CD Planet Luxembourg de RTL

Zockerwaasserpop

d'Lëtzebuerger Land vom 03.01.2002

RTL huet e Probleem : zanter dass den Direkter Alain Berwick décidéiert huet, dem Tango TV nach vieru sengem Ufank de Publikum vrun der Nues ewech ze grasen, bidd Planet RTL elo all Dag eng Stonn Sendung "fir Jonker" tëscht sechs a siwen Auer oowes. Mä iergendwéi hat keen esou richteg u Content, wéi dat ewell heescht, geduecht. Content, dat ass dat fir dran, an déi Stonn Sendung, déi den Ament nach haaptsächlech aus auslännesche Museksclippen, auslännesche Comedy-Deeler, der Postreklamm a ganz ganz villen hyper-gestylten Planet-RTL-"Let me entertain you"-Djingele besteet. An esou mussen déi jonk Animateure sech mat méi oder manner labbere Sprëch a Slapstick-Nummeren duerch díSendung retten.

Allerdéngs: Tango TV, déi ganz nei Télé fir ganz jonk Handys-Benotzer, wann se da lancéiert gët, soll och ee ganzt neit Liewesgefill ginn. Vu moies bis owes soll de Jugendlechen "Tango" sinn an nëmmen drun denken, dass en dem Kevin nach muss en SMS schecken oder dem Vanessa nach muss iwwer GSM uruffen, fir mat him iwwer dee leschte Merchandising-Produit ze poteren. Maja, also muss Planet RTL och ee Liewesgefill fir Jonker ginn, eng Zort Label, "bei eis gebuer, gefiddert a ge. . ." 

A well jidder Jonken ee Cousin oder eng Frëndin huet, dee Pop mécht an RTL un engem un firgehäit kritt, si géngen déi Lëtzebuerger Gruppen op hiren Antennen vernoléissegen, hu se schon dílescht Joer eng Tzeedee gemaach matt Lëtzebuerger Popmusek. Deemools, erënnert iech, hate se méi oder manner berühmt Gruppe gefrot, e Lidd aus dem Lëtzebuerger Folklore nei zíinterpretéieren (díLand 50/01). Dëst Joer huet eng asbl, déi de fréiere Sänger vu der verstuerwener Frantic Mind Experience, Olivier Curcuru, an e Kolleeg vun him, de Christian Knauf, am Juni 2001 mam Numm Planet Luxembourg gegrënnt hunn, eng Zort Package mat zwou Tzeedeee produzéiert. 

Allenzwou heesche se Planet Luxembourg. De philantropesche But war ët, Lëtzebuerger Gruppe véier Deeg an engem professionnelle Studio (beim Gast Waltzing a Maggy Parke zu Dummeldeng) ze bezuelen, fir datt se kéinten ee Lidd an ideale Conditiounen ophuelen an dono a professionneller Kalitéit op enger Tzeedee erschéngen - déi, en plus, da bei RTL an Eldoradio erop an erof ka gespillt ginn, wat beide Partien zegudd kënnt. Zwou Millioune Lëtzebuerger Frang wiren an déi Produktioun investéiert ginn, esou housch ët am Pressekommuniki, och wann ët net ganz kloer ass, vu weem die Sue kummen.

Allemol: die éischt Tzeedee, A little bit of history, dat ass den historesche Réckbléck, eng Aféierung an díGeschicht vum Lëtzebuerger Pop, fir all déi, déi di lescht zeng Joer gepennt hunn oder awer ze jonk waren an di Zäit just den Häppi Diwwi gekuckt hunn. Natierlech ass de Choix komplett subjektiv, op kee Fall kann een en als representativ ugesinn, ët feele zevill Leit a Gruppen, di immens vill fir de Lëtzebuerger Rock a säi Weiderkomme gemaach hun. An ët si Lidder op där Tzeedee, déi ee léiwer fir ëmmer vergiess hätt, wou engem díDronkenellen ausginn, wann ee se haut erëm héiert. De Footsteps hiren "Luxembourg Iím coming back" (1992) oder Parc Café hiert Eurovisiouns-Lidd "My song for you" (1987), do rulle sech mir perséinlech díZéiwenneell an de Schung erop an eroof. 

Mä da sinn och Stécker dobäi, fir déi ët sech lount: "Pasquale" vun DíJuju, dat beweist, dass dem Gérard Valerius säi Pep ni richtech konnt an där Grupp ersat ginn, Moof hieren "Tätowéiert" ("mär si geckech!", 1993), dem Thierry van Werveke seng jugendlech Roserei bei "Red Eyes" vun Nazz Nazz (1992) oder en Zuvenir un die lëschteg Grupp Zen (And the Art of Motorcycle Repairing), déi ët leider och net méi gët. Irgendwéi kléngt de Rescht alles no bëllegem Eighties-Pop, och wann díLidder bal all aus den Nonzeger sinn.

Méi enttäuschend ass dann nach deen zweeten Disk, The next generation, deen déi Lëtzebuerger Musek vun haut soll erëmspigelen: ët huet einfach un enger Linn an u Courage beim Eraussiche gefeelt. Okéi, Blue Room sinn dobäi, mat hierer ganz schéiner Ballade "My Nemesis", si si sécher fir eng ganz Parti Leit díEntdeckung vun dëser Plack, dee ganz jonke Grupp war bis ewell nach nëmmen e sougenanntenen Insider-Tipp. Mais DíJuju: brauchen déi wierklech RTL nach, si si wierklech déi "näxt Generatioun", wou dach mëttlerweile quasi all Generatiou si kennt? Dat selwecht gëllt och fir Moof, Schlagloch, den John Rech alias Dreamcatcher, Frantix an esouguer fir Fluyd an díRaquel Barreira: déi Leit si méi ewéi bekannt. Iwwregens hun all díGruppe schon éischt eegen Tzeedeee gemaach an déi meescht hunn esouguer eegen Internet-Siten.

De But vun der Tzeedee kann also net esou díPromotiou vun der Lëtzebuerger Musek sinn, wéi díPromotiou vum "Produit RTL" - vläicht komme jo op eemol och nach Museksclippen no fir op der Télé ze weisen, schliesslech hunn RTL Productions an dono Cerise fréier schéi Saachen op deenen éischte Montage-Computere gemaach. Mä natierlech ass ett doriwwer eraus ëmmer gudd an nëmmen ënnerstëtzenswäert, wa Leit sech och fir de Lëtzebuerger Poprock asetzen, och wann de Grondtoun hei am Duerchschnëtt e bësse séisselzeg ass. "Plus on est de fous, plus on rit", seet de Franzous. A vläicht hëlleft RTL eis och endlech, national Popstaren a Boisbänds an alles, wat een esou an enger Popszeen brauch, ze bastelen. A Lëtzebuerg kéim erëm méi no un die grouss a faarweg Welt vun der Entertainment-Industrie. ët wir Spaass.

 

Die zwou Tzeedeee Planet Luxembourg - The Next Generation an A Little Bit of History kaschten 19,34 Euro am Handel oder kënnen iwwer den Internetsite www.planetluxembourg.lu op deem vun RTL, www.rtl.lu, bestallt oder online kaf ginn. 

 

 

 

 

josée hansen
© 2023 d’Lëtzebuerger Land