Theater

Tschechow als Rëppegestell

d'Lëtzebuerger Land du 03.05.2019

Sech un den Tschechow ze woen, wat fir eng Hybris! De Greische Pol (*1930) huet den Tschechow sai Liewe laang als Auteur bewonnert, ma en huet bis un d’Enn vu senger Schrëftstellercarrière gewaart, éiert en 2003 Kiischtebléie geschriwwen huet – éischter eng Adaptatioun oder Forsetzung wéi eng reegelrecht Iwwersetzung. De Ian De Toffoli (Joergang 1981) huet sech éischter prett dofir gespiert an, no sengem Rumpelstilzchen, elo dem Tschechow seng Dräi Schwësteren (1901) fräi iwwersat an iwwerschafft. D’Daliah Kentges, dat een als effikass Regieassistentin kennt, inzenéiert – et ass seng éischt Regieaarbecht.

Direkt wann een d’Bühnebild vum Anouk Schiltz gesäit, versteet een d’Intentioun vum Auteur an der Regisseurin: Hei ass all Dekor op e Minimum reduzéiert, d’Miwwel si geschrumpft, aner Accessoiren aus Drot just an der Form ugedeit – d’Buch, d’Socketten oder de Slip –, leien op engem wäisse Buedem. D’Gebuertsdagsparty gëtt mat engem Loftballech an enger Girlande symboliséiert, d’Familljerelatioune mat engem Fotokader. Et goung deenen zwee ganz offensichtlech drëm, dem Tschechow seng Geschicht op de Minimum erofzestiliséieren: d’Gespréicher tëscht deenen dräi Schwësteren iwwer déi dräi Joer, wou och den Tschechow se situéiert, an hire Constat, datt se hier Jugend verhonzt hunn, hier Dreem verpasst an hier Liewe verläscht sinn.

Dem Ian De Toffoli seng dräi Schwëstere versuppen och an der Provënz, hei ass et Lëtzebuerg, mä si dreemen net vu Moskau als Groussstad, wou se glécklech waren, mä vu Berlin. Do hu se gelieft, allen dräi, do ware se glécklech – wei den Auteur selwer, deen zejoert eng Résidence am Literarisches Colloquium hat? Si sinn heem komm, well hire Papp krank war – an och no sengem Dout komme se ni méi fort.

Dräi Schwësteren ass e Stéck iwwer d’Verlaangeren – Sehnsucht soen déi Däitsch – no anzwousch anescht, mä och no engem anere Liewen. Et ass eng Geschicht iwwer d’Kléngbiergertum, wou déi Kreativ aginn wéi Planzen, well et hei näischt ze schreiwe gëtt (stellt d’Olga batter fest), wou d’Léift d’Houchzäitsnuecht knapps iwwerlieft (huet d’Masha mussen um eegene Leif erfueren) an den humanitären Idealismus um administrativen Opwand bei den ONGe scheitert (wei d’Irinia et erlieft). De Brudder Änder hat akademesch Ambitiounen, mä verléiert sech dono an engem spiesseche Liewen als Staatsbeamten, dat de Schwësteren net schmaacht – besonnesch net sëng wéischt Fra Natascha.

De Ian De Toffoli benotz all seng Stécker fir eng Kritik u Lëtzebuerg – beim Rumpelstilzchen a beim Tiamat zejoert am Dierfgen war et zum Beispill d’Finanzplaz an hier dubiéis Moral, dës Kéier geet et ëm de Wuelstand, an deem Lëtzebuerg seng Jugend ersëfft, wéi si sech da just nach nokucken, wéi se méi fett, méi verschëlt a méi onzefridde ginn. Hien hat et déck do sëtzen, vläicht ass sou munch Observatioun och autobiographesch: d’SUVen, de sozialen Drock, déi onglécklech Koppelen, d’Obsessiou vun den Handyen, alles wat een esou a sengem Ëmfeld ka feststellen an deem Alter, kënnt op d’Tapéit. Kann een op der Aarbecht glécklech ginn? Lieft een onbedéngt just fir ze schaffen? Ass et derwäert, sech elo ze kujenéieren, fir dass déi kommend Generatiounen et besser hunn? Gëtt et Léift a wéi kann ee se halen? – D’Schwësteren schwätzen dat alles un.

Mais iergendwéi ass dat Rëppegestell vu Stéck entweder ze vill oder net genuch moderniséiert. Ënnerwee guffe wichteg dramaturgesch Elementer vertässelt, sou dass een dacks d’Zesummenhäng net méi versteet – firwat misst den Änder als Staatsbeamten hiert Familljenhaus verkafen? Beim Teschechow huet en et verspillt. Firwat bréngt dem Irina säi Schwarm sech ëm? Beim Teschechow kumm e bei engem Duell ëm. Och muss ee soen, dass de Ian De Toffoli (forcément) ni op Fraenowender oder op de Fraendag an der Sauna war, soss wéisst en, dass Fraen nach vill méi brutal a wéischt iwwer hier Männer, a vill méi wéischt nach iwwer aner Fraen schwätzen.

D’Daliah Kentges huet deen zimlech abstrakten Text och esou op d’Bühn bruecht. Matt nëmmen dräi Schauspillerinnen, dem Eli Johannesdottir als grouss Schwëster Olga, elegant, verstänneg a prüd al Joffer, dem Anouk Wagener als melancholesch-­onglécklecht Masha an dem Lis Dostert, en neit Gesiicht, als jugendlecht verspilltent Irina, dat keng Gedold huet mat dem Spiessbiergertum. Si danze wëll op däitsche Rap, si diskutéieren a streiden, spillen awer och all déi aner Rollen: dem Masha säin Amant, de Brudder an d’Schwéiesch. Heiansdo, so huet een d’Gefill, ze vill theoretesch a sprock, heiansdo feelt et deem ganzen u Fleesch a Kierper.

Dräi Schwësteren vum Anton Tschechow, an enger fräier Beaarbechtung op Lëtzebuergesch vum Ian De Toffoli; Inzéneierung vum Daliah Kentges, mam Lis Dostert, Eli Johannesdottir an Anouk Wagener; Bühn a Kostümer: Anouk Schiltz, Technik a Luucht: Pascal Klein, ass eng Koproduktioun tëscht dem Kasemattentheater an dem Kinneksbond Mamer; lescht Virstellung an der Stad: haut den Owend, 3. Mee am Kasemattentheater; Reprise déi nächst Saison, de 27. An 28. November zu Mamer; Kasemattentheater.lu a Kinneksbond.lu

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land