Allocution de la sécretaire d'État, Octavie Modert

Concours Littéraire National 2004

d'Lëtzebuerger Land du 06.12.2005

Léif Adepten vun der letzebuerger Literatur a vun der letzebuerger Kultur. 41 Contributiounen, 41 Bäiträg, wann dat ee net kann dreeme loossen. Da soll nach ee soën, mir hätten hei keen florissant letzeborger Literatur, da soll nach ee soën, mir hätte keen Kultur an deem Land hei, da soll nach ee soën, dat wir net konkret an dat wär nemmen en Draam, nëmmen en Draam, datt mer hei, eh, Fullhouse hun, souwuel wat de Raum hei ubelaangt, wéi wat d'Contributiounen ubelaangt, en Draam, deen mol gesoot gin as, datt virun zéin Jaar sech keen gedreemt hätt, wi deen Draam vun Haus hei opgaang as. 41 Beiträg, dat weist de Succès vum Concours, vum letzebuerger nationalen Literaturconcours, deen een sech secherlech am Ufank vläicht net onbedéngt dreeme gelooss hätt, deen awer elo dreeme léist an dat net nëmmen wéinst den Themen, déi den Owend eraus geséicht gi sin respektiv wéinst den Themen vun de Béicher déi priméiert gi sin, vun de Romanen déi do sin. En Succès deen awer och weist wat fir en kollektive Besoin vun éisen Auteuren mat dem letzeborger nationalen, eeeh, Literaturconcours erfëllt gëtt, wou een awer och muss soën, wa mer schon vun Dreem schweetzen, dat mir zu deem Land gehéieren, dat proportionnell di meeschten Publikatiounen, geschriwwe Publikatiounen, Romaner, wou am meeschten geschriwwe gëtt am Jaar, datt mir proportionnell zu deenen europäesche Länner gehéieren, wou am meeschte geschriwwe gëtt. All Jaar kann ee soën, datt béi iis am Rayon Literatur eng dresseg nei Béicher a Wärker erauskommen, letzeborger Wärker och därer déi am Ausland béi auslänneschen Editeuren publizéiert gin, wat erem en aneren Draam as, dee bestëmmt fir viller an Erfëllung geet, net nëmmen déi, déi selwer schreiwen, mee och déi deenen d'letzeborger Literatur um Häerz läit, fir ze weisen, datt mer Succès hun, datt et derwäert as di letzeborger Literatur ze liesen, dat weist awer och dat d'Visibilitéit vun der letzeborger Literatur am Ausland ganz starrek an d'Luucht gaangen as, selbstverständlech am Inland, selbstverständlech awer och am Ausland net nëmmen duerch Publikatiounen an d'Editiounen an deem Kontext, mee awer och weil mer op ville Niveau'en vill gemaach hun fir d'Visibilitéit vun der letzeborger Literatur am Ausland. Een Element dovunner niewent der Präsenz am Ausland déi mer och hun an déi mer verstärke wellen enner anerem matt Präsenz op auslännesche Foiren matt der letzeborger Literatur, een Element vun der Visibilitéit am Ausland as och ze fannen an der ganz aktiver Politik vun den Accord culturellen, vun den kulturellen Ofkommessen matt Länner an däerer hu mer ganz vill a mäer hun der matt ganz villfältege Länner, mir hun der matt Länner souwiesou haaptsächlech iwwer Europa eraus wou och deenen, alt scho rem e neien Draam, kënnen déi och eng Kéier dreemen, op letzeboresch vläicht, jiddefalls awer iwwer letzeborescht Literatur, weil de Staat hott an e mecht nach ëmmer weiderhin Jaar fir Jaar e ganze Koup däerer Oofkommessen, déi en oofschléist matt deenen auslänensche Länner, wou en dann natierlech Partnerinstitutiounen am Ausland kréit a matt deenen zesumme schaft ob dat vun den europäesche Länner déi vun der Unioun souwiesou net ze schweetzen ob dat doriwwer eraus vu Russland as wou et zum Besipill op der, eeh, zu Moskau mettlerweil och op der Universitéit eng Recherchesectioun gëtt, eeh déi absens am liguistesche Beräich fir dat Letzebuergescht täteg as oder op et an e puer amerikaneschen Universitéitsbibliothéiken extra Departementer gin, déi Luxemburgensia féieren an déi och regelméisseg aktualiséiert gin, och mat éiser Hellef, mat der Hellef vum letzebuerger Staat, vum letz... vum Ministär aktualiséiert gin, nach e ganze Koup aner Länner, mir sin systematesch am Gaang nei Kulturoofkommessen of ze schléissen, wéi gesoot, Moment si mer mat China a Vietnam am Gaang ze kucken, dobäi kënnt, datt lues a lues och Studenten ufänken hir Thesen iwwer letzebuerger Auteuren ze maachen, den Draam wiësst ëmmer virun, kulturell Austauschprojet'en sin also keen eidele Pabeier och, se weisen allerd... datt et ganz konkreet Néierschléi nees emmer erem fënnt an de kulturelle Sparten a natierlech absens hei an de Beräicher vun Literatur an vun Theater an mir hun natierlech welles dat virun ze féieren an och an deene nächste Jaaren intresséiert Organismen an Institutiounen am Ausland eeh weiderhin ze dotéieren matt eise Wärker. Letzebuerger Schreftsteller brauchen also op kee Fall sech marginaliséiert ze féilen, och net an der Marginalitéit ze féilen vis-à-vis vun éise groussen Nopeschlänner an esouguer vis-à-vis vun Europa a vun der Welt. Mir kënnen tatsächlech weisen datt den Intressi grouss as un eener letzeborger Literatur egal op wéi enger Sprooch eeeh vläicht dodorcher och datt et a méi Sproochen as wou mer schreiwen wat d'Saach mi einfach mecht fir d'Visibilitéit ze soën de Leit mi no ze bréngen an eeh de Succès as grouss. Net nëmmen weil mer den owend 41 Contributiounen hun mee wat awer weist datt de Succès datt d'Spiral emmer rem weider dréit an no uewen dréit a wiësst an iis Produktivitéit an iis Creativitéit Gott sei Dank keen Enn fënnt. Mir hun wi et scho gesoot gin as zenter deems datt de nationale Literaturconcours agefouërt gin as ee gewaltege Spronk no vir gemaach, d'Spiral no uerwe gedréit, mir si keen Provënzliteratur, mir waren se och ni, behaapten ech einfach, mir sin se secherlech net a net méi an et as  natierlech zenter de 60er Jaaren ganz vill geschéit an deem Beräich hei weil an dat hott de Concours goud ennerstrach a goud derzou bäidegroën nämlech d'Séigelen vun der letzeborger Literatur op ze blosen an domatter ze hällefen déi Kraaft déi selbstverständlech vun der Literatur, vun de Literaturschafenden sälwer ausgeet ze ennersträichen, ze hällfen d'Visibilitéit och erem do hinnen ze gin weil trotz allem as e priméiert Wärrek och ëmmer intressant firwat solle mir net och iise Literaturconcours hun wann et am Ausland der esou vill Literaturconcouren gin matt deenen ech iis nach net grad wellt ganz hei vergläichen wat bestëmmt awer och nach eng Kéier kënnt weil mir si jo och beim Thema dreemen. Mee emmer erem an dat as e vergaangenen Draam dat as konkreet Realitéit si ganz vill Nimm entdeckt gin déi haut zu eise bäschte Schreftsteller gehéieren wi mer et gesoot hun an dat sin Dreem di wouër gin an och dis Jaar erem den aktuelle Concours hott e ganze Koup Iwwerraschungen an däer Hinsicht geweist ... gewisen, Leit di bekannt sin awer vläicht net an diser Spart bekannt waren, Leit di kreativ sin ouni datt et onbedéngt bekannt war. Also all Kéier erem flott Iwwerraschungen, all Kéier erem gewisen, wat gebuede gëtt hei am Land a wat konnt gëtt hei am Land an all Kéier erem an emmer méi an dat as esou flott l'embarras du choix, wat welle mer eigentlech méi. Mir welle méi datt ee net nëmme Freed um Schreiwen soll hun mee selbstverständlech Freed um schreiwen net ouni Freed um Liesen méiglech as. Mir welle méi datt nach besser eis letzebuerger Literatur soll gelies gin, sou läit et natierlech op der Hand datt d'Zukunft vun der letzebuerger Literatur nëmmen dann gesechert as, wann dat och Hand an Hand zesummen matt edukative Projet'en geet an déi bei iise Kanner promovéiert gin. Net nemmen a selbstverständlech awer ganz vill datt en se sollen vun sech aus an doheem Béicher liesen, Kontakt zur letzeborger Literatur kréien, iwwerhaapt liesen, mee natierlech an disem Kontext zur letzebuerger Literatur, mee doriwwer eraus dat ennersträichen, förderen an hällefen ze pushen an deem mer zesummen an do hu mer Schréck ennerholl als Kulturministär zesummen mam Unterichtssministär eeh kucken, nei Richtlinnen aus ze schaffen wou och de Conseil national du livre an de Centre national de litterature hei drun hällefen nei Linnen ausschaffen wou a wéi een an éise Schoulen kann besonnesch an dem Postprimaire de letzeborger Literatur an éise sämtleche Sproochen, haaptsächlech éisen dräi Sproochen Letzeborrsch Däitsch Franséisch een Chance gin an se besser an de Schoulprogramm oder niefent dem Schoulprogramm abbauen, sou datt och do d'Kontakten matt der letzeborger Literatur vill besser gin.  Ech sin och iwwerzeecht datt mer hei een Saach konnten ulaafen loossen, déi sech an nächster Zäit konkretiséieren wäert a munch nei Weeër ageschloë wäerte gin. Net nemmen an der Schoul natierlech as dat wichteg, net nemmen ronderem d'Schoul as dat wichteg mee weil eech gesoot hun an der Fräizäit soll dat kennen a soll de Fall sin sou kennt och eng gewesse Bedeitung selbstverständlech op eng mi lokal op eng no doheem op e no doheem Ugebued vu Béicher vu Literatur duer, do hu mer een Deel Initiativen gestart gehaat virun enger Zäit als Kulturministär, do sin aner Mnzfq regional am gaange sin ze kommen oder schon do sin wat och ganz wichteg as datt hei um regionale Plang flott Initiativen gemaach gin a geholl gin säerf et och matt Liesongen, Schreif oder Liesatelieren, thematichen Béicherausstellungen an emmer erem do wichteg as datt dat och do zum Ausdrock kënnt. Et wäert nämlech denken ech weiderhin emmer erem wichteg sin, datt mer et fäerdeg bréngen éisen jonken Generatiounen ze weisen an ze beweisen, datt eis letzebuerger Literatur e wichtegen Deel as vun éiser Kultur an datt éis Kultur selbstverständlech ee Stéck vun éiser Identitéit as an datt mer iis emmer erem matt kulturelle Werter léieren ze verstoën vu wou mer kommen, mir soën och wou mer sin a wee mer sin. A wa mer dann beim dreeme sin, dann denken ech datt et dozou ka vill nach gesoot gin, et kann een eng Rees maachen, et kann ee wanderen wann een dreemt, et kann een eng Wanterrees maachen, et kann een e Virtrag iwwert eng Wanterees halen, dat wäert ech net maachen, et kann een een Wanterrees maachen an deem een selbstverständlech u Musik denkt, dat sech musikalesch an den Oueren klénge léist, dat historesch oder biografesch ronderemmer droën vun engem Virtrag natierlech dann, wann ee schon dreemt, an ob eng Rees wellt goën, och a nuet wäert hollen datt heiandsdo d'Nuet kënnt a lues a lues doucement viru leeft ouni datt ee schléift, wann ee schléift as ee net kreativ, een Nuet di qui coule doucement an an däer ee ka ganz vill denken, an däer ee ka ganz vill féilen an däer een natierlech och wann een op enger Rees as ganz dacks well eppes erliewen, ganz dacks sech och an een aneren eran denken, et kann een och dat eben ganz intim Gedanke maachen, et kann een och anererwäerts op enger Rees schéi Leit begéinen, et kann een ee schéi Lucie sin an en einfache Leo, net fir näischt as dir Dammen d'Lucie dat schéint, et kann ee Leit begéinen, wéi gesoot, ob et ee schéi Lucie as oder op et ee Leo as, ob et Staadter Leit sin, et kann een an eng Bijouterie goën, et kann een awer och ganz einfach Tourismus maachen, et kann ee kulturellen Tourismus maachen, et kann ee spillen fir de Mansfeld, een opféieren, an duerfir maache mer d'nächst Jaar ee Concours iwwert den Theater, spillen fir de Mansfeld oder de Mansfeld begéinen oder ee Mistériéisen begéinen deen een eigentlech net begéint oder deen een vläicht eng Kéier begéint hott, ee mistériéise Lieser oder Destinataire vun eenem intime Journal dee vläicht eppes visibel mecht wat invisibel as, eeh wat vläicht autobiografesch as a wou een einfach op enger Rees kann heiandsdo erliewen datt ee Krees zougeet, datt ee Rondel hannen opgeet, datt de Rondel sech erem trefft an dat denken ech as méi wäert wann een eng Rees mecht, wann een op enger Rees kann dreemen a wann een op enger Rees ka Leit begéinen, wéi wann ech hei viru giff fueren ee Virtrag ze halen oder een op ze féieren, opféieren wéi gesoot as d'nächst Joër matt dem Theater, an fir net weiderhin dreemen op ze halen well ech elo ophalen an datt dir kennt an de Genoss kommen vun de Virträg déi mer elo wäerten héieren matt oder ouni Rees, besonensch matt vill Dreemen, matt ganz vill Lauschteren, matt ganz vill Begeeschterung a vu mir aus enger grousser Begeeschterung datt mer esou vill Bäiträg haten, datt mer hei iwwer déi Bäiträg eraus an dorrech déi Bäiträg kënnen e bëssen dreemen an ech freeë mech är Viträg vun äre Bäiträg a soën iech Villmols Merci  

Octavie Modert
© 2023 d’Lëtzebuerger Land