Heemesch Gefiller

Heemesch, eenheemesch & Co.

d'Lëtzebuerger Land du 30.05.2014

Iwwerdeems déi vum Kulturministère ernannt a bezuelt LOD-Equipe den Utilisateure vun eiser Sprooch eppes méi zur Verfügung gestallt gëtt1, weist dat fräiwëllegt Team vun der lëtzebuergescher Wikipedia an hirem „Staminée“, wéi methodesch a wéi nëtzlech en oppent Zesummeschaffe ka sinn. Aus der Diskussioun „Eenheemesch oder einheimesch oder??“ ass et bestëmmt net schwéier erauszeliesen, wat alles iwwerluecht an ënnersicht muss ginn, fir leschten Enns e formell a semantesch korrekte Wikipedia-Artikel ze verfaassen2, deen am LOD feelt.

E Benotzer, deen och Verbesserunge mécht, stellt sech do d’Fro: „Wéi soe mer op eiser lb-Wiki: eenheemesch (kënnt aacht mol vir) oder einheimisch (kënnt zéng mol vir), oder wéi solle mer dat ëmschreiwen, zum Beispill wann ech vun einheimische Planzen schwätzen? Oder einfach heemesch (kënnt dräi mol vir)? Véier mol kënnt do och dat Wuert indigen vir: indigen Sprooch, Vëlker.“ De Wikipedianer mengt: „d’Wuert heemesch géif am beschten indigène respektiv einheimisch op Lëtzebuergesch erëm ginn. Mer hunn och nach zwee mol autochthon an ee mol autochton an eiser Wiki.“ – Am Fong geet et also ëm de kohärente Gebrauch vun enger Wuertfamill am lb-Wiki (an an der lëtzebuergescher Sprooch) an ëm d’Form an d’Bedeitung (Grond- a Niewesemen) vu verschiddene Synonymmen.

Heemesch ass en Adjektiv, dat mat de Substantiven Heem, Heemecht a mat den adverbialen heiheem/doheem Famill ass. Ech limitéiere mech haut op Beispiller aus dem Internet, mä et wier och wënschenswäert, weider Korpussen3 auszenotzen. Do ass zum Beispill bei Info Lëtzebuerg – ouni datt ech dofir wéilt heemlech Reklamm maachen – rieds vun Heemesch Pflegeleeschtungen (besser „Fleegeleeschtungen“ am Sënn vu „soins à domicile“). Bei enger Planzaktioun ginn och heemesch Heckeplanzen mam Label „Heck vun hei“ ernimmt, wéi och heemesch Beem, an zu Cannes gëtt houfreg eis heemesch Filmindustrie oder Filmbranche gelueft. Jo, fir eis esou erhalenswäert heemesch Fauna a Flora gëllt et, sech anzesetzen. Och wann ee mat eisen heemesche Kéi oder mat aneren am Land heemesche Wiesen e bëssen de Geck ka maachen – dann hu mer dach am grousse Ganzen éischter heemesch (positiv) Gefiller fir alles, wat hei am Land heemesch (doheem) ass.

Am leschte Saz hutt Der bestëmmt an Uecht geholl, datt d’Adjektiv „heemesch“ grondsätzlech e raimleche Bedeitungszuch opweist (an dofir och meeschtens mat enger lokativer Ergänzung preziséiert gëtt: eppes dat hei/do/op der Musel/am Minett/an der Stad… heemesch ass4). Wéi sou dacks bei den Ëmstandsadjektiver kann elo de Lexem awer jee nom Kontext e qualitative Sënn unhuelen (an deemno och „graduéiert“ ginn). Sou an dëse Beispiller aus dem Web: De Centre historique [vu Montpelllier] ass ganz schéin an och heemesch. – An der Géigend ronderëm Tchernobyl ass eng Rëtsch vun deene gefährdesten Déieren an Europa nees heemesch ginn. Heemesch ass also dat, wat doheem/heiheem situéiert ass, mä heemesch kann och dat sinn, wat als Heem oder Heemecht (als bekannt, vertraut, gewinnt) emfonnt gëtt.

Ob lokal-situativ oder méi oder manner qualitativ, d’Adjektiv heemesch huet haut als Konkurrenten am Lëtzebuergeschen dat däitscht einheimisch5 an déi franséisch (méi wëssenschaftlech gebilt Wierder) indigène (dt. indigen) an autochtone (am Lëtzebuergesche gëtt autochthon wéi am Däitsche mam griicheschen th geschriwwen; versus allochthon = net heemesch). Loosse mer déi antik Rekonstruktioune mol op der Säit a konzentréiere mer eis op dat däitscht einheimisch, dat op lëtzebuergesch dacks – erstaunlecherweis – als eenheemesch iwwersat gëtt.

De „Calque“ (Emprunt, Transfert) schéngt näämlech bei der Andäitschung déi zwee Präfixen een- an an- verwiesselt ze hunn6. Dat ­däitscht einheimisch enthält geschichtlech en „in“ (15. Joerhonnert inheimisch, alhéidäitsch inheim). Wann een also verlëtzebuergescht, da gëtt et normalerweis net „eenheemesch“, mä „anheemesch“, wat kee versteet. Den „een-“ am Lëtzebuergeschen ass éischter d’Zuel oder den Artikel „een-“: eestëmmeg (einstimmig), wéi d’Partikel „in-“: mat astëmmen (mit einstimmen). Mä och wann „eenheemesch“ vum däitschen „ein/heimisch“ gefuscht ass, da wëllt dat nach net soen, datt de Lemma eenheemesch kee (gutt) Lëtzebuergesch wier oder net sollt gebraucht ginn, a souguer, datt d’Wuert am Lëtzebuergeschen onbedéngt méi rezent misst si wéi dat (sougesoten aalt) Adjektiv heemesch.

Am Wikipedia-Artikel, dee jo prinzipiell ka verbessert ginn, kënnt Der déi verschidde semantesch Sträng oder Semenen noliesen, déi ëmmer Vereinfachungen a Gruppéierungen aféieren. Hei e graff klasséierte Choix vu Beispiller aus dem Internet. Do ass rieds fir d’éischt vun eenheemesche Mënschen, Autoritéiten, Ressortissanten, Zaldoten an Truppen (am Afghanistan), Milizen, Firmen, vun enger eenheemescher Populatioun oder Bevëlkerung, vun enger eenheemescher (och Fussball-) Equipe an souguer vun den Eenheemeschen a Visiteuren aus der ganzer Welt, déi de Schengener Pinot appre­ziéieren. Da ginn och e ganze Koup Planzenaarten ernimmt: Hecken, Beem, Bichen, Bëscher…, an Déierenzorten: Reptilien, Flantermausaarten, Amphibien, Beien, an net zulescht Bräicher a Fester. Wahrscheinlech huet de bossege Komposé eenheemesch eng méi limitéiert raimlech situéiert Bezeechnung wéi déi dacks méi qualitativ Bedeitung vun heemesch.

1 De Site gëtt weider ausgebaut mat zwou weider Méiglechkkeeten, fir mat der Equipe ze kommunizéieren an iwwer ortho.lod.lu Orthographiesreegelen an -exercicë kënnen ze konsultéieren.
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land