Entreprises – Meenung

„Hunn eis Kanner wierklech net méi verdéngt?“

d'Lëtzebuerger Land du 26.04.2013

Zanter Joerzéngten zerbalege mer eis periodesch intern iwwert sou genannten „Reformen“  vun eisem Schoulsystem; Reformen, déi am Fong geholl keng sinn, mä éischter an d’Kategorie vu kosmetesche Verännerungen ze klasséieren sinn; e puer Stonne méi dees an e puer manner dees, en aneren Evaluatiounssystem an esou weider – alles Verännerungen, déi zum Haaptzil hunn, dass nach ëmmer méi vun eise Kanner duerch eisen traditionelle Schoulsystem kommen, fir dass mer an internationale Vergläicher  besser do stinn. An eis Decideure behaapten dann och nach, dass se dat am ‚Interêt vun deene nächste Generatioune maachen’, e Slogan, deen zanter der Grënnung vun eiser Associatioun Et ass 5vir12 ganz ‚in’ schéint ze sinn!

An all deene wéineg konstruktive Diskussiounen schéngt et eis, dass sech net genuch, fir net ze soen guer net, déi d’Fro gestalt gëtt, op eise Schoulsystem dann iwwerhaapt sengem Haaptzil nach gerecht gëtt, dat heescht, eis Kanner op d’Liewen ze preparéieren – an dat esou gudd privat wéi och berufflech?

Dem Rektor vun der Uni-Lëtzebuerg Rolf Tarrach seng Warnung, virun ongeféier engem Joer op dem Site www.reformelycee.lu,  „dass et vun der Ausbildung déi mer eiser Jugend vun haut ginn, ofhänkt wéi Lëtzebuerg an 20 Joer seng Problemer meeschtert“, a säin Opruff zur Solidaritéit vun allen Akteuren, fir sécher ze stellen, dass eise Schoulsystem den Erausfuerderunge vun haut a mar erëm gerecht gëtt, schéngt nach wie vor, keen ze interesséieren! Firwat ass dat esou? Firwat fille mir eis net, all zesummen, verantwortlech derfir, eise Kanner op deeër enger Säit déi Wäerter ze vermëttelen, déi si brauchen, fir sech privat esou gutt ewéi och berufflech, duerch d’Liewen ze schloen, an och op deeër anerer Säit hinnen déi Kompetenzen mat op de Wee ze ginn, déi si brauchen, fir eng Roll kënnen ze spillen an deenen Domainen, an an deene Beruffsberäicher, an deene mir d’Zukunft vum Land gesinn!

En effiziente Schoulsystem sollt de Kanner déi Grondwäerter a Kompetenzen vermëttelen déi si onbedéngt brauchen fir sech an hirem zukünftege Liewen privat a berufflech kënnen ze behaapten a wuel ze fillen .

Esou sollt d'Schoul deene jonke Leit d’Loscht an d’Kompetenz vermëttelen, selwer d’Problemer an Erausfuerderungen  an de Grëff ze huelen, an net drop ze waarden, datt een aneren (an dat ass dacks de Stat) dat an hirer Plaz mécht. D’Freed un der Diskussioun an eng gesond Sträitkultur mussen onbedéngt erëm zeréck an eis Schoul, fir Jonker erun ze zillen, déi fäheg sinn, hir Iddien ze verdeedegen, deenen aneren no ze lauschteren an sech och emol iwwerzeegen ze loossen. Kuerz gesot, mir musse Mënschen eropwuessen dinn, déi oppen, éierlech, dynamesch an engagéiert sinn.

Doriwwer eraus muss eisen Unterrechtssystem seng Objektiver recadréieren, genee esou wéi och d’Moyenen, fir se ze realiséieren. Sou mussen d’Talenter a Kompetenze déi d’Schoul fördert, de Verännerunge vun der ökonomescher, sozialer a strategescher Ëmwelt an eisem Land erëm ugepasst ginn.

D’Schüler mussen och erëm déi Satisfaktioun erliewen, déi een duerch eng gutt Aarbecht no enger geleeschter Ustrengung verspiert. Et muss een hinne weisen, datt nëmmen eng aktiv Astellung, wou een zesummen eppes schafft a schaaft, et erlaabt, ze reusséieren an am Liewe virunzekommen. Et muss en Zil ginn, déi Jonk ze responsabiliséieren an hinne bäi ze bréngen, datt se natierlech Rechter hunn, awer och Verflichtungen. Op déi Fro hin „Konsument oder Bierger?“, déi de Moncef Guitouni am Joer 2001 gestallt huet, äntwerte mer kloer an däitlech: „Verantwortlech Bierger“.

Fir dem jëtzegen Décalage tëscht dem Schoulsystem an der Economie entgéintzewierken, musse mer déi zwee erëm méi no beienee bréngen. Duerfir musse mer d’Fënster an d’Diere vun der Schoul grouss opmaachen, fir déi Verantwortlech vum Entrepreunariat mat hire Wäerter an hiren Iddien eranzeloossen. E méi en enke Kontakt mat de Vertrieder vun der Wirtschaft erlaabt deene Jonken, se besser ze verstoen a se och erëm eventuell op d’Iddi ze bréngen, selwer Entrepreneur ze ginn. D’Entreprisë sinn de Motor vun eiser Economie, an d’Schüler musse sech dees während der Schoulzäit bewosst ginn. Si musse begräifen, datt se natierlech e Recht op eng Aarbechtsplaz hunn, datt jidder Gesellschaft awer och Leit brauch, déi déi Plaze schafen.

Op der Basis vun dëse Feststellungen an Objektiven geet kloer ervir, datt d’Upassung vun eisem Schoulsystem un déi aktuell an zukënfteg Erausfuerderungen nëmmen duerch e fundamentaalt Afrostellen an e Changement vun de Mentalitéite méiglech gëtt. Wa mir d’Zukunft vum Land a Kompetenznischen wei Informatiouns-Technologien, Bio-Technologien, Eco-Technologien a Logistik gesinn, muss ee sech d’Fro stellen, op d’Sciencen am Allgemengen net en anere Stellewäert an eisem Schoulsystem musse kréien – oder wëlle mer wierklech all déi Aarbechtsplazen, déi mer hoffen, an deene Beräicher ze schafen, och an Zukunft mat Kompetenzen, déi mer aus dem Ausland importéieren, besetzen?  Vun all dësen Zukunftsberäicher schéngt d’Logistik iwwregens dee Beräich ze sinn, wou mer och eventuell kënnte villen onqualifizéierten Aarbechtslosen eng nei Chance ginn; ënnert der Konditioun natierlech, dass mer duerch Formation continue  hinnen éischtens déi Kompetenze ginn, déi néideg sinn (zum Beispill Camionsführerschäin) an awer hinnen och d’Gefill ginn, dass Camionschauffer an Op- oder Oflueden och en attraktiven Beruff fir si kënnt sinn.

Wann eise Succès an der Zukunft dovun ofhänkt, dass mer nei Kompetenznischen an den Technologieberäicher an Exellenzzentre schafen, da muss eis Ambitioun an eise Schoulen virun allem och d’Recherche vun der Perfektioun sinn. Fir dat ze erreechen, ass en Iwwerdenke vun eise Schoulprogrammer onëmgänglech. Mir mussen äis awer och Gedanke maachen iwwert d’Aart a Weis, wéi Schoul gehale gëtt. Wa mer de Kanner hiren ugebuerene Virwëltz an Interessi, Kreativitéit an Initiativgeescht weider developpéiere wëllen, da musse mer se duerch méi e kollegiale Stil op allen Niveauen an an alle Fächer duerzou bréngen, méi aktiv mat ze schaffen. Mir mussen déi magistral Coursen an déi eelelaang Monologen opginn, déi déi belounen, déi am beschten dat rëmidderzen, wat se virgeknat kruten.Eise System vun enger negativer Notatioun muss och a Fro gestallt ginn an no enger Analyse vun de Meritte vun de Schoulsystemer aus deene performanteste Länner ugepasst ginn.

Eng ganz déifgräifend Reform vun eiser Schoul ass also batter néideg ! Esou eng Reform, déi deen Numm och verdéngt, kann net realiséiert ginn, ouni datt all direkt Interesséiert (Schoulmeeschter a Proffen, Elteren, d’Privatwirtschaft a Schoul-Experten an esou weider) vun Ufank u konstruktiv mat agebonne sinn a sech all matverantwortlech fillen, dass mer duerch d’Schoul eis Kanner esou gutt wéi nëmme méiglech op d’Liewe virbereeden !

Da kommt, mer paken et zesummen un, oder hunn eis Kanner dat wierklech net verdéngt ?

De Raym Schadeck ass Member vun der Patronats-Initiative „Et ass 5 vir 12“.
Raym Schadeck
© 2023 d’Lëtzebuerger Land