannen, d’Spill­regelen an d’Klasséierungskriterie genee fixéiert sinn, dat heescht och 1) d’Regele vum Getrennt- an Zesummeschreiwe bei de lëtzebuergesche komplexe Ver­ben 2) d’Definitiounscritèrë vun de verschiddene Funktiounsklassen. Do happert et awer fatzeg an der Lëtzebuerger Linguistik, well d’Regele vum Zesummeschreiwen nach net offiziell behandelt sinn an déi verschidde Funktiounsklassen och net seriéis ënnersicht gi sinn. De Sproochmatessen hir Sproochfleg – dat hutt Dir jo scho selwer an Uecht geholl – ass hei am Land prinzipiell antiwëssenschaftlech. Erënnere mir eis un zréck. Gefrot gëtt net no der semantescher Plaz vum Element am System vum Lëtzebuergeschen, mä no sengen Originnen. Esou dekretéi­eren den Heng Rinnen an, no him, de Lex Roth zum Beispill, datt zréck héi­däitsch wier4. Dat friemt Element misst also, sou wäit wéi méiglech, ­duerch déi méi lëtzebuergesch hannescht, erëm oder hannerzeg ersat ginn. Bon. Mä kënnt een deem Rot no, da fält engem direkt op, datt och zréck seng begrënnt semantesch Plaz am Lëtzebuergeschen huet. An de Sätz: D’Steiere ginn zréckgehalen. Hien huet sech zréckgezunn kann zréck net duerch hannescht-, han­nerzeg- oder erëm- ersat ginn. D’Haapt­fro ass déi no der Bedei­tung vun den eenzelne Verbpartikelen a besonnesch no den Iwwerschneidungszonen an deem méi breede semantesche ‘Han­neberäich’ vun engem Repère.

Déi véier Verbformativen fort, ewech, weider a virun weisen op e Gesamttrajet ‘von der Trennung bis zur Entfernung’ hin. Ewech a fort referéiere fir d’éischt op eng lokal, zäitlech oder aner Trennung vun engem Repère. Dofir kënnen se dacks ausgetosch ginn (Mir sinn um zwou ewech-/fortgefuer), och wann et keng strikt Synonyme sinn (D’Fonke sinn ewechgefuer, net: fortgefuer. Maach, datt ech der forthëllefen, net: ewechhëllefen, mä: virunhëllefen). De Problem dobäi ass, datt fort och, wéi weider a virun, jee nom Lexikaliséierungsgrad, déi méi oder manner wäit ‘Entfernung’ (Weiderféierung, Verlängerung) ausdréckt: Dat dierfs de net fortsoen (weider-/viru­soen). An esou virun / weider / fort.

Do kommen dann erëm d’Sprooch­amateure mat hiren normative Methoden: weider, schreift den Heng Rinnen, ‘richt nom Héidäitschen’, wann et als Adjektiv gebraucht gëtt wéi an nach dräi weider [= aner] Vir­stellungen, awer och wann, wéi bei weidergoen a weiderfueren, ‘erëm e stack­lëztebuerger Ausdrock duerch een aus dem Däitschen’ ersat gëtt. Dofir hätte mir am Land éischter virugoen, virufueren. Weider soll also duerch virun ersat ginn, wéi zréck duerch hannescht. Am Fong ass et déiselwecht Argumentatioun: E lexikalescht Element gëtt als friem etikettéiert a muss dann onbedéngt raus aus dem ‘pure’ Lëtzebuergeschen. Leider ass esou e Verhalen arbiträr. Wie ka behaapten, datt d’Adverb weider an Ausdréck wéi: weider näischt kee Lëtzebuergesch ass, och wann et mat soss kann ersat ginn: si hu weider (= soss) näischt ze soen? Wie bleift kredibel, wann en déi lexikaliséiert Grad-I-Form (de Komparativ) weider als Adverb an als Verbpartikel refuséiert: eng Dier weider [= méi wäit], et muss een eppes weider [= méi wäit] denken, si kënnt net weider [= méi wäit], hëlleft him weider [= virun], géi/fuer weider? Dréckt maacht weider am Kontext ëmmer datselwecht aus wéi maacht virun? E Fonctionnaire kann dach mat enger Aarbecht weidermaachen (maacht weider) ouni sech onbedéngt ze tommelen (maacht virun)!

1 Les verbes luxembourgeois. D’Lëtzebuerger Ver­ben, MENFP, 2005. Ewech a virun gëtt et och als wech a viru.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land