Jonker an hir Liewespläng

„E gudd Land fir matt sengem Hond Agility ze maachen“

d'Lëtzebuerger Land vom 05.04.2013

„Ech kenne Leit, fir déi ass d’Heemecht Lëtzebuerg. Dat ass jo och ganz okay. (…) D’Welt ass mir vill ze vill grouss a voller interessanter Plazen a Leit, fir an engem klenge Land sëtzen ze bleiwen an a mengem fréiere Lycée Proff ze ginn. » (Thierry) „Konscht a Kultur ginn entweder importéiert oder an engem erofloossenden Toun banaliséiert. Lëtzebuerg ass e gudd Land fir Kanner ze kréien a matt sengem Hond Agility ze maachen. Jiddereen huet ze wëlle wat e kritt an et soll wann ech glifft kee sech bekloen. Well soss kënnt d’Enfance de l’Inde an dann zielen d’Himalaya-Kanner iech mol wat si all Dag duerchmaachen.“ (P.T.) „Iergende lëtzebuerger Soziolog huet d Lëtzebuerger als eng Hybridkultur tëscht Däitschland a Frankräich beschriwwen. Wann dat wouer ass, ass dat op alle Fall eppes positives... An d Tatsaach dass mer Jonk an d’Ausland geschéckt gi well et am Inland un Ausbildungsméiglechkeeten happert. An am beschte sinn déi geroden, déi mat ville neie Wäerter aus dem Ausland zeréck kommen an zur Kosmopolitéit an der Diversifikatioun an der Neiverdeelung (!) vun de Wäerter bäidroen, net nëmme fir hiert eegent, finanziellt gesond, waarmt Liewen notzen, mä probéieren an enger sech intensivéirender Klassegesellschaft mat engem Auslännerundeel vun 43 Prozent eppes ze veränneren. Dat ass fir mech perséinlech prioritär, an net d’Ausbreedung vu jugendlecher Klub- an Undergroundkultur.“ (Caroline).

Dat heite sinn nëmmen e puer wéineg Andréck, déi jonk Studenten a Beruffstäteger iwwer hir Lëtzebuerger (munchmol fréier) Heemecht hunn. Ech wäert méi spéit nach eemol méi genee op déi Jonk an hir Meenungen zeréck kommen, mä virdrunner ass et villäicht nëtzlech, Jugend an Zukunft eng Kéier aus engem anere Wénkel ze betruechten, notamment aus dem vun engem Schrëftsteller, dem säi Wierk oft virun allem op jonk Mënschen eng besonnesch Unzéiungskraaft huet.

Am Joer 2008 huet den Auteur David Foster Wallace sech d’Liewe geholl. Mat nëmme 46 Joer huet hien e beandrockend Wierk hannerlooss, dat souwuel aus Fiktioun wéi och aus Essays besteet. Wann een op den amerikanesche Schrëftsteller opmierksam gouf, da meeschtens duerch säi Prosa-Epos Infinite Jest. Nieft dësem an anere Publikatiounen huet hien am Joer 2005 fir de Kenyon College eng Commencement Speech gehalen, déi spéider mat dem Titel This is Water bei Little, Brown and Company publizéiert gouf. A staarkem Kontrast zu dem laangen a komplexen Infinite Jest, ass dësen Text, de sech ursprénglech u Studente riicht, verständlech formuléiert, relativ schnell ze liesen an ze verstoen.

Ouni wëllen a moralesch Recommandatiounen ze verfalen, ouni wëllen eng Liewensformule ze presentéieren, ouni dogmatesch a groussväterlech ze sinn, trëfft de Wallace an dëser kuerzer Usproch en Nerv, an dat net nëmme bei Studenten. This is Water adresséiert net groussaarteg epistemologesch Froen a wëll op kee Fall iwwerintellektualiséieren. An This is Water befaasst de Wallace sech mat alldeegleche Konflikter, omnipräsente Valeuren a freet sech wat richteg Bildung ass, onofhängeg vun den Diplomer déi ee kritt. Hien hannerfreet de Wäert vun allgéigewäertege mënschlechen Dreem, déi oft mat Muecht, Geld a Schéinheet ze dinn hunn, fir zur Conclusioun ze kommen, dass dat zwar alles lackeleg erschéngt, mä dass authentesch Fräiheet an éierlech Bildung manner mat dësen Dreem ze dinn hunn, mä sech an dem banale Mateneen tëscht Mënsche weist.

Dësen erfrëschend éierlechen a cleveren Text bréngt de Lieser un d’Nodenken an och un d’Hannerfroe vu senge perséinleche Wäerter. Iwwer dës individuell Valeuren eraus, kann ee sech allerdéngs och d’Fro stelle wéi et mat der Gesellschaft u sech steet, a virun allem mat der jonker Populatioun an hire Liewensfirstellungen an Erwaardungen. Si bilde schliisslech d’politesch a sozial Zukunft vu Lëtzebuerg an droe soumat eng gesellschaftlech Verantwortung, ob se dës wouer huelen oder net. An dem Zesummenhang ass et interessant erauszefannen, wéi eng Wäerter de jonke Mënsche wichteg erschéngen a wéi eng Liewenszieler erstriewenswäert. Dës Curiositéit un der Identitéit vun dem jonke Bevölkerungsdeel besteet selbstverständlech an all Land. Mais zu Lëtzebuerg, wou mir no bausse säit laangem als politesch konservativ duergestallt ginn, an am Ausland duerch eege Verscholdung zu engem groussen Deel nëmme mam Finanzwiesen associéiert ginn, ass et villäicht nach ëm eeneges méi wichteg ze gesi wéi de Wäertesystem vun de Jonken ausgesäit.

Zu dësem Zweck hunn ech eng Rei jonk Fraen a Männer zu genee dësem Thema befrot. Si hu mer vun hire Wënsch, Hoffnungen, Liewenserwaardungen an Zieler erzielt, souwéi vun hirer Perceptioun vu Lëtzebuerg. De Jérôme, e jonken Droitsstudent, gesäit d’Fro vun der Moral an de Valeuren vun engem éischter pragmatesche Gesiichtspunkt. Hien ass beispillsweis der Meenung, dass et an engem Rechtssystem net ëmmer einfach ass, eendeiteg Valeuren ze erkennen. Niewent dëser Feststellung, denkt hien awer och, dass een allgemeng dovunner ausgoe kann „dass Respekt eigentlech de Grondsaz vun eiser Gesellschaft sollt sinn, mä dat hëlt och of“. Doriwwer eraus denkt hien, dass een als jonke Lëtzebuerger duerch finanziell Stabilitéit eng méi positiv Zukunft virun sech huet, wéi et an aneren europäesche Länner de Fall ass. D’Suen, seet hien, erméiglechen engem e Liewensstandard an dowéinst deels och méi Spaass.

No dëser generell optimistescher Réplique, mengt d’Wendy, eng jonk Filmstudentin zu Stroossbuerg, dass hat net méi a säi Gebuertsland zeréck komme wëll. Fir hat ass Lëtzebuerg kee Synonym fir Freed a Fräiheet, mä hat stellt fest: „Ech muss an deenen nächste Méint eng Aarbecht hei fannen, soss muss ech zeréck op Lëtzebuerg an dat ass fir mech praktesch eng Strof, well ech d’Gefill hu, keng Zukunft am Land ze hunn. Meng Vergaangenheet gehéiert zu Lëtzebuerg, mä meng Zukunft net.“ Dës weidere seet hat, dass nieft der schonn ugeschwatener finanzieller Sécherheet an dem Léiere vun den dräi obligatoresche Sproochen, Lëtzebuerg net vill ze bidden huet.

D’Christine ass eng jonk Studentin op der Uni.lu a seet, dass him klassesch Wäerter ewéi Famill, Gesondheet, Frëndschaft a finanziell Sécherheet wichteg sinn. Hat huet aus dem Grond e méi positiivt Bild vu Lëtzebuerg, och wann et seet dass „et scho bal irreal ass hei ze liewen, sou gutt wéi et hei ville Leit geet, geet et de Mënsche kaum an engem anere Land. Lo erkennen ech dat natierlech, mä als Kand war ech ëmmer der fester Iwwerzeegung, sou misst et dach bal iwwerall op der Welt sinn.“

En anere jonke Mann, dee méi u senger Heemecht auszesetzen huet ass de Joël. Hie kritiséiert de Schoulsystem, vun dem en sech oft onfair behandelt gefillt huet, zum Beispill duerch de Sproochenunterricht, den net ëmmer op d’Schüler ausgeriicht ass. Wichteg am Liewen ass fir hie „glécklech sinn. (…) Wéi een dat realiséiert, muss ee selwer wëssen. A fir dat selwer rausfannen ze kënnen ass Bildung wichteg. An domadder och e Gespier fir Saachen, déi eventuell just gesellschaftlech Konstruktioune sinn, déi net bleiwe mussen, wat se sinn.Mir ass et wichteg ee Liewen ze féieren, dat ech ‚bewosst’ géif nennen. Mir ass wichteg, mech (politesch) ze engagéieren a mir ass et wichteg, Saachen ze kreéieren.“

Fir ofzeschléisse wëll ech den Nicolas, den zu London schafft a studéiert zitéieren: „Wann de Wallace ‚being able truly to care about other people and to sacrifice for them, over and over, in myriad petty little unsexy ways, every day’ an This is Water schreift, da beschreift en en Ideal. Et ass een Extrem op engem Spektrum op deem senger anerer Säit puren Egoismus läit. Seng Plaatz op deem Spektrum ze fannen ass souwuel schwéier wéi och wichteg.“

Wéi eng Meenung een och vertrëtt, wat och ëmmer engem wichteg erschéngt, dass jonk Mënschen sech Gedanke maachen iwwer d’Liewen an d’Welt ronderëm si, och wann et eng kleng Welt ass wéi zu Lëtzebuerg, ass dréngend an néideg.

Dem David Foster Wallace sain This is Water / Das hier ist Wasser ass als duebelsproocheg Ausgab erhältlech bei KiWi.
Céline Derveaux
© 2017 d’Lëtzebuerger Land