Systematesch Entwecklungen

Eent an zwee

d'Lëtzebuerger Land du 29.03.2013

Zwou Zuele si fir d’Apprenanten am LaF-Cours besonnesch schwéier, wann se mat hire Formen agefouert ginn an duerno an Nominalgruppe korrekt musse gebraucht ginn. Déi zwee Sproochelementer sinn engersäits d’Zuel „Zwee“ mat hiren dräi verschiddene Formen zwéin, zwou, zwee an d’Zuel „Eent“, déi och, wéi a ville Sproochen, als sougenannten onbestëmmten Artikel funktionéiert.

Vill Lëtzebuerger Puriste spëtzen d’Oueren, wa se Luxemburgophonen héieren, déi spontan am Maskulin Plural zwee amplaz zwéin benotzen. Mam Lex Roth (cf. op RTL.lu 23.07.2010) sinn se wuel bereet, prompt alles ze verbesseren, „wat mir no-afen [an] wat déi Dosenden däitschsproocheg Televisounsprogrammen äis zumbeschte ginn“. […] „Deen Ënnerscheed tëscht zwéin-zwou-zwee ass nun emol eppes, wat eis Sprooch vun all deenen ënnerscheet, déi mir gemenkerhand nieft eiser Mammesprooch hei am Gebrauch hunn“, er-kläert mat Recht den RTL.lu-Schreiwer an hie stellt an engems fest, datt mir am Däitschen, Franséischen an Engleschen, egal ob d’Wuert hannendru männlech, weiblech oder sächlech ass, zwei-deux-two hunn. Duerno awer mentionnéiert hien eng geheimnisvoll „sprooch-kamoud Schinn“, déi et net, sou mengt en, bei der „Eent“ géif ginn: „Gelungenerweis gëtt et déi kleng Kueberei bei ‚Een-Eng-E(ent)’ am Lëtzebuergeschen net. Firwat? Dat weess ech och net; mä bei Zwee fale mir dann an déi sprooch-kamoud Schinn.“

D’accord! Déi dräi Genusformen am Plural vun der „Zwee“ – maskulin: zwéin Autoen, neutre: zwee Rieder, feminin: zwou Kutschen – sinn typescht Lëtzebuergescht1, an et stëmmt och, datt am Däitschen, Franséischen, Engleschen zwei, deux an two haut onverännerlech bleiwen. Mä wat huet dat da mam No-Afe vun der däitschsproocheger Televisioun ze dinn? Wann am Lëtzebuergeschen de Maskulin zwéin mam Neutrum zwee gläichgestallt gëtt, da behält d’Lëtzebuergescht ëmmerhin nach, trotz der konstatéierter Evolutioun zwéin à zwee, zwou Forme géint eng eenzeg am Däitschen: zwee (fir de Maskulin a Neutrum: zwee Autoen / Rieder), zwou (fir de Feminin: zwou Kutschen), zwei fir déi dräi Genera am Däitschen: zwei Autos / Räder / Kinderwagen. Dobäi kënnt och, datt d’Zuel „Eent“ als Artikel (dat heescht, wann en en Nominalgrupp aleet) am leschte Jorhonnert eng analog Entwécklung am Neutrum matgemaach huet, duerch déi eent sech dem Maskulin een ugeglach huet. Spuren dovu fënnt een nach zum Beispill am Areler Lidd vu fréi-er D’Geess huet eent rommt Lach an am Cours vum Henri Müller, wou niewent dem negativen Artikel kee Buch och vu kengt Buch Rieds ass.2

Wat also hei am Spill ass, dat ass keen No-Afen vum Däitschen, mä e Flektiounsofbau, eng Reduktioun vun de Pluralforme bei „Zwee“ a vun de Singularforme bei „Eent“. D’Resultat am Sproochsystem vun haut ass, datt d’Element „Zwee“ engem Paradigmawiessel ënnerläit: d’Form zwéi schéngt net nëmmen demodéiert, mä och, an hirem Gebrauch, onsécher ze ginn, esou datt se, leschten Enns, riskéiert ze verschwannen3. D’Lëtzebuergesch Grammaire an engem Band (§ 188) presentéiert fir d’éischt de ganze Paradigma: M: zwéin Hären, N: zwee Haiser, F: zwou Fraen. Duerno eréischt kënnt d’Bemierkung, datt de M: zwéin och dacks d’Form vum N: zwee unhëlt, ouni datt zwee misst als falsch ugesi ginn. Jiddereen huet nämlech d’Recht (sou mengen ech et emol – an dat ass fir mech en Ënnerscheed mat där méi puristesch-normativer Positioun vun der Actioun Lëtzebuerg) säi Sprooch-Register ze wielen, entweder mat deem eeleren zwéin oder mat deem méi rezenten zwee4.

Am Verglach mat der Zuel „Zwee“ presentéiert d’Flexiounsreduktioun bei de Singulierforme vun „Eent“ zwéin/zwee Ënnerscheeder. Engersäts fält den Artikel am Neutrum K1 eent / K2 engem mam Maskulin K1 een / K2 engem zesummen, esou datt nëmme méi fir de Maskulin an den Neutrum een eenzege Paradigma iwweregbleift, deen dann dem Feminin eng/enger kann opposéiert ginn5. Anerersäits awer, wann d’Zuel „Eent“ soll pronominali­séiert ginn, da gëllen nees zwéi Paradigmen: een /engem) fir de Maskulin (Ech liesen e Roman = ech liesen nëmmen een) an eent /engem fir de Neutrum (Ech liesen e Buch = ech liesen eent.) D’Form eent fält also net aus, wéi zwéin am virege Fall, mä spezialiséiert sech als Pronom am Neutrum Singular: eent, keent; cf. och mäint, däint, säint / hiert, onst, eist, hiert. Et gëtt also och, fir mam RTL.lu-Redakter ze schwätzen, „eng kleng Kueberei“ bei der Zuel „Eent“, mä net jiddereen ass am Stand se z’erkennen!

Am allgemenge fält d’Flexiounsreduktioun méi am Lëtzebuergeschen op, wéi am Héidäitschen6. D’Deklinatiounsparadigme vum Indefinit-Artikel, ob betount M/N een, F eng, oder onbetount M/N en, F eng, hunn nëmme méi zwéi Paradigme mat jee zwéi Kasussen: K1 (Nominativ/Akkusativ) a K2 (Dativ: engem/enger); cf. Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen, 2012, § 186. D’Pronomen, déi den Indefinit-, Negativ- a Possessiv-Artikelen entspriechen, hunn och kloer kohärent Paradigmen, besonnesch am K1 Neutrum (mat –t): eent, keent, mäint, däint, an esou virun (§ 283), deen net méi ganz mam K1 Maskulin (ouni –t) iwwert­eneestëmmt, an am K2: M/N engem, F: enger, Plural: mengen, dengen, an esou virun7. Datt beim Pronom een(t), eng och e Plural muss virgesi ginn, beweisen all déi Beispiller, wou d’Adjektiv eng mam Definit-Artikel gebraucht gëtt an, binär, „aneren“ géintiwwergestallt gëtt: M: deen een / deen aneren, N: dat eent / dat anert, F a Pl: déi eng / déi aner.

Fir d’Verdränge vun der Form zwéin a vum Artikel eent am Neutrum Singular z’erklären, geet et net duer, de Matbierger eng „oniwwerluechte Verbëtzelerei“ a „Sproochlidderegkeet“ virzege-heien (cf. RTL.lu 23.07.2010). Et muss een och systematesch Entwécklungen an eiser Sprooch mat a Kaf huelen.

1 Mä selbstverständlech gëtt d’Zuel „Zwee“ net nëmmen am Lëtzebuergeschen deklinéiert; cf. d’Schwäizerdäitsch an d’Bairescht. Am Al- a Mëttel-Héidäitsche goufen déi dräi éischt Kardinolzuelen an deenen dräi Genera M, N a F flektéiert, an och am Neidäitschen huet dës dräifach Deklinatioun bis an dat 18. Jorhonnert iwwerlieft. Cf. zum Beispill dëst Zitat aus dem Luther senger Bibeliwwersetzung: „Und sollst Ketten zu dem Schildlein machen mit zwei Enden, aber die Glieder ineinander hangend, von feinem Golde, und zween güldene Ringe an das Schildlein, also daß du dieselben zween Ringe heftest an zwo Ecken des Schildleins und die zwo güldenen Ketten in die selben zween Ringe an den beiden Ecken des Schildleins tust.“ (Ex 28,22-24).
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land