Films made in Luxembourg

Generalprouf

Um Tournage
Foto: Patricia Perebanez / PTD
d'Lëtzebuerger Land vom 22.09.2017

En huet se all vrun d’Kamera kritt. All? Nee, d’Flo’ Weimerskirch, zanter 50 Joer engagéiert Feministin, wollt net am Film sinn. Mais soss huet all Mënsch aus der 68er-Beweegung mam Andy Bausch iwwer déi Zäit an hir Opbrochstëmmung gepotert. Oder soë mer, zwou Dose Leit vun deemools – déi, déi nach liewen –, hu mat him geschwat. A wa se och deemools, Enn der 60er, Ugangs der 70er Joer, all un engem Strang gezunn hunn, nämlech géint de gesellschaftlechen en ideologesche Mief vum Lëtzebuerg aus der Nokrichszäit, sou hunn hir Liewen zanterhier ganz aner Weeër ageschloen: de Gaston Vogel ass e flamboyanten Affekot ginn, de Lucien Blau Historiker a Romancier (zum dacksten och iwwer déi Zäit), den Änder Jung international unerkannten Schauspiller, de Charel Doerner goung an den Import-Export a war eng Zäit Konsul vun Nordkorea (!), den Änder Hoffmann gouf Deputéierte vun Déi Lénk an de Guy Peiffer ass, no 25 Joer am Prisong, elo Kandidat vum extrem rietsen Joé Thein senger Partei Déi Konservativ (et sinn nëmmen dräi Fraen am Film!). Huet dat alles deemools näischt bruecht? Waren déi Schülerzeitungen, déi Revolten a Maniffen ëmsoss, wei de Schrëftsteller Pit Hoerold undéit („mir hunn net dat Bescht draus gemaach“)? Et wier wuel falsch, déi negativ Conclusioun aus deem Réckbléck ze zéien. Well 1974, nëmmen dräi Joer no deer grousser Schülermaniff, ass déi éischt Regierung ouni d’CSV, ënner dem Gaston Thorn (DP), un d’Muecht komm. An dat wier ounst déi Opbrochstëmmung, déi déi Jonk 68er geséint haten, wuel net (esou séier) gaangen.

Mais eent nom aneren. Also: den nächsten Dënschden huet dem Andy Bausch säin neien Documentaire Sixty8 Avant-Première. E geet, wei den Numm et seet, an an der logescher Suite vu senge virrechte Filmer, iwwer d’68er Beweegung (dei zwar eigentlech mat dräi Joer Verspéidung eréischt 1971 zu Lëtze­buerg ukomm ass). An déi war en Zesummeschloss vu Schüler, jonke Proffen a Kënschtler, déi ës sat hate mam CSV-Stad, mat der Dominanz vun der kathoulescher Kierch, mam prüde Mief vun deer klenger Gesellschaft an – wahrscheinlech war dat den Ausléiser vun deer richteger Revolt – mam autoritäre Schoulsystem. Riicht eraus a labber zielen all déi Zäitzeien, déi haut gro Hoer an dachs d’Pensioun hun, mat vill Begeeschterung vun hire couragéierten Aktioune vun deemools, déi tëscht laangen Diskus­siounen a spontane Manifestatiounen louchen.

D’Droite, also den CSV-Stad, d’Luxemburger Wort, d’Kierch, an – et muss een et och zouginn – d’Majoritéit vun der Gesellschaft, déi sech iwwer déi nei elektresch Apparater fir an d’Kichen an dem Monique Melsen seng Participatioun op der Eurovisioun gefreet huet, huet déi „Hippien“ dacks „Kommuniste“ vernannt. Hunn déi nei sexuell Fräizügechkeet, déi Yeye-Musik an déi Frechheet vun deene Jonken désapprouvéiert a si „a Russland“ gewënscht. Sie waren déi radikal Lénk – „Kommunist genannt ze gi war fir mech wei eng Auszeechnung“ seet de Feitlesch Frank anzwousch –, hunn „Ho! Ho! Ho Chi Minh!“ oder  „Loosst se laafen, déi houere Paafen!“ gesongen, mais haten „nie de Courage“, fir och terroristesch Akten ze maachen, wei de Charel Doerner zougëtt. E waren e bëssen Täscherevoluzer an engem Land, wou scho Sex an den Dusche vun engem Lycée konnt zu enger Expulsioun aus der Schoul féieren an zéngdausende vu Jonken op d’Strooss dreiwen. Herno ass de Mouvement an de Streidereien tëscht Trotzkisten, Maoisten, Stalinisten a soss -isten zerbrach.

Den Andy Bausch ass de Popcineaste par excellence zu Lëtzebuerg. All puer Méint kënnt en neien Documentaire eraus iwwer een Thema dat him um Häerz läit, meeschtens am Zesummenhang mat Rockmusik oder soss Popkultur, an all puer Joer eng Fiktioun (als lescht de Rusty boys, dee grad mat engem gewësse Succès iwwer dei europäesche Festivaler tourt). Mais leider mécht en ze vill deer Filmer, oder e mécht se ze séier. Wa säi grousse Mérite och ass, Zäitzeie festzehalen (éier se stierwen, wei de Camillo Felgen, den Thierry van Werveke oder de Luke Haas), sou mécht en dat heiansdo ze vill labber. Am Sixty8 feelt den historschen oder theoretesche Kontext, et gëtt ee kaum gewuer, wien dann dee béisen CSV-Staat war, wou dee Mief stouch – an och net, wei et weidergoung. An da léisst den Andy Bausch sech heiansdo a senger kannereger Begeeschterung reegelrecht matrappen – wann déi eeler Hären mei oder manner witzeg Anekdoten iwwer Drogen oder Sex erzielen, oder, nach léiwer, wann et ëm Musek geet (dee ganzen Deel iwwer d’Musek, Deep Purple zu Lëtzebuerg oder den Underground-Musekscafé Dany Cage géing quasi een zweete Film ginn). Mä ouni Kontext an ouni de Versuch vun enger Erklärung vun de soziopoliteschen Zesummenhäng, bleift et leider och net mei ewéi e sympathesche Film iwwer „fréier“.

josée hansen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land