CD Dullemajik live von Dullemajik

Dullemajhik live - einfach esou

d'Lëtzebuerger Land du 06.11.2003

Et kann ee sechs Méint an de Studio goen, an dann e „Konzeptalbum" presentéieren, oder et kann een och eng Rei gutt Live-Opnahmen zesummeschnëppelen an dann huet et sech, an d'Resultat ass dax besser. Wichteg ass, datt een eppes kann, an de Guy Schons ka béides. Ob d'Iddi sou genial war, nujee, mä wann ee bedenkt, dass di meescht Dullemajhik-Fans vun der éischter Stonn hir Vinyl-LP'e scho laang um Späicher leien hunn, ass dat hei eng wichteg CD, well se de ganze Glanz vun der Dullemajhik vum Vinyl an d'Zäitalter vun der sëlwereger Scheif eriwwerrett. Et gi jo och Leit, denen hir „Kids" deem Ale seng LP'e matgeholl hunn, fir richteg dermat „scratchen" ze léieren. Och doru muss een echte Lëtzebuerger Museker denken. 

Zéng Titele vun der CD goufen op der Dullemajhik-Tournee vu 1995 a 1996 opgeholl, a sechs kommen nach vun deem gloriéisen Optrëtt am Melusina 1985 , wou d'Dullemajhik hiren 10-järege Jubileum gefeiert hunn. Dat Ganzt gouf dann nach eng Kéier diskret, awer effikass am Studio Jang Linster „gemeeschtert" oder gemastert, a wann een déi kleng Sëlwerscheif an dee komeschen Apparat geheit, dee geschwënn duerch den Internet ersat gëtt, dann ... kléngt et. Super-Museker, déi mat eleganter Virtuositéit deen urale Lidder Swing an Déift anhauchen, an ëmmer erëm faszinéieren een d'Kaprioulen an d'Wäermt vum Marion Michels senger Blockflütt, de melancholesche Gesank vum Maurizio Spiridigliozzi sengem Akkordeon an déi stolz Anarchie vun dem Raymond Bisdorff an dem Michel Deru hire verstëmmten Duddelsäck, déi iwwert dem Guy Schons senger déiwtraureger, nobler Dullemajhik de Kopplabunz schloen. Iergendwéi gëtt dat Ganzt eng Atmosphär vu bretonescher Kiermes, gemëscht mat irlännescher Wiertschaft. Allerdéngs kann ee sou sat sinn, wéi ee wëll, et versteet een d'Texter ëmmer nach. Dat ass vläicht e kommerziellen Nodeel. Doriwwer schwieft dann deen elegante Tremolo vum Guy Schons sénger mëttelalterlecher Panoramix-Maurice-Chevalier-Stëmm, an... et bréngt et.

Jiddereen huet zwar „säi" Lëtzebuerger Lidd, mat deem en iergenwéi eppes associéiert, a wat net op dëser CD ass, mä den allgemenge Goût vun de Leit gëtt mat Sécherheet geroden. Ech flippen ëmmer aus, wann ech di komesch, sprénkerlech Rhythme vum Kuebendanz héieren, deen d'Dullemajhik mat absoluter Kraaft a bal sufistescher Ekstas zelebréieren. Richteg „Blues" gëtt et mer dann erëm beim Spillmann, wou de Marion Michels en u sech banaalt Gedicht vum Batty Weber an eng traureg, richteg depressiv, wonnerbar suizidär Stëmmung gekleed huet. Ee Gléck, dass dësen Effekt duerch e sou e genësserlech anarchistescht Sëfferlidd Vum Rousefeld vum Sepp Thill ausgeglach gëtt. Wat d'Sprangprëssesioun ugeet, sinn ech mer net sécher. Vläicht héiere mer déi eng kéier als Jump-Hop-Versioun mat Techno ënnerluecht op iergendengem kathoulesche Sender, oder et huet iergend eng Kéier een de Mumm, déi ganz Dullemajhik zu Iechternach virun der Basilika helleg ze spriechen. Mä dann hätten se net däerfen esou e genialt, onchrëschtlecht Lidd wéi Den alen topige Man ophuelen. 

 

Jean-Michel Treinen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land