Zoom op d’Sprooch

Déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner?

d'Lëtzebuerger Land vom 08.05.2015

Wat ass méi korrekt, freet de Professer am Kader vun enger Recherche, déi hien de Studenten op der Uni proposéiert: d’kleng Kanner oder déi kleng Kanner? Ech weess net, ob déi Étude scho geschriwwen ass oder net, awer, am Kontext, besteet keen Zweiwel. De Prof huet keng Preferenz: Als klitiséierten Artikel huet den onbetounten d’ am Nominalgrupp d’kleng Kanner wuel deeselwechten (semanteschen?) Wäert wéi de betounten (oder onbetounten?) déi am Grupp déi kleng Kanner.

Sou wäit, sou gutt, wat d’Diachronie ugeet. Mä haut, an der Synchronie vun eiser Sprooch, kann ee sécher weider froen, ob de Nominalgrupp d’kleng Kanner – pragmatesch – iwwerhaapt méig-lech ass: Hie passt op déi kleng Kanner op ass grammatesch. Hie passt op d’kleng Kanner op ass et net onbedéngt. De Saz schéngt mir op d’mannst  diskutabel, wann e mat deem partitiven Hie passt op kleng Kanner op verglach gëtt.

Zweiwele wëll ech bestëmmt net un der geschichtlecher Theorie vun der Klitiséierung, no där e lautlecht méi schwaach betountent Wuert sech mat engem anere Wuert vir- oder hannendrun verbënnt oder souguer onbetount verschmëlzt: Hie lieft matzen an deem Duerf gëtt am Duerf.

Dës Theorie erlaabt et, op engem sougenannte Grammatikaliséierungspad, de Prozess vun enger formeller sproochlecher Entwécklung ze begrënnen. Sou gëtt zum Beispill allgemeng ugeholl, datt de bestëmmten Artikel d’ am Plural Nominativ an Akkusativ – geschichtlech – déi onbetount Form vum Demonstrativ déi (Variant: di) ass, an datt de Nominalgrupp d’kleng Kanner also mat deem aneren déi kleng Kanner iergendwéi equivalent ass. D’Äntwert op dem Professer seng akademesch Fro, wat fir en Ausdrock also geschichtlech méi korrekt wier, hänkt da schliisslech vun der Exaktheet vun der formell lautlech-prosodescher Klitiséierungsstheorie of.

Versetzt een sech awer an déi synchronesch Perspektiv vun der Sprooch vun haut, dann ass d’Virstellung vun der Equivalenz vun deenen zwéi Nominalgruppen d’kleng Kanner an déi kleng Kanner guer net evident. Fir d’éischt mol hu mer eng „Regel“, déi een an all lëtzebuergescht Léierbuch fir LaF (vum R. Bruch sengem Précis de grammaire luxembourgeoise vun 1955 ugefaang) noliese kann: Virun engem attributiven Adjektiv (= Epithète) gëtt de bestëmmten Artikel d’ (am Feminin Sg N/A, am Plural N/A an am Neutrum Sg N/A) duerch den Demonstrativ dat oder déi (di) ersat.1 Och wann dës Regel – op d’mannst mam Modalwuert „ordinairement“2 – muss nuancéiert ginn, da beweist se dach, datt de Nominalgrupp déi kleng Kanner an den Ae vun de Lëtzebuergeschspriecher méi korrekt schéngt wéi dat seelent d’kleng Kanner – an dat net nëmmen aus automatesche Betou-nungsreflexer, wéi se an der Klitiséierungstheorie stipuléiert ginn, mä och aus méi delikate funktionell-semantesche Kommunikatiounsgrënn.

Wéi eng Roll spillen also d’Artikelen, a besonnesch d’ an d’ Demonstrativen déi/dat an den Nominalgruppen? Huele mer e puer Beispiller aus dem Robert Bruch sengem Précis 1955, S. 55. – Déi al Fra mécht hir grouss Wäsch selwer, schreift de Wëssenschaftler. An ech froe mech direkt, a wat fir engem pragmatesche Kontext ee kéint soen: *D’al Fra mécht hir grouss Wäsch selwer. Ech fanne keen.

Déi kleng Leit sinn och Ø uerdentlech Mënschen, schreift de Bruch wieder, an do wär dann de Saz *D’kleng Leit sinn och Ø uerdentlech Mënschen ongrammatesch, während den Ausdrock (mat engem partitiven Nullartikel Ø) Kleng Leit sinn och Ø uerdentlech Mënschen vëlleg akzeptabel kléngt.

Schliisslech ass Dat zëmperlecht Meedche fäert d’kaalt Waasser en anert gutt Beispill, mä: *D’zëmperlecht Meedche fäert d’kaalt Waasser schéngt onakzeptabel. Dogéint ass de Saz: Dat zëmperlecht Meedche fäert dat kaalt Waasser grammatesch, wann dat am Nominalgrupp dat kaalt Waasser betount gëtt.

D’Problematik vun de klitiséierten Artikelen ass also vill méi komplizéiert, wéi d’Historiker et mat hiren zwou Varianten zouginn. En Nominalgrupp – ech limitéiere mech hei op de Neutrum, Feminin a Plural – huet an éischter Plaz als Artikel dat/déi oder d’, een/eng oder Ø (Nullartikel) mat – an alle Fäll – verschidde méigleche Varianten.3

De Nullartikel Ø (Beispill: uerdentlech Mënschen, kleng Kanner) kënnt mat Nominalgruppen am Singular vir, déi eng „onzielbar-massiv“ Basis hunn wéi Léift, Gedold, Mënz: Dee Mann huet vill Gedold, oder am Plural „zielbar“ Substantive wéi Kand, Mënsch: Ø Kanner sinn och Ø Mënschen. Seng Bedeitung ass onbestëmmt partitiv am éischte Fall (vill/wéineg Gedold), bestëmmt oder onbestëmmt jee nom Kontext am zweete Fall: Ø Kanner sinn och Ø Mënschen (= Les enfants sont aussi des humains).4

Een/eng als (onbestëmmten) Artikel vun der „Zielbarkeet“ am Singular fir „zielbar“ Basisse weist an alle Fäll op een Exemplaire hin: ee Kand/e Kand. Am Plural steet Ø Kanner oder en anere Pluralmarker: zwee, dräi Kanner. Dës onbestëmmt Nominalgruppe kënnen och mat den adequaten Indizien „bestëmmt“ oder „identifizéiert“ ginn: dëst/dat eent Kand (hei/do), déi zwee Kanner (net *d’eent Kand an och net *d’zwee Kanner).

Zulescht sinn dat/déi an d’5 Zeeche vu bestëmmte respektiv identifizéierten Nominalgruppen. Wat elo dat/déi engersäits an d’ anersäits ënnerscheet, dat ass zwar d’Betounung, mä och d’Aart a Weis vun der Identifizéierung. Dat/déi an och déi aner Demonstrativ- a Possessivadjektiver sënneren en Deel vun de referéierten Entitéiten doduerch aus, datt se duerch Hiweis op d’Aussosituatioun oder op de Kontext identifizéiert kënne ginn: Ø Kanner weist op eng onbestëmmt Méizuel hin, där hir Quantitéit preziséiert ka ginn (e puer, vill, zwanzeg, a sou weider); déi Kanner situéiert eng bestëmmt Quantitéit entweder heihin(ner) oder dohin(ner) (deiktesch) oder an de Virtext oder an den Notext (ana- a kataphoresch); d’Kanner mat einfachem d’ bezeechent, datt d’Méizuel vum Grupp abstrakt bestëmmt ass sief et iwwert d’Gesamtheet (all) oder iwwer en identifizéierten Deel aus der Situatioun oder aus dem Kontext. D’Nominalgruppe mat engem attributive Member kleng Kanner, al Fra, kleng Leit, zëmperlecht Meedchen si meeschtens konkret aktualiséiert, existentiell, individualiséiert. Hir Gebrauchs-méiglechkeet als Essenz oder Abstraktioun wéi am Prädikat d’kaalt Waasser fäerten ass rar. Esou e prädikatiséierten (dacks grammatikaliséierten) Ausdrock kann dann nees an engem adequate Kontext „dekonstruéiert“ oder nei aktualiséiert gi mat dat/déi: Dat zëmperlecht Meedche fäert dat kaalt Waasser ass e gutt Beispill dofir.

1 Hei d’Formulatioun vun der Grammaire vum Men 2004, § 105, S. 98, an där explizitt vun der „forme tonique“ vum bestëmmten Artikel (= Demonstrati-vum) rieds ass: „Quand un adjectif est utilisé devant un nom de genre féminin, neutre ou devant un substantif au pluriel, on utilise la forme tonique de l’article défini: Déi jonk Fra an déi kleng Kanner heemelen dat wäisst Päerd.“ (Cf. och: Schanen/Zimmer §§ 171-173). Guer net sécher ass et, datt den Demonstrativ semantesch-fonktionell datselwecht ass, wéi déi betounte Form vum bestëmmten Artikel.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land