Zoom op d’Sprooch

Schnëssen: Eis Sprooch wëssenschaftlech dokumentéieren

d'Lëtzebuerger Land du 20.07.2018

A leschter Zäit ass hei am Land vill Rieds vun enger Smartphone-App mat engem komesch-lëschtegen Numm: Schnëssen. Se ass vu Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg entwéckelt ginn, fir Daten iwwert de Gebrauch vun der lëtze-
buergescher Sprooch ze sammelen. „Zil vun der App Schnëssen – Är Sprooch fir d‘Fuerschung […] ass et d’Sprooch wëssenschaftlech [mat Hëllef vun der Bevëlkerung] ze dokumentéieren an ze kartographéieren”, schreift de Professer Peter Gilles am Communiqué de presse vun der Uni. Dont acte.

Fir d’éischt mol Felicitatioune fir déi iwwregens scho méi laang erwaarten Initiativ1! Dann zweetens schéngt et mir och wichteg, mol ze kontrol-
léieren, wat, vun sou enger Kommunikatiounsaktioun op den éischte Bléck bei de Lieser ukënnt. Wann een dem Lex Roth säin Text op rtl.lu liest, dee vun enger „intressanter neier Sproochvarianten-Initiativ vun e[i]ser UNI.LU“ schwätzt, niewent „där Collectioun däitsch Sätz, déi a verschidde Géigende vun eisem Land op Lëtzebuerg sollen iwwersat ginn“2, dann ass dat menger Meenung no wéineg a flou.

Den rtl.lu-Schreiwer, an dat weess jidderee, deen sech am Land fir d’Lëtzebuergescht interesséiert, huet heiansdo simpel linguistesch Opfaas-
sungen; sou seng Koiné-Theorie vum duerchschnëttleche „Mëttellëtzebuergesch“3. Mee seng Allergie op Wëssenschaftleches ass esou grouss, datt ee sech éierlech froe kann, ob hien iwwerhaapt d’Dokumenter vun der Uni gelies huet a genee weess, ëm wat fir Sproochvarianten (haaptsächlech lexikalescher!) et hei geet4. Well de Communiqué de presse vun der Uni sengersäits och net an alle Punkte kloer an direkt verständlech ass, missten niewebäi och e puer Erklärungsfroen erlaabt sinn.

Nei also ass d’Smartphone-App Schnëssen mat hiren technesche Funktiounen. An enger éischter Phas sollen d’Participanteën a d’Participante kuerz Sätz direkt an den Handy eraschwätzen, déi dann an enger Datebank gespäichert ginn. Dobäi kënnen se sech och an enger zweeter Etapp duerch eng Kaart klicke fir sech d’Opname vun allen anere Participanten unzelauschteren.

D’Funktioun Schwätzen/Ophuelen an d’Funktioun Lauschteren/Sech-informéiere sinn interaktiv, an d’Benotzer vun der App kënnen „op dës Manéi-
er“, seet de Peter Gilles, „déi gesamt Bandbreet vum Lëtzebuergesche kenneléieren“. Zugläich kënnen se awer och un enger Ëmfro deelhuelen. Och wann dem Här Gilles säi Saz hei vag a rätselhaft kléngt (e puer Beispiller wären an sou engem programmateschen Text vill méi konkret a lieserlech gewiescht5), da versteet een dach, datt dës Ëmfro eng wichteg Funktioun vun der App Schnëssen duerstellt. Dobäi kënnt, datt de Projet och schliisslech viséiert, Sproochkaarten ze publizéieren fir se mat eelere Resultater vum Lëtze-
buerger Sproochatlas ze vergläichen. Kuerz: D’App Schnëssen ass multifunktionell, an dat kann een hir bestëmmt net virwerfen, och wann d’Erklärunge vun de Funktioune vill ze vag bleiwen, fir un eng massiv, klug, avertéiert an effikass Mataarbecht vun der Bevëlkerung ze denken.

De Konzept an d’Erschafe vun engem multifunktionellen Instrument gehéiere selbstverständlech zur Recherche, mee dës technesch Entwécklungsaarbecht ass nëmmen een Deel vum ganze Fuerschungsprojet. Leider seet de Communiqué de presse vun der Uni bal näischt zum Inhalt selwer vun de sproochleche Froen, notamment vun de verschiddene Varianten-Typen, vun de gewisene Biller, ausgewäerten Ëmfroen, viséierte Resulta-ter. Eng éischt Stéchprouf féiert de Benotzer vun der App zum Beispill zum traditionelle Päipel/Päi-
perlek an zum berühmte Kéisec(k)er/Däreldéier/Igel an zu aner bekannte „Klassiker“ wéi Seejomes/Ameis. Dobäi bréngen déi éischt Resultater engem gebildete Lëtzeburgophon mat guddem „passiven“ Sproochenhannergrond och net vill Neies; weder wat déi lexikalesch Elementer ugeet (dat alles ass, soe mer mol, bis elo, ale Wäin an hallef neie Schläich!), nach d’Resultater vun hirem Gebrauch a hirer Variatioun (cf. d’Schnëssen-Resultater fir Fussball; Muert; Telecommande; Schallimo, Stréihallem; Seejomes; Freideg).

Trotz der exzellenter technescher Presentatioun muss ech mengersäits zouginn, datt ech vun den Auswäertunge bis elo relativ enttäuscht sinn. Souvill Radau a Propaganda fir eng scho sou laang entwéckelt Problematik a Perspektiv a fir am grousse Ganze scho bekannt Resultater. Selbstverständlech ass et intressant iwwer Prozentsätz ze verfügen, fir de Gebrauch vu lexikaleschen Elementer jee no Regioun a Generatiounen ze vergläichen. Mee Frequenzprozentsätz ginn net duer, si soen och net wat „richteg“ ass, gi kee „Standardlëtzebuergesch“ un, a wéinst de „Migratiounen“ vun den Awunner sinn d’Donnéen och guer net einfach op arealinguistesch Regionalkaarten anzedroen.

Normalerweis sollten den Zweck an d’Ziler vun den Detailetüden moderniséiert an erneiert ginn an d’Benotzer vun der Sprooch virun traditionelle Feelinterpretatiounen gewarnt ginn. Sou zum Beispill ass eng Kaart, wéi déi vum Gebrauch vu Fussball/Futtball haaptsächlech intressant fir eis Sprooch vun haut um Hannergrond vun der Méisproochegkeet z’analyséieren. Déi lëtzebuergesch Adaptatioune si méi wichteg wéi den Transfert vun de Friemwierder Futt- a Fussball6. Dobäi huet Fuuss- am Composé Fuussball awer näischt mam Fuuss-/Fochs ze dinn. Och wann den Direkter vun rtl.lu seet (18.06.2018), si hätten de Problem geléist, well si sech fir Futtball entscheet hätten (mee si géife scho laang Football schreiwen), da feelt dach nach déi wëssenschaftlech linguistesch Argumentatioun, déi dës Decisioun justifiéiert. Et geet net duer, Statistiken opzestellen. Si mussen och kohärent begrënnt a kommentéiert ginn.

A propos Kohärenz: Do hätt ech zum Schluss zwou Froen, déi awer d’Matmaache vun de meeschten hoffentlech net verhënnere sollten. Wär et net gutt, wann déi ganz Sproochvariante-Campagne mat enger verdéifter Presentatioun vun de verschiddene Varianten-Typen ufänke kéint? Dann hätten déi Responsabel vum Luxemburgistik-Team och d’Geleeënheet z’erklären, wéi se de Respekt vun de fräie Varianten-Typen mat der noutwenneger (heiansdo forcéierter) Normaliséierung a Standardiséierung iwwerbrécke wëllen? Eng lescht Remark, déi eppes mat der Konnotatioun vu „Schnëssen“ ze dinn huet: Ech hätt dat neu-
traalt „Schwätze“ léiwer gehat! Eis Sprooch an eis Recherche verdénge méi wéi „Geschnëss“, Béiergespréicher a Fore-Gestreits.

1 Cf. „Schnëssen“ fir d’Wëssenschaft: Nathalie Entringer in Lëtzebuerger Journal (11.06.2018)

2 Cf. Eis Sprooch mam Lex Roth. „Op eiser UNI.LU“, rtl.lu (08.06.2018)

3 Et sief, schreift de L. Roth, et kristalliséiert sech aus deer Initiativ eraus, wat dann am Duerchschnëtt elo dat „Mëttellëtzebuergesch“ sollt kënne sinn.

4 Déi suggeréiert Ähnlechkeet tëschent der „Zentrallëtzebuergescher“ Koinè-Theorie vum Här Gilles (1999) an dem onverständlechen „duerchschnëttleche Mëttellëtzebuergeschen“ vum Lex Roth ass opfälleg. Derlaanscht ass och déi zu Lëtzebuerg ganz populär Perspektiv vum „richtege Lëtzebuergesch“ a vum „Regionalfanatismus“.

5 … wéi déi abstrakt Behaaptung, déi am Text steet: „Mat Hëllef vun dësem Instrument ginn Daten iwwer d’Perzeptioun (?) an d’Siichtbaarkeet (?) vun de Sproochen am Alldag (?), awer och iwwert de Sproochgebrauch (?) erhuewen”.

6 Ass Kreuzworträtsel net méi heefeg wéi Kräizwuerträtsel; ass et Minderwäertegkeetsgefill oder Mannerwäertegkeetsgefill? D’Fro nom bessere Lëtzebuergesch ass eng aner, déi wäit iwwer d’Statistiken ewech geet, déi hirersäits ëmmer interpretéiert misste ginn.

François Schanen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land