Zoom op d’Sprooch

Variante mat -n

d'Lëtzebuerger Land vom 02.05.2014

Déi lescht Zäit si mir präzis Froen iwwer Detailer vun eiser Sprooch gestallt ginn, déi bestëmmt och méi Lieser intresséieren. Haut kommen ech nees kuerz op dräi vun dëse Problemer ze schwätzen. 1) Firwat soe mer „de User’ an net „den User“? 2) Ass zwee amplaz zwéi Frënn richteg? 3) Wéi sot Der: „an der geschwater oder geschwatener Sprooch“? 1) Déi éischt Fro kënnt vun engem Neveu, deem en Text am Forum (n° 335, S. 29) opgefall war: „... Ech sinn eng Matricule, e Client, e User, an e Loser. An tsa va? An, wat méchs du? ...“ Iergendwéi, schreift hien, hunn ech mech un „e User“ getouft, net well et e Friemwuert ass, dat mer alt misste vermeiden, awer well „User“ dach mat engem Vokal ufänkt an den onbestëmmten Artikel deemno misst „en“ sinn an net „e“. Et geet also, méi allgemeng formuléiert, ëm d’„n“-Regel. Scho laang gëtt se ënner verschiddenen Iwwerschrëften a vrun allem ënner där vun der sougenannter Eifeler Regel als Orthographiesregel formuléiert. Am Fong awer – an ech hu well am leschte Joerzéngt e puer mol drop higewisen – ass et primär e lautlecht, prosodescht Phänomen1. Huele mer deen éischten Deel vun der allgemenger Regel. „Den gëtt um Wupp vum Wuert net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt“, seet de Josy Braun. Mä jiddwereen, dee Lëtzebuergesch kann, weess, datt den in Pausa (dat heescht virun enger och nëmme kuerzer Iwwerleeungspaus) ausgeschwat gëtt, am Schrëftlechen dofir awer dacks net geschriwwe gëtt. Zweetens kënnt dann d’Regel – ëmmer nach nom Josy Braun –, datt „den virun , , , , an , , , , … allkéiers geschriwwe gëtt“2. Mä dat stëmmt och net ëmmer! Kéime mer dëser zweeter Virschrëft no, da misst een ouni Zweiwel „en User“ schreiwe mat an net „e User“ ouni ! Deem ass awer net esou, well deen (hei engleschen) eng phonetesch Sequenz [ju:] a kee Vokal duerstellt. An der -Regel, sou wéi se dacks formuléiert gëtt, ginn d’Buschstawen (= d’Schrëftzeechen) einfach mat de Lauter (= phonologeschen Eenheeten) verwiesselt. Datt et ëm d’Lauter geet (also ëm d’Vokaler /i/, /u/, /e/, /ә/, /ε/ oder /æ/, /o/, /a/, ëm d’Duebellauter an ëm d’Phonemer /d/, /t/, /h/, /n/), beweist vrun allem den . Gëtt en, virun engem Konsonant, /i/ ausgeschwat, da bleift den /n/ um Enn vum Wuert virdru stoen: den Yves. Gëtt en awer /j/ prononcéiert, da fällt den virdrun ewech: de Yughurt. Esou ass et dann och mam  : gëtt en /u/ ausgeschwat, da bleift den : en Ufank. Gëtt e wéi /ju/ realiséiert, da kritt d’Wuert virdru kee Schluss-: e User (wéi e Judd). Datselwecht gëllt fir d’Konsonanten, déi als Lauter musse verstane ginn an net als Buschtawen. Sou soe mer, trotz den Ufanksbuschtawen, den John, den Churchill, en Cyclist, en Zerwiss, en Zuppermarché, den Nol, en Hotel. En englesche Georges kritt den Artikel den (mat –n), e franséische nëmmen de (ouni –n). Och am Forum-Zitat, un deem sech mäin Neveu getouft huet, gëtt d’Regel applizéiert, wann do witzeg geschriwwe gëtt: An tsa va! 2) D’Ziffer Zwee huet als Quantor am Plural dräi verschidde Formen – dat wësst Der jo: am Maskulin zwéin Autoen, am Neutrum zwee Kanner, am Feminin zwou Fraen. Allenenn gëtt dëse Fait als lëtzebuergesch Spezialitéit ervirgehuewen, och wann d’Variant zwee haut dacks am Maskulin fir zwéin (zwee Autoen fir zwéin Autoen) funktionéiert3. Zwee Verhale sinn an deem Fall méiglech (cf. d’Land, 29.03.2013). Engersäits de Purismus vun der üblecher Sproochefleg, dee mordicus dat „aalt“ zwéin privilegiéiert an de Matbierger Sproochlidderegkeet virgehäit: sou de Lex Roth an d’Actioun Lëtzebuergesch (cf. RTL.lu vum 23.07.2010). Anersäits eng historesch Interpretatioun, déi am Iwwergang vun zwéin op zwee eng Flektiounsreduktioun gesäit, en Deklinatiounsofbau am Paradigma vun de Pluralforme vun „zwee“: zwéin wier haut demodéiert a géif duerch zwee ersat. Sou eng Zort historesch Entwécklungsperspektiv hunn ech och a menger Sproocherubrik ugeholl, ass awer mat Recht kritiséiert gi vu Lieser, déi mengen, datt just vu systemateschen Evolutiounen, teleologesche Grammatikaliséierungspied, Paradigmen-Op- an Ausbau ka Rieds goen, wa se geschichtlech dokumentéiert kéinte ginn. Bei zwéin à zwee ass dat net de Fall. Sou schreift zum Beispill de Roger Müller, datt schonn am 19. Jorhonnert den Dicks an de Lentz hir Problemer mat der Alternativ vun de Paradigme mat dräi Formen (1: zwéi [M] zwee [N] zwou [F]) a mat zwou Formen (2: zwee [M an N], zwou [F]) haten. Vun ons zwéin schreift deen éischten an de „Kirmesgèscht“ fir vun ons zwee, an de Lentz seet – fir zwéi(n) – zwee schéi Krènz, déi zwee Béin (= Bögen), zwee Bridder, zwee gudder Frënn, zwee Babbler: No Arel gongen hirer zwee. Amplaz vun enger diachronescher Flexiounsreduktion ze schwätzen, déi geschichtlech net kann nogewise ginn, ass et bestëmmt besser zwéin (M)/ zwee (N)/ zwou (F) engersäits an zwee (M a N)/ zwou (F) anersäits als verschidde synchron Variantesystemer unzehuelen, déi béid „richteg“ sinn. 3) Den zousätlechen -en an der Deklinatioun vum Epithète gëtt net an alle Grammairë mentionnéiert, huet awer nom Zoom op d’Sprooch ee gekachtent Ee, verwinnte Leit a verkraschen Aen am Lëtzebuerger Land zwou Reaktiounen ervirgeruff. Fir d’éischt mol d’Impressioun, datt d’Vereinfachung vun enger Norméierung (cf. d’Adjektiv ass onverännerlech am Feminin a Plural, awer ee *gekacht Ee, *verwinnt Leit, *verkrasch Aen sinn da falsch!) d’Mammesproochler wéi d’Friemsproochler veronséchert: déi éischt fanne sech net méi an hirer Sprooch erëm an déi aner léieren onvollstänneg Systemer. Och wann ee mengt, datt fakultativ Variante misste vermidde ginn (dat seet eng zweet allgemeng Reaktioun), den –en an den deklinéi-erte Verbpartikelen (D’Dier ass op à eng oppen Dier à den Dag vun der oppener Dier) an den -en an den zweete Partizipien, déi haut als Partizip dee staarken -en verluer hunn, en awer nees am Epithète obligatoresch erëmfannen, mussen an enger Grammaire mentionnéiert ginn: verluer à eng verlueren Auer; verlueren Aueren; beschass à e beschassene Kärel, eng beschasse Louder, beschasse Leit, ee beschassent Läinduch. Dat geschitt am beschten, wann eng kuerz Notiz iwwert de Partizip II als Epithète, iwwert d’Elementer mat engem Endungs -t oder -st (Superlativ) mat an d’Norméierung opgeholl ginn. An deenen dräi präzise Problemer vun haut geet et am Fong ëm Varianten. Den onfesten –n um Enn vum Wuert ass eng vum Kontext ofhängeg „komplementär Variant“. Am zweete Fall geet et ëm eng systematesch Variatioun (an Deklinatiouns- / Flexiounsparadigmen), déi meeschtens als geschichtlechen Of- oder Opbau kann nogewise ginn, an enger méi strukturalistescher synchroner Systemopfaassung awer och als gläichzäi-teg Konkurrente funktionéieren. Am drëtte Fall geet et ëm Varianten, déi an engems phonetesch-phonologesch a systemsyntaktesch bedéngt sinn.

1 cf. F. Schanen, J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen, 2012, Chap. 31, §§ 457-464. Lëtzebuergech Sproocherubriken, Schortgen, 2012, 2, S. 18-20
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land