Kveldulf – Der Abendwolf

„Und der König erntet Mord“

d'Lëtzebuerger Land du 31.07.2015

Den Treinens Misch huet e Stéck geschriwwen an de Mangens Claude inszenéiert et. Scho nees. Déi zwee hate schonn eemol zesumme geschafft, dat war vrun 19 Joer, deemools zu Bäerdref am Bësch. Do hat de Claude Mangen dem Jean-Michel Treinen seng Lëtzebuerger Iwwersetzung vum Macbeth vum Shakes-peare ënner dem Numm Mäcbess matzen an der Nuecht opgefouert. Deemools ass de Max Thommes, en hat grad néng Joer, mat sengem Brudder Ben des Nuets iwwer d’Bühn gejauft. Haut huet hien der 28, eng zolidd Ausbildung vun der Ernst-Busch-Schoul vu Berlin an der Täsch an e puer Joer Bühnenerfahrung, als Schauspiller an als Batteur bei Inborn, um Bockel an e kënnt erëm beim Mangen an dem Treinen an der Haaptroll vum Erzieler.

Den Treinens Misch huet e Stéck geschriwwen, an e sëtzt an der Banannefabrik op enger Fotell, eng Stuerzekap mam Stuerz no hannen um Kapp an e seet Saache wéi: „Ech si lo scho mol glécklech“, „Ech sinn houfreg, dass ech deen Text do fäerdeg bruecht hunn“, „Ech sinn en eigenbrötlereschen Denker“ oder „Mam Alter sinn ech Anarchist ginn“. Dofir stinn am Text sou Sätz wéi „Der Mensch ist kein Sklave und der Wolf ist kein Hund. / Nur weit los von der Leine, leben beide gesund.“ D’Stéck heescht Kveldulf – Der Abendwolf, et ass op Däitsch, baséiert op enger Seechen iwwer de Vikingerchef Kveldulf (Bjalfason) deen et am néngte Joerhonnert wierklech an Norwegen ginn ass an dee fir seng Grausamkeet bekannt war. An et ass ganz a Versform geschriwwen. Méi genee am Stabreim – wei déi islännesch Edda-Epen, un déi hie sech uleent. Wahrscheinlech fir d’Schreiwe méi spannend ze maachen.

Dräi Joer laang huet de Misch um Text geschriwwen, als Defi souzesoen. D’Idee war him komm, wéi de Lëtzebuerger Literaturconcours als Thema d’Poesie hat. E schreift zanter Joeren, wahrscheinlech vun Ufank un, Gedichter am Feierkrop, déi ëmmer esou schéi schif sinn an dacks an e puer Zeile méi frech a méi witzeg wéi vill vun deene laangen Texter. De Misch schreift also un deem Text, gëtt en net an de Concours eran, mä schéckt en u Maskénada, fir dass déi sech iwwerleeën, ob se n en net kéinte spillen. Mä en hat vergiess, e Courrier dobäi ze leeën, dass hien et wier, deen dat geschriwwen hätt, a wat e wéilt. Den Text läit also do, bei Maskénada weess kee richteg wat domatt maachen, an de Misch héiert näischt méi. Egal, denkt hien, a schreift och mol nach Musik fir dobäi. Et gëtt eng riseg Kompositioun, fir 35 (!) Museker. „An et ass onglaublech, alles mécht Sënn. Am Ufank denkt ee ,Wow – wéi vill Nouten!’, mä dono stellt sech eraus, dass all eenzel Nout Sënn mécht“, seet de Museker an Touningenieur Charel Stoltz, dee fir de Claude Mangen dru geschafft huet, d’Musek fir den Ensemble vun der Produktioun ze adaptéieren.

„Finde mehr den Hund in Dir“ seet de Claude Mangen no der Prouf de leschten Donneschden den Owend zu engem vun de Schauspiller. Den Ensemble besteet haaptsächlech aus Rockmuseker, déi och schauspilleren: de Serge Tonnar als Papp a Kinnek, de Max Thommes als Erzieler, de Marc Clement (ex-Hal Flavin) als Titelfigur Kveldulf, de Mike Tock, éiwege Batteur vun zëg Formatiounen, oder d’Noemie Leer, Autesch a Sängerin vu Rude Revelation. Déi meeschte kenne sech scho laang a gutt, d’Stëmmung ass décontraktéiert, d’Sylvia Camarda mécht Stretching um Canapé.

Iergend eng Kéier war erauskomm, dass deen Text, dee sech gelies huet wei en alen Epos, a Wierklechkeet ganz nei a vum Treinens Misch wier. „Maacht eppes draus!“ sot hien dem Claude Mangen. A well deen nach e Stéck gesicht huet, fir dëst Joer matt der Séibühn asbl um Stau, dobaussen um Séi, ze maachen, ass dat ganzt dunn an d’Rulle komm. „Et ass eng wahnsinneg Quantitéit un Text an Nouten, et wieren iwwer 30 Personnagen, an alles ass ganz komplex“, erklärt de Claude Mangen am Proufsall. Dofir hu se hei an do gestrach, rationaliséiert, e puer Figuren zesummegeluecht.

„Dat lescht grousst epescht Gedicht, dat mer zu Lëtzebuerg hunn, war de Reenert“, seet de Jean-Michel Treinen, an dass et schuet ass, dass déi Traditioun opgehal huet. „Drogen“, „Moral“, „Zwergen“ oder „Erotik“ si Stéchwierder, déi een opschnaapt no der Prouf. D’Geschicht vu Kveldulf ass sou schéi verwurrelt, wéi ee se vun Epen erwaart. De Kveldulf ass „e klenge Wikinger, deen eng ‘Memme’ ass“ wei de Jean-Michel Treinen e beschreift. Grosso Modo ass et d’Geschicht vun deem Jong, dee fortgeet, fir e Mann ze ginn, de Papp an de Kinnek ëmbréngt, d’Léift an de Sex entdeckt. „Eng typesch Initiatiounsgeschicht“, seet de Claude Mangen. D’Angelsachsen nennen dat „Coming-of-Age“. Mä natierlech gëtt et do nach all méiglech Barbaren, Kinneken, Kriger, Wierwëllef, Zwergen an anert mythescht Geschir. „Am Ufank hat ech nach e lauter Ideeën, wei a wou dat kéint spillen“, erzielt de Regisseur, „mä dunn hunn ech fonnt, d’Geschicht wier scho komplex genuch, meng Aarbecht wier et haaptsächlech, se méi verständlech ze maachen“. Dofir ass dem Max Thommes als Erzieler seng Roll esou wichteg: hien ass déi Figur, un deeër de Publikum sech kann upaken.

Well nieft dem Text a Versen, dem Danz, deen d’Sylvia Camarda chorégraphieiert, an der Musik vum Band a vum Chouer, ass dem Jean-Michel Treinen nach en Afall komm: méi ewéi e Musical sollt Kveldulf eng Rock-Oper ginn. An dofir misst eng Band op d’Bühn, am beschten eng déi gutt lassleet. Mutiny on the Bounty, Mathrocker matt Erfahrung, ware säi Choix. Si si live op der Bühn, hunn nach en zweete Batteur dobäi, an esou geet et richteg of op der Séibühn. „Et ass awer eng gemäessegt Brutalitéit“, seet den Treinen.

De Claude Mangen inszenéiert en Theaterstéck um Stau. Schonn nees. 1993 hat en op deeër nämmlechter Plaz Eng Midsummernight Story (nom Shakespeare) inszenéiert. Hie weess, dass een da vill Logistik ze organiséieren huet, dass d’Bühn muss op e Ponton kommen, dass ee muss alles uschleefen, vun de Still iwwer Decken bis bei d’Dixitoiletten. D’Fusiounsgemeng Esch-Sauer hat versprach, dass se no der Fusioun hei eng richteg fix Séibühn géing bauen. Da wier Kveldulf den Ufank vun eppes Neiem gewiescht. Mä elo huet d’Gemeng décidéiert, datt se léiwer mat deene Suen eng Schoul baut. „Dann ass dat eben esou“, stellt de Claude Mangen just nach fest. Esou ass Kveldulf, deen den nächste Mëttwoch, 5. August, um 9 Auer zu Ënsber Première feiert, eben déi lescht Aktivitéit vun der asbl Séibühn, deeër hire President de Claude Mangen och ass. „Mir hu genial Künstler zu Lëtzebuerg, fënnt de Jean-Michel Treinen, dat si gigantesch Talenter, déi hei matmaachen, an d’Séibühn ass eng originell Plaz. Mir hunn all d’Chancen op eiser Säit, dass et e Succès gëtt!“

Kveldulf – Der Abendwolf, Text a Compositioun vum Jean-Michel Treinen; Regie: Claude Mangen; Arrangementer: Charel Stoltz; Choréographie: Sylvia Camarda; Musik: Mutiny on the Bounty; mam: Sylvia Camarda, Marc Clement, Max Thommes, Mike Tock a Serge Tonnar, an engem Chouer mam Paulo Cardoso, Alain Hertgens, Noémie Leer, André Passet, Steve Roller an Anne Weis, mat Costümer vum Carine Ceglarski, gëtt de 5., 6., 7. an 8. August jeeweils Owes em 9 Auer op der Plage vun Ënsber (Insenborn) gespillt; Entrée: 20 Euro; Weider Informatiounen: http://seibuehn.lu.
josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land