Zesummeliewen

Dierzen an Duzen

d'Lëtzebuerger Land du 24.03.2011

Am Laf-Unterrecht, wéi a villen anere Friemsprooche-Coursen, ass den Thema vum Dierzen / Däerzen an Duzen ee vun deene beléifsten. Dat läit dorun, datt de Sujet kee pur grammateschen ass, an datt déi morphologesch Forme kontextuell nëmme kënne richteg gebraucht ginn, wann een déi pragmatesch Regele vum Zesummeliewen am Lëtzebuerger Land mat abezitt. Dobäi kënnt dann en drëtte Grond: D’Konventioun vum Dierzen an Duzen an eiser Sprooch gläicht formell méi dem franséische Gebrauch wéi dem däitschen, an dofir ginn déi lëtzebuergesch Formen och, am Kontrast mat deenen däitschen, extra ervirgehuewen.

Fänke mer also mat de Formen un. Geduuzt gëtt am Lëtzebuergeschen deen eenzelne Partner an engem direkte Kommunikatiounsakt mam Personalpronom du (betount/staark) oder de (onbetount/­schwaach) + Endung -s um konjugéi­er­te Verb oder keng Endung am Imperativ 2. Persoun Singular. Deklarativ: Du kanns mech °klibberen, du °Topert1. Interrogativ: An °du, kënns de och °mat? Injunktiv: Da fuer °du mat, wann däi °Papp et net °kann2. Exklamativ: Wat s °du net alles °sees! Selbstverständlech: Wann ech vun du/de schwätzen, da sinn all méig­lech Lokalvarianten (du/dau//de/d’3) a Kasusformen (dech, dir/der, denger) mat abegraff, wéi och zum Beispill dat eventuellt Asetze vun den euphonesche Verbindungselementer ‘s’ an ‘n’4 an de Gebrauch, wann néideg, vum Possessiv däin/deng mat all senge Kasusformen. Weider Observatiounen, iwwert d’Syntax an d’Positioun vun du/de, hänke mat der Betounung a mat der Klitiséierung vum Pronom zesummen. Sou ass: De °hues mir eppes ginn (oder beim Dierzen: Der °gitt mer/mir eppes) mam onbetounte Pronom an éischter Positioun rar – mat der betountener Form awer ganz geleefeg: °Du hues mir eppes ginn. °Dir/Där gitt mir eppes. Dogéint steet den onbetounte Pronom dacks enklitesch nom konjugéierte Verb ënnert deemselwen Intonatiounsbou: Hues de °him et ginn? Gëtt Der °mir eppes?5

Gedierzt / gedäerzt gëtt dann am Lëtzebuergeschen – dat weisen ewell d’Beispiller – mam (eventuell groussgeschriwwenen) Personalpronom Dir/Där (betount) / Der (onbetount) + Endung -t um konjugéierte Verb oder am Imperativ 2. Persoun Plural: Dir kënnt mech °klibberen. An °Dir, kommt Der och °mat? – Fuert °Dir! °Ech sinn ze midd. Natierlech, wa vun Dir/Där/Der Rieds ass, da sinn all Lokalvarianten a Kasusformen (Akkusativ/ Dativ: Iech, Genitiv: Ärer) matgemengt, wéi och, wann néideg, de Gebrauch vum Possessiv Är / Äert an alle Kasussen. Beim Dierzen däerf awer den Nominativ Dir an der zweeter Persoun Plural net mam (eventuell klenggeschriwwenen) Dativ dir an der zweeter Persoun Singular verwiesselt ginn. Gedierzt gëtt also am Lëtzebuergesche wéi am Franséische mam Pronom vun der zweeter Persoun Plural, mä wéi dat franséischt vous kann Dir/Der an deem Fall och op en Eenzelnen hiweisen, andeems déi (eventuell kleng geschriwwen) dir/der (fr.: vous) nëmmen op e geduuzte Grupp vun Adressate referéi­eren. Dat ass, am Verglach mam Däitschen, e groussen Ënnerscheed, well eis Noperen haut mat der drëtter Persoun Plural dierzen: Kommt Dir och? = Kommen Sie auch?, mä: Kommt dir och? = Kommt ihr auch? An anere Sproochen, wéi am Engleschen, gëtt et deementspriechend och nëmmen ee Pronom you fir d’Dierzen an d’Duzen6.

D’Semantik vum Dierzen an Duze gëtt gewéinlech mat spriechakttheo­reteschen Oppositioune wéi ‘formell’ vs. ‘informell’, ‘héiflech’ vs. ‘familiär’, ‘distanzéiert’ vs. ‘vertraut’ beschriwwen, ouni datt mat dësen Adjektiver all méiglech kommunikativ Handlung kéint charakteriséiert ginn7. Wéi d’Leit matenee verkéieren a wéi se sech verstännegen, hänkt vu Konventiounen a Regelen, Strategien a Virstellungen, kuerz vun Handlungsnormen of, déi jee nom gesellschaftleche Status, nom Alter, no de Géigende verschidde sinn. Meeschtens funktionéiere se onbewosst, sinn also allefalls schwéier ze beschreiwen an ofzegrenzen. Wien, wou a wéini ge­duuzt oder gedierzt gëtt, ass bestëmmt eng spannend Problematik, mä eendeiteg Äntwerte gëtt et a ville Situatiounen net. Amplaz vun Héiflechkeet, Respekt8, Distanz fir Dir/Där ze schwätzen, mengen ech, datt d’Dierzen an eiser Gesellschaft éischter – wéinstens am ‘ëffentleche’ Liewen – dat normaalt Behuelen ass, an d’Duzen d’Ausnam, déi ëmmer, méi oder manner explizitt, begrënnt muss ginn. Dofir ass am LaF-Cours eng grammatesch Progressioun virzezéien, déi wéi am Buch Alles an der Rei. Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag (2008) d’Dierze virum Duzen aféiert, anescht wéi am Léiermaterial (zum Beispill Lëtzebuergesch fir all Dag, 2000), dat méi vum ‘private’ Liewen ausgeet an dem Duzen d’Prioritéit gëtt.

Nieft de Pronomen Dir/Där an du/de ginn am Kapitel vum Dierzen an Duzen och all lexikalesch Elementer behandelt, déi et erlaben, Kommunikatiounspartner ze kontaktéieren an unzerieden. D’Virnimm an d’Familljennimm, d’Titelen (Anredeformen, termes d’adresse) an eng ganz Panoplie vu sproochleche Routinnen hunn ënner anerem dës Kontaktfunktioun. Fréier gouf ville Kanner agetriichtert, 1) datt een e Mënsch ni mam einfache Familljennumm sollt nennen (‘onhéif­lech’), 2) datt de Virnumm nëmmen däerft gebraucht ginn, wann een de Gespréichspartner gutt kennt (‘familiär’), 3) datt en Titel (Här, Madame, Joffer) de Manéiere kees géif schueden (‘respektvoll’). De Virnumm gouf dann och – iwwerdriwwen – mam Duze verbonnen an den Titel mam Dierzen: Fränz, häls de bal op? Wëllt Der Iech net sëtzen, Här Kolleg? Am méi komplizéierten Ëmgang mat de Fraleit gouf de Virnumm am Neutrum (mat sengem Pronom hatt) och dem Duzen zougewisen an de Feminin (mam Pronom si) dem Dierzen9. Awer sou eng didaktesch Vereinfachung stëmmt warscheinlech net méi mat der soziolinguistescher Komplexitéit vum Gebrauch vun haut iwwerteneen.

Wien, wou a wéini geduuzt oder gedierzt gëtt, ass bestëmmt eng spannend Problematik, mä eendeiteg Äntwerte gëtt et a ville Situatiounen net.

1 D’Zeechen ° virun enger Silb bedeit, datt se betount ass.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land