Luxemburgensia

Wéi kënnt en Igel an e Buch?

d'Lëtzebuerger Land du 10.08.2000

Wou kënnt esou en Igel hir ?

A wéi kënnt en an dat Buch, dat säi Numm dréit ? A wéi bréngt esou en aarmséilegen, plattgewalztenen Igel et fäerdeg, datt ee sech méintelaang iwwert hie Gedanke mëcht ?

Den Igel, deen den Ustouss gin huet, luch effektiv op der Strooss vu Betebuerg an d'Stad, op der Kockelscheier. Méi Grond, fir e Buch ze schreiwen, war net do, a méi Grond, fir e Buch ze schreiwen, brauch et och wierklech net!

De Rescht si Gedanken, as Sprooch, as d'Logik vu Wierder, déi sech uneneen hänken, as d'Logik vu Biller, déi sech opdrängen a bäidrécken.

Den Igel op der Strooss setzt sech fest: am Kapp hannert den Aen, wou d'Biller jauwen, an den Oueren, wou et knuppt a knätscht, an der dréchener Strass, wann d'Panik kënnt, an der Mokäilchen, an de Nerven vum rietse Fouss - Brems oder Gas! An da kommen d'Wierder.

Do as nach kee Gedanken un en Zil, un e Buch scho guer net.

D'Wierder kommen a setze sech frech an d'Plaz vum Igel, a si eroberen de ganze Kapp. An dann as den Igel fort an et bleiwe just nach Wierder, déi ufänken ze liewen, sech selbständeg ze man a sech ze be-wegen. Si sichen zwar den Igel, me se fannen ëmmer nëmmen nei an ëmmer aner Wierder, a wat se méi nom Igel sichen, wat se sech selwer méi opblosen, an den Igel ëmmer méi staark veränneren.

An op emol as den Igel, deen um Ufank stung, guer net méi wichteg, eigentlech gët et e guer net méi, me et as de neien Igel an der Sprooch, den de richtegen as, deen d'Wouerecht op séng Säit zitt.

A wann ech d'Saach am Réckbléck richteg kucken, as et den Igel, de richtegen, op der Strooss, eigentlech guer net gin, well et as näischt méi, wat ech nach vun deem kéint soen, et as näischt méi, wou ech sécher kéint sin, datt et wierklech dem éischten Androck, dem éischte Gefill, dem éischte Bild entsprécht: ausser, dat et e gin as, an dat as - a Wierder gefaasst - esou gudd ewéi näischt.

Well déi ganz Welt, déi iwwreg bleiwt, as am Kapp, a jidderengem séngem Kapp, an a jidderengem sengem Kapp anescht, heiandsdo nëmmen e bëschen anescht, heiandsdo esou vill, datt e méngt, et géif ee vun enger anerer Saach schwätzen.

Do si Biller, Andréck, Téin, Gefiller, déi setze sech fest. Fuerwen, Haut an Hoer, Hänn a Féiss, an eben en iwwerranten Igel op der Strooss.

Wou bleiwt dann do d'Realitéit ?

Mee, wat as iwwerhaapt alles Realitéit ? Realitéit as ëmmer eppes, wat erliewt as, as ëmmer, wat e Mënsch erliewt a wat e bei sech selwer festhält. Andréck, Erliewe, Gefiller, e waarmen Hauch Loft, a wann ee se wëllt festhalen, si se fort.

Wann ech am Theater sëtzen, gesin ech vläicht 100 Leit, ech gesin 100 Gesiichter, ech gesin 200 Aen, ech gesin 200 Oueren, ech gesin 200 Féiss, - mee hei muss ech bremsen an nodenken: well dat eben net, déi 200 Féiss kann ech guer net gesin, och keng 200 Oueren an Aen. Ech gesi vläicht e Mond, dee schmunzt, oder eng Stir, déi Fale kritt, oder eng Koppel Aen, déi laachen.

A wann ech mech dann den nächste Muergen un de Schreiwdësch setzen, si vläicht just nach déi Aen do, di laachen, an dann nach: kënnen Ae laachen ? Kënnen Ae laachen, ouni datt ech se laachen din ?, wann ech se als déi Aen, déi laachen, ophuelen, wann ech se als déi Aen, déi laachen, nidderschreiwen.

A wat war da wierklech vun deem Moment do, am Theater, wat as wouer ?, a virun allem - bleiwt et ? Wie schwätzt do nach vun denen 200 Féiss? Déi 200 Féiss gët et net, déi sin et ni gin. Et kéint se just gin, wann ee giff driwwer nodenken, an da logescherweis unhuelen, dat jidderee jo zwee Féiss misst hun, eigentlech. Ouni dat - gët et se net. Mee watwere Gronn kéint en hun, doriwwer missen nozedenken?

Also, gët et se net, d'Féiss. All déi Läit sëtzen am Theater, a si hu keng Féiss. D'Welt, déi wierklech, déi di bleiwt, sin net d'Féiss, sondern sin déi Koppel Aen, di laachen, elo an ëmmer.

Mee wat maachen déi Aen dann, fir dat se bleiwen, fir dat se eng Plaz an der Welt, a méngem Kapp, an eisem Kapp, kréien ? Wat mécht den Igel, fir vun der Strooss an de Kapp, a vun do an e Buch ze kommen ?

Et setzt sech en Androck fest, e Bild, eng Faarw, e Gefill, Geräicher, Téin, Musik, Kaméidi. Esou eppes, wéi en éischt Wuert setzt sech fest, e Wuert, dat nach kee Wuert as, nach keng Sprooch, dat nach näischt heescht, an alles: "Aen", oder - "blozechgring", oder - "Igel", oder - "brongschwaarzgroroutbluddeg".

An da gët et spannend

Well esoubal en zweet Wuert sech derbäidréckt, fänken zwou Saache mateneen un: eng Geschicht entsteet an zugleich fänkt en Nodenken un. 

Dat éischt, datt d'Wierder sech eent hannert dat anert setzen, datt eng Geschicht ufänkt, geschitt ganz automatesch, well d'Welt bleiwt net stoen.

Dat zwet, d'Nodenken, get grad esou automatesch, mee et as scho méi speziell, an et ka ganz séier a vill Richtunge goen. Et geet ëm d'Verstoen, mee et geet och ëm en neit Probéieren, et geet ëm d'Beaflossen a Veränneren.

Wann ech wëll verstoen, geet ët drëm, alles ze verstoen: Welt, Mënschen, Déieren, den Himmel, eng Koppel Aen, déi laachen. Wann ech wëll verstoen, sin ech op dat Ganzt aus, op dat Ganzt, an am Detail.

Wann ech e Moler wär, kéint ech - vläicht -, dat Ganzt an engem Moment fixéieren. Wann ech e Poet wär, kéint ech - vläicht -, dat Ganzt a Wierder faassen, awer a Wierder, déi gestoppt gi sin, a Wierder, déi zur Rou fonnt hun, déi bei sech selwer bleiwen, a Wierder, denen hir Bewegung net aus dem Androck erausspréngt. Och hei kann ee verstoen, awer ganz anescht.

Wann ech awer well verstoen, net nëmmen, wat as, mee och, wat geschitt mat de Wierder, dobäi d'Wierder zwar gewäerde loossen, awer hinnen an hirer Fräiheet nokucken, an hinnen op d'Fangere klappen, also selwer ufänken, an engem anere Sënn aktiv ze gin, ufänken, eng Welt ze beaflossen, oder et wéinstens probéieren, da fänken ech un, eng Geschicht ze erzielen, a vläicht och ze schreiwen.

De Moment vun der Reflexioun, de Moment, wou d'Nodenken op sech selwer kuckt, wou d'Sprooch sech zeréckbéit op sech selwer, as wesentlech fir d'Schreiwe vun der Geschicht.

Et as de Moment vun der Reflexioun, an d'Wëssen, datt hei d'Zäit eng aktiv Roll iwwerhëllt, d'Wëssen, dat all Wuert virundreiwt, d'Geschicht, d'Welt, mech, et as de Moment vu Reflexioun, dee vun der Poesie an d'Prosa dreiwt.

Anescht wéi de Poet, sprangen ech eraus aus dem Bild, well déi Wierder, ëm déi et hei geet, dreiwe virun, si maache sech fräi vum éischte Bild, si gewannen eng ege Wichtegket. Datt ech dobäi vir d'éischt emol dat Bild futti maachen, as d'Tragik vun der Saach, an oft net méi guttzemaachen. Zugläich as et awer net ze vermeiden.

An den oppene Raum vun der Fräihet stiermen dann all d'Wierder erbäi an all d'Biller an d'Téin, a ganz oft as et en décke Koup Duercherneen, well jidderen an alles wëllt eng Plaz an der Welt, jidderen an alles wëllt an d'Geschicht. An dat, wat war, an dat, wat as, a virun allem dat, wat vläicht hätt kënnte sin, an dat, wat vläicht ka sin, alles as méiglech ir eng Geschicht op de Papeier kënnt. An duerfir kommen di meescht vun de méigleche Geschichten och ni op de Papeier, well d'Wierder an d'Biller an d'Téin sech net eensgin.

Well et geet natierlech em d'Uerdnung an de Wierder an am Kapp, mee et get, wéi gesot, em vill méi. Et get drëm ze verstoen, alles ze verstoen: Welt, Mënschen, Déieren, den Himmel, eng Koppel Aen, déi laachen.

Wann ech eppes wëll verstoen, heescht dat, dat ech probéieren mer ze erklären, wat mer begéint, dat ech well verstoen firwat e Bild méi staark as wéi en anert, firwat e Mënsch méi wichteg as wéi en aneren, firwat e Wuert besser trëfft, wéi en anert.

Wann ee seet, festhalen, wat een erliewt, wär de Sënn vum Schreiwen, dann huet ee vu vireran e Problem: Eigentlech erliewt een nëmme Sprooch, well esou bal ee probéiert, eppes festzehalen, esou bal een d'"Realitéit" wëllt afänken, huet een nach just Wierder.

"Dass ich erkenne,as die Welt

Im Innersten zusammenhält,

Schau alle Wirkenskraft und Samen,

Und tu' nicht mehr in Worten kramen"

huet de Goethe säi Faust soe gelooss, an domat och, och wann dat vläicht net den éischte Sënn war, d'Situatioun vun deem, dee schreiwt, ganz gudd erëm gin. Well deen huet nëmmen d'Wierder zur Verfügung, fir grad dat erëm ze gin, wat dem Faust no eigentlech net geet, an dat e mat "schauen" ëmschreiwt. Deen, dee schreiwt, kann nëmmen "in Worten kramen", a grad domat an nëmmen domat probéiert en, un déi Grenzen ze stoussen, em déi et geet.

A wann et Wierder gët, déi emstand sin, dat ze treffen, wat do am Gefill, am Bild, am Ouer war, wann et Sätz gët, wou d'Wierder esou zesummefalen, datt se ufänken ze otmen an ze wibbelen, da gët dorauser eng nei Welt, an och wa se grad esou nëmmen an der Sprooch besteet, kritt se eng Realitéit, déi wéinstens esou vill wäert as, wéi déi sougenannte real Realitéit, vun där mer ausgaange sin.

An domat geschitt an eiser Sprooch ëmmer zweerlee: An der Sprooch as d'Enn vun der Realitéit, d'Enn vun der Wouerecht, d'Enn vum Erliewen, vum eigentleche Liewen. An den Ufank vun énger neier Wourecht, vun éngem neien Erliewen, vum Denken, vum Verstoen, vum mateneen schwätzen. Den Ufank vun der Gesellschaft och.

Soubal mer aus dem éischte Bild erausfalen, kommen d'Wierder, a probéieren ze retten, wat ze retten as, z.B. vum Igel. An da liewt en erëm, den Igel, an de Wierder am Kapp, an de Wierder tëschend den Deckele vum Buch, a wann een dann erausspréngt am richtege Moment, an dem Lieser säi Kapp, da kann en iwwerliewen. An ëmmer dann, wann de Sprong geléngt, wann dat Onméiglecht awer ieirgendwéi geléngt, wann dem Goethe säi "schauen" opliicht an de Wierder an tëschend den Zeile vun éngem Buch, schwätze mer vu Literatur, déi derwäert as, beuecht ze gin.

Ob dat am Igel séngem Fall gelongen as, weess ech net? Mee, wann dat dem Igel gelongen as, dann däerfe mer awer net mengen, dat wir nach de banalen Igel vun der Strooss tëschend Betebuerg an der Stad.

Elo as eisen Igel zwar vun der Strooss an e Kapp, vum Kapp an e Buch, vun do an en anere Kapp a vun do zeréck op d'Strooss komm, mee des Kéier op déi richtech Strooss, op déi Strooss, déi viru besteet. Wou en zwar iwwerrannt ka gin, mee wou esou eng Klengegket, wéi iwwerrannt gin, wéi Liewen an Doud, keng Roll méi spillt.

Mee en Igel as awer nach keng Geschicht,

esou lieweg en och erëm ka gin, an d'Welt an d'Liewe bleiwen och net stoe bei engem Androck. D'Liewen as Bewegung, d'Denken as Bewegung, Liewen an Denken geschéien an der Zäit.

Esou laang mer probéieren, an dat as en Uleies vun der Poesie (am alleréischte Sënn), dat Element vun Zäitlosegkeet - en Androck eben -,  mat Mëttelen, déi nëmmen an der Zäit fonktionéieren, dem Denken, der Sprooch, anzefänken, falen dat Zil, den Androck wierklech ze treffen, an d'Mëttelen, auserneen. An nëmmen a Glécksmomenter, an dat sin d'Héichpunkte vun der Poesie, spire mer eis dem Zil no, well déi eenzech Méiglechkeet, déi Welt ze verstoen, déi Welt matzedeelen, as ëmmer e Versuch vun enger Iwwersetzung, deen der Saach ëmmer nëmme méi no komme kann. Duer wuer ee wëllt, kënnt een ni hin.

Mee duerfir kënnt en an aner Regiounen. Well de Versuch vun Iwwersetzung huet, ausser dem eigentlechen Zil, eng egen Dynamik, déi vun der Bewegung vun der Sprooch. 

Wann d'Denke sech, niewend dem Versuch, de Biller nozejoen, op sech selwer zeréckbéint, an dobäi sénger egener Bewegung, wärend dem Virgang, wou e Bild sech a Sprooch verwandelt, nokuckt, woubäi déi Bewegung selwer natierlech och erëm Sprooch as, da kënnt éng Suite vu Wierder, vu Sätz zustan, déi hir ege Logik entwéckelen. A mär komme vun der Poesie an d'Prosa.

Déi Biller, vun deenen ech bis elo geschwat hun, kommen a Bewegung, si gin dann zum Material vun engem neien Denken. Si gi zum Material an enger Schmoett, wou se sou verschafft gin, dat eppes neits entsteet, eng Geschicht.

Me wann een dee Gedanken dann nëmmen d'Dir grouss opzemaachen brauch, a se dréinen ka loossen, muss een awer och wëssen, dat een ni sécher weess, wouhin déi Geschicht da féiert. Et weess een net, wéini nei Biller an Téin sech an d'Geschicht eran drängelen, an en Ausdrock an der Sprooch sichen. A wat een d'Dir méi grouss opmécht a méi Biller, a méi Réimaterial eraléisst, wat de méigleche Chaos zwar méi grouss get, mee wat d'Méiglechketen zougläich matwuessen.

Wa mer duerch d'Liewe spadséieren, erliewe mer dët an dat, an et entsti bewossten Erliefnisser, esou bal mer se an d'Sprooch bruecht hun. Da kënne mer se opruffen, wéi op engem Video. Wa mer awer wëssen, wéi de Video funktionnéiert, an dat am Moment vum Iwwergang an d'Sprooch, eng Bréck gebaut gët, eng Iwwersetzung geschitt, also eng Plaz as, wou eng Dir opsteet, wou een era ka goen, wou een agräife kann, da kann een dat ausnotzen.

Dat as den zentralen Abléck vum Schreiwen

D'Biller stieirmen erbäi, d'Wierder an d'Sprooch dréinen ëmmer méi séier, an deen, dee schreiwt, muss probéieren, en Ausgläich ze fannen, tëschend der Fräihet vun de Biller an de Wierder, an der Organisatioun an der Uerdnung vum Denken. Ouni déi Fräihet op där enger Säit kënnt e Kachbuch oder eng Gebrauchsanweisung eraus, oder eng eent zu eent Dokumentatioun. Ouni d'Uerdnung am Denken komme mer aus de Biller hirem Chaos net eraus a mer riskéieren ze erdrénken.

Alles oploossen an zugläich d'Steier net aus der Hand fale loossen. Well d'Biller hun hiert Recht, si hun hir ege Wourecht, nëmmen an hinne liicht dat "schauen" vläicht nach op. Me d'Liewen, d'Denken, d'Zäit kënnen net anescht, wéi virun ze dreiwen. D'Denke kënnt net lanescht d'Verstoen an d'Uerdnung. An dat as d'Zil, dat "schauen" an d'Bewegung vun der Sprooch mat eriwwer ze huelen, an der Geschicht mat opliichten ze loossen, an esou dat Onméiglecht ëmmer awer iirgendwéi ze sichen. A vill Lieser an Nolauschterer spiren, wann ee no derbäi kënnt.

Geschichten denken, mécht jiddereen all Dag, onbewosst meeschtens. Och d'Welt an d'Liewen interpretéieren, mécht jiddereen all Dag. An et gët Leit, déi d'Welt ronderëm sech an hir egen Aktioun an dëser Welt esou fräi interpretéieren, datt een oft weess: den do hänkt mer eng op, dee verzielt mer eng Geschicht. Och dat as e méiglechen Ufank vu Literatur an deen as interessant, wa mer iwwer d'Realitéit vu Literatur, an hiren Afloss wëlle schwätzen. Kee Mënsch zweifelt drun, dat d'fräit Interpretéiere vun engem sénger egener Liewensgeschicht, fir den Eenzelnen ganz oft déi eenzech a richtech Welt as, obschon déi, di ronderëm stin, sécher sin, datt et anescht as; awer do och erëm fir jiddereen anescht.

Wärend déi Geschicht, déi mer zu eiser Liewensgeschicht maachen, ofleeft, mierke mer, dat iwwerall Diren opstin. Iwwerall féieren Diren an aner Welten, a Welten, déi Sprooch sin, a Welten, déi ëmmer och méiglech sin.

Normalerweis luusse mer just fir Virwëtz, a mer maachen, datt mer séier virukommen. Mär kënnen nämlech ni wëssen, wat do geschitt an ob mer beim nächste Schrëtt iwwerhaapt nach feste Buedem ënner de Féiss hun.

Am Schreiwe probéieren ech duerch esou Diren ze goen an e Stéck laang enger Geschicht nozegoen. Méiglech Wierklechketen ausprobéieren, an aller Konsequenz, an der Sprooch, am Schreiwen, an domadder d'Grenze vun der Welt ëmmer méi wäit ewech drécken, as e Sënn vum Schreiwen.

An domadder gräift d'Literatur an d'Welt an, d'Literatur verännert d'Welt, d'Literatur méecht d'Welt méi grouss, well d'Literatur, bei déi vill Liewensgeschichten, aus denen d'Welt besteet, der nach derbei setzt, déi sech an hirem Realitéitsgrad oft kaum vun denen aneren ënnerscheden, déi awer oft de Virdel hun, eenzel Gedanken, eenzel Biller, awer och ganz Zesummenhäng an engem Kontext ze gesin, deen der eenzelner Liewensgeschicht oft net zougänglech as.

Wann een an aller Konsequenz de Biller nogeet, d'Biller eraléisst, wa se uklappen, an d'Denken an d'Schreiwen an der Logik vun de Méiglechkeete schaffe léisst, an d'Wierklechkeet an eng duerchsichteg Klamer setzt, da kënne Gedankegäng a Geschichten op de Papeier kommen, déi zwar normalerweis hannert enger Dir laueren, awer hannert enger Dir, zu där mer de Schlëssel hun.

Wat di eng Geschicht, déi mer eist Liewen nennen, vun denen aneren, déi am Buch, ënnersched, as am Endeffekt net vill, a schwéier ze faassen. Et as eng variabel Gréisst, déi schwankt tëschend ganz grouss a ganz kleng, je nodeem wéiwäit mer eis wëllen opmaachen a wivill Courage mer hun, fir hannert d'Dire kucken ze goën.

Virlag fir dësen Text as d'Ried, déi de Pol Schmoetten den 3. Juli zu Miersch an der Maison Servais gehal huet, wéi e fir säi Buch Der Tag des Igels de Servais-Präis fir d'Joer 2000 krut. Den Text as nëmme liicht gekierzt a modifizéiert. De ganzen Text gët an der Plaquette vum Prix Servais 2000 ofgedréckt.

Pol Schmoetten
© 2023 d’Lëtzebuerger Land