D'Wuertbildung bei de Verben

Bannerelatioun a Baussereseau

d'Lëtzebuerger Land du 01.04.2010

E puer Lieser hunn op déi lescht Rubricken iwwert d’Wuertbildung bei de lëtzebuergesche Verbe reagéiert. Do ass emol, fir unzefänken, dem Lex Roth säin rtl.lu-Artikel, deen op d’Rubrik Zréck, hannescht an erëm ageet1. Leider hält hie sech net un d’Thema vun der Sproochefleeg a wäicht op ‚angeberesch a persounekultesch‘2 Behaaptungen aus, déi hors-sujet sinn. Wéi et schéngt, geet et der Actioun Lëtzebuergesch vrun allem dorëm, ‚Eis Sprooch‘ – mat all hirem ‚Geschmëss‘ ronderëm – um ‚Terrain‘, dat heescht bei deenen, ‚wou d’Sprooch lieft a weidergeet‘ an an der ‚Lëtzebuerger Natioun‘ z’orchestréieren an z’instrumen­tali­séie­ren. Dat ass och hiert gutt Recht. Mäi joerzéngtelaange Projet – e gouf 1972 als franséisch Thèse d’État ageschriwwen – ass dogéint méi begrenzt, méi präzis a méi kohärent: d’Lëtze­buerger Sprooch (a speziell hire grammatesche syntaktesche System) z’ënnersichen an, sou wäit wéi méiglech, fir eng international Lieserschaft a fir eng eventuell LaF-Didaktiséierung zu Lëtzebuerg ze presentéieren. Dat geet selbstverständlech net ouni wëssenschaftlechen Hannergrond an ouni Professionalissem3. ‚Onverdaulech‘ si fir mech net déi linguistesch Methoden an déi Lëtzebuergesch Grammairen (sief et dem Bruch säi Précis oder 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire), mä déi ongenee, dacks falsch ‚Sproochewëssereien‘, déi, ënnert dem Virwand vu ‚populären‘ oder ‚kulturellen‘ Vulgarisa­tiounen, kéipweis iwwert d’Lëtze­buer­gescht verbreet ginn.

Eng zweet méi intressant Lieser­reaktioun kënnt vun enger Forma­trice, déi Lëtzebuergesch Course gëtt a freet, ob d’Wuertbildung bei de Verben (wéi bei de Substantiven oder bei den Adjektiven) am Fong net sollt an der Syntax behandelt ginn: „net d’Wierder“, seet si, „sinn hei entscheedend, mä déi syntaktesch a semantesch Verhältnisser tëschent de Konstituenten“ (= Deeler, aus deenen de Compositum be­steet). Tatsächlech gëtt et niewent der Saz- a Gruppesyntax (déi geleefeg Wortstellung, Saz- a Phrasenopbau genannt gëtt) och eng syntaktesch-semantesch Organisatioun an de Wuertkomplexer, déi an der Fachliteratur als Konstituentestruktur behandelt gëtt4. Fir dat zäitgenëssescht Bild vum Reseau oder Netz ze gebrauchen5, kann ee soen, datt all composéiert Verb am Kontext virtuell Bannerelatioune reali­séiert, awer och verschidden Opbauméiglechkeeten no baussen entwéckelt. All composéiert Verb muss am Verglach mam einfache Verb kënne mat senge Bannerelatiounen a Baussereseauen ënnersicht ginn.

Sou gëtt et zum Beispill dat einfacht schreiwen mat sengem méigleche Konstruktiounsnetz: Hie schreift (= ass Auteur). Hie schreift Bicher (De Sujet produzéiert en Objet). Mä do gëtt et dann och dat komplext verschreiwen, dat zwou Opbauméiglechkeeten no baussen zouléisst: De Sujet verschreift engem e Rezept oder de Sujet verschreift sech enger Saach (= gëtt sech fir eng Saach hier). Mat engem méi semantesche ver- (= falsch) hu mir nach: Hien huet sech verschriwwen (= beim Schreiwen e Feeler gemat). Dobäi kënnt dann dat transitiivt beschreiwen (eppes beschreiwen), dat dem intransitive schreiwen géintiwwer steet. Semantesch ënnerschiddlech fënnt een och ënner°schreiwen6 (en Dokument ënnerschreiwen) an ëm°schreiwen (eppes esquisséieren), dat net mat °ëmschreiwen (betount Partikel + Objet, dee schrëftlech geännert gëtt) soll verwiesselt ginn. D’Analys vun de Bannerelatiounen a Baussereseaue bei den eenzelne Verben ass be­stëmmt komplizéiert. Awer vrun allem am LaF-Cours fir Francophonen ass et e gudde Wee, fir, mat Hëllef vu konkrete Beispiller, op déi verschidde Musterstrukturen (Pattern) hinzeweisen.

An enger drëtter Lieserreaktioun geet et schliisslech ëm d’Semantik vun den trennbare betounte Verbe­partikelen an den ontrennbaren onbetounte Verbepräfixen. E Formateur fir Lëtzebuergesch stellt an enger Notiz fest, datt all déi betount trennbar Verbepartikelen7 op eng oder, fir datselwecht Element, op e puer Bedeitungszone referéiert. Fir beim Beispill schreiwen ze bleiwen, hätte mir op d’mannst a-schreiwen, erëm-/zeréck-/hannescht schreiwen, nidder-schreiwen, of-schreiwen, op-schreiwen, u-schreiwen, vir-schreiwen, viru-/weider-schreiwen. D’Baussereseauen (= d’Kom­-plementer) vun dësen eenzelne Verbe si sécher och net déi­selwecht. Déi verschidde Bedeitunge sinn dacks staark lexikaliséiert (zum Beispiell en ageschriwwene Bréif).

Jee méi een elo op déi ontrennbar onbetount Verbepräfixen be’-, em(p)f’-, ent’-, er’-, ge’-, ver’-, zer’-, mëss’-, hanner’- iwwergeet, ëmsou méi ginn déi bezeechent Bedeitungszone flou: ent- zum Beispill ass ein- (entschlofen) an aus- (entgleisen), ver- dréckt en Ëmbroch aus (vergoen, verschenken), mä och d’Iddi ‘schlecht, falsch’ (sech verspriechen). Am Verglach mam einfache Verb huet de Präfix meescht nëmmen nach eng syntaktesch oder aspektesch Roll: be- zum Beispill transitivéiert (begoen), er- modifizéiert (ergroen) oder weist op Entwécklungsstadien hin (erwächen, erwiergen).

Ganz delikat ass zu gudder Lescht déi semantesch Analys vun deene sougenannte Wiesselpartikelen duerch-, ëm-, ënner-, iwwer-, widder- a voll-. Deen trennbare betounte Gebrauch weist méi op déi konkret Bedeitungszone vun de Prepositiounen (mat ausgeloossenem Member) oder Adjektiver/Adverben hin: Einfach °duerchfueren. Net °duerchkommen. Wierder °duerchsträichen. Bei engem Acci­dent °ëmkommen. °Ëmfalen. D’Sonn geet °ënner. Fuert °iwwer! Si si °widdergaangen. Sech °vollsaufen. Dofir ass den ontrennbaren onbetounte Gebrauch semantesch méi verblatzt oder méi bildlech: duerch°wuessene Speck; vu Frënn ëm°ginn; ënner°briechen; iwwer°dreiwen; engem widder°stoen; voll°bréngen (dat ontrennbart voll- ass rar). Selbstverständlech huet déi kontextuell semantesch Analys ganz wichteg Konsequenzen an de Lëtzebuergesch Coursen. Am Fong ass se déi bescht Basis fir e geneeë Sprooche­gebrauch an eng gudd Sproochefleeg.

1 cf. rtl.lu Sonndeszeitung – Eis Sprooch mam Lex Roth. Woch vum 03.12.2009.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land