Flektéiert Wuertarten

Vill lasskappen an net genuch schëppen…

d'Lëtzebuerger Land du 01.07.2016

Dat ass bei jonke Wëssenschaftler de Risiko! Haut wëll ech e breet Thema opgräifen, dat bestëmmt all Amateur a Professionell ugeet, deen sech mam Lëtzebuergeschen ofgëtt. D’Gläichgewiicht tëschent enger gewësser Wëssenschaft an Didaktik ass hautzudag absolutt noutwendeg, wann een eiser Sprooch wëll en Déngscht leeschten. Mat Didaktik verstinn ech net nëmmen déi pedagogesch Haltung a Methoden, déi et erlaben, engem Apprenant op dem beschte Wee a mat den adäquateste Mëttelen eppes bäizebréngen: de Lex Roth mat sengen ale Partner aus de 1970er Joren ass bestëmmt net, wéi en et bal al Woch op RTL.lu widderhëlt, deen eenzege pädagogesche Lëtzebuergesche Formateur mat Fangerspëtzegefill, deen et am Grand-Duché gëtt!

Schonn an der Zäit vum Cours Universitaire hu Studenten (Anja Namur, Alain Carion …) ee vun hire Memoiren iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gechriwwen, och wann den Institut de langue et littératures luxembourgeoises vun der Uni dës Recherchë kaum an Uecht geholl huet. Zënterhier geet déi Traditioun weider. An senger Kandidaturaarbecht fir de Lycée, „Wanns du eppes kanns“, vermeintlich flektierende Konjunktionen im Luxemburgischen, huet d’Adrienne Humbert um Internet eng interessant Etude publizéiert, déi mir e puer Iwwerleeungen iwwert d’Thema Wëssenschaft an Didaktik suggeréiert.

D’Candidate-professeur fir de Lycée Technique huet (iwwer Google) eng Beispillsammlung vum s nom „Subjunktor“ (= Aleeder/Optakt vun engem Niewesaz) virum Pronom vun der 2. Person du/de a vum fakultativen en/e, deen och nom Subjunktor dacks virum Pronom vun der 1. oder 3. Persoun Plural oder engem aneren e(n) agesat gëtt. Musterbeispiller: Wann s du/de oder Wann sch du/dau/de (am Südosten) eppes kanns; Et war nëmme schued, dass/datt en mer eng Pann am Zuch haten.

Déi zwéi Phänomener, och wann se historesch, wéi d’Auteurin vum Memoire et wëssenschaftlech mat der Hypothees vun „deklinéierte Konjunktiounen“ ënnerstëtzt1, Spure vun engem Usaz vun „deelweis flektéierte Wuertarten“ unhëlt, sinn awer net um selwechen Niveau vun der Sprooch verankert, well den s engersäits och schrëftsproochlech obligatoresch ass an net nëmmen, wéi dee viséierten e(n), spriechsproochlech fakultativ, wat jidder Lëtzebuerger un deenen zwee Beispiller feststelle kann2.

Didaktesch ass awer ze bedaueren, datt säitelaang un enger haut falscher, well onadaptéierter Terminologie festgehale gëtt, wou dach mindestens zënter dem R. Bruch sengem Précis (1955) gewosst ass, datt et net nëmmen ëm Konjunktiounen (wann, ob …) am Optakt vu Niewesätz (= subordonnéiert Verbalgruppen), mä och ëm Pronomen (déi, dat, bei wat fir Aktivitéiten s du …) an Adverbë (wou, andeems …) geet also ëm (an enger Gruppegrammaire funktionnell) Subjunktiounen/Subjunktoren. Do gëtt terminologesch ganz vill lassgekappt, mä net genuch geschëppt a geraumt.

Och den Term flektéiert ass inadäquat: eng Flexioun/Deklinatioun bezeechent haut e Paradigma vu Markeren (Flektiven) bannen an engem Wuertstamm (Bam, Beem) oder um Wuertenn (aafen, aafs, aaft), wat net de Fall vum s (awer vum eventuellen e[n]) an den Erklärunge vun der Auteurin ass, wou de Flektiv (oder déi phonologesch Liaisoun oder Demarkatioun, wéi ech soen3) virum flektéierte Pronom du/de virkënnt, sou datt leschtenenns an eiser Sprooch eng nei Form vum Pronom s du/s de an „ageleete, subordinéierten Verbalgruppen“ misst ugeholl ginn!

Am Deel, wou vum „ënnerstandartlechen“ Flexiv e(n) Rieds ass4, fënnt ee sougenannt didaktesch Remarquen, déi guer net justifiéiert sinn, wéi den Apriori, deen ech schonn op däitscher Säit ugangs 2000 géint déi lëtzebuergesch Orthographie (géint d’n-Reegel) héieren hunn. „Wenn sich s beispielsweise als rein phonologisch motiviert herausstellt, ist die Frage legitim, ob dem Buchstaben s überhaupt eine orthographische Umsetzung zukommen soll (!?). Die in der Orthographie aufgenommene und rein phonologisch motivierte n-Tilgungsregel zum Beispiel erweist sich als eine äußerst komplexe, nicht immer kongruent erscheinende und für den Sprachlerner absolute überflüssige Hürde. Sogar der Muttersprachler hat Mühe in der schriftlichen Umsetzung dieser Regel. Der Lerner hat ein grammatisch und orthographisch vollständiges Bild von einem Wort.“ Dat lescht Argument ass fir mech didaktesch onverständlech am Memoire vun enger Candidate-professeur: et gëtt dem Lexem eng fest Form (e feste Signifikant) an dem Wuertstamm-Prinzip eng Plaz, déi et am Lëtzebuergesche guer net huet.

Dir wësst bestëmmt, datt ee um Site infolux.uni.lu/infodesk Froen iwwert d’Struktur vum Lëtzebuergesche stelle kann. Dat ass eng gutt Saach, déi dem Lieser och eng méi oder manner interaktiv an eng pertinent Äntwert brénge soll. De Risiko besteet awer och, datt do da vill lassgekappt awer net ëmmer präzis geschëppt a geraumt gëtt.

Selbstverständlech iwwerhëlt deen, deen äntwert, seng Responsabilitéit. Déi wëll ech him oder hir och net huelen. Awer d’Äntwert kënnt net ëmmer op dee Punkt, dee fir d’Struktur vum Lëtzebuergeschen am Land de wichtegsten a pertinentesten ass. E puer Präzisioune wieren also noutwenneg, déi ech aus menger Erfahrung wëssenschaftlech an didaktesch mam Rotschlo suggeréieren, d’Referenzen op aner Recherchen (wéi Lëtzebuergesch Sproocherubriken, Schortgen, 2012 oder déi vu Kollegen) net ze verstoppen5.

Esou feelt menger Meenung no d’Referenz op d’Aarbecht vum Adrienne Humbert an der Äntwert vun der virlescht gestallter Fro um Site infolux.uni.lu/infodesk „N-Regel am Fall vu ‚wann s du‘“. Ganz bestëmmt ass et och an dëser Äntwert en didaktesche Feeler den s als Flexiounsendung unzegesinn virum du/de!

1 Justifiéiert gëtt déi Hypothees iwwert eng sechsphasesch Generatioun mat der sougenannter Generativ an Transformatiouns Grammatik (Karsten Rinas, 2005 an 2006), déi selbstverständlech keng historesch Begrënnung (mat Texter) duerstellen.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land