Meyer, Antoine: E Schreck op de Lëtzebuerger Parnassus

De Pater sëtzt ronn Riichtiwwer der Nonn

d'Lëtzebuerger Land vom 02.12.2004

Den Antoine Meyer (1801-1857) wor e liicht tockskäppegen a liicht versoffene Professer aus der Stater Dräikinneksgaass, deen op belschen Universitéite Mathematik enseignéiert huet, bis en u Giicht gestuerwen ass. Datt hien e grousse Mathematiker wor, schreift een Historiker vun deem aner of, ma keen huet et kontrolléiere kënnen. Mat 28 Joer huet hie sech bestued, ass an d'Loge gaang an huet dat éischt Buch iwwerhaapt op Lëtzebuergesch erausbruecht, E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus. Dono ass hie fir ëmmer an d'Belsch geplënnert. Dat wor kuerz virun der belscher Revolutioun, an hien huet mat séngem Buch d'Fro opgeworf, ob d'Lëtzebuergescht vläicht eng eege Sprooch an domater Lëtzebuerg vläicht en eegent Land wor/ass. Och an der Belsch huet hie bis u säi Liewensenn Bicher a Gedichter op Lëtzebuergesch erausginn. Déi belsch Setzer hu sech gefreet. Ma, anescht wéi d'"Klassiker" Dickslentzrodange, ass dee Pionéier ni richteg unerkannt ginn. Vläicht well hien an der Loge wor, well hien am léifste Fabele geschriwwen huet, déi sech mat den zoziale Widderspréch beschäftegt hunn, vläicht och, well hie Gedichter geschriwwen huet wéi De Pater an d'Nonn: "De Pater sëtzt ronn / Riichtiwwer der Nonn..." Zanter engem Nodrock vun 1935 an 250 Exemplären, ass keent vu sénge Bicher méi ze kréien, ausser natierlech als e-Book op dem Site www.luxemburgensia.lu vum Lëtzebuerger Land. Den Dikrecher Schoulmeeschter Tun Gonner hat viru bal 20 Joer eng Editou vun den Texter an der moderner Schreifweis fir d'Actioun Lëtzebuergesch preparéiert, ma si ass ni erauskomm - vläicht- och wéinst Gedichter wéi De Pater an d'Nonn. Elo huet de Roger Muller an der Zeri Lëtzebuerger Bibliothéik vum Mierscher Literaturzenter dem Meyer säin éischte Schréck von 1829 an och den dënne Jong vum Schréck vun 1832 nei erausginn. All Text ass lénks am Original ofgedréckt a riechts an déi modern Schreifweis iwwerdro. Déi Iwwerdroung ass net esou einfach. Well de Meyer huet missen eng Ortographie erfannen, apaart fir déi sëlleche Lëtzebuerger Diphtongen. An der Iwwerdroung gläichen déi elo zu engem gudden Deel der Aussprooch vun haut. Zum Beispill, wann de Meyer säi schwaarz-romantescht Gedicht D'Noiecht nennt, heescht et elo D'Nuecht. Ma et gëtt d'Theorie, datt zum Meyer senger Zäit déi Diphtongen och an der Stad net deszendent, ma aszendent woren - also éischter "D'Nuacht-". Hie selwer réit: "Den oie sprecht mer aus graad wé d'fransécht substantif, une oie" (S. 88). Ma 15 Joer méi spéit schreift en da selwer: "D Nuecht". Wann d'Police d'Lëtzebuergeschkenntnësser mam Schréck op de Parnassus préiwe géif, kréichen esouguer déi meescht Lëtzebuerger d'Lëtzebuerger Nationalitéit net. Dofir huet de Roger Muller ronn 60 Wierder mat e Bëssen onkamouden Noten um Enn vum Buch explizéiert. Ma et freet ee sech, ob dat duergeet. Hien huet och eng méi laang Introductioun geschriwwen, an där e probéiert, fir de Meyer sérieux ze huelen. Dat heescht, hien deet en net als ongehuwwelte Folklorist of, ma probéiert, fir seng Texter literaturhistoresch an de Biedermeier ze situéieren an an d'"Stammersche Dichterschule". Hie mécht op déi grouss Zuel vu Fabele beim Meyer opmierksam a weist drop hinn, datt de Franz Joseph Mone dem Meyer säi Buch schons am Joer dono a sénger däitscher Literaturgeschicht ernimmt. Nieft dem Band vu sénger Lëtzebuerger Bibibliothéik huet de Literaurzenter och en CD erausginn, wou de Steve Karier dem Meyer séng Gedichter virdréit. No deem grousse Succés mat sénge Renert-CDen (d'Land, 29.11.02) huet sech de Schauspiller an déi hautdesdaags zimlech friem Texter erageschafft a gët se grad esou ofwiesslungsräich a witzeg erëm. Am Abléck an engem Wiertshaus iwwerhëlt en esouguer d'ganz Gesellschaft an enger Wiertschaft. Dësen CD ass esou zimlech deen exoteschste Chrëschtcadeau, deen am Ament um Maart ass. 

Antoine Meyer: E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus, Jong vum Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus, virgestallt a kommentéiert vum Roger Muller, Miersch, 2004, 244 S. 14 Euro. - CD Antoine Meyer E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus, Jong vum Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus, virgelies vum Steve Karier (2004), 15 Euro - Buch an CD zesumme kaschte 25 Euro.

Romain Hilgert
© 2018 d’Lëtzebuerger Land