Fir nei Weeër an der Fuerschung

Wat fir eng Syntax fir eis Sprooch?

d'Lëtzebuerger Land du 03.07.2015

Mäi leschte Zoom op d’Sprooch (d’Land, 08.05.2015) huet mer d’Reaktioun vun engem Lieser abruecht. Iwwer dat konkret Beispill déi kleng Kanner oder d’kleng Kanner? an iwwer de lokale Kader vum Laboratoire de Recherche op der Uni Lëtzebuerg ewech, werft hien iwwerhaapt eng grondsätzlech Fro op: déi vun der Plaz vun der Syntax an de Lëtzebuergesch-Studien.

Déi kleng Kanner an d’kleng Kanner wieren a sengen Aen einfach equivalent syntaktesch Variatiounen, déi tatsächlech mat enger geschichtlecher (lautlech-prosodescher) Entwécklungstheorie (mam Klitiséierungsbegrëff) erkläert kéinte ginn. Mat der Semantik (Bedeitung, Bezeechnung, Sënn, Signifié) hätt dat a priori näischt ze dinn – sou schreift en –, an hie kritiséiert deemno och déi wëssenschaftlech Opfaassung vun der „semantescher“ Syntax, déi mengem zitéierten Zoom zugronnläit.

Ech hu guer net wëlles, grëndlech op déi méi implizitt wéi explizitt ausgedréckt Perspektiv vun deene verschiddenen Definitiounen vun der Syntax anzegoen, muss awer zouginn, datt op d’mannst dräi Problematiken ënnerscheet musse ginn. A fir d’éischt mol déi vum syntaktesche Modell.

Mäi Lieser gëtt sech anscheinend mat deem zefridden, wat traditionell geléiert gëtt: D’Morphologie ass d’Étude vun der Form vun de Wierder, an d’Syntax ass d’Étude vun der Plaz, déi d’Wierder am Saz an an de Sazkonstruktiounen anhuelen. D’Morphologie (als Form vun de Wierder) an d’Syntax (als Form vun de Sätz) bilden, niewent der Phonetik an der Prosodie, d’Grammaire vun der mëndlecher a geschriwwener Sprooch.

Geschichtlech sinn déi germanesch Dialekter mat hire modernen an diachronesche Formen fir d’éischt phonologesch beschriwwe ginn, zum Beispill fir d’Lëtzebuergescht: M. Hardt, Vocabulismus der Sauermundart, Tréier, 1843, 29 Säiten; J.P. Bourg, Die Luxemburger Mundart, Ons Hémecht, 1895-96; R. Engelmann, Der Vokalismus der Viandener Mundart, Diekirch, 1910, 45 Säiten, a méi spéit dem Alfred Bertrang seng detailléiert Grammatik der Areler Mundart, 1921, 463 Säiten, an d’Monographië vum Hélène Palgen a Robert Bruch. Dobäi kommen dann och kuerz Morphologien, zum Beispill vum J. Weber, Essai de lexicologie luxembourgeoise, Ons Hémecht, 1895-96 an dem Robert Bruch säi Précis populaire de grammaire luxembourgeoise / Luxemburger Grammatik in volkstümlichen Abriß, 1955/56/63, 1973, wou fir d’éischt eng kuerz Syntax ze liesen ass (123 Säiten, zweesproocheg, awer traditionell an diachronesch orientéiert).

Niewent dem syntaktesche Modell, op deem all grammatesch Analys opbaut, muss och zweetens deen internationalen Hannergrond vun der linguistischer Recherche ervirgehuewe ginn. An dëser Hisiicht schéngt mäi Lieser komplett iwwerfuerdert ze sinn.

Dat läit dorun, datt hie warscheinlech zur klassescher traditioneller germanistescher Bonner Schoul gehéiert, wou d’Lëtzebuergescht am Fong nach als westgermaneschen Dialekt1 behandelt gëtt, deen eréischt viru kuerzem (1984) als eegen Nationalsprooch unerkannt ass ginn. D’Grënnung vun der Université du Luxembourg a vun den Études luxembourgeoises am Ufank vun de Joren 2000 hätt fir d’Lëtzebuergescht kënnen eng Chance sinn, fir nei Weeër an der Fuerschung anzeschloen. Leider awer ass dat kaum de Fall: Privilegiéiert goufe vrun allem Digitaliséierungsprogrammer, an no méi wéi zéng Joer ass de Constat, trotz dem Courage a Fläiss vum Personal, schliisslech dach enttäuschend.2

Wat d’Syntax ugeet, si mer – no de falschen Aussoen, déi versicht hunn, aner Étuden (notamment meng Thèse d’État iwwer déi Schengener Sprooch) ënner den Teppech ze kieren (d’Land, 08.06.2007: „Den éischten ass vir“; 13.07.2007: „Tatsaachen a Meenungen“) nach ëmmer bei der Erforschung syntaktischer Muster in den germanischen Sprachen. D’Haaptperspektiv ass nach ëmmer déi, Forschungslücken am Westgermaneschen ze fëllen an d’Bild der westgermanischen Verbcluster ze vervollstännegen.3

An dëser germanesch-däitscher Perspektiv gëtt d’Lëtzebuergescht zwar beschriwwen – awer net fir sech – mat alen traditionelle Begrëffer, déi kaum kritesch iwwerduecht kënne ginn, well se net nëmme fir d’Lëtzebuergesch, mä fir e ganze Block vu Sproochen geduecht sinn (an och wann d’Studenten dacks behaapten – tradition du laboratoire oblige! – si wären „déi éischt“, déi de Sujet net „am Rande“ an och net „rein introspektiv“ géi-fe behandelen. Bon. D’Fuerscher determinéieren hir Aarbechtsmethoden a Modeller, jee nom Kontext, zu deem si sech bekennen. Virwerfe kann een hinnen dat net. Si mussen nëmme kohärent bleiwen an och anere Methoden an Opfaassungen eng vläicht méi adequat Chance ginn.

Dat ass awer net de Fall hei zu Lëtzebuerg. Et gëtt vill syntaktesch Modeller, fir d’Formen an hirer Uewerfläch, mä och an hirer Déifestruktur z’analyséieren. Komesch ass et, datt hei am Land, souvill ech weess, beim Lëtzebuergeschen ni Rieds geet zum Beispill vu generativen an tranformationnelle Methoden, vun Dependanz-/Valenzgrammatik, vu weidere Konnexions-modeller oder weidere kognitive relativ informationsstrukturelle Muster. Mech wonnert et iwwerhaapt, datt ee Joerhonnert nom Ferdinand de Saussure sengem Ënnerscheed Synchronie / Diachronie, déi generell vun de Linguisten ugeholl gëtt, zu Lëtzebuerg (wéi zu Mainz a Bamberg) déi zwee Begrëffer nach vermëscht ginn. Mech wonnert et, wann ech héieren, datt a priori d’Syntax näischt mat der Semantik (Bedeitung, Bezeechnung, Sënn, Signifié) ze dinn huet, wéi mäi Lieser et schreift.

Méi wéi systematiséiert diachronesch Erklärungen brauch eis Lëtzebuerger Sprooch haut eng Beschreiwung, déi direkt Muster an Applicatiounen fir d’Léiere bereet hält. Wat d’Syntax betrëfft, sinn d’Wierder engersäits an d’Sätz anerersäits net méi d’Grondeenheeten, mä d’Funktiounsgruppen (d’Phrasen) iwwerhaapt: Déi sinn nëmmen iwwer eng semantesch Interpretatioun vun der sproochlecher Ausso oder vum Text erauszefannen. Formell ass et méiglech, d’Funktionéiere vun eiser ganzer Sprooch mat aacht syntaktesche Gruppen mat hire fërmlechen a semantesche Charakteristiken ze erklären. Dës Typologie läit eiser Lëtze-buerger Grammaire (Schortgen, 2012) zugronn.

1 En Zeechen dofir ass déi immens Plaz, déi dem Ënnerscheed tësche Mëndlechkeet a Schrëftlechkeet zoukënnt.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land