De Gesamtsystem vun der lëtzebuergescher Betounung

Prosodie a Wuertbetounung

d'Lëtzebuerger Land du 07.08.2015

E puermol schonns hu Korrespondente mir geroden, eppes Geneeës iwwert de lëtzebuergesche System vun der Prosodie a Wuertbetounung ze schreiwen. Do bräichte si besonnesch – soe si – eng Iwwersiicht net nëmme fir sech selwer, mä och fir d’Matbierger an der Sprooch ze beroden an z’enseignéieren.

Natierlech ass d’Prosodie, an domat d’Betounung vun de Lexemen an de syntaktesche Gruppen, vrun allem eng Saach vun der Praxis, déi a konkrete Kommunikatiouns-Situatioune muss ënnersicht a geübt ginn. Als wichteg Hëllef dobäi ka fir d’éischt d’Ëmschreiwung vun de Sproochelementer mat den internationalen API-Zeeche benotzt ginn, mä zu Lëtzebuerg si mer eis an dëser Hisiicht nach net esou richteg eens.1 Am prakteschste sinn dogéint déi verschidden Audioopnahmen, iwwer déi den Apprenant verfüge kann (et gëtt haut kaum Léiermaterial ouni CDen oder DVDen). Wat de Lexik ugeet, hu mer ausserdeem déi wäertvoll Audiobeispiller vun de Lemmata am LOD, déi selbstverständlech och fir eng Etude vum Wuertakzent kënne genotzt ginn, obschonns am LOD net all Wierder ze fanne sinn, déi an eiser Sprooch gebraucht ginn.2

An der Recherche ass déi lëtzebuergesch Prosodie guer net esou vernoléissegt, wéi d’Leit vum Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni et behaapten. De Peter Gilles selwer zum Beispill huet zwou intressant Etudë publizéiert. Eng éischt heescht Variation der Intonation im luxemburgisch-moselfränkischen Grenzgebiet, in: Elmentaler, M.; Hundt, M.; Schmidt, J-E. (Hrg.) Deutsche Dialekte. Konzepte, Probleme, Handlungsfelder (2015, 135-150). Si ass selbstverständlech fir Spezialiste geschriwwen, an den Auteur hält sech natierlech un all wëssenschaftlech Konventiounen, wat d’Daten (Interviewopnahmen, Zwirner-Korpus) an déi (däitsch akademesch) Aarbechtsmethod ugeet.3 D’Ziler an d’Resultater vun der Etude sinn an hirer Präzisioun héichspezialiséiert.

Weise wëll den Här Gilles mat allen néidegen Ausrechnungen an Zeechnungen, datt et fir d’Lëtzebuergescht „mit der hoch-mittel-gleichbleibenden Kontur eine charakteristische Weiterweisungskontur“ gëtt, déi sech op däitschem Gebitt wäit an d’Ostmuselfränkescht ausstreckt. A mengem franséische Jargon4, geet et also ëm e modelé intonatoire intérieur, dee bis op en Tëschepalier (tëschen hoch gleichbleibend a steigend-gleichbleibend) erop- an erofschwankt an do e modèle postaccentuel intermédiaire, eng hoch-mittel-gleichbleibende Kontur, bilt, dee fir eis Sprooch typesch ass.

D’Funktioun vun dëser Kontur gëtt leider net analyséiert. Dofir awer ass den areallinguisteschen Hiweis ganz intressant, datt de modelé sech mat aneren dialektgeographesche fränkeschen Isoglossen (zum Beispill Dorp/Dorf an op/auf) deckt. Dat heescht, datt d’Prosodie mat hiren eventuelle Prosodemen, am Bäitrag vum Här Gilles, zu deenen typesche Konstituente vum Dialekt gehéiert.

A menge prosodeschen Observatiounen5 hunn ech och op dësen modelé intonatoire intermédiaire higewisen, mä well ech vun de 1970-er Joeren un an eiser Sprooch nëmmen dat ënnersträiche wëll, wat fir Apprenante bei hirem Léiere wichteg ass, sinn ech méi den didaktesche Perspektiven nogaang, wéi deene vun der däitscher Dialektgeographie.

De P. Gilles wëll wesentlech e phonetischen an dialektgeographeschen Artikel schreiwen an op däitscher Säit „ein zunehmendes Aufbrechen des […] dialektalen Kontinuums feststellen“. Als germanisteschem Dialektolog ass dat och him säi gutt Recht. Mä fir eis, Lëtzebuerger6, ass déi germanesch an däitsch Dialektologie net dat Wichtegst: Eis Sproochgrenz mat Frankräich a Lothrenge liwwert och vill Donnéen iwwert d’Prosodie an d’Betounung an där hunn ech der e puer a mengen Observatiounen zesummegestallt. Dës Observatiounen sinn net méi „extravagant“, „impressionistesch“, „subjektiv“ wéi dem Laboratoire vun der Uni seng dialektologesch Argumenter.

Am zweeten Artikel Wie Französisch, nur Ton 1 – Der Wortakzent des Deutschen und Luxemburgischen im Kontrast in: A. Dammel, S. Kürschner, D. Nübling: Kontrastive germanistische Linguistik, Teilband 1, Olm, Hildesheim, 2010, 111-132, kënnt de P. Gilles nach eng Kéier op de Kontrast vum däitschen a lëtzebuergesche Wuertakzent ze schwätzen. An der Sproocherubrik 16 (d’Land, 11.05.2007; Schortgen 2013, S.45-47) hat ech schonn eng Kéier op déi Schwéier schwéier Ultima reagéiert an op d’Méiglechkeet vun enger anerer Duerstellung vum Wuertakzentsystem am Lëtzebuergeschen higewisen. Wann een ouni Apriori net nëmme fir däitschsproocheg Germaniste schreift, mä och fir Frankophonen, da muss de Gesamtsystem vun der lëtzebuergescher Betounung direkt verständlech bleiwen. „Dräi éischt Silben: champ accentuel initial“, „dräi lescht Silben: champ accentuel final“: dat ass didaktesch kloer a weist direkt op däitsch (initial) a franséisch (final) Gewunnechten hin.

Wann an Dictionnairen niewent dem Lemma steet: Wie französisch, nur Ton 1, dann heescht dat, datt d’Wuert wéi am Franséischen ausgeschwat gëtt, mä initial – net final wéi am Franséischen, – betount gëtt. Beim P. Gilles heescht dat awer, datt d’final Betounung (jee nom Kontext, d’Ultima-, d’Pänultima- oder d’Antepänultima-Betounung) éischter déi däitsch ass, well den Auteur – bei all deene franséische Friemwierder, déi hien zitéiert – stänneg widderhëlt, datt dat Däitscht déi „normal“ franséisch Betounung duerstellt.

Kuerz: Dem Här Gilles säi komplexen Exposé ass vill ze konfus. D’Virwëssen, d’Ausklammerunge, d’Vermëschung vu synchronechen an diachroneschen Argumenter, déi vill Prinzipien an allgemenglinguistesch Contraints/Zwäng/Regelen, déi sech heiansdo widderspriechen oder an de Schwanz bäissen, dat alles muss bestëmmt didaktesch gekläert a vereinfacht ginn. D’Musterkategorie sinn awer weider auszebauen.

1 Dem P.Gilles/J.Trouvain hirem Artikel „Luxemburgish“ am Journal of the International Phonetic Association 43(1): 67-74 muss een net onbedéngt zoustëmmen. D’Audioopnahme vun zwee Spriecher gi selbstverständlech net duer, fir eng norméiert phonetesch Transkriptioun vum Lëtzebuergeschen ze generéieren a virzeschreiwen. Net nëmmen e puer Vokalen (/ë/,/ae/, /ε/ zum Beispill) sinn ëmstridden, mä och déi ganz Method ass, a mengen Aen, kritikabel (cf. Den Trëma…: d’Land, 17.04.2015)
François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land