Neie PAG fir d’Stad Lëtzebuerg

Wéi eng Stad wëlle mir?

d'Lëtzebuerger Land du 02.09.2016

D’Stad Lëtzebuerg soll a muss en neie Bebauungsplang kréien. Vill Leit hunn dorunner vill geschafft, oft hiert Bescht ginn. Leider muss ech, als Gemengeconseillère, festhalen, datt d’Resultat mech déif enttäuscht huet.

Et geet hei net drëms, Oppositioun ze maache, well een an der Oppositioun ass, dofir ass de PAG ze vill e wichtegt Instrument. Ech muss awer bedaueren, datt de Schäfferot et verpasst huet, mam neie Bebauungsplang sech d’Instrument ze ginn, fir wierklech en Zukunftsbild vun der Stad opzezeechnen, dat fir méi Liewensqualitéit suergt. Et gesäit esou aus, datt weider d’Promoteure bestëmme, wéi d’Stad an Zukunft ausgesäit, datt de Wuesstem un Aarbechtsplazen an der Stad einfach weidergefouert gëtt, an datt d’Stad lues awer sécher am Verkéier erstéckt. Et solle vill nei Wunnenge bäikommen, seelen awer där fir Leit mat mëttlerem a klengem Akommes. D’Ofholze vum Schoettermarial um Kierchbierg kann als Symbol déngen, wéi wéineg d’Natur zielt, wa Wunntierm kënne gebaut ginn. De PAG vun der Stad Lëtzebuerg berout op Statistiken an Diagrammer, wéi d’Zuel vun den Awunner an den Aarbechtsplaze wiisst. D’Fro, wéi eng Stad wëlle mer, ass dobäi net gestallt ginn!

D’Opstelle vun engem Bebauungsplang – de PAG oder Plan d’aménagement général – ass eng vun de ganz groussen Aufgabe vun enger Gemeng. De Plang soll d’Richtung festleeën, wéi a wou d’Gemeng an deenen nächste Joerzéngte wuesse kann a wuesse soll, an huet dobäi och d’Aufgab, déi bestoend Substanz ze schützen. De PAG mat sengem Bauperimeter an der Beschreiwung vun de Quartieren an Dierfer ass fir all Gemeng wichteg. De PAG vun der Stad Lëtzebuerg, der Haaptstad vum Land, huet awer sécher eng enorm Bedeitung, déi iwwert d’Grenze vun der Gemeng ewech geet.

Déi verantwortlech Politiker vun der Stad Lëtzebuerg hunn sech dëser Aufgab ugeholl. D’Majoritéit huet dobäi op de Rot an op vill Aarbecht vun de Gemengeservicer an externe spezialiséierte Büroe gezielt. Si huet spéit, ze spéit, an trotz ville Stonnen dach am Hauruckverfahren, probéiert, déi politesch Oppositioun an d’Prozedur anzebannen. Dobäi war d’Zäit ze kuerz an de Wëlle vun der Majoritéit ze kléng, fir op konstruktiv Virschléi vun der Oppositioun anzegoen. Als provisorescht Resultat hänke vill faarweg Kaarten un de Maueren an et leien déck Dossiere voll Beschreiwungen, Reglementer an Annexen um Büro. Esou wéi d’Gesetz et virgesäit, konnten d’Bierger no engem éischte Vote d’Pläng agesinn – och hei war d’Zäit vill ze kuerz – an dës hu vill Reklamatiounen era ginn. D’Zoustëmmung vun der ADR beim definitive Vote zum PAG wäert wesentlech dovunner ofhänken, op wéi eng Aart a Weis d’Majoritéit mat de Reklamatioune vu de Bierger ëmgeet. E klengt Beispill fir vill anerer: Firwat ginn an der Millebaach Wunnzonen an „Zones de jardin“ ëmklasséiert, ouni mat de Betraffenen doriwwer ze schwätzen?

Och als Oppositiounspolitikerin gestinn ech gären zou, datt den zukünftege Bebauungsplang positiv Elementer huet. Dobäi wëll ech d’Protektioun vum historesche Patrimoine ervirsträichen. Méi Haiser, a besonnesch méi Deeler vun eelere Quartieren, solle geschützt ginn, fir do, wou et sënnvoll ass, d’Bild vun eiser Stad ze erhalen. Déi Aarbecht ass schonns virum Ausschaffe vum neie PAG ugefaange ginn, oft méi am Detail a mat der néideger Rou. Datt de Schutz vum Patrimoine am PAG festgehale gëtt, ass awer eng gutt Saach. Fir datt den Denkmalschutz awer vu Jiddwerengem akzeptéiert gëtt, zielen ech op deen néidegen Dialog mat de Betraffen. De längere Kampf fir d’Erhale vum Haus Bourg-Gemen um Lampertsbierg, deen zum Gléck gutt ausgaangen ass, weist, datt déi politesch Majoritéit aus der Stad nach vill muss bäiléieren fir historesch Gebaier ze erhalen, an datt d’Opmierksamkeet vun de Bierger weider gefrot bleift.

Gréngs, Hecken a Beem fanne glécklecherweis och hir Plaz am PAG erëm. Wann awer d’Beem, an esouguer komplett geschützten Zonen, de Pläng vum blo-grénge Schäfferot am Wee stinn, da gëllt den Naturschutz net méi! Dat beschte Beispill ass hei den Tram: fir de Schapp muss eng „Habitat­zone“ Plaz maachen, um Glacis gëtt d’Bamallée zum Doud transplantéiert. Op der Cloche d’Or gëtt, fir den Tram an e Stadion, eng vun de leschte Gréngzone geopfert, déi als Pufferzone gréisser Urbanzentre sollt trennen.

Fir den Tram däerf een alles, en ass jo – wann een dem Schäfferot wëllt gleewen – dat Mëttel, wat all Transportproblemer an der Stad léist! Leider ass dat net esou, de Contraire ass wouer. Elo schonns, wou déi éischte Schinne geluecht ginn, erstéckt d’Stad an de Schantercher. De Reseau vum Bus ass schonns elo staark verschlechtert ginn (frot zum Beispill d’Leit vu Bouneweg, déi ganz vill Benotzer um fréieren „Hamilius“ oder um Boulevard Kennedy). D’Bussen däerfen d’Nei Avenue net méi benotze, wann do eemol den Tram fiert. Op d’Fro, wéi an d’Zukunft de Reseau AVL ausgesäit, kann oder wëllt de Schäfferot keng Äntwerte ginn. Dobäi misst dach de Plang vum ëffentleche Verkéier eng zentral Roll am PAG spillen!

Dat selwecht gëllt fir d’Mobilitéit am allgemengen, a fir den Autosverkéier am besonneschem. De Schäfferot beméit sech, mat vill Pläng an oft ganz deieren Etuden, ëm déi douce Mobilitéit: Foussgänger a Vëlosfuerer. Dat ass gutt esou, a misst nach besser am PAG berécksiichtegt ginn. Aus reng ideologesche Grënn gëtt awer wéineg bis guer näischt fir d’Automobiliste gemaach. Dobäi steet awer fest, datt wann d’Zuel vun den Awunner a besonnesch vun den Aarbechtsplaze wiisst, och méi Autosver-kéier opkënnt. Dëst ass och am Fall wa proportional méi Leit op den ëffentleche Verkéier ëmklammen. Bei de Virbereedunge vum PAG ass en Dokument opgedaucht, wat eigentlech de Verkéierskollaps vir­ausseet, dëst esouguer um zukünftege Boulevard de Merl – deen nach net gebaut ass. Ähnlech düster Zeenarien, wat d’Kräizungen ubelaangt, gouf et bei den Etuden zum Tram.

Genau esou wéi fir déi douce Mobilitéit brauch d’Stad e Plang fir den Autosverkéier, am beschten e gesamte Plang fir all Mobilitéit, deen ouni ideologesch Scheiklappen opgestallt gëtt. D’ADR gëtt ës net midd, esou e Plang unzefuerderen, stéisst awer leider ëmmer nees op daf Oueren! Prioritéit fir den ëffentleche Verkéier, u sech eng gutt Saach, däerf net esou wäit goen, datt den Individualverkéier onméiglech gemaach gëtt. E PAG ouni e Gesamtkonzept fir d’Mobilitéit ass ganz einfach kee PAG, deen dësen Numm verdéngt!

Dobäi kennt de „Parkplazmanagement“, deen de facto op enger Reduzéierung vun de private Parkplaze fir Wunnen oder Aarbechtsplaze berout. An Zukunft gëtt eng privat Parkplaz an der Stad zu engem Luxus. Och hei froen ech mech: Wëllt de Bierger dat?

Wann d’Stad Lëtzebuerg manner Verkéier wëllt, oder wann de Wuesstem vum Verkéier, d’Zuel vun den Autoen an de Parkplaze soll gebremst ginn, da muss den Zukunftsplang PAG kloer Aussoen iwwert d’Zuel vun Aarbechtsplazen an der Stad uginn. Da muss d’Politik sech zumindest planeresch a juristesch Mëttele ginn fir datt hei d’Politik an net de Promoteur eleng decidéiert. Och am Sënn vun enger gesonder Landesplanung géif et héich Zäit, wann d’Stad géif mat aneren „Aktivitéitszentren“ d’Zuel vun den Aarbechtsplaze gerecht verdeelen. Op dësem Punkt verseet de PAG komplett, de Schäfferot hält sech un d’Prognose vum Wuesstem vum Statec, ouni déi klengste Versich, hei anzegräifen.

Och bei der Evolutioun vun der Awunnerzuel oder der Zuel vun de Wunnengen schéngt et esou, wéi wann déi Stater Politik sech wéilt komplett eraushalen. Och hei sinn d’Promoteuren Här a Meeschter, an zumindest an den neie Quartiere wäerte Wunntierm wéi Champignone wuessen. Och d’privat Promoteure gi gebraucht, fir de Wunnengsprobleem an der Stad an dem Land ze léisen. Dëst muss awer an engem verstännegen Dialog mat alle Concernéierte geschéien. Fir mech als ADR-Conseillère ass kloer: mir brauche méi Wunnengen, och an der Stad, dëst och fir den Drock op d’Präisser – beim Kaf oder beim Lounen – ze meeschteren. Leider seet de PAG wéineg bis guer näischt aus, wéi vill a wou de „sozialen“ oder „à coût modéré“-Wunnengsbau soll nei Plaze fannen. Et ass mer och opgefall, datt net eng eenzeg Plaz aklasséiert ass fir ëffentlech Gebaier wéi Alters- a Fleegeheemer. De soziale Gedanke feelt komplett am neie PAG!

Et gëtt, esou ze soen um Wupp vum Kierchbierg, e gréissert Areal, op deem déi blo-gréng Majoritéit ka weisen, wéi se mam Bierger ëmgeet. D’Äntwert op de Bierger hir Bedenken an Ängschte ronderëm dem Schoettermarial wäert och weisen, wéi soss an der Stad den neie PAG wäert ëmgesat ginn. Lues awer sécher huet sech dëst Géigend, déi wuel als Wunnzone ausgewise war, an e klengen Naturpark verwandelt, mat Bësch, rare Planzen an Déieren.

Schoettermarial ass, an der aktueller Versioun, dat Beispill wéi eng Gemeng alles ka falsch maachen! Obschonns der Gemeng en Deel vum Terrain ge­héiert, soll elo do d’Gréngs Plaz maache fir eng ronn 500 Wunnengen an Tierm vu bis zu zéng Stäck. Den neie Quartier läit an enger Sakgaass, den Individual­verkéier misst sech duerch Schläichweeër schlängelen, ier en op eng Haaptverkéiersachs kënnt, an et gëtt schwiereg, Schoettermarial effikass un den ëffentleche Verkéier unzebannen.

D’Gemeng muss hei e Wee fannen, fir mam Promoteur eens ze ginn – zum Beispill iwwert den Echange vun Terrainen – fir esou vill wéi méiglech vum Gréngs ze erhalen. Wann da misste Wunnenge grad op där Plaz gebaut ginn, mussen déi sech dem Rescht vum Plateau upassen, an der Héicht an an der Dicht.

Um Beispill Schoettermarial muss de Schäfferot kloer Faarf bekennen, wéi et muer an iwwermuer an der Stad Lëtzebuerg mat der Liewensqualitéit ausgesäit. Si Wunntierm méi wichteg wéi d’Natur? Ass et méiglech, datt et zu Accorde mat Proprietären a Promoteure ka kommen, déi och d’Interessie vun der Allgemengheet respektéieren? Huet d’Politik, dat heesch d’Vertrieder vum Vollek, dat lescht Wuert bei der Gestaltung vun der Stad?

Als ADR-Conseillère wäert ech den Dossier Schoettermarial ganz besonnesch am A behalen. D’Decisioun fir oder géint deen neie PAG beim Vote am Gemengerot wäert wesentlech dovunner ofhänken, wéi de Schäfferot op dësem Punkt reagéiert. Nach vill léiwer hätt ech, datt de PAG nach eemol ganz op de Leescht geholl gëtt, nodeems mat den Awunner d’Fro gekläert wier: wéi eng Stad wëlle mer?

D’Marceline Goergen ass Gemengeconseillère vun der Stater ADR.
Marceline Goergen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land