Zoom op d’Sprooch

Hien hätt mer guer näischt bräichten ze schreiwen

d'Lëtzebuerger Land du 11.05.2018

Vun alle méigleche Cadeauen – schéngt et – huet een déi am léifsten, déi ee sech selwer mécht. Dofir hunn ech mir fir Neijoerschdag 2018 d’Serie Smart Kremart 20 Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch geschenkt, an déi 20 Bichelcher (knapp 32 butzeg Säite fir all Auteur) an zwéin Deeg mat Genoss gelies. Eemol liesen ech leidenschaftlech gär lëtzebuergesch Texter. Dann zweetens wëll ech mech och stänneg um Lafenden halen (op d’mannst wat d’Literatur ugeet!). Drëttens brauch ech fir meng Sproochapproche Beispiller an Zitater, déi aus reelle Korpusse stamen an net vu mir selwer ad hoc erfonnt sinn.

Dee Saz, deen ech mir als Iwwerschrëft erausgesicht hunn, fannt Der (e bessche gekierzt: ouni d’Partikel „jo“ an de Modalisateur „am Fong“) an der 19. Geschichtchen „Tunnel of Love“ vum Jackie Messerich (S. 18). En zerraptenen Ziedel aus engem Paräiser Hotel, also e Pabeier-Puzzle, féiert de Lieser do iwwert verschidde Libes- a Liewesweeër. Net grad esou banal wéi dat allgemengt Thema Léift, ass heiansdo d’Sprooch a verschidde Passage wéi zum Beispill am Nominalgrupp am Nominativ maskulin „en zerraptenen Ziedel“, wou en zousätzlechen -en den adjektivesche Partizip II op -t verlängert (d’Land, 08.12.2017).

Zu deene weidere fakultative Variatioune gehéi­ert och an der Iwwerschrëft d’Form „bräichten“, déi vill Lëtzeburgophone mat „brauchen“ ersetze géifen, ouni datt hirer Meenung no am Saz e Bedeitungsënnerscheed kéint an Uecht geholl ginn. Dee Fait de langue huet eppes mam däitsche sougenannten Ersatzinfinitiv (Ersatzpartizip II) an de komposéierte Forme vun de Modalverben + Infinitivgrupp ze dinn, deen an eiser Lëtzebuergesch Grammaire (F. Schanen/J. Zimmer, Schortgen, 2012) an de §§ 226 an 232 erkläert an dokumentéiert ass.

Wann een nämlech e Verbalgrupp mat engem Modalverb + engem Infinitivgrupp ouni ze (kënnen, dierfen/däerfen, mussen/missen, sollen, wëllen) oder mat ze (brauchen) an eng zesummegesate Form vum Perfekt setzt, da kritt de normale Partizip Perfekt kee ge- an den Ersatzpartizip hëlt d’Form vum Infinitiv un (de Stäerchen * weist, datt déi Struktur net grammatesch ass): Ech kann dir dat net soenEch hunn dir dat net *gekonnt soenEch hunn dir dat net kënne soenEch hat dir dat net kënne soen Ech hätt dir dat net kënne soen, mee: Ech hunn / hat / hätt dir dat net brauchen ze soen.

Esou eng Transformatioun fënnt een och beim Verb héieren + Infinitivgrupp ouni ze: Hues du en net héieren heemkommen? Nee, ech hunn en net héieren (*gehéiert) heemkommen. An all eise Beispiller hëlt den Infinitivgrupp déiselwecht Plaz an: déi sougenannt Ausklammerung (Extrapositioun) an no-leschter Stellung: De Mann huet missen heemgoen / an d’Spidol fueren1.

An eiser Iwwerschrëft vun haut hu mer elo awer net d’Infinitivform brauchen als Ersatzpartizip vu *gebraucht, mee d’Form bräichten. Synchron ass bräichten an der Sprooch vun haut d’Form vum „einfache Konjunktiv II Aktiv“ (P. Gilles: Luxogramm) oder „subjonctif II présent, forme simple synthétique“ (Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire) oder „conditionnel présent simple“ (Grammaire, MEN 2005) oder einfach „conditionnel présent“ (J. Lulling: Verbentabellen op Lëtzebuer­gesch) mat engem wichtegen Ënnerscheed: Déi Form huet hei kee Marker, deen d’Kategorie vun der Persoun a vum Numerus ausdréckt: bräichten ass eng onperséinlech Form, déi einfach brauchen ersetzt, wat net de Fall vun der konjugéierter Form vum „conditionnel présent“ ass (cf. Lëtzebuergesch Grammaire, §§ 63-65).

Kuckt een sech elo awer bräichten an eiser Iwwerschrëft an enger diachroner (geschichtlecher) Perspektiv un, da benotzen d’Sproochwëssenschaftler eng aner Terminologie: Rieds ass da vun onperséinlechen „echten Infinitiven“ an „supinalen Formen bei luxemburgischen Modalverben“ am Kader vum „IPP“ oder „IPP-Effekt“2. Déi „antik“ Perspektiv erschwéiert natierlech déi methodesch ausgewielte Weeër (Supinum, Infinitiv, Partizip sinn net einfach ausserneen ze halen) an och déi traditionell Opfaassunge vun der Diachronie (getrennt Elementer a Verbkomplexer mussen net onbedéngt a vertikale Paradigme gruppéiert ginn).

Mee och ouni d’Tëschekategorie vun Aux(iliar) a Mod(alverb) féiert d’Analys vun de Verbkomplexer mat dräi oder véier Konstituenten zu wichtege Konklusiounen:

1) D’Modalverb am Perfekt ass Deel vun engem Saz mat engem Infinitivgrupp am Aktiv oder am Passiv: Dat hätte mer kéinten anescht maachen ←→ Dat hätt kéinten anescht gemaach ginn.

2) Quantitativ stellen déi supinal Forme wéi bräich­ten (kéinten, dierften, missten, sollten, wéilten) an den „IPP-Konstruktioune“ mat enger zesummegesater Perfekt-Verbform ëm e Véierel vun alle Beleeger duer3.

3) Qualitativ sinn d’Supina „modussensitiv“, dat heescht, datt sech hir morphologesch Form offensichtlech nom Modus vum Perfekt-Hëllefsverb orientéiert: Dat hätt kéinten anescht gemaach ginn. Mee heescht dat net, datt och aus enger funktionell-semantescher Siicht (an net nëmme vun der morphologescher Form hier) eng Bréck kéint hiergestallt ginn tëschent där „Conditionnel-Form“ vun haut an der aler „Supinum-Form“4?

Et ass guer net egal, wéi e Beispill wéi dat an eiser Iwwerschrëft, abordéiert gëtt. Synchron gläicht bräichten der Form vum Conditionnel présent an net der Form vum Infinitiv. Diachron ass et e Rescht vun enger onperséinlecher Form, déi dacks Supin genannt gëtt, mee souwisou an der Sprooch vun haut eng Ausnam duerstellt, och wann dës Ausnam relativ frequent ass. An enger synchroner Lëtzebuerger Grammaire, déi besonnesch fir Lieser geschriwwen ass, déi d’Sprooch vun haut verstoen a léiere wëllen, ass dee ganzen terminologeschen Opwand vun den „antiken“ an „philologeschen“ Begrëffer wuel guer net néideg.

1 … wärend déi däitsch Struktur den Infinitivgrupp meeschtens integréiert. Dës däitsch Tendenz setzt sech och schonns am Lëtzebuergeschen duerch, wann den Infinitivgrupp kuerz ass: Hien huet misse kommen (ausgeklammert) -> Hien huet komme missen (integréiert). Hatt hätt sollen dat °Lidd virsangen (GInf ausgeklammert) -> Hatt hätt dat °Lidd virsange sollen (InfG integréiert) -> Hatt hätt dat Lidd solle °virsangen (ënnerbrachenen InfG, cf. Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, § 224-227).
2 Cf. „Dat hätt kéinten anescht gemaach ginn – IPP und supinale Formen ...“, dgfs2017.uni-saarland.de/wordpress/abstracts/.../ag12_16_doeh.pdf
IPP-Effekt (Ersatzinfinitiv) von Modalverben im Luxemburgischen. – IPP = Infinitivus pro Participio ass e geleefegen Term an der Nidderlännescher grammatescher Traditioun an der germanesch-däitscher Dialektologie, fir dat wat am Däitschen och „Ersatzinfinitiv“ genannt gëtt. Fir d’Lëtzebuergescht ass den Term net grad dee beschten (cf. Schanen/Zimmer: Lëtz. Grammaire, § 226, Nott 75). Vgl. och Pdf: Aniek Ijbema: Der IPP-Effekt im Deutschen und Niederländischen (32 Säiten), eng detailléiert Etude fir d’Nidderlännescht a fir aner Dialekter; d’Problematik ass dem Chomsky seng aus den 1990-er Joeren; cf. och Oliver Schallert: Zur Syntax der Ersatzinfinitivkonstruktion. Typologie und Variation, 2014, Stauffenberg (Tübingen).
3 En änleche Prozentsaz hat ech schonn an de 1970-er Joeren, wou d’Statistike fir meng Thèse d’État hu missten ouni Computer ausgerechent ginn: cf. F. Schanen: Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l’énoncé verbal (Paris IV-Sorbonne, 1980), Vol. IV, S. 1 030-1 060 (eng funktionell-semantesch Analys vun de rhemateschen Opfaassunge vum Jean-Marie Zemb). Dem Caroline Döhmer säin elektronesche Korpus mat iwwer 8 000 Beleeger ass wuel méi zouverléisseg.
4 De gemeinsame Sem kéint formuléiert ginn mat „nëmme geduecht“ (Konjunktiv II/ Subjonctif II) an „Retrospektiv / Prospektiv“ (fir de kausativen / prospektiven „Supinum“).

François Schanen
© 2018 d’Lëtzebuerger Land