Online-Dictionnaire

Qui trop embrasse…

d'Lëtzebuerger Land du 27.06.2014

Schwéier hutt Der et dach bestëmmt net, fir dat franséischt Sprachwuert, dat an der Iwwerschrëft ukléngt, op e gutt Enn ze bréngen. Engersäits ass et mol guer net schlecht, wann zum Beispill bei engem Regierungswiessel neie Wand an d’Segele kënnt an een sech dobäi nëmmen ze freeë brauch, datt et mat deem bal fofzéngjärege Projet vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) friddlech weider geet. Anersäits awer kann een och mol fäerten, datt déi Responsabel vum Projet mat hirer Équipe – déi sech well sou laang op stëller Schëfffahrt befannen – stänneg dem Risiko ausgesat sinn, bei hirer Aarbecht anzeschlofen an hiert streng wëssenschaftlecht Dictionnairesfach opzeginn, fir et – souzesoen – mat engem méi kënschtleche Sand- a Wandspill op der Plage ze ersetzen.

De 9. Mee 2014 ass déi nei Kulturministesch (mam President vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) virun der Presse op de Lëtzebuerger Online Dictionnaire ze schwätze komm. Zënter deene siwe Joer, wou de Site www.lod.lu effektiv besteet (et dierf awer net vergiess ginn, datt dee Projet scho joerelaang „virbereet“, „ëmstritt“ an „an d’Längt gezu gouf“), si ronn 18 000 Artikelen (vun A bis R an ongeféier 50 Prozent vun S bis Z) mat vill Varianten online gesat ginn, woubäi awer och an der Moyenne all Joer eng 3 000 Artikelen, déi schonn online sinn, verbessert, ausgebaut an ugepasst musse ginn. Dat ass eng déck Aarbecht, déi wahrscheinlech vill méi Zäit fuerdert wéi virgesinn, well den Dictionnaire a senger Pabeierver­sioun schonn eng éischte Kéier fir 2011 (mat 24 000 Lemmata), dunn eng zweet Kéier fir 2013/14 annoncéiert gi war. Dës Phase vun der Relecture (an de Korrekturen) a vum minutiéisen Ausgläich (a vun der Kohärenz) ass eng ganz wichteg Etapp, déi haaptsächlech déi definitiv Präzisioun a Qualitéit vum ganzen Dictionnaire ausmécht1.

Freeë kann een sech ganz besonnesch doriwwer, datt – Zitat – „d’Equipe vum LOD sou frou ass, fir sech mat den Utilisateuren auszetauschen“. Komesch! Bis elo hat ech éischter den An-drock – an dat vun de 1990-er Joren un –, datt de Ralph Fichtner, den administrative Reponsabel vun der LOD-Equipe, an engems och Sekretär vum Institut grand-ducal (Section linguistique) a vum CPLL, dacks säi Meescht a säi Bescht gemat huet, fir „im stillen Kämmerlein“ seng eege Kulturequipe ze promovéieren an dobäi déi aner Kollege wouméiglech z’ignoréieren2.

Bon. Loosse mer hoffen, datt dee neie Wand an den onerwaarten Opschwong net nëmmen dem LOD (an dem ageschlofenen Institut grand-ducal!) zegutt kënnt, mee och der ganzer lëtzebuergescher Recherche am Kulturministère. Jo, all Mënsch, dee Lëtzebuergesch kann an deen eppes bäisteiere wëllt an de Wonsch huet, beim gemeinsame Wierk matzemaachen, däerf sech net genéiere, mam LOD ze schaffen, fir datt d’Artikele sou wäit wéi méiglech iwwerpréift kënne ginn. Dofir ass de Site www.lod.lu viru kuerzem ausgebaut ginn. Bis elo konnt de Benotzer mat der Equipe vum Dictionnaire just iwwer E-Mail lod@lod.lu Kontakt ophuelen. Vun elo un awer ginn et zwou weider interaktiv Méig­lechkeeten. Hie ka ganz praktesch eng SMS op d’Nummer (+352) 621 203 001 schécken oder op déi nei Hotline uruffen. Dat ass den Telephon (+352) 247 88600. D’Hotline an den SMS-Service funktionéieren an de Bürosstonnen.

D’Equipe vum Dictionnaire (dat sinn ëmmerhin eng sechs Leit mat voller Tâche an zéng Experten) huet och eng weider Manéier virgesinn, fir de Site www.lod.lu auszebauen. D’Ministesch stäipt sech dobäi ausdrécklech op de Wonsch vu ville Benotzer, déi gär a Saachen Orthographie – seet si – eng zouverlässeg Referenz hätten. Dat stëmmt jo och, baséiert awer – menger Meenung no – op engem immens virgegaukelte Mëssversteesdemech. Wann ech mech selwer scho joerelaang agesat hunn fir, mam Jérôme Lulling, eng definitiv Versioun vum Texte coordonné de la langue luxembourgeoise ze schreiwen (den Här Fichtner huet bestëmmt déi Pionéierzäite vun 1999 bis 2003 net vergiess3), dann dowéinst, well, soulaang den neien Text coordonné net d’Arrêtéen vun 1976 an 1999 ersat huet, keng definitiv Fortschrëtter an der Lëtzebuerger Orthographie gemaach kënne ginn. Allerlee méi oder manner wëssenschaftlech an didaktesch Actiounen a Saache Schreifweis sinn an de leschte fofzéng Joer ënnerholl ginn4, kënnen awer net ofgeschloss an offizialiséiert ginn, soulaang den CPLL an déi zoustänneg Ministeren net de politeschen an den administrative Wëllen dofir opbréngen. Dat wëssen all eis Behörden an all Frënn vun eiser Sprooch.

Déi ënner e-orthographie (ortho-lod.lu) „Lëtzebuerger Rechtschreiwung (Orthographie) mam lod.lu“ iwwerschriwwen Exercicer komme glat guer net dem Wonsch vun de meeschte Benotzer vum LOD a Saachen Orthographie no. Wien teste wëll, wéi gutt datt e Lëtzebuer­gesch schreiwe kann, kann dat jo och maachen, ass awer séier um Enn an deet souwisou besser domat, sech aner Léierinstrumenter auszesichen. Wa versprach gëtt, am LOD géif een „d'Orthographiesreegelen“ fannen, dann ass dat déck iwwerdriwwen5. D’Exercicer ginn sech mat e puer primäre Beispiller zefridden. Geduecht sinn se fir Ufänger, Niveau: Primärschoul. Dat ass e bësse schappeg an engem Dictionnaire dee, fir de Ministère de la Culture, méi soll sinn wéi en Dictionnaire: „un outil pour apprendre le luxembourgeois sur le bout des doigts!“ Et sollt dach net schwéier sinn, sou séier wéi méiglech op déi méi sériéis Dictionnairesaarbecht zréckzekommen. Elektronesch kënnen déi verschidde Rechtschreifreegele jo aus der reell ugewandter Schreiweis vun de Lemmata ofgeleet ginn.

Eng lescht Remarque, déi der Ministesch, menger Ansicht no, eppes onvirsiichtegt suggeréiert gouf: „LOD ass deemno vun elo un net méi eleng en Dictionnairessite, mee vill méi eng interaktiv Plattform iwwer a fir d’Lëtzebuerger Sprooch!“ Wow! Ass dat de Projet? Qui trop embrasse, mal étreint.

1 Weider onëmstridde Virdeeler vum Online-Dictionnaire sinn am Text 44 vu menge Lëtzebuergesche Sproocherubriken (Schortgen, 2013) iwwer den LOD (S. 105-106) ernimmt ginn an och an deene regelméissege Communiquée vum Ministère (cf. zum Beispill. 05.02.2007, 22.11.2010, 24.09.2013, 08.05.2014).
François Schanen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land