Prepositionalgruppe

Prepositioune viru Länner, Lokalitéiten a Géigenden

d'Lëtzebuerger Land du 02.09.2016

Kloer! Wann eng Fro iwwert d’Sprooch didaktiséi-ert muss ginn, da geet dat net ouni Vereinfachungen an och net ouni Präzisiounen – zwou Verännerungen, déi sech bestëmmt net ausschléissen. Sinn d’Sproochelementer (wuertgrammatesch ausgedréckt) dann och nach Prepositiounen an (an der Perspektiv vun enger Gruppesyntax) Prepositionalgruppen, dann heescht Vereinfachung net nëmmen, datt vag Ëmfroen a méideiteg Klassifikatioune mussen evitéiert ginn1, mee och datt d’Klasse ganz präzis definéiert sinn an, besonnesch, datt déi verschidde Verhältniswierder an hirem semantesche Gebrauch beschriwwe ginn.

Aus dëser Perspektiv kënnen dräi Zorte vu Prepositionalgruppen ënnerscheet ginn. Dat si fir d’éischt déi Gruppen, wou d’Prepositioun déi semantesch Basis (dat heescht de Parameter, d’Portioun, den Deel) vum betraffene geographesche Membre-Repère am Nominalgrupp ass2.

Ëm dës Prepositionalgruppe geet et a mengem Zoom vun haut. Hir Analys implizéiert 1) datt e puer Charakteristiken (Genus, Artikelgebrauch) vun de geographeschen Nimm vu Länner, Lokalitéiten a Géigenden ënner d’Lupp geholl ginn; 2) datt déi véier traditionell ubi (wou?)/ quo (wuer?)/ qua- (wouduerch?) an unde- (wouhier?) Relatioune vun de markéierte Kasussen (Akkusativ/Dativ) ënnerscheet ginn, an 3) selbstverständlech, datt déi kontextuell Semantik vun de Prepositiounen a vun de nominale Membergruppe genee detailléiert gëtt3.

D’Bezeechnungen („d’Nimm“) vu Länner, Lokalitéiten a Géigenden si formell einfach, derivéi-ert, composéiert oder symbolesch Nominalbasissen: déi meescht sinn „Eegennimm“. Vill hunn och als Numm e Composé (vrun allem d’Zesummesetzunge mat -land). Oder et sinn divers Komplexer, déi als semantesch symbolesch Denominatioune funktionéieren, vun deenen een Deel de lokale „Parameter vun der Prepositioun“ erkläert (cf. zum Beispill „Dall“ an: am Pafendall, a Clausen, „Bierg“ an: op dem/um /om Kierchbierg, um Zolverknapp).

Zweetens ass de Genus an den Artikelgebrauch bei ville geographeschen Nimm wichteg. Sou sinn déi meescht Lännerbezeechnungen a Lokalitéiten Neutrum a se ginn als Eegennimm ouni definit Artikel („mam Ø-Artikel“ § 199 in: Lëtzebuergesch Grammaire: Lëtzebuerg) gebraucht (awer referentiell: dat aktuellt Lëtzebuerg; een aalt Lëtzebuerg). Eng Rei geographesch Nimm stinn zwar am Maskulin (den Iran, de Libanon), Feminin (d’Belsch, d’Schwäiz), Pluriel (d’Bahamas, d’Seychellen). Awer déi allermeescht Nimm, déi net Neutrum sinn, ginn obligatoresch mam Artikel gebraucht. Och eng Rei, déi Neutrum ass, huet den definiten Artikel: d’Elsass, d’Éislek. Heiansdo gëtt et zwou Méiglechkeeten de Maroc/Marokko, d’Corse/Korsika oder zwee verschidde Wierder: Frankräich (ouni Artikel: a Frankräich), Frank-räich (Composé mat Artikel: am Frankräich).

Den Ënnerscheed tëschen den Nimm vu Länner, Lokalitéiten a Géigenden „mam Ø-Artikel“ engersäits a mat referentiellen Determinantien (dat, Epithète) anersäits besteet doran, datt verschidde Prepositioune gebraucht ginn, wann de Preposi-tionalgrupp an eng statesch ubi (wou?) oder eng dynamesch quo (wuer/wouhin?)-Relatioun agebonnen ass (Sproocherubriken 2013: „op, zu, an & Co“, n° 89). Déi lokativ Relatioun gëtt mam stateschen zu + K2 (Dativ) virun den Nimm vun de Lokalitéiten ouni Artikel ausgedréckt: si wunnen zu Tréier/zu Paräis/zu Schengen/zu Lëtzebuerg, andeems d’Richtungsrelatioun mam dynameschen op + K1 (Akkusativ) markéiert gëtt: si fueren op Tréier/op Paräis/op Schengen/op Lëtzebuerg. D’Struktur zu + K2 (Prepositioun a Kasus Dativ) gëllt als Kopräsenz- oder Zouuerdnungs-Parameter, iwwerdeems d’Struktur op + K1 (Prepositioun mat Kasus Akkusativ) als einfach direktiv interpretéiert gëtt4.

Dogéint misst mat den Nimm vu Länner a Géi-gende mat oder ouni Artikel d’Prepositioun an gebraucht gi mam K1 fir déi dynamesch Richtungsrelatioun (Wuer/wouhin?) oder mam K2 fir déi statesch Lokalrelatioun (Wou?): Si fueren an Däitschland/an d’Belsch/an d’Schwäiz/a(n d’) Frankräich/an d’Éislék… Si wunnen an Däitschland/an der Belsch/a(m) Frankräich/am Irak/an den USA/ am Éislék/ an der Provence. Dat stëmmt jo och. Mä bei der Analyse vun de Prepositionalgruppen dierfen déi semantesch Parametere vun de Prepositiounen net vergiess ginn5. An bedeit, datt et sech ëm de Banneparameter vum Repère handelt an datt de Prepositonalgrupp (Repère mam Parameter) entweder als Positioun (K2: ubi-Relatioun) oder als Zil (K1: quo-Richtung) dohigestallt gëtt. De System ass dee vun deene 14 Wiesselprepositiounen: se hunn all hire semantesche Parameter an d’Kasussen Dativ an Akkusativ gi funktionell eng Positioun oder Richtung un6. No all deene Prepositioune kënne jo och geographesch Nimm stoen: bei/niewen(t) Mondorf, virun/hanner/ënner Réimech…

D’Qua-Relatioun (Wouduerch?) referéiert op e lokale Repère, dee „passéiert“ gëtt (a wa queesch ­duerch, dann hu mer ue(ch)ter + K1). Si huet och hiren allgemenge prepositionalen Ausdrock duerch + K1 (dynamesch). Kënnt e kontextspezifesche Sem derbäi, da ginn aner Prepositoune gebraucht, dacks a Verbindung mat enger Verbpartikel. Zum Beipsill (cf. Lëtz. Gram. § 298) fir verschidde „Passage“-Relatiounen: Mir fueren iwwer (= via) Metz (fir) op Lëtzebuerg. D’Leit komme vun Nennig iwwer d’Bréck (K1) eriwwer. D’Wäsch hänkt iwwer d’Gelänner (K1) erof. Da muss de zu Tréier ënner der Bréck (K2) duerch riichtaus ­fueren.

D’Unde-Relatioun (Wouhier? Vu wou?) stellt d’Fro no der Origine. Déi didaktesch Regel „aus fir Länner, vun fir Stied“ ass falsch. Den allgemenge Sem vun der „Hierkonft“-Relatioun muss vum spezifesche semantesche Sem vum Member ënnerscheet ginn. Vun dréckt generell den Zesummenhank (Trennung, Opdeelung) aus, grad wéi op + K1 den Direktiv, zu de Lokativ an duerch d’qua-Relatioun ausdrécken. Kënnt awer deen dacks am Member implizéierte Sem derbäi, da kann d’Prepositioun sech änneren, zum Beispill an fir Stad, -land, -dall (Banneparameter), um/om/op der („iewescht Fläch“) fir Bierg, Belair, Cents, Glacis.

1 Vill ze vag sinn déi meescht Prepositiounstabellen an Ëmfroen, well déi semantesch Kontexter (vun de Parameteren a vun de Repèren) dacks net genuch mat agebaut sinn.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land