Zoom op d’Sprooch

Kohärenz an Akzeptanz am completéierte Reegelwierk vun eiser Schreifweis

d'Lëtzebuerger Land du 29.03.2019

Dat completéiert Reegelwierk vun der Lëtzebuerger Orthographie, wéi et viru Kuerzem um Site vum Permanente Rot fir d’Lëtzebuerger Sprooch erauskomm ass, besteet aus zéng Kapitelen an enger Annex iwwer d’Korrespondenz vun de Buschtawen an de Lauter an eiser Sprooch. Dëse Plang ergëtt sech deelweis aus deem behandelte lautleche Material (Vokaler a, i, o, u: Kap. 1; Vokal e: Kap. 2; Diphthongen: Kap. 3; Konsonanten: Kap. 4).

Mee en iwwerhëlt och thematesch Tranchë vun aneren (an der Aleedung net mentionnéierte fréiere geännerte Kapitelen) wéi d’Verben (Kap. 5) an d’Friemwierder (Kap. 9) oder d’Reegele vu verschiddene Liaisounen, Vermëllungen, Verhäertungen, -s oder n-Verbindungen, respektiv n- an r-Reegelen, déi den Text horizontal strukturéieren (cf. Kap. 6: n-Reegel). Entgéint deem, wat an der Aleedung vum completéierte Reegelwierk behaapt gëtt, waren am Virtext vun 2003 och schons déi dräi Kapitelen iwwer déi net alphabetesch Schrëftzeechen derbäi. D’Kapitelen d’Grouss- a Klengschreiwung (Kap. 7), d’Getrennt- an Zesummeschreiwung (Kap. 8) an d’Interpunktioun (Kap. 10) sinn also ganz bestëmmt keng Erfindung vun der LOD-Ekipp1.

An der Aleedung gëtt gesot, den Text wier mat ganz wéinege Fachbegrëffer geschriwwen, esou datt de Laien e versteet. Dat stëmmt jo och. Mee wat net explizéiert gëtt, dat ass, datt an der Annex vum P. Gilles a J. Trouvain d’Aussprooch vun de Lauter am Lëtzebuergeschen deermoosse vereinfacht – an deenen ausgewielte phoneeteschen Zeechen no – deermoosse standariséiert2 ass, datt een sech froe muss, ob all déi Ëmschreiwungen iwwerhaapt fir e normale Lieser verständlech sinn a bleiwen3. Jiddefalls hu mer do e ganz konzentréierte Phonetikcours mat vill selektionéierter Fachterminologie a ganz vill Virwëssen!4 Ech si guer net sécher, ob déi verbessert traditionell phoneetesch Zeeche vu Gilles an Trouvain (vrun allem de kuerzen [æ]: Männer, Fräsch, Häll, hell) zum Standard vum Lëtzebuergesche gehéiert.

Wann awer trotzdeem Referenzmaterial misst bäigeluecht ginn, da sollten op d’mannst an der Annex e puer Punkte geännert ginn: a) d’Perspektiv: vum Decodage (Buschtaf Richtung phoneetescht Zeechen) op den Encodage (vum phoneeteschen Zeeche Richtung Schrëft: [a] A Kap); b) am Véiereck vun de Monophthongen: d’Schrëftzeechen [ë] misst duerch e phoneetescht ersat ginn; c) am Véiereck vun den Diphthonge feelt den [oj] / [oi] (moies, Moien), deen inkohärenterweis op der Säit 31 (sub 3.1) agefouert gëtt. Wëssenschaftlech wär et vläicht méi virsiichteg a wäitsiichteg, sech iwwer d’Lëscht vun de lëtzebuergesche Grondlauter (Phoneemer) mat hire Varianten ze eenegen, éier se gesetzlech fixéiert gëtt.

No 18 bis 20 Joer Recherche hunn d’Kapitelen 1 bis 3 iwwer d’Vokaler an d’Diphthongen un Exaktheet gewonnen. Och wann dat eent oder dat anert Beispill misst verbessert ginn5, da sinn d’Reegelen dach méi genee formuléiert, an dat ass didaktesch e grousse Virdeel. Just ënner 1.2.2 (laang Vokaler a, o, i, u um Enn vum Wuert) misst d’Nuance agefouert ginn, datt d’Längt vum Vokal um Enn vum Wuert kontextuell gekierzt ka ginn: Fra, Frächen; du; kënns du/de mat (S. 13).

De „stommen h“ (S. 10, 29: Hausse, Hotel, Theater) ass och net an alle Fäll en Dehnungs-h (Bühn, wahrscheinlech). No zäitlaangem Zécke vun der zoustänneger Kommissioun, ginn déi laang a betount Vokaler ä, ö, ü virun zwee Konsonanten also nees verduebelt: üben, geüübt; berümen, berüümt; lämen, geläämt; blöd, dat blöödst; Fön, fönen, du fööns; seriös, am seriöösten. Cf. och déi halleflaang Suffixen: -bar, -sam, -los + e weidere Konsonant ginn nees als laang behandelt: wonnerbaart, wierksaamt, aabechtsloost (S. 10-12). Esou en Hinanhier vun engem Dokument op dat anert ass net gutt fir d’Akzeptanz vun enger offizieller Schreifweis.

D’Kapitel 3 iwwer de Vokal e stellt an der haiteger Versioun vum completéierte Reegelwierk nach ëmmer zwee Grondproblemer. Dee vun der Funktioun (Phoneem oder Outil?) an dee vun der Aussprooch6. Dräi vun de gebrauchte Schrëftzeechen e si konstant un eng Aussprooch gebonnen: 1) „ee“ = [e:] (Been, Eenheet); 2) „ä“/ „ö“/ „e“ S.16) = a betounte Silben un e kuerzen [æ] (Männer, Fräsch, Häll, hell) oder 3) „e“ an onbetounte Silben un e kuerzen [ə]. E véierten e ass net un en „é“ (franséisch ausgesprach) gebonnen, dofir kann den onbetounten accent aigu och ewechgelooss ginn: decidéieren, Deputéiert, President (=[ə]) (S. 15; 9.1; 9.2.2.). D’Phoneemer [e:], [æ], [ə], [e] kënnen awer och an onbetounte Silben duerch en neutraliséierten e ersat ginn. Glécklecherweis ass de Rëtschvokal (Term vum J. Braun 1999) nees offiziell verschwonnen. Dofir ass eng elegant Léisung fonnt ginn, fir déi richteg a falsch Diphthongen (Diphthongen an Hiatussen 21) funktionell ze ënnerscheeden, wat am Cours LaF ganz wichteg ass.

Am grousse Ganzen ass den Text didaktesch eng Reussite. Et ass hei net méiglech, all Reegelen unzeginn, déi iergendwéi geännert gi sinn. Och wa wichteg Bëgrëffer net méi am Text stinn, wéi d’Definitioune vun de verschiddenen Orthographies-Prinzipien (phonographesche Prinzip, visuelle, etymologesche, distinktive Prinzip, Stammprinzip), dann hëlt een d’Retouchen a ville Paragraphen dach an Uecht, wéi zum Beispill an der Reegel bei de zesummegesate Wierder mat Suffix a Präfix S. 11-13; bei der r-Reegel (3,2); an der haarder/mëller Verschrëftlechung um Enn vum Wuert (4.2); an der n-Reegel bei geographeschen Nimm op -ien, a sou weider.

Schued ass et nëmmen, datt den CPLL oder d’LOD-Ekipp vum Ralph Fichtner net de Courage hat, enger bekannter Rëtsch vu Probleemer eng kloer Léisung ze ginn. D’Hiweisen op déi Eenzellemmata vum (zukünftegen) LD (Lëtzebuerger Dictionnaire), fir déi definitiv Orthographie ze entdecken, ass keng Decisioun huelen – e Wait and see, dee fir de User ganz onpraktesch ass!

1 Cf. „Eng nei Etapp fir d’Lëtzebuerger Orthographie“ (Zoom am Land vum 18.01.2019) stellt d’Grondfro, firwat d’Aleedung vun dësem completéierte Reegelwierk sou verluge mat der Virgeschicht vum completéierten Text ëmgeet!

2 Et ass wuel verständlech, datt sech mat der Zäit de Begrëff vun der Einfachheet / Schwieregkeet fir déi meescht Lieser a Lëtzebuerger immens geännert huet. D’Reform vun 1999 (J. Braun) wollt den Text vun 1975 (Atten) „vereinfachen“, huet awer bal 20 Joer op een Texte coordonné gewaart, vun deem een haut nach net weess, wat dra steet an ob e méi einfach oder komplizéiert ass wéi de gesetzlechen Text vun 1975. Gelungenerweis gëtt haut d’Tendenz vum Sproochwandel a vun der Variatioun am Lëtzebuergeschen an och an de Schnëssen-Programmer besonnesch ervirgehuewen. Mee wat d’Phonologie (an d’Standardiséierung) ugeet, gëllen eleng déi stuer Interpretatioune vu Gilles/Trouvain. D’Sprooch um Terrain misst méi respektéiert ginn wéi déi abstrakt Resultater vu selektionéierte Laboratoiresanalysen.

3 Den Artikel vu Gilles/Trouvain ass geschriwwe fir eng Fachrevue: „Luxembourgish“. Journal of the International Phonetic Association 43: 67-74, 2013

4 Et ass jo net schlecht, datt de phonographesche Prinzip affirméiert gëtt, mee wa vun der Orthographie rieds ass, da gëllt d’Perspektiv vum Encodage an net déi vum Decodage (Liesen, wéi beim Alain Atten an deelweis bei Gilles/Trouvain).

5 Cf. Beispill S. 9: D’Vokaler am Lëtzebuergesche kënne kuerz oder laang ausgeschwat ginn: Lach (dt. Loch), Lag (dt. Lage), Laach (dt. Lachen, Gelächter). D’Beispiller sinn déi vum A. Atten fir kuerz, laang an iwwerlaang Vokaler. Am completéierte Reegelwierk vum CPLL ginn ni dräi verschidde Längten ënnerscheet: d’Beispiller sinn einfach am Text vum Alain Atten ofgeschriwwe ginn, awer net justifiéiert.

6 Am franséischen ABC gëtt den e „eu“ geschwat an am däitschen „e“. Am Diktat vun de Walfer Bicherdeeg vun 2018 huet de Jemp Schuster vun dräi e-en („eu“-eun) geschwat: Wa méi wéi dräi e-en openeentreffen, kann an Zesummesetzunge mat eegestännege Wierder e Bindestréch gesat ginn, fir datt et besser ze liesen ass. Mee sinn et wierklech dräi „eu“-en oder „é“-en?

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land