D'Zuelen an de Numerus

Quantitéit(en)

d'Lëtzebuerger Land du 24.05.2013

Wa vun een(t) an zwee Rieds ass – wéi a mengen zwou leschte Rubriken (cf. d’Land, 29.03.2013 an 19.04.2013) – da geet et ëm Zuelen awer och ëm d’Kategorie vum Numerus. Déi zwee – d’Zuelen an de Numerus – hu selbstverständlech eppes mat der Quantitéit ze dinn. D’Fro, déi ech haut stellen, ass, wéi d’Quantitéiten am Lëtzebuergeschen ausge­dréckt ginn. Dobäi wëll ech och op déi verschidden Ënnersichungsperspektiven (Form, Funktioun a Bedeitung) hiweisen, déi dat modernt onomasiologescht1 Beschreiwungsinstrument viraussetzt.

Een, eent, eng mat sengen Deklinatiounsformen a senger Flexiounsreduktioun funktionéiert 1) als Nominalbasis: eng Eent ass besser wéi eng Sechs; 2) als betount Zuel- an onbetount Artikelwuert: Si hunn nëmmen ee Kand vs. Si hunn e Kand; 3) als pronominaliséiert Zuelwuert: Ech liesen ee Buch / ee Roman / eng Serie = ech liesen eent / een / eng; 4) als pronominaalt Adjektiv-Epithète, dat „aneren“ ka géint­iwwer gestallt ginn: Déi eng ware blo, déi aner rout; an zu gudder lescht och 5) als Signal fir en approximativen Ensembel vun Entitéiten: Si waren zu enger drësseg. Wéi eng Liewensbedingunge sinn do néideg?

D’Terminologie fir d’Wuertklasse ka sech änneren, déi funktionell Bedeitunge vun een bleiwen déiselwecht: een ass engersäits en Ausdrock vum Numerus Singular (am Plural hu mer da minimal dat „partitiivt“ Ø: e Kand / Ø Kanner); anerersäits, aus enger semantescher Perspektiv, selectionéiert een(t) een Exemplaire oder eng gewëssen Zort vu qualitativen Exemplairen an enger Klass oder Serie vu Klassen, relativ Ënnerklassen: een Heft, ee blot Heft, Ø Gedold, eng wonnerbar Gedold? Ø  Zocker? brongen Zocker.

Déi aner Kardinolzuele vun zwee un (oder vu béid un fir en Ensembel vun zwou Entitéiten2), si bei „zielbaren“ Nominalbasissen un de Plural gebonnen: zwee / zwou bleift, wéi an der Rubrik vum Land 29.03.2013 gesot gouf, verännerlech trotz sengem Flexiounsofbau (zwéin). Dräi awer gëtt et nëmmen nach an enger anerer Form: zu drëtt. Prinzipiell gi komposéiert Kardinolzuelen zesummegeschriwwen: dräihonnertdräiandrëssegdausenddräi­honnert Euro. Awer Honnert, Dausend, Mil­lioun, Billioun a Milliard sinn Nominalbasissen: Op der Welt gëtt et Milliarden aarm Leit oder als Deel vun enger partitiver Struktur : Dausende vun aarme Leit oder: D’CSV fält ëm 2 Punkten op 32 Prozent vun de Leit, déi hir am meeschte vertrauen.

Geet et ëm en Ensembel vun „zielbaren“ Entitéiten, da gëtt déi voll Gesamtheet mat Quantore wéi all, alleguer, ganz, sämtlech ausgedréckt oder am Detail iwwert déi Eenzelelementer mat jiddwer / jidder: All Ufank ass schwéier. All hir / Hir sämtlech Frënn waren do. Hir Frënn waren alleguerten do. Hie war mat sengem ganze Personal do. All / Jidder / Jiddwer Mënsch. Bei aller (= Zort) Rou a Gedold. Dogéint gëtt eng eidel Gesamtheet mam Negatiounsartikel oder -pronom keen / keng markéiert: Si hu keng Kanner. Kee Mënsch / Kee weess dat. Mir hu keng Anung. Awer wann d’Basis e nominaliséiert Adjektiv am Neutrum ass, da gëtt déi eidel Gesamtheet mat näischt signaliséiert an déi voll minimal mat eppes: Hues de näischt / eppes méi Flottes ?Wëlls de näischt Aneres / Anescht(es) ?

Quantoren, déi op en Deel vun engem Ensembel hiweisen, si selbstverständlech fir „zielbar“ Entitéi­ten d’Kardinolzuelen, awer och Determinantien, déi Ënnergruppe selectionéieren, wéi e puer (indefinit) / déi puer (definit), (en) etlech (onbestëmmt) / déi etlech (bestëmmt), (déi) verschidden / (déi) gewëssen, munnech / munch (onbestëmmt), d- meescht (bestëmmt). Vill, wéineg, ze vill / ze wéineg, e bësschen / bëssen, wéineg / eppes, allerhand an allerlee (déi zwee lescht Determinantie sinn onverännerlech) ginn och mat „onzielbare massive“ Basisse gebraucht, déi normalerweis net am Plural fonktionnéieren: allerhand Wouscht, allerlee Duerchenaner. Bréch (een Drëttel, dräi Véierel, en Dausendstel) sinn och Quantitéiten, iwwerdeems d’Ordinolzuelen, trotz hirem Numm „Numerale“, éischter op eng Reie­folleg oder e Rang hiweisen (éischt-, zweet-, drëtt-, fënneft …).

Leschten Enns hu mer dann nach déi sougenannt Moosseenheeten, déi meeschtens am Kader vun der nominaler Pluralbildung behandelt ginn3. 1) No enger Zuel behalen d’Mooss- an d’Quantitéitseenheeten am Maskulin an am Neutrum hir Singularform: net emol fir fënnef Su; zéng Pond / Kilo Äppel; zwanzeg Grad Keelt; zwee puer Strëmp; dausend Euro / Frang; siwen Hektar Land; eng Equipe vu 20 Mann. 2) Am Feminin no enger Zuel, déi méi grouss ass wéi 1, steet de Mooss-a Quantitéitssubstantiv am Plural: annerhallef Tonnen; zwou Woche Vakanz; dräi Fläsche Béier; dräi Zorte Leit; zwee Dosen Eeër, awer zwou Hand voll Mënz, zéng al D-Mark … 3) Wann d’Quantitéitsnomina am Maskulin an am Neutrum net direkt op eng Moosseenheet, mä nëmmen indirekt iwwert e Behälter, eng Form oder eng Mass op eng Quantitéit referéieren, da kann no Zuelen, déi méi grouss si wéi 1, och de Plural stoen: 3 Glas / Glieser Wäin; dräi Patt / Pätt Pinot; e puer Strapp / Sträpp Musek; zwee Heeder Zalot; zwee Dëppercher Ram, zwéi Käpp Knuewelek.

Onomasiologesch ass an der Lexicologie de Wee, dee vun den „Onoma“ (vun der Bedeitung vun de „Nimm“) op déi formell Zeechen („Seima“) hi féiert. Deen ëmgekéierte Wee ass dee vun der „Semasiologie“, dat heescht vun de formellen Zeechen hin op d’Begrëffer. Fir d’Quantitéiten, cf. Schanen/Zimmer: Lëtzebuergesch Grammaire, Schortgen, 2012, §§ 184-206.
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land