CD Legotrip von Serge Tonnar

Mam Velo op de Legotrip

d'Lëtzebuerger Land du 07.08.2003

Déi richteg Museker maachen all Tzedee iergendwéi anescht. A mat  Legotrip léisst de Serge Tonnar onheemlech cool ee klassesche Blues-Mann, en éischtklassesche Komponist an e Super-Songschreiwert eraushänken. Seng liicht morbid englesch an depressiv Phas mat der elektrescher Gitar schéngt en hannert sech ze hunn. Legotrip besteet aus ganz minimal arrangéierten, super-sensible Lidder mat haaptsächlech akustescher Gitar. Medidativ, awer net zevill, dax erënnere se een u Kannerlidder, allerdéngs fir grouss Kanner.

Déi dezent Rouh vum Uelzechtsdall ass natierlech net jidderengem seng Saach. Mä fir e Lidd wéi "Uelzechtdall" muss  een onbedéngt emol eng Kéier vu Miersch bis op Koplëscht oder Schëndels gefuer sinn. An da komme së, oh my Lord: "Ex-Junkien iwwer 40 Jor a Kilometer an der Stonn, a Polyester verpak, iwwerhuele mech ganz aerodynamesch, vun hanne gesinn ech hir déck Wueden, 't as net vill schéins". Och wann de Bob Dylan déi Band do verpasst huet, berouegt et een, dass den Tonnar mat sénger Gitar a sénger Mondharmonika se net ratéiert huet.

Eent vun de Lidder, dat sou richteg ënnert d'Haut geet ass fir mech "Schülerband". Ech hu mech déi ganzen Zäit gefrot, u wat fir e Sänger mech den Tonnar mat séngem léiwen, e bëssen héige Gesank erënnert huet. No enger Zäit huet en dann a ménger interner Sound-Bibliothek "Bing!" gemaach: Udo Lindenberg - Rentnerband. Yeah, dat ass et! De Serge Tonnar huet eng Melodie an der Stëmm wéi dee jonken Udo Lindenberg, an dofir kënnt d'Lidd engem sou onheemlech bekannt a richteg heemlech vir. 

Méi heavy si Lidder wéi "Stroossefilm", oder "klenge Kinnek", schéi ruppeg a verzerrt, am Tex-Mex-Sergio-Leone-ZZTop-Kaktus-mat-Doudekapp-Styl. "Mat denge Geeschter, mat dengen Engelen, du bass aleng, Mann, souguer wannste de zu zwee bass". Ob et pädagogesch gutt ass, de Kanner dës Tzedee ze schenken, weess ech net, wëll et soss beim nächste Liichtegoe schéi gëtt. Dass Dämpen debil ass, probéiert en der Jugend vun haut mat "Ya Mann" bäizebréngen, ob een awer mat sou engem pupege Bass-Groove d'Mënschheet gerett kritt,... Nujee, loosse mer alt hoffen.

Heiansdo geréit ee Lidd ee wéi eng Fauscht an d'Gladder. Mäi perséinleche Knock-Out krut ech bei "Kosovomoss", wëll et schwéier zynesch ass a genau beschreiwt, wat gelaf ass an ëmmer nach leeft. Hei passen de Message an d'Form besser zesummen. An den Text gehéiert eigentlech an d'Chamber-TV, wëll en hyperpolitesch ass. Dem Gebraddels an der Hypokrisie d'Mask erafrappen, besser kann een et net maachen. "Eng Kosovomoss am Don Bosco, sëtzt op der Trap a motzt do, souguer dofir as keng Plaz bei him doheem." 

A wann ee sech da roueg dohinnersëtzt a ganz cool nolauschtert, wéi de Serge Tonnar alles, awer och alles op dëser CD ganz mutterséileneleng fäerdegbruecht huet, all Instrument gespillt an opgeholl huet, kënnt een zur Conclusioun, dass näischt politesch a sozio-kulturell méi wichteg ass, wéi sou ee konsequente Lego-Trip voll a ganz duerchzezéien.

Serge Tonnar: Legotrip; eng Zwersch Tomat Produktioun.

 

 

 

 

Jean-Michel Treinen
© 2017 d’Lëtzebuerger Land