Zoom op d’Sprooch

Partizipen … a gelungener Behandlung

d'Lëtzebuerger Land du 26.04.2019

Bestëmmt erwaart Der an dësem Zoom ee méi oder manner vollstännegen Exposé vun de lëtzebuergesche Partizipformen an hire verschiddene Funktiounen1. Do wär da rieds fir d’éischt vum Partizip I (Partizip Präsens), vum prozessuelle „Kursiv-Partizip“, dem säi Marker haut -(e)nd ass, sech awer historesch op e puer vereelzt Wendungen (ouni -d-, och am Genitiv -n[d]s) reduzéiert2.

Da géif – quantitativ méi wichteg – de Partizip II (Partizip Perfekt, „Vollzogen-Partizip“) behandelt mat senge verschiddene Markeren: mat oder ouni ge- (gesicht, komm), mat Endung -t-/-en (gejaut, gestridden) oder -Ø (zerrass)3. Besonnesch seng Funktiounen an de Verbalkomplexer (fir de Partizip II am Perfekt an am Passiv oder als Kär vun enger Partizip-II-Grupp) wären ze präziséieren a méi reng ze analyséieren, wéi dat global an enger Schoulgrammaire4 ënnerholl ka ginn.

Dofir wëll ech hei an dësem Zoom och nëmmen dräi Zorte Partizipien aus hirem Kontext eraushuelen, fir ze weisen, datt déi verschidde linguistesch Methoden, mat deenen op der Uni esou Beispiller behandelt ginn – meescht partiell, heiansdo och am Verglach –, gelungen a souguer kontradiktoresch sinn.

Déi éischt Rei vu Beispiller besteet aus Partizip-I (-Gruppen), déi aus dem Däitschen transferéiert si, wéi: Fir d’éischt hu mer giess, dorun uschléissend gouf gedanscht; Domat ofschléissend kann ee soen, datt mer der Léisung ee Stéck méi no komm sinn. Nostoend fannt Der e puer Suggestioune fir Är Argumentatioun. Si funktionéiere wéi rhetoresch Textkonnekteren (cf. och d’Adjektiver folgend / kommend), hunn d’Form (de Signifiant) vun engem Partizip I a ginn och dacks aus enger syntaktesch-semantescher Siicht feelerhaft (mat verschiddenem logesche Sujet) agesat.

An den éischten 2000-er Joer zum Beispill goufen déi Zort jounalistesch Wendunge vun engem Universitéits-Professer als „falscht Lëtzebuergescht“ refuséiert an engem Bäitrag, dee weise wollt, wéi déi nei Luxemburgistik (besonnesch op der Uni5 Lux) de Gebrauch vun eiser Sprooch kéint verbesseren. Ech weess net, ob den Auteur vun dësem Artikel (ee Geschichtsprofesser) haut no iwwer 15 Joer besser ausgerüst wier, fir z’erklären, wat en einfache Partizip I vun enger echter Partizip-I-Grupp (mat eegenem Sujet) ënnerscheet. Ech kann awer behaapten, datt et haut net méi duergeet, wann ee Morphologie a Syntax (am traditionelle Sënn) auserneenhält, fir déi rhetoresch-textuell a funktionell Adäquatioun vun engem adjektiveschen oder adverbiale Partizip-I-Beispill ze beuurteelen. Eng Argumentatiouns-Grammaire an eng Kontext-, relativ Diskursgrammaire folgen net deeselwechte kognitive Argumentepied wéi eng Saz-Dependenz- oder Valenz-Grammaire6. Iwwregens gëtt weder d’Valenz-Grammaire nach d’Diskurs- an d’Text-Grammaire extra an der Luxemburgistik vun haut agesat.

Eng zweet Rëtsch vun (dës Kéier) Partizip-II-Formen ginn zum Beispill haut direkt als Objet vun enger Schnëssen-Enquête iwwert d’Frequenz vun de verschiddene Varianten ënnersicht. Sou zum Beispill am Adventskalenner [24. Dier]: Huet et hënt „ugefaang“ oder „ugefaangen“ mat schneien? Am Extrait ginn et Variante fir d’Wuerzel-Vokaler (aa/o/u), d’Partikel (u/a) an de Suffix (en/-Ø): (u/a)gefaang-en/Ø, (u/a)gefong-en/-Ø, agefung-en/-Ø. D’Form ugefaang (56 Prozent ouni de Suffix -en) schéngt méi heefeg beluecht wéi d’Form ugefaangen mat -en7.

D’Varianten-Erhiewung vum Partizip Perfekt mat der Schnëssen-App geet awer och an enger anerer Etüd vum Peter Gilles aner Weeër: „Morphophonologie des Partizips II im Luxemburgischen“ in P. Gilles / M. Wagner, Linguistische und soziolinguistische Bausteine der Luxemburgistik (Peter Lang, 2011) gëtt am Fong als Musteretüd virgestalllt, „als Baustein einer in großen Teilen noch zu erstellenden wissenschaftlichen Grammatik des Luxemburgischen, in der neben der synchronen Gebrauchsnorm sowohl die historische Genese als auch variations- und soziolinguistische Steuerungsmechanismen berücksichtigt werden müssten“. D’Etüd ass komplex, mee methodesch intressant: Si geet zugläich der synchronescher Gebrauchsform no, och der historescher Genese, a berücksichtegt diachron Varianten a soziolinguistesch Steierungsmechanismen.

Ee Sproochproduktiounsexperiment (273 Participanten, 52 Verben Présent à Passé composé) gëtt an der Etüd matverschafft, fir d’Variatioun am Lëtzebuergeschen ze erfaassen. Et kéint een denken, datt d’Varianten-Erhiewung vum Partizip II iwwer d’Schnëssen-App eng ähnlech Roll spillt wéi d’Sproochproduktiounsexperiment an der Gesamtetüd. Fir d’Verb ufänken ass déi heefegst Form ugefaang (56 Prozent ouni -en), mee an der Lëscht um Enn vum Artikel ass d’Standardform ugefaangen (mat -en) awer och fir 40 Prozent méiglech uge­faang mat Schwa- an -N-ausfall.

1 Cf. F. Schanen/ J. Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 2012), Chap. 17

2 Cf. kache Waasser, kraache Kare, fléisse Waasser, stoes Fouss, laaches Monn(d)s; cf. Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire (Schortgen, 2012) § 229

3 Cf. Lëtzebuergesch Grammaire, Chap. 17, §§ 232-236

4 Cf. Lëtzebuergesch Grammaire, Chap. §§ 239-240

5 Cf. Lëtzebuergesch, Universitéit a Recherche, in: Cycle de conférences: Quo vadis? (s.d.) 107-119

6 Leider huet déi deemools vum Cl. Moulin programmatesch annoncéiert Syntax weder zu enger Valenz-Grammaire, nach zu enger Diskurs-Grammaire, nach op iergendwellech textuell Argumentatiouns­- pied gefouert!

7 Cf. Nathalie Entringer, Infolux Uni.lu. Auswäertung vum 24.12.2018

François Schanen
© 2019 d’Lëtzebuerger Land