Ehlinger, Christiane: D'Lynn an de Charel

"Dat ënnenerëm"

d'Lëtzebuerger Land vom 03.06.2004

"Opklärungsbicher" ginn et der vläit, wéi Sand um Mier, mä ass et net komesch, dass et nach keent op Lëtzebuergesch gëtt? D'Fro richteg beäntwerten, giff heeschen, dass een déif a laang misst an d'"kollektivt Ënnerbewosstsäin" vun engem Land wulle goen, an deem sech d'Bevölkerung "einfach esou" an ouni besonnësch theoretesch Ënnerstëtzung fortpflanzt, an esouguer hiert Hellechst, hir Keimzell, d'Famill net ouni e Léinwuert "de Planning familial" auskënnt. 

An der direkter sproochlecher Konfrontatioun mat "deem ënnenerëm" schwätzt de Lëtzebuerger, aus Angscht vulgär (vulgaris, vulgus, das Volk) ze wierke, léiwer Franséisch, Englesch, Latäin oder, nach ëmmer, am léiwsten iwwerhaapt net oder ronderëm de Bräi. 

An de Sexualpädagog Mill Majerus schreift a sengem Vierwuert ganz kritesch iwwert déi modern Medien: "Op eng Manéier gi si (d'Kanner) an de Medien iwwerfiddert mat erotesche Messagen, déi si dacks nëmme schlecht 'verdauen'... Den Elteren, den Erzéier an och den Enseignanten fehlen dacks genuch déi 'richteg Wierder', fir en Thema unzepaken, deen an hirer eegener Kandheet éischter tabu war." 

An d'Sexfront, an de Schulmädchenreport, den Dernier Tango à Paris a sechs Zenner Oswald Kolle?, freet een sech do. Souguer de Pater Leppich huet an der Zäit eng LP erausginn, fir an de 'Studienzirkelen' de kathoulesche Bouwen z'erkläeren, dass d'Kanner net aus dem Kabes kommen. (Wat souwisou ni e Mënsch gegleeft huet.) Kann et sinn, freet een sech, dass déi Wiener Analytiker, déi an de 70er Joere vun der 'Sexflatioun' theoretiséiert hunn, nodréiglech Recht kruten? 

An enger Gesellschaft wou souguer d'Computeren an de Gäiz 'geil!' sinn, ass et relativ schwéier, et nach richteg ze ginn, respektiv sech virun de komplexe Gefore warnen ze loossen, deene sech dee nach net Ugeléierte beim Bäiléieren aussetzt. Leider ass d'Schoul vun der Léiwt eng ginn, bei där de Professer Aids d'Kanner beim klengste Feler direkt doutschléit. Eng komesch Pädagogie, mä wat wëllt der hunn. Ee Gléck, dass d'Critiane Ehlinger de Kuraasch hat, dëst Buch ze schreiwen.

"De Charel an d'Lynn..." sou fänkt d'Christiane Ehlinger op der Säit 15 endlech un, nodeems et d'Gebuert an d'Nieren erkläert huet, "ënnerscheede sech am Moment nëmmen, wa si plakeg um Wéckeldësch leien. Eigentlech gesi ganz genee d'selwecht aus. Just de Charel huet ee klenge Witzi an d'Lynn huet eng Spléck tëschent de Been." D'Biller vum Jean Leesch ginn Hand an Hand mat dem Christiane Ehlinger senger einfacher, exakter Sprooch. Si sinn net zevill "geil!!!" a wann et ëm komplex Bannenusiichte vun den Organe geet, genau richteg, ouni de Kanner beim Liesen den Doktor Todt vun de Körperwelten als Gespenst erschéngen ze loossen. Wëll wat hëllefen de Meedercher dann eigentlech déi opgeschnidde Penissen an déi tranchéiert Somzellen, respektiv de Jongen, dass se sämtlech Detailer vun den Eerstäck, wéi um Sezéierdësch, sou wéi en Anatom bei enger Läich opziele kënnen, ouni z'erliewen, dass déi ganz komplex, bluddeg Apparaten eigentlech dofir do sinn, Loscht ze produzéieren, an dann eréischt Wëssenschaft a Kanner? 

Hei ass dem Christiane Ehlinger säi Buch immänz gutt. Natierlech kann een driwwer diskutéieren, wéi d'Geschicht erzielt gëtt, wou d'Lynn an de Charel sech kenneléieren, an op d'Aktioun Lëtzebuergesch onbedingt "sech ee wichsen" muss op d'rout Lëscht setzen, wëll et ellen a graff ass. "Masturbéieren" an "onanéiere" fënnt d'Christiane Ehlinger dann erëm "normal". 

Dajee alt, denken d'Jongen , da gëtt sech dann eben een op Latäin gewichst, dann huet et méi Niveau. 

Politesch korrekt ass et dann och, "schwul" ze sinn, an net homosexuell, wëll soss kéint ee jo mengen si wäre lénks, an dat ass bestëmmt e komplizéierten Ausdrock. Iwwer d'Léiwt ze schreiwen war nach ëmmer komplizéiert, an et kann een an enger Wüst wéi der Lëtzebuerger Sex-Sprooch net onbedéngt Perfektioun erwaarden. Dofir gëtt et um Schluss e klengen Dixionär: Lëtzebuergesch-Däitsch-Franséisch-Portugisesch. Wee seng Kanner net onbedéngt léiere wëll, de Storch, dee vun der Penisschutz-Liga och op d'rout Lëscht gesat gouf, hätt se duerch de Kamäi gehäit, soll hinnen dëst Buch onbedéngt kafen.

 

Christiane Ehlinger: D'Lynn an de Charel - Wou komme mer hier a wou gi mer hin? - Eng Geschicht op lëtzebuergesch iwwert d'Sexualitéit; Imprimerie Centrale, 2004, 80 Säiten; 90 Euro; ISBN 2-87978-030-6

 

 

 

Jean-Michel Treinen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land